RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Society LB ↓ 100 episodes

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Society

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 25, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 79 - Cybathlon 2024: Technik ouni Grenzen 08.10.2024

De Cybathlon 2024 gëtt vum 25. bis den 27. Oktober an der Swiss Arena zu Kloten bei Zürich organiséiert, mat 80 Teams aus 26 Natiounen. An dësem internationale Concours gi Pilot:innen mat Behënnerungen duerch nei Assistenztechnologien ënnerstëtzt. Nei Disziplinne sinn d'Intelligent Sehassistenz an d'Assistenzroboter, déi d'Inclusioun weider fërderen. D'ETH Zürich vernetzt Betraffener mat Fuerscher...

Episod 78 - Dadofonic – Inklusiv Konscht a Kultur 01.10.2024

De Collectif Dadofonic ass een Atelier Protégé, dee spezialiséiert ass op Art Visuel an Art sur Scène. Zanter ville Jore sinn si Gaascht op villen Bünen hei am Land, an loosse Leit mat Behënnerung och den Dram vun enger Artistekarriär dreemen. Et ass méi wie just een Atelier Protégé. Dat erzielt de Gary Wirth, Encadrant bei Dadofonic vun der Ligue HMC.

Episod 77 - Colors of Blindness 16.09.2024

Quinzaine vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung D'Quinzaine "Colors of Blindness" ass eng Initiativ vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. Dës Aktioun soll d'Ëffentlechkeet fir d'Thema Blann- a Séibehënnerung sensibiliséieren. Nieft der Verdeelung vum traditionelle Kalenner gi wärend dësen 2 Woche Spenden gesammelt an Evenementer wéi "Unsichtbare Welten" am Mierscher Theate...

Episod 76 - Bronze fir den Tom Habscheid 13.09.2024

E Schub fir de Parasport zu Lëtzebuerg? Ass et elo de Moment, wou méi Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet gefuerdert muss ginn? Mam Marc Schreiner (dem President vum Luxembourg Paralympic Committee) a Marc Kieffer (dem Sportdirekter vum LPC) schwätze mir iwwer hir Emotiounen a Gefiller, déi et zu Paräis goufen. Mir stellen och d’Fro no de Fuerderungen un d’Politik, Verbänn, Veräiner an d’Gesellschaft...

Episod 75 - Interview mam Rigo Rink 10.09.2024

De Rigobert Rink, deen zanter méi wéi 20 Joer Tetraplegiker ass, deelt seng inspiréierend Geschicht mat Iech. Trotz senger Behënnerung ass hien ëmmer aktiv bliwwen, a säi Motto "Ëmmer erëm opstoen" huet him gehollef, déi gréissten Erausfuerderungen ze meeschteren. Et geet ëm seng Motivatioun, wéi hien Hürden am Liewen iwwerwonnen huet, a seng Rotschléi fir aner Leit mat Behënnerungen. En Episod vo...

Episod 74 - All Together – e Concert vun der Fondation EME op der Kinnekswiss 02.07.2024

An dësem Episod ass d'Sarah Bergdoll zu Gaascht. D'Coordinatrice Générale vun der Stëftung erzielt iwwert hire Projet an iwwert 15 Joer Fondation EME.

Episod 73 - „Alles Normal“ - Lëtz celebrate inclusion 28.06.2024

An dësem Episod beschäftege mir eis mat dësem groussen Event, den 12. an 13. Juli 2024 am Forum Geesseknäppchen De Familljeminister Max Hahn, d'Christine Zimmer (Chargé de direction Info-Handicap), d'Michèle Stein (vum Ministère de la Famille), de Professor Traue (Uni.lu) an de Mathis Finke (LPC) sinn d’Gäscht an dësem Episod. Mir gi méi genee op de Programm an, an héiere firwat et sech lount de W...

Episod 72 - Sightcity 2024 29.04.2024

Och hei am Land fueren all Joer vill Leit op Frankfurt op d’Sightcity Dat ass weltwäit déi gréisste Foire fir Blann an séibehënnert Leit. D'Dagmer Krutzki vun der Sightcity huet wieder Informatiounen.

Episod 71 - 100 Deeg nei Chargée de Direction bei Info Handicap 15.04.2024

D'Christine Zimmer ass zanter dem 01. Januer 2024 déi nei Chargée de Direction bei Info Handicap. Fir ons ee gudde Moment Sie am IGEL Podcast virzestellen an nozefroen, wéi d'Zukunft bei Info Handicap ausgesäit.

Episod 70 - Mosaik, en Netzwierk vun der Kultur fir d’Kultur zu Lëtzebuerg 29.03.2024

D’Netzwierk këmmert sech ëm de Thema Inklusion, fir Spektateuren, Kulturschaffend, Acteuren awer och fir d’Kulturhaiser. Am Gespréich mam Sascha Lang presentéieren d'Peggy Kind (Mierscher Kulturhaus), d'Elvira Mittheis (Cooperation Wolz) an Tom Leick (Staater Theater) dëst Netzwierk, seng Erausfuerderungen an Zukunftsperspektiven.

Episod 69 - Hu Frae mat Behënnerung et méi schwéier ewéi Männer mat Behënnerung? 07.03.2024

Een Interview mam Shirley Feider am Kader vum Weltfraendag Sie war bis 2023 d'Präsidentin vun ALAN, ass Member an der Inclusiounkommissioun zu Mamer, an steet hir Fra an enger nach net ganz inklusiver Welt. Mir werfen an eisem Interview och ee kuerze Bléck op de Bilan vum Plan d’Action vun de Maladies Rares, deen de 6. Mäerz 2024 presentéiert gouf.

Episod 68 - Revivre vum Ensemble Blancontact 01.02.2024

Zanter enger Zäit gëtt et d’Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv. Initiator dovu war d'Mierscher Kulturhaus. Bei dësem Netzwierk geet et net just nëmmen drëm Veranstaltungen accessibel ze gestalten, mä och Kënschtler mat Behënnerung zu fërderen. An dësem Episod schwätze mir iwwert dëst Netzwierk, a beschäftegen eis haaptsächlech mam Ensemble Blancontact. Invitéiert sinn: Annick Puetz, Giovanni Zazzera...

Episod 67 - Weltdag vun der Brailleschrëft 03.01.2024

Wéi geet et der Brailleschrëft? Dat freet ee sech 199 Joer no hirer Entwécklung duerch de Louis Braille. De Reiner Delgado an d'Sonja Schmidt schaffe beim Däitschen Blannen- a Sehbehënnerteverband op nationalem an Europäeschem Niveau, fir d’Promotioun an d’Weiderentwécklung vun der Brailleschrëft.

Episod 66 - Hëllef fir eng besser Mobiliteit – Neie Projet vun Info-Handicap 27.12.2023

SAMT – sou heescht den neien Projet vun Info-Handicap op Initiativ vum Familje Ministere. Dëse Projet déngt dozou Leit mat Behënnerung ze ënnerstëtzen an der Notzung vum ëffentlechen Transport. Méi Detailer, a wéi ee ka matmaachen, ginn et am Interview mam Valentino Nardella vun Info-Handicap.

Episod 65 - Perséinlech Assistenz als Schlëssel zur Inclusioun 22.12.2023

Een Interview mam Raul Krauthausen Zu Lëtzebuerg lafe Preparatioune fir perséinlech Assistenz anzeféieren. Dat wäert nach daueren an trotzdeem ass et spannend iwwert den Tellerrand ze kucken an nozefroen wéi dat am Ausland ëmgesat gëtt, a wat fir eng Wichtegkeet dës Form vun der Ënnerstëtzung fir Persounen mat Behënnerung an der Inclusioun spillt. De Raul Krauthausen ass Aktivist an Däitschland an...

Episod 64 - Internationalen Dag vun de Mënsche mat Behënnerung 02.12.2023

Den 03. Dezember weise vill Associatiounen an Institutiounen op d'Besoine vu Mënsche mat Behënnerung hin. Viru knapps 14 Deeg gouf den Max Hahn als neien/ale Familljeminister bestätegt. Am Koalitiounsvertrag steet op ville Plazen eppes iwwert Inclusioun, mä virun allem vun der Säit 77 bis 83 ginn ambitiéis Projeten ugestouss. Wie interpretéiert de Minister dësen Koalitiounsoptrag? Wat sinn d’Eraus...

Episod 63 - 25 Joer ALAN 30.11.2023

D’Maladies Rares ginn zu Letzebouerg vertrueden duerch d’Associatioun ALAN. Wie wichteg dës rar Krankheete sinn gesäit een dorun, dass et en eegene Plan d’Action zu dësem Thema gëtt. Maladies Rares hunn awer och eng staark Auswierkung op d’Thema Inclusioun, well si féieren dax zu Behënnerung, meeschtens där, déi een net gesäit. Mam Daniel Theisen, Direkter vun ALAN feiere mir 25 Joer Associatiouns...

Episod 62 - Mënsche mat Behënnerung dierfen net vergiess ginn 24.10.2023

Wärend de Koalitiounsverhandlunge kommen Associatiounen aus der Behënnerten Zeen zu Wuert. Mat dobäi: Joel Delvaux: Nëmme Mat Eis an ZeFi Patrick Hurst : CSPH, Nëmme Mat Eis an CET Martine Kirsch: ZeFi Nadine Medinger: Conseil National Infohandicap Jean-Marc Scheer: Wäertvollt Liewen Marie-Marthe Müller: Aktivistin an Nëmme Mat Eis Martine Eischen : Trisomie 21 Moderatioun : Sascha Lang

Episod 61 - LPC - Paralympicdays an Paralympics 2024 zu Parais 16.10.2023

D'Paralympics 2024 zu Paräis werfen hir Schied viraus. Virdru sinn den 28. an 29. Oktober 2023 Paralympic Days am Reha Zenter. Mam Mathis Finke a Marc Kiefer kucke mir op déi zwee Evenementer, déi fir de Paralympesche Sport wichteg sinn.

Episod 60 - Table ronde mat den Kandidaten zum Thema Inklusioun 29.09.2023

Wie eng Behënnertepolitik erwaart ons an deenen nächste Joren? An dësem Episod si Kandidaten an Kandidatinnen mat an ouni Behënnerung invitéiert. Zesumme gëtt ee Réck- an Ausbléck gemaach. Mat dobei sinn: Anne Winter – Fokus Joel Delvaux – Déi Lénk Gaby Damjanovic – Déi Gréng Stéphanie Weydert – CSV Susanna Van Tonder – LSAP Raymond Remakel – Piraten Tom Weidig – ADR

Episod 59 - Biller fir d’Ouren 18.09.2023

Audiodeskriptioun beim weltwäit erfolgräichste Musical zu Hamburg Bei der Audiodeskriptioun kréie blann a séibehënnert Leit beschriwwe wat an deene Momenter passéiert, wou op der Bün net geschwat gëtt, oder och am Film keen Dialog ze héieren ass. Fir dat dauerhaft live ëm ze setze war bis elo quasi onméiglech, well et nach keng Technik dofir gouf. Elo ass se do: "Earcatch" heescht eng App déi dat...

Episod 58 - Design for All 22.08.2023

Méi ewéi just Barrièrefräiheet fir Leit mat Behënnerung Den Design fir jiddereen ass ëmmer ganz enk mam Thema Accessibilitéit verbonnen. No dem Akraafttriede vum neien Accessibilitéitsgesetz, den 1. Juli 2023, zu Lëtzebuerg, ass d'Thema Design fir all méi aktuell wéi jee. Dat ass och d'Zil vun der Associatioun, där hire President de fréieren Direkter vum Info Handicap Silvio Sagramola ass. Hien as...

Episod 57 - Daat neit Accessibilitéitsgesetz 25.07.2023

Net just eng Chance fir Persoune mat Behënnerung Zanter dem 01.07.2023 ass et a Kraaft. Dës Kéier ass net just den ëffentelche Secteur viséiert, net just d’Neibauten, mee och den Private Secteur an den Bestand! E Gesetz wat ee Meilesteen an der Accessibilitéit wäert duerstellen. „Ee grousse Schrëtt a Richtung Barrièrefräiheet net just fir Persounen mat Behënnerung“, esou gesäit et och dee Famillje...

Episod 56 - 20 Joer Département des Travailleurs Handicapés 22.06.2023

Den DTH huet am Mee seng 20 Joer gefeiert Vun Ufank un ass de Joël Delvaux, selwer betraff, staark engagéiert an och mëttlerweil Responsabel fir dësen Departement. Mat him gëtt et an dësem Episod ee Bléck op déi lescht 20 Joer, mir sträifen den Historique vum DTH a gi gefuer, wat een an Zukunft misst besser maachen.

Episod 55 - ATVA 30.05.2023

Eng Bréck op den éischten Aarbechtsmaart ATVA steet fir Agence pour la transition vers une vie autonome. Si bitt eng Ënnerstëtzung vun der Schoul op den Aarbechtsmaart. Recht op Aarbecht fir jiddereen, Iwwergang: Schoul – Ausbildung – Aarbecht, mee wat ass hier Missioun genee? Wien ass hier Zilgrupp? Wien dierf ënnerstëtzt ginn, a firwat ass den Assistant à l’inclusion bis elo ee gescheiterte Mode...

Listen to the RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.