Meh.
Meh.
“Beschte Postcast deen ech jee héieren hunn” ~ Catherine seng Mamm (huet nach ni en anere Podcast gelauschtert)“Intellectual and insightful” ~ Sidsel säi Papp (ka kee Lëtzebuergesch)“5/5” ~ Luc (huet eng Zuelen-Schwächt)E Lauschtererliefnis éischter Klass, en auditiivt Schulterzucken a minimalen oversharing - Sidsel a Cat (wësse vu wat se schwätzen… heiansdo)
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 7 - Vun der Liewer op d’Zong 04.07.2026 46:17
Alarm an der Muedenzentral!! Lëtzebuerg ass am Ausnamezoustand well den Holger säin Onwiesen dreift. An net just Lëtzebuerg, beim Cat a Sidsel ass d’Hëtzt och ukomm an de Kapp dämpt - oder wéi kann ee sech soss Brëschtkrich, Traumaschof an Ex-Frënn ouni Nimm erklären? Verspriecht eis einfach op 3 ass alles vergiess: 1,2, …
Episod 6 - Mir gräifen aus 14.06.2026 47:56
Dës Episod in a tanned nutshell: D’Sidsel huet DE Currywurscht-Tipp. D’Cat eifert dem Schéinheetsideal no. Déi Zwee wëlle just nach als Duo agestallt ginn, kréien awer zesumme kee riichte Saz eraus. Brauche se och net, Sprooch verännert sech an am Zweifel, wéi op TikToxic: hal deng Maul.
Episod 5 - Comeback vum Aarschgewei? 14.05.2026 48:34
Wéi vill Synonymmer ginn et fir ze kräischen? 1. Waasser loossen 2. Sech d’Aen verknäifen 3. Aus den Aen urinéieren 4. Pippi an den Aen 5. Eist Liewen An deem Sënn vill Spaass bei dëser Episod… oder Courage.
Episod 4 - Entierft a gekënnegt 20.04.2026 51:54
Si mir hei op der Titanic oder der Arche Noah? Vum Niveau hir villäicht méi Titanic, ma vun der Besatzung hir freet den Noah sech iwwer seng Pouleten a Geckos. Ass och egal, Haaptsaach d’Schëfft leet of. Dot är NET GIEL Schwammwesten un, maacht iech prett fir Influencer-Dasein an üübt scho mol d’Weltsprooch Däitsch, well et geet lass Richtung… egal Haaptsaach fort. #GoodbyeLuxembourg.
Episod 3 - Mond-Flatulenzen 28.03.2026 41:41
“Champignone kann een net vertrauen, Leit kann een net vertrauen, a Männer souwisou net” – esou kéint een dës Episod resüméieren, mee iergendwéi och net well...wat ass dës Episod??? Fir et am Catherine senge Wierder ze soen “Dës Achterbunn ass e Podcast”. Leet är Schwammflosse prett well déi heite Fësch hu just nach eng Floss an et gëtt gestruewelt a gespruddelt fir net ënner ze goen. Ënner a Rose...
Episod 2 - Haters gonna Internet 07.03.2026 40:50
Meh proudly presents: eng Produktioun mat groussen Ambitiounen an nach méi groussen Nimm. Freet iech op d’Eso-Erica, de Fernseh-Fuzzi, de Spanner vum M an d’Monien aus der leschter Rei. Opgepasst: dëst Stéck ass en interaktive Lückentext an enthält Humor a Gaunerei. Mir haften net fir Gréisstewahnsinn oder Fuselen.
Episod 1 -Diagnos ass do, a mir och 14.02.2026 41:22
A wéi Äppel B wéi Bh C wéi mir si rëm do a maachen eis eege Reegelen
Episod 39 - Doesn’t butter me 18.05.2025 48:58
Zitt de Fändel an d’Luucht, wëscht de Sabber vun der Massage-Brëtsch an dot är 270€ Jeans-Box un - wéi hutt der net? Da sidd der an dëser Episod genee richteg. Vun der petite-bourgeoisie bis op Pöbel-Status, d’Queens sinn e puer Stackwierker no ënner gerullt. Fir genee ze si bis an Hotelzëmmeren, déi net emol Fënsteren hunn. Wärend d’Cat senge Medien-Dreem Äddi seet an elo Massagen zu Amsterdam gë...
Episod 38 - Gromperen-Couchelchen 26.04.2025 43:05
Brimborium leviosa oder fir et méi elegant auszedrécken f*ck JK Rowling. Domat starte mer eloquent wéi eh und je an dës Wonnerwelt vu Podcast. Maacht iech eng kleng Kuschelzäit a genéisst dat neit Konzept vu Queens of Meh: Dir lauschtert eis beim schlofen no – happy NAPisod. JOKE, wéi wann d’Camper-Conny an d’ curly-girl-Hagrid esou laang kéinte roueg bleiwen. Dofir gëtt et vill ze vill ze beschwä...
Episod 37 - Sidd dir eng Koppel? 13.04.2025 46:26
Maacht den Applaus-Knäppche prett well d’Thermomix Karen an d’Miss Nothum stinn an de Startlächer. Mat enger Pace vun 1:18 an e bësse krimineller Energie geet et Richtung Zil wou schonn déi gutt richent Norweger:inne waarden. Wat mécht eigentlech dem Cat säi Kiné berufflech? Wéi ass d’Sidsel sou séier 3-fach Mamm ginn? A steet ETA wierklech fir England the A*hole? Wimms, wumms, alles Froen, déi är...
Episod 36 - D’ass just eng Phas 23.03.2025 50:58
Jorelaang ass ee professionell Partymaus, et huet een e crush op den Drummer vun der Band an iergendwou am Kapp spillt ëmmer ee Lidd. A knapps ass een 28 muss ee sech mat co-parenting ausernee setzen, Lafschong kafen ass Thema Nummer 1 an et gëtt drop an derwidder gedierzt. Blöd just wann ee sech am eegene Gebuertsdatum geiert huet an een nach guer keng 28 ass. Kann ee jo mol verdrängen, genee eso...
Episod 35 - Mat der Dier an d’Pan 08.03.2025 52:56
Wann eng nei Episod um Weltfraendag opgeholl gëtt, da muss een natierlech mat geballter Alpha-Energie an d’Renne goen. Un der Startlinn stinn d’Sporty Spice & d’Koriander-Cat a maache sech waarm fir mat beschtem italieeneschen Accent iwwer Schwanzvergläich ze schwätzen. Wat Himmelsdéiercher domat ze dinn hunn a firwat Lëtzebuerg nach e weidere Männerpodcast brauch, dat fannt dir eraus wann dir...
Episod 34 - Flirt mat der Hand 16.02.2025 48:33
Rideau op: den inklusiven Theater mat Trigger Warnung, villen Emotiounen an zwou Kinniginne von und zu Meh ass am Duerf. Den Text sëtzt net ëmmer mee et gëtt un der Verständlechkeet geschafft, oder awer um verständnisvoll sinn? Virun allem d’Cat muss léiere wéini laachen ubruecht ass an d’Sidsel schafft u senger Karriär als Bus-Entertainer. A propos Trigger Warnung an dëser Episod ginn zwou Fraen...
Episod 33 - Sexy Dumplings 01.02.2025 52:00
Dës Episod gëtt iech presentéiert vun der Léift - déi am Krankebett, déi live vum LSC a virun allem déi vum Sidsel sengem Partner. Spicy gëtt et awer net, héchstens cringe vue, dass den Altersënnerscheed tëscht eisen zwou Queens laut enger Infirmière bei mindestens 20 Joer läit. Och wann alles géint si geschwat huet, hunn d'pick me girl an d'girly girl sech an engem Lichtermeer vun Hallefwësse fo...
Episod 32 - D’Geschicht vum Meter Béier 11.01.2025 46:49
3…2…1 Apeldecken! An domat ass 2025 dann och offiziell lancéiert, an dat direkt mat enger existenzieller Fro: Wéi vill kann an enger Episod geflucht ginn? Problematesch ass an dëser Episod net just wéi vill misst gepiipt gi mee och är Hosts aka Junkien. Dopamin-junkies versteet sech, eppes aneres géif d’Sécherheetsmuecht vu Lëtzebuerg och guer net acceptéieren. A propos Sécherheet - Firwat d’Cat a...
Episod 31 - Blannen Hond a kale Jang? 14.12.2024 48:06
Licht an! Oder aus? Et ass net ëmmer esou einfach säi Wee am däischteren ze fannen, virun allem net wann een d’Gefill huet verfolleg ze ginn… An dësem Fall awer Luuchten un, well sos kann een net d’Biller bewonneren, déi d’Cat no 3 Joer a senger Wunneng elo endlech opgehaangen huet. Wärenddeems huet sech d’Sidsel dann och erëm sengem Liblingsthema gewidmet: Vakanze plangen. Déi 2 Musicaltalenter g...
Episod 30 - 2 Poolboys um Zebrasträifen 30.11.2024 44:50
Advent Advent, kuckt eist onnëtzt Talent. Oder am Cat sengem Fall TalentER. Nodeems endlech d’Fro gekläert gouf ob sech am beschten no vir, no hannen oder aus dem leschte Lach päift, kann den Zirkus lass goen. Ganz no deem Motto gouf en neie Level un domm entdeckt, YOLO-Parking bedriwwen a Pool-Boys mat Poliziste verwiesselt. Donieft goufen et vill Froen un d’Dokteren an Dokteschen am Land, a wéin...
Episod 29 - Spullmaschinnen-Sekte 16.11.2024 44:35
Halloween ass eriwwer mee et bleift creepy bei de Queens of True Crime Dating CoMEHdy. Dir hutt d’Gefill dir gitt beobacht? Dir gesitt ëmmer erëm déi selwecht Persoun mat Kap a Schnurres virun ärer Fënster stoen? An ärer Spullmaschinn wunnt den Tom Cruise? E klore Fall fir d’Trovatis. Tri Trovatis, dat sinn d’Cat, d’Sidsel an de creepy Joe aka dem Sidsel säin achtsamen Alter Ego. An dëser Episod l...
Episod 28 - Neien Dag, neit Gehier 03.11.2024 45:32
Ho ho ho - Halloween ass eriwwer mee déi grujeleg Gestalte laueren nach iwwerall: Ex-Partner, Bankkonten, eeler Leit mat vill Spaut am Mond a Lama um Spieß. Maacht et wéi all déi Leit, déi net beim Staat schaffen a schrauft är Erwaardungen erof. TV-Sternchen Sidsel an extravagant Persoun aus dem Botzpersonal Cat prrraudly present: hir Laachkris.
Episod 27 - Nuesläppchen 19.10.2024 42:20
This is the voice of Dingsdabumms… Ob sech d’Still fir d’Queens ëmdréinen oder net, gitt dir an der neister Episod vun ärem Liblings-KFZ-Podcast gewuer. Keng Angscht, sollten technesch Problemer opkommen, d’Cat krempelt d’Äerm vu sengem Fräizäitkostüm an d’Luucht an d’Sidsel huet d’Dréikräiz an d’dad jokes scho parat. Dir mierkt, qualitativ gëtt mol nees eng Schëpp dropgeluecht. A punkto Kultur ha...
Episod 26 - Cornischong an der Tut 05.10.2024 49:44
Stellt Iech vir de Fliger stierzt of an dir sëtzt dran, wat braucht der? Wann d’Äntwert dorop Aaxt a Feier ass, congrats dir sidd e Mann. Wann dir eng Fra sidd, eist Bäileed well wéi FB Kommentare beweisen: “Frae sinn net witzeg”. An deem Sënn, wëllkomm beim Trauerpodcast an deem et dës Kéier iwwer Dout, kriibskrank Kanner a Kontakt mam Ex geet. Falls dir elo ganz vill Froen am Kapp hutt, hei nach...
Episod 25 - I just a baby 21.09.2024 43:23
Live vum Medienzentrum Hesper: Ären ergotherapeutesch korrekte Podcast! Wéi op der Schueberfouer, oder fir d'Sidsel, wéi am Tram, geet et ronn. Sëtzt iech nieft an op keen a lass geet et mat adulting fails, Panikattacken an ongefiltertem Chaos. Wärend déi eng Queen Stellungnam zu sengen Tittebilder hëlt, ass d'Cat vu Geeschter geplot. D’ass näischt fir houfreg drop ze sinn: Wann d'Betreier aus dem...
Episod 24 - De Ping Ling Effekt 07.09.2024 52:13
Et ass d’Rentrée vun de royalen Therapiestonnen, déi net vun der Krankekeess gedeckt ginn – Queens of Meh sinn zréck mat enger extended Episod. Wat gehéiert zu der Rentrée dozou? En neien Outfit! Kee Problem fir d’Sidsel, dat zwar aktuell weder Job nach Wunneng huet, ma de Kleeder-Code huet et scho mol geknackt. Priorities eben, denkt sech och d’Cat a widmet sech de wierklech grousse Problemer am...
Episod 23 - Liberté, Égalité, Duerffest 27.07.2024 45:39
Dot är Rettungswesten un, Schwammkap op de Kapp a lass, seet de Kapitän German the Herman. Mir paddele Richtung Pride, laanscht Lëtzebuerger Duerffester an och déi sloweenesch Hecke ginn ënnerwee matgeholl, wuertwiertlech. Wat mussen déi dann och direkt virun den Auto sprangen? Konflikter ginn et genuch an dëser Episod, Léisungen awer och. Wann Zanpasta net méi hëlleft, da muss een a Costa Rica au...
Episod 22 - De boob-business 13.07.2024 42:33
Just Ken, just George oder awer just Sidsel? Nee, keng Angscht, och wann déi Zwee sech am Privaten net leide kënnen, gehéiert d’Cat zu dësem Podcast, wéi Holland an England an d’Finall. Wärend Lëtzebuerg Privat scho mat den Hufe schäert fir en exklusiven Interview, ginn d’Queens léiwer en inklusiven Abléck an hir Gehierer, dës funktionéieren nämlech net ëmmer wéi d’Norm dat verlaangt. Mee wat ass...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.