Cecilia Said Vieira

Ceci, Do You Love Me?

Society LB ↓ 72 episodes

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)

Author

Cecilia Said Vieira

Category

Society

Podcast website

podcasters.spotify.com

Latest episode

May 4, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#57 Festival Edition: Koll & Aktioun 04.05.2025

FESTIVAL SEASON IS ON! Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun. De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de...

#56 LOIVOS - E Bléck an d'Band 25.12.2024

Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos . Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Chall...

#55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset? 27.10.2024

Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d...

Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia 07.10.2024

Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net...

#54 Jill Lallemang - GenZ vs Millenial 01.10.2024

Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da...

#53 Loïc Juchem - The Show must go on! 16.06.2024

Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer.  An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir?  Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze h...

#52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen. 09.06.2024

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Cred...

#51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation 14.05.2024

Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach.  Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch C...

#50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss 28.04.2024

Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech?  Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et op...

#49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch 14.04.2024

Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem ge...

#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem? 12.03.2024

CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de...

#47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH? 11.01.2024

Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD  wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.  Lauschtert eran and stay tuned for more!  

#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg! 10.12.2023

An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀  Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!)...

#45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur 10.10.2023

De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this.  Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen. Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit d...

#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss! 17.09.2023

- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou ve...

#43 IREM - Female Support an der Musekszeen 20.08.2023

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner...

#42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse 23.07.2023

An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus?  Wat geschitt am Kap...

#41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift 04.07.2023

An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mi...

#40 Cloe von Van - Gamergirl vs Sexismus 06.05.2023

An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wic...

#39 De Wollef - How to Go Viral & Méi 12.04.2023

An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “ Mood Luxembourg ” op Instagram a Tiktok .   Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen: Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a...

#38 Julien Hübsch - Wat ass onkonventionell? 19.03.2023

Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt.  Ech schwätze mam Julien iwwert d’Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganz...

CECI PRESENTS: SUMO - Liewenszil: Vum Hobby Liewen 23.02.2023

An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen: - Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.  - Wa grouss Marke mat engem schaff...

CECI PRESENTS: Blanket Hill - Heavy Metal Mol Aneschters 26.01.2023

An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gr...

CECI PRESENTS: Sarah Mandres - The Inner Child an der Konscht 08.12.2022

An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨 ➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien. ➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen - wéi ass dat zu Lëtze...

CECI PRESENTS: Sarah Vermeulen- Réckewand an der Kënschtlerzeen 24.11.2022

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen . Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? - Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren? - Social Media: Wéi gëtt...

Listen to the Ceci, Do You Love Me? podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.