RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!
Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Podpurri Episod 74: Odile Simon, 24/05/2022 24.05.2022 31:41
Nach bis den 1. Juni ass d'Odile Simon Direktesch vum Cube 521 2007 ass de Kulturzenter zu Maarnech Cube 521, wat d'Héicht bedeit op där e leit, opgaangen. A 15 Joer huet déi geléiert Schauspillerin, déi an der Schwäiz an an Däitschland ënnert anerem als Dramaturgin a Regisseurin geschafft huet, e kulturelle Programm opgebaut, deen an d'Regioun gepasst huet an och seng Nisch fonnt huet.
Podpurri Episod 73: De Schrëftsteller Jeff Schinker, 17/05/2022 17.05.2022 38:34
Schrëftsteller by night, Kulturjournalist by day - esou kann een de Jeff Schinker beschreiwen. Säi rezent Buch "Ma vie sous les tentes" kombinéiert Literatur, Musek a Konscht. An genee doriwwer huet d'Claudia Kollwelter mam Auteur geschwat. Mee hien huet och schonn eppes iwwert dat nächst Buch verroden...
Podpurri Episod 72: De Gast Mannes, 10/05/2022 10.05.2022 35:23
Dës Woch mam Literatur-Historiker Gast Mannes iwwer d'Expo "James Joyce zu Lëtzbuerg" an der BNL. Bis ewell war awer nach quasi näischt bekannt driwwer, datt de wuel gréissten ireschen Auteur James Joyce 1934 eng Woch an der Stad verbruecht huet. Dovunner ginn et och Dokumenter. Déi huet de Gast Mannes an enger richteger Detektiv-Aarbecht iwwer déi lescht Joren zesummegesicht: firwat den Joyce hei...
Podpurri Episod 71: D'Kënschtlerin Catherine Elsen, 03/05/2022 03.05.2022 32:35
Theater, Danz a Musek si fir d'Performance Kënschtlerin net vuneneen ze trennen "The Assembly" heescht hiren aktuelle Projet, deen no Diddeleng elo op Tournée geet. Iwwert deen, ma och iwwert d'Biergerbühn vun Independent Little Lies, iwwer Technomusek a villes méi huet d'Claudia Kollwelter mam Catherine Elsen, bei der Kënschterlin doheem, geschwat.
Podpurri Episod 70: D'Fotografin Véronique Kolber, 26/04/2022 26.04.2022 38:00
Mat hiren Fotoen wëll Si Geschichten erzielen - op ënnert hirem richtegen Numm oder als "Arthur & Mary". Aktuell stëllt d'Véronique Kolber am CNL aus, am Kader vun der Expo "Imaginer Servais". An genee do huet d'Claudia Kollwelter mat der Fotografin iwwert d'Ausstellung geschwat, iwwer Literatur, Musek, Film a villes méi...
Podpurri Episod 69: De Carlo Vogele, 19/04/2022 19.04.2022 34:15
Säin Animatiounsfilm "Ikarus" leeft den Ament am Kino. De Lëtzebuerger Realisateur Carlo Vogele huet sech fir säin éischten Animatiouns-Long-Métrage eng vun de bekannteste Figuren aus der griichescher Mythologie erausgesicht a sech ausgeduecht, wéi de klengen Ikarus opgewuess ass a wéi e säin Ëmfeld gesäit. Seng Erfarungen am Naimatiounsgenre huet e bei Pixar an den USA gemaach.
Podpurri Episod 68 Désirée Nosbusch, 29/03/2022 29.03.2022 39:10
E Liewen tëscht Moderatioun a Schauspillerei, tëscht Europa an USA - an ëmmer erëm Lëtzebuerg. "Endlich noch nicht angekommen" ass den Titel vum Buch, dat d'Désirée Nosbusch an Zusammenaarbecht mam Journalist Jochen Siemens beim Ullstein-Verlag erausbruecht huet: E Buch iwwert hiert Liewen, eng Biographie, wann och- mat 56 Joer kee Wonner - nach keng komplett, wéi den Titel scho verréit.
Podpurri Episod 67: D'Schauspillerin Rosalie Maes, 22/03/2022 22.03.2022 29:20
Mam Theater ass si grouss ginn, a vun Ufank un war och gewosst, datt si an där Welt schaffe wéilt. Mat 14 Joer hat se hir éischt Theaterroll an ass nom Lycée dunn och op Mainz Schauspill studéiere gaangen. D'Rosalie Maes schafft als Actrice, gëtt awer och ënnert anerem am Escher Conservatoire Coursen. D'Schauspillerin schwätzt iwwert d'Theaterwelt, Projeten déi ustinn, d'Faszinatioun um Mënsch an...
Podpurri Episod 66: De Museker Gast Waltzing, 15/03/2022 15.03.2022 32:11
No der laanger Pandemie-Zäit ass et elo esou wäit: am Musikverein zu Wien dirigéiert de Gast Waltzing e Concert mam Angélique Kidjo. Nieft der Freed iwwer den Optrëtt am renomméierte Sall, schwätztde Gast Waltzing awer och iwwer seng nei Projeten erzielt, iwwer déi schwéier Corona-Zäit fir Museker oder och seng Produktiounsfirma Waltzig/Parke, iwwer déi nei Erfarung mat der Pensioun an d'Suergen,...
Podpurri Episod 65: De Filmkënschtler Émile V. Schlesser, 08/03/2022 08.03.2022 31:20
D'Passioun fir de Film hat hie scho vu klengem un, mee och Konscht a Molerei spillen eng wichteg Roll a sengem Liewen. "Kowalsky" heescht de neie Kuerzfilm vum Émile Schlesser, deen aktuell awer och un long métrage schafft. Donieft huet de Filmkënschtler mam Claudia Kollwelter iwwert säin Nomadeliewen tëscht Düsseldorf a Lëtzebuerg geschwat, e grousse Projet am Kader vun Esch2022 an erkläert wat...
Podpurri Episod 64: D'Makadammen, 01/03/2022 01.03.2022 39:22
No 20 Joer ass Schluss! Den 3. Abrëll trieden d'Makadammen (Maggy Molitor, Monique Mille, Susy Lentz, Théa Engel an d'Musekerin Netty Glesener) eng leschte Kéier mat hirem Best-Of Programm "20" op an da war et dat mam Frae-Cabarets-Grupp.
Podpurri Episod 63: Françoise Poos, 22/02/2022 22.02.2022 32:37
De Countdown leeft fir d'grouss Ouverture vun Esch2022 de Samschdeg 26. Februar. Ma wat ass iwwerhaapt geplangt fir de Lancement vum Kulturjoer an och soss dat ganzt Joer iwwer? D'artistesch Direktesch vun Esch2022 huet mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht geschwat, d'Erausfuederungen vun de läschte Joren an den Impakt vun der Pandemie. D'Françoise Poos huet donieft awer och eng Partie persé...
Podpurri Episod 62: Claude Waringo, 15/02/2022 15.02.2022 34:43
Ee vun den dräi Käpp hannert SAMSA-Film ass de Claude Waringo. Zënter 1986 gëtt et SAMSA, déi wuel gréisste Filmproduktiounsfirma zu Lëtzebuerg. Iwwer 100 Spillfilmer an eng grouss Zuel un Dokumentären a Kuerzfilmer goufen hei produzéiert, awer och Serien, deels fir de Lëtzebuerger Marché, deels fir international Co-Produktiounen, mat deene se schonn zu Cannes, Venedeg, Berlin, bei den Oscaren a m...
Podpurri Episod 61: Tun Tonnar, 08/02/2022 08.02.2022 39:45
Zanter engem Joer schafft en elo als Independant, produzéiert an mécht awer schonn zanter Joren Musek. Den Tun Tonnar aka "Turnup-Tun" well Musek kreéieren déi en Impakt huet. Doheem a senger Stuff huet de Museker a Produzent ënnert anerem iwwert d'Geriichtsaffär wéinst engem vu senge Lidder geschwat, d'Decisioun eng Paus vun de soziale Medien ze maachen, a wéi wäit Musek fir hien eng Zort vun The...
Podpurri Episod 60, 01/02/2022 01.02.2022 24:17
D'Schauspillerin Sarah Grunert huet en Hörspiel fir Kanner geschriwwen "Bea Beutelratte will sich fledermausen". Béid Elteren - d'Mamm Lëtzebuergerin an de Papp Däitschen - hu beim Theater geschafft. Do war et scho bal normal, datt d'Sarah Grunert och de Goût fir d'Bün kéint kréien a sech fir d'Schauspillerei géif decidéieren. Si ass beim Schauspiel Frankfurt, pendelt awer och nach tëscht Berlin a...
Podpurri Episod 59: Al Ginter, 25/01/2022 25.01.2022 31:10
De geléierte Percussionist ass als Museker an Acteur aktiv Seng éischt Léift war d'Musek, mä zënter enger Rei Joren huet den Al Ginter och d'Schauspillerei entdeckt. Fir d'éischt op den Theater- a Cabaretsbünen an dunn och virun der Kamera. Haut kënnt et dem geléierte Percussionist och vir, datt e béides verbanne kann, wéi am aktuellen Theaterprojet "Woyzeck". Dohinner hat den Al Ginter och d'Chri...
D'Schauspillerin Brigitte Urhausen, 18/01/2022 18.01.2022 31:01
Madame Köpenick, Medea, Capitani oder Tatort D'Lëtzebuerger Schauspillerin déi an Däitschland lieft ass an de nächste Wochen a Méint op der Bün an um Ecran ze gesinn an dat an den ënnerschiddlechste Rollen. An d'Ofwiesslung ass och eppes wat der Actrice wichteg ass. D'Brigitte Urhausen schwätzt natierlech iwwert déi verschidde Projeten, mee och iwwert d'Ënnerscheeder tëscht Film an Theater, d'Chal...
De Concert-Booker Michel Welter, 11/01/2022 11.01.2022 34:48
Musek huet schonn ëmmer eng Roll a sengem Liewe gespillt. Aus enger Passioun huet hie säi Beruff gemaach. An och wann d'Organisatioun vu Concerten a Pandemieszäiten alles anescht wéi evident ass, kann sech de Michel Welter vum Atelier kee bessere Job virstellen. Mam Claudia Kollwelter huet hien ënnert anerem driwwer geschwat wéi de Secteur vun der Live Musek nach ëmmer ënnert Corona leit, wéi den...
D'Elsa Rauchs an de Jérôme Michez, 04/01/2022 04.01.2022 31:50
D'Bün ass hiert doheem, ob als Schauspillerin oder Metteuse en scène. Mee och virun der Kamera steet d'Actrice vun Zäit zu Zäit. D'Erfarung déi d'Elsa Rauchs an ënnerschiddleche Schauspillschoule mat ënnerschiddlechen -Philosophië gesammelt huet, sëtzt si an diverse Projeten ëm. Aktuell mat der Performance "Amer Amer" fir déi si zesumme mam Jérôme Michez schafft, awer och mat engem Projet mam Koll...
Podpurri Episod 55: Elise Schmit, 13/12/2021 13.12.2021 32:43
D'Schrëftstellerin Elise Schmit Virun zwee Joer krut d'Elise Schmit de Servais-Präis fir hiert éischt Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" mat Kuerzgeschichten. Och wa se scho laang schreift, war et hir éischt Publikatioun, iwwer déi se sech och vill Gedanke gemaach hat. Dëst Joer goufen et gläich dräi Premièrë vun Theaterstécker aus hirer Fieder. No "So dunkel hier" an hirer Residence am...
Podpurri Episod 54: De Julien Hübsch an d'Julie Reuter, 07/12/2021 07.12.2021 29:38
Reuter-Bausch heescht eng fonkelnei Konschtgalerie an der Ënneschtgaass, déi zanter enger knapper Woch hir Dieren ophuet. Eng nei Aventure fir d'Julie Reuter, déi haaptsächlech jonke Kënschtler méi Visibilitéit wëll ginn. Een dovunner ass de Julien Hübsch, ee vu véier Artisten déi an der éischter Expo an der Galerie ze gesi sinn. Mat der Galeristin am Kënschtler huet d'Claudia Kollwelter ënnert an...
Podpurri Episod 53: Geneviève Mersch, 30/11/2021 30.11.2021 31:37
D'Cineastin Geneviève Mersch "Komm, ech filmen dech!" ass den Numm vun enger Serie vu ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.
Podpurri Episod 52: Ian Di Toffoli, 21/11/2021 21.11.2021 27:20
Auteur, Editeur, President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren a Proff op der Uni Lëtzebuerg. De Ian Di Toffoli huet méi wéi eng literaresch Kap un a gesäit d'Literatur och net réng als e Beruff. Op de Walfer Bicherdeeg huet hie mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert déi gläich 10 Joer vu sengem Verlag Hydre Editions erzielt, iwwert Heavy Metal Musek, laang Hoer an nächst Projeten.
Podpurri Episod 51: Gerard Valerius, 16/11/2021 16.11.2021 28:57
De Galerist Gérard Valerius Wéi de Gerard Valerius virun e puer Joer eng Galerie opgemaach huet, huet e sech selwer en Dram erfëllt. Vrun allem huet en awer domadder och vill Leit iwwerrascht. Bis dohinner war hie vrun allem bekannt als Gastronom mat Restaurant a Bistrot a laang Joren och am Disko-Nuetsliewen. An natierlech als RTL-Mataarbechter, deen ni ëm eng Äntwert verleeën ass oder souguer al...
Podpurri Episod 50: Julie Wagener a Marc Hostert, 09/11/2021 09.11.2021 38:31
D'Laureatin "Prix Révélation" Salon an de President vum CAL Zënter 125 Joer organiséiert de CAL all Joer säi Salon, bei deem een e Bléck op déi zäitgenëssesch Konscht ka kréien. All zwee Joer gëtt et och e Präiss fir déi Jonk Artisten ënner 35 Joer. Dëst Joer ass dee fir d'Illustratorin a Molerin Julie Wagener fir hiert Wierk "It hurts until it doesn't".
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.