Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Déi gutt Mod
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.
Author
Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 24, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff 24.06.2026 41:26
D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, der ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest...
#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart 27.05.2026 59:14
D'Caroline Mart ass laangjäreg Journalistin an eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer säi Parcours: Vun enger Kandheet tëscht New York, Bréissel a Lëtzebuerg iwwer d'Europaschoul, e Studium zu Bréissel, bis bei eng Karriär, déi hatt als Quotefra an enger renger Männerredaktioun ugefaangen huet. D'Caroline erzielt, wéi et war, als jonk Fra an...
#40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen 06.05.2026 42:38
D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen. Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat...
#39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges 31.03.2026 50:54
"Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun...
#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch 10.03.2026 52:16
D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fech...
#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana 26.01.2026 47:13
D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen. D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Orig...
#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer 07.01.2026 43:23
D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademes...
#35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch 17.12.2025 47:11
Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn. Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwät...
#34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort 26.11.2025 44:17
Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter. Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt....
#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir 11.11.2025 37:45
An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen. D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marke...
#32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille 29.10.2025 34:34
De Congé de Maternité steet virun der Dier, d’Preparatiounen am Betrib komme sou lues op en Enn an déi éischt Upassungen droen hir Friichten. Eng Fro vun enger Nolauschterin stéisst eng Diskussioun un doriwwer, ob esou eng Paus de beruffleche Wee verännert, wou se bremst, wou se e Neiufank méiglech mécht, a firwat Gläichstellung nach ëmmer net selbstverständlech ass.
#31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch 17.09.2025 40:53
An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp. Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi...
#30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership 19.08.2025 38:58
An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesc...
#29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger) 22.07.2025 42:31
Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem The...
#28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser) 17.06.2025 1:07:51
Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“ Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wé...
#27 Humor op der Aarbecht 27.05.2025 27:51
Humor op der Aarbecht mécht eis méi resilient, verbënnt an hëlleft och duerch ustrengend oder schwéier Deeg ze kommen. Net nëmmen am Journalismus, mee op all Aarbechtsplaz. Wéi geet Humor op der Aarbecht? Wou sinn eiser Meenung no d’Grenzen? Mir schwätzen doriwwer a gi Beispiller aus eisem Alldag. D’Melody war ënnerdeems dës Woch immens beréiert vun engem Interview mat enger jonker Parkinson-Patie...
#26 Prokrastinatioun an Networking-Hacks vun der Bom 01.04.2025 40:50
Mir schwätzen iwwert Peoplemanagement an dat Gefill, de ganzen Dag näischt geschafft ze hunn. An et geet ëm Prokrastinatioun. Wat sinn déi Aufgaben, déi gären op en aneren Dag verluecht ginn? Zum Schluss ginn et nach e puer Networking-Hacks vun eise Bomen. Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.c...
#25 Systemperfektionismus 10.03.2025 18:57
D’Sonn kënnt eraus, d’Laun ass direkt besser – an dat net nëmmen, well d‘Fréijoer sech ukënnegt, den Alkohol gouf massiv reduzéiert an dat hat direkt e puer positiv Effekter. D’Melody erzielt vum Event “Diplomat for a Day”, wou et sech am Kader vum Weltfraendag mat engagéierte jonke Fraen ausgetosch huet. An et geet ëm “Systemperfektionismus”, also d’Striewen no Perfektioun vun engem Prozess oder...
#24 Sport an (On)zefriddenheet 24.02.2025 33:57
Wéi huet sech eist Verhältnis zu Sport am Laf vum Liewe verännert? D’Lynn ass méi risikobereet ginn, wärend d’Melody et méi roueg ugoe léisst. Ma eppes hu mer gemeinsam: Mir brauche Sport mëttlerweil, fir de Kapp fräi ze kréien, duerch den (Aarbechts)alldag ze kommen an och aus dësem einfache Grond: Et mécht Spaass. Apropos Aarbecht: An der Vakanz ass dem Lynn opgefall, wéi vill Leit mat hirem Job...
#23 Kënnegen an astellen 28.01.2025 40:55
Wat eng opreegend Woch! D’Lynn an d’Melody hunn déi éischte Kéier an hirem Liewen nei Mataarbechter*innen agestallt. Direkt nom Onboarding-Dag deelen si hir frësch Andréck mat Iech: Wourop muss ee bei der Astellung oppassen? Wat sinn d’Erwaardungen – souwuel vun de neie Leit wéi och vun der bestoender Ekipp? A wisou kann ee "frësche Bléck" op eis Aarbechtsprozesser esou wäertvoll sinn? A wa mir sc...
#22 An der Ëffentlechkeet stoen (feat. Anne Calteux) 13.01.2025 51:08
Alles Guddes am neie Joer! D’Melody deelt mat eis, firwat hatt bis elo nach ni e positiivt Verhältnis zu Geld hat a wéi et dat dëst Joer ännere wëll. An der Ëffentlechkeet stoen – déi eng zéien hir Energie doraus, fir anerer ass et éischter e Mëttel zum Zweck. Doriwwer hu mir mam Anne Calteux geschwat, eis Invitée an dëser Episod. Wat ass de Rôle vun der Vertriederin vun der Europäescher Kommissio...
#21 Formatiounen, Soft Skills an d’Selbstwäertgefill (feat. Muriel Morbé) 24.12.2024 36:49
Merry Christmas! An der leschter Episod fir dëst Joer schwätzen d'Lynn an d'Melody iwwert d'Work-Life-Balance bei Dirigeanten. Si tendéieren dobäi éischter zu "Go with the flow"... E weidere Sujet ass de Lifelong Learning. D’Muriel Morbé, Directrice vum House of Training an Directrice Talents and Skills bei der Chambre de Commerce erkläert, firwat Formatiounen net just fir Entreprisen an hir Mataa...
#20 Erfarungen deelen 02.12.2024 22:19
"Happy Birthday!" Scho 4 Joer schaffe mer zesummen – ugefaangen als Chefredactrice a Programmcheffin, a säit 2023 hu mer eng nei Bezéiung: Chefredactrice an Directrice Générale. Eis Aarbechtsdynamik huet sech doduerch verännert. Dem Lynn kann et heiansdo net séier genuch goen, an d'Melody huet d'Tendenz ob d'Brems ze trëppelen. Ma gutt, dass mer eis an der gëllener Mëtt kënnen treffen. Mir hunn d'...
#19 Ënner Drock (feat. Annick Goerens) 14.11.2024 43:52
An dëser Episod schwätze mer iwwert déi verschidden Aarte vun Drock: den Drock vu baussen, den Drock, dee mir eis selwer maachen, Zäitdrock, finanziellen Drock an de politeschen Drock, dee Journalist*innen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi spieren. Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D’Annick Goerens, frësch aus den USA ageflunn, hei huet hat fir RTL d'US-Wale couvréiert. D’Annick erzielt, wéi et bei engem...
#18 Transparenz op der Aarbechtsplaz 29.10.2024 25:06
Dat Gefill, um Enn vum Dag mat allem fäerdeg ze sinn – kennen d’Lynn an d’Melody net méi. An dëser Episod geet et ëm Erfollegsmomenter, d’Kommunikatioun an der Ekipp, an déi schmuel Ligne tëscht Informatiounen deelen an an d’Rechtfäerdegung falen. Wat ass nach méi kontraproduktiv wéi eng Cheffin, déi vun uewen erof dirigéiert? Eng Féierungspersoun, déi keng Entscheedungen trëfft.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.