RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
Author
RTL Radio Lëtzebuerg
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 25, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 104 - Den Actiounsplang zur Digitaler Inclusioun 25.06.2026 1:05:52
Ee Plang net just fir Leit mat Behënnerung! An dësem Episod geet et mam Ben Max vum Digitaliséierungsministère ëm den nationale Plang fir digital Inclusioun zu Lëtzebuerg. Als zweeten Aktiounsplang vum Digitaliséierungsministère soll hien dofir suergen, datt d'Digitaliséierung jiddwerengem zougänglech bleift, an datt keen op der Streck bleift. Mir diskutéieren iwwer d'Erausfuerderunge vun der digi...
Episod 103 - Réckbléck op d'SightCity 2026 16.06.2026 1:00:01
Méi ewéi just Innovatioun An dësem Episod kucke mir zesumme mam Christian Stahlberg op d'SightCity 2026 zu Frankfurt zeréck. Als Produzent a Moderator vum Podcast Sightviews begleet hien d'SightCity schonn zënter siwe Joer a kennt d'Messe wéi kaum en aneren. Mir schwätzen iwwer déi wichtegst Neiheeten, spannend Entwécklungen an d'Atmosphär op der gréisster Fachfoire fir blann a séibehënnert Mënsch...
Episod 102 - Tëscht Ateliers protégés an éischtem Aarbechtsmarché 02.06.2026 29:01
Wou steet Lëtzebuerg? An dësem Episod schwätze mir mam Aarbechtsminister Marc Spautz an der Christine Zimmer, Chargée de Direction vun Info-Handicap iwwert d’Aarbechtssituatioun vu Mënsche mat Behënnerung zu Lëtzebuerg. No der Info-Handicap-Veranstaltung vum 19. Mee, wou et ëm Erfarungen aus den Ateliers protégés an dem éischten Aarbechtsmarché goung, wollte mir méi wëssen. Wéi eng Erausfuerderung...
Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit 04.05.2026 44:43
D’SightCity ass vum 27. bis den 29. Mee zu Frankfurt an ass déi weltgréisst Plattform fir Hëllefsmëttel, Innovatioun an Inclusioun. Am Interview mat der Dagmar Kruzki geet et iwwert Entwécklungen, Trends an d’Bedeitung vun där Foire. Iwwer 150 Aussteller, Virträg a Workshops bidden konkret Léisunge fir den Alldag vu blannen a séibehënnerte Mënschen. D’Evenement ass mëttlerweil méi wéi eng Messe, e...
Episod 100 - D‘asbl Crunchbox stellt sech vir 27.04.2026
De Projet Hasilux, beschäftegt sech mat Autismus an Inclusioun Am Mëttelpunkt steet eng Plattform, déi Informatiounen, Erfarungen an konkret Hëllef fir Betraffener an hiert Ëmfeld zesummebréngt. D’Gespréich beliicht besonnesch d’Wichtegkeet vun der Sensibiliséierung fir onsiichtbar Behënnerungen an inklusiv Bildung. Dobäi ginn et inspiréierend Ablécker an e Projet, deen Inclusioun praktesch, verst...
Episod 99 - Wéi gëtt a Krisen a Katastrophen u Leit mat Behënnerung geduecht? 21.04.2026 19:54
E Gespréich iwwert en Internationale Rapport vun der Essel Foundation Am Gespréich mam Michael Fembeck geet et ëm de Crisis Report vun der Zero Project Conference. Des Rapport weist Lücken am Katastropheschutz a stellt konkret Léisungen an Tools vir. Fokus: besser Planung, inklusiv Approchen an den Asaz vu Technologie fir jiddereen.
Episod 98 - Wann d'Famill keng Loft méi kritt 09.12.2025 30:53
Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm od...
Episod 97 - De Schattenbericht 29.10.2025 49:20
Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat...
Episod 96 - Actiounsplang 2.0 – Gesondheet an Educatioun am Fokus 26.10.2025 23:45
Den Actiounsplang 2.0 fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ass den 31. Dezember 2024 ausgelaf. An de leschte Méint hu mir an dräi Episoden driwwer geschwat, wat gutt gelaf ass a wou et nach Verbesserungspotential gëtt. An dësem neien Episod vum IGEL Podcast geet et ëm zwee zentral Beräicher: Educatioun an Gesondheet. De Sascha Lang schwätzt mat der Sarah Scholtes vun der Direction de la Santé...
Episod 95 - "50+1" a "Paralympic-day": 2 wichteg Projen vum LPC 23.10.2025
Mam Mathis Finke an Ruben Goncalves schwätzen mir iwwer zwee spannend Projeten „50+1“ – ee Projet, dén d’Inklusioun am Sport stäerke soll „Paralympic Day“ den 08.11. am Rehazenter, wou 20 Sportaarten fir jidderee fir matzemaachen ugebuede ginn.
Episod 94 - Malta Meets Luxembourg 30.09.2025 27:52
An dësem Episod kritt de Sascha Lang Besuch vun enger Delegatioun aus Malta. Mat der Ënnerstëtzung vun Christine vun Info-Handicap sinn de Mathis, President vum nationale Dachverband MFOPD (Malta Federation of Organizations of Persons with Disability), an d’Gail, Member vun der MFOPD, op Lëtzebuerg komm. Am Gespréich schwätzen si iwwer d’Erfarunge vun der Delegatioun, d’Zesummenaarbecht tëscht Mal...
Episod 93 - Etüden an hier Wichtegkeet aus dem Aktiounsplang Handicap 2.0 10.09.2025 19:37
D’Etüden hu wichteg Ablécker ginn an de Wunn- a Betreiungsberäichm, an d’Bedeitung vun der Selbstbestëmmung vir Menschen mat Behënnerung. Am Gespréich geet et ëm d’Roll vum ASP, de geplangten One Stop Shop, an d’Haapterkenntnisser aus de Studien. E wichtege Schwéierpunkt ass déi geplangte Aféierung vun der Perséinlecher Assistenz zu Lëtzebuerg, déi d'Fräiheet an d'Autonomie stäerkt. D'Elisabeth Sc...
Episod 92 - De European Accessibility Act an de Roll vum OSAPS 01.07.2025 40:09
E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag? Am Gespréich ass de François...
Episod 91 - Evaluatioun vum Aktiounsplang 2.0 27.06.2025 27:41
E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0. D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere. Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matscha...
Episod 90 - Sightcity 2025: Sinn all nei Entwécklungen wierklech sënnvoll? 05.06.2025
D’SightCity 2025 ass eriwwer – mat spannenden Entdeckungen an Entwécklungen, déi Zukunft hunn oder vläicht och net. Mir schwätzen mam Christian Stahlberg, Messe- an Hëllefsmëttel-Expert a Produzent vum däitsche Podcast Sightviews, iwwer seng Andréck a wat him opgefall ass.
Episod 89 - Interview mam Madelaine Kayser 03.06.2025 37:16
D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert. Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir? En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater 23.05.2025 26:20
Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur. Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëm...
Episod 87 - Sensibiliséierungswochen 2025 an der Stad 24.04.2025 33:07
Aus de Woche gouf viru langem Méint, mat ville flotten Highlights. An dësem Episod stelle mir Iech de Programm vir, an mir léieren déi nei Responsabel vum Service Intégration et besoins spécifiques, Caris Dias Delgado, kennen. Fir d'Gala kann ee sech op integration@vdl.lu umellen.
Episod 86 - SightCity 2025 18.04.2025 22:50
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit. Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt.
Episod 85 - Colloque iwwert Perséinlech Assistenz zu Lëtzebuerg 05.03.2025 28:48
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg. Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vu...
Episod 84 - 25 Joer Assurance dépendance 03.01.2025 41:53
Den 1.1.1999 gouf zu Letzebouerg d’Assuracen Dépendance agefouert Wéi wichteg si ass, a firwat si eng Plaz am IGEL Podcast verdéngt huet, verroden d'Pascale Kolb an d'Sandrine Henriquet. Helpline: Allgemeng Froen:24786060 Technesch Hellefsmettel: 24786040
Episod 83 - Katrin Kohl – méi wéi just Héichleeschtungssportlerin 20.12.2024 31:53
Botschafterin fir d’Inclusioun, Paraliichtathletin, schafft um 1. Aarbechtsmaart an ass am Gemengerot zu Dikrech An der 83. Episod vum IGEL Podcast wollte mir méi wëssen iwwert hiren Engagement an hir Motivatioun. An och wéi et sportlech weidergeet.
Episod 82 - Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen 04.12.2024 25:33
Selbstbestëmmt Liewen ass duerch d’ UNBRK (UN-Behindertenrechtskonvention) an de Fokus komm Wéi ee kann selbstbestëmmt liewen? Dat ass eng vun de ville Missioune vum éischten an eenzegen Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Lëtzebuerg Den Zentrum gouf virun engem Joer zu Esch gegrënnt. Mam Tessy Oth an Angie Reuter geet Riets iwwer d'Aufgaben vum ZSL an hir Wichtegkeet.
Episod 81 - 9. November – Paralympics Day am Rehazenter 25.10.2024 22:32
Knapps zwee Méint nom Enn vun de Paralympics zu Paräis invitéiert d'Lëtzebuerger Paralympesch Comité (LPC) op de Paralympics Days am Rehazenter. Dësen Dag bitt eng exzellent Geleeënheet, fir d'Inklusioun am Sport ze feieren an sech iwwer d'Wichtegkeet vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg z'informéieren. An virun allem vir matzemaachen! Am Gespréich mam Mathis Finke vum Paralympesch Comité Lëtzebu...
Episod 80 - Auswee Wunnstruktur 10.10.2024 29:20
Dësen Episod beliicht déi emotional Aspekter vun dëser Decisioun D'Suergen an Ängschten, déi d'Tatiana Kerg en Vue vun der Zukunft vun hirem Bouf hat, déi néideg Upassungen am Alldag an déi schwiereg Iwwerleeungen, déi si huet musse maachen. Et gëtt och thematiséiert, wéi den Dave selwer dësen Iwwergank erlieft huet, a mat wéi enge Schwieregkeeten, awer och positiven Entwécklungen, hien dobäi konf...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.