RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!
Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Podpurri Episod 124: De Moler Pit Riewer, 28/02/2024 28.02.2024 25:24
Zejoert gouf hie mam Prix révélation vum CAL ausgezeechent. Am Centre d'art nei Liicht kann een aktuell dem Pit Riewer seng éischt Solo-Ausstellung gesinn an där d'Molerei zwar am Mëttelpunkt steet, den Ausgangspunkt awer ëmmer eng Foto ass an och e Gedicht eng wichteg Roll spillt. An engem Café zu Diddeleng huet de Moler dem Claudia Kollwelter ënnert anerem erkläert wéi d'Ausstellung zustane koum...
Podpurri Episod 123: D'Dänzerin a Choreografin Claudia Urhausen, 21/02/2024 21.02.2024 31:58
Als Dänzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der Bün wéi och hannendrun doheem. Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wéi och edukative Projeten a kombinéiert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefëlltem Agenda, huet si tëscht Prouwen an de Rotonden Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwätzen, iwwert Hip-Hop...
Podpurri Episod 122: De Moler Roland Schauls, 27/11/2023 27.11.2023 25:34
"Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann. Wierker vum Kënschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rëm zu Lëtzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ënneschtgaass mam Moler ënnert anerem iwwert säi Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a Spontanitéit.
Podpurri Episod 121: D'Rapperin Nicool, 12/10/2023 12.10.2023 26:54
"N vun der Welt" heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool. D'Release dovunner ass an e puer Deeg an d'Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d'Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d'Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie.
Podpurri Episod 120: De Moler Arny Schmit, 27/09/2023 27.09.2023 30:52
Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch". Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iw...
Podpurri Episod 119 De Museker John Rech, 11/07/2023 11.07.2023 34:21
Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng Léift fir d'Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher. A sengem Büro zu Diddeleng huet den John Rech méi erzielt iwwer säin Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Begeeschterung, fir BDe mam Andy Genen ze maachen an iwwer den Dream-Catcher-Album, dee se viru fënnef Joer am Musée des Mines opgeho...
Podpurri Episod 118: D'Dänzerin a Choreogrpahin Sylvia Camarda, 04/07/2023 04.07.2023 31:52
Als Dänzerin, Choreographin a Politikerin huet d'Sylvia Camarda e gutt gefëllten Agenda. D'Passioun fir den Danz huet si schonn als Kand entdeckt an du stoung och séier fest datt dat net just en Hobby sollt bleiwen. Ma och hiert d'politescht Engagement ass hir extrem wichteg, an dofir ass et och net Zoufall datt d'Claudia Kollwelter d'Sylvia Camarda an der Stater Gemeng begéint huet fir ënnert ane...
Podpurri Episod 117: Alain Atten, Claude Schmit, Sara Martin, Nathalie Entringer, 27/06/2023 27.06.2023 38:53
Dës Woch geet et ëm de "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900". Wéi verschiddenaarteg kléngt d'Lëtzebuerger Sprooch uechtert d'Land? Den Alain Atten huet et dokumentéiert. De Geografieprofesser Claude Schmit huet Sproochkaarten entworf an digitaliséiert. Mat geschafft hunn och d'Linguistinne vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Sara Martin an Nathalie Entringer.
Podpurri Episod 116: The X, 20/06/2023 20.06.2023 27:21
"The x" heescht e neien Electro-Pop Duo dee rezent seng éischt EP eraus bruecht huet. D'Sarah Kertz an de Yannick Stein sinn d'Gesiichter a Stëmmen derhannert. Op der Terrass vun engem Café huet d'Claudia Kollwelter d'Museker getraff a mat hinnen ënnert anerem iwwert d'Musekszeen zu Lëtzebuerg, Concerten an zukünfteg Projete geschwat.
Podpurri Episod 115 D'Filmrealisatrice Laura Schroeder, 06/06/2023 06.06.2023 28:26
No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Laura Schroeder mat "Maret" hiren drëtte Long-Métrage am Kino.. "Maret" erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionär Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lu...
Podpurri Episod 114 Reinhard Kaiser-Mühlecker, 23/05/2023 23.05.2023 29:20
Den éisterräicheschen Auteur war am Abrëll op Liesrees zu Lëtzebuerg. Hien ass Auteur a Bauer a fir de Reinhard Kaiser-Mühlecker si béid Beruffer Passiounen a béid Passioune vermësche sech och a senge Bicher. Dobäi sinn et keng Sachbicher, mee Romaner an deenen d'Geschichten am ländleche Raum spillen mat allen Erausfuerderungen, Krisen an Engagementer, déi haut d'Landwirtschaft kennt. Aus sengem r...
Podpurri Episod 113: D'Organisateure vum "Augenschmaus", 16/05/2023 16.05.2023 35:46
Schonn zanter 7 Joer gëtt et den "Augenschmaus". "Beim Nëssert" zu Biergem war déi 1. Editioun vum Creators Market. Dono koum eng Chrëscht-Editioun an de Rotonden dobäi an elo de 4. Juni ass de Rendezvous zu Hollerech am Schluechthaus. Dat am Kader vum "European Design Festival". Iwwer 150 Kënschtler haten sech gemellt fir mat dobäi ze sinn - wéi mécht een do d'Selektioun, wat erwaart de Public be...
Podpurri Episod 112: D'Actrice Magaly Teixeira, 09/05/2023 09.05.2023 37:00
Theater, Film oder Serien - d'Lëtzebuerger Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet sech an de leschte Joren e Numm hei am Land gemaach. "The Censor" heescht d'Theaterstéck an deem d'Magaly Teixeira Enn Mee am Kinneksbond matspillt. Wéie Rôle de Publikum dobäi spillt, ënnert anerem dat huet d'Actrice dem Claudia Kollwelter tëscht de Prouwe verroden, mee och iwwert weider Projete geschwat.
Podpurri Episod 111: D'Elvira Mittheis, 02/05/2023 02.05.2023 26:00
De Festival vu Wooltz an d'Nuit des Lampions si wuel déi gréissten Evenementer vun der ASBL Cooperations. D'Direktesch huet an engem Café um Lampertsbierg mam Claudia Kollwelter awer net just iwwert de Programm vun dësen zwee Events geschwat. D'Elvira Mittheis verréit wat alles hannert der ASBL stécht a wat de Public och soss nach déi nächst Wochen a Méint zu Wooltz erwaart.
Podpurri Episod 110 De Stéphane Halleux an de Maurice Schortgen, 25/04/2023 25.04.2023 29:55
"Home Sweet home" heescht déi nei Expo, déi de belsche Kënschtler Stéphane Halleux an der Galerie Schortgen weist. Laang virum Oscar fir de Kuerzfilm "Mr. Hublot" huet de Sculpteur Stéphane Halleux säin eenzegaartegen Univers opgebaut. Wëll d'Zeechnen him ze laangweileg ginn ass, ass hien op Skulpturen ëmgeklommen mat enger besonnescher Technik a senger grousser Begeeschterung fir all méiglech Piè...
Podpurri Episod 108: D'Kënschtlerin Lisa Kohl, 18/04/2023 18.04.2023 30:21
"In Absence" heescht hir aktuell Ausstellung an der Galerie Reuter Bausch. D'Kënschtlerin schafft haaptsächlech an der Fotografie, mee och mat Video, Toun an Installatiounen. An dat kombinéiert d'Lisa Kohl och dacks an hiren Expoen. D'Claudia Kollwelter huet si an der Galerie an der Ënneschtgas begéint.
Podpurri Episod 108 Samuel Hamen, 28/03/2023 28.03.2023 35:53
D'Pendelen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag. "Wie die Fliegen" heescht de Roman vum Samuel Hamen, deen am däitsche Verlag "Diaphanes" erauskënnt. Am Théâtre National gëtt dës Woch "False Sun/Falsche Sonne" gewisen, eng Produktioun, bei där hie sech mat Texter vun der britescher Schrëftstellerin Anna Kavan befaasst.
Podpurri Episod 107: De Rapper Dany Le Loup, 21/03/2023 21.03.2023 24:49
"La Tête Qui Explose" esou heescht de neien Album vum Dany Le Loup. De Rapper huet awer eigentlech seng Musekscarrière an der Punkzeen ugefaangen. Wéi en op den Hip Hop gewiesselt ass, wat et mat sengem Kënschtlernumm op sech huet a wat en fir d'Zukunft geplangt huet, datt huet den Dany Coimbra dem Claudia Kollwelter am 1535 zu Déifferdeng erzielt:
Podpurri Episod 106 Jan Josef Liefers, 14/03/2023 14.03.2023 15:29
Den 10. Februar war den däitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers fir eng Liesung am Cube 521 zu Maarnech. Virun ausverkaaftem Haus huet hien aus dem Roman "Über Menschen" vum Juli Zeh gelies. De Jan Josef Liefers ass vrun allem ganz populär ass duerch seng Roll vum exzentresche Professer Börne an der Tatort-Serie, déi zu Münster spillt. Säin éischte grousse Succès hat en am Film "Knockin...
Podpurri Episod 105 mam TNL-Direkter Frank Hoffmann, 07/03/2023 07.03.2023 29:56
1996 war hien den Initiator vum Théâtre National a bis haut säin Direkter. Fir d'Produktioun "Café Terminus", déi eng dystopesch Vue op Lëtzebuerg 2039 soll sinn a sech um Stéck "Der Eismann kommt" vum Eugene O'Neil inspriréiert, huet de Frank Hoffmann net nëmmen als Regisseur, mee och als Auteur geschafft. Gewise gëtt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, déi sech an engem Café zesummeve...
Podpurri Episod 104 mam Alexis Juncosa, 28/02/2023 28.02.2023 36:18
Zënter der éischter Editioun 2011 ass hien den artisteschen Direkter vum Luxfilmfest. Ënner iwwer 900 Filmer huet hie mat sengen Ekippen a Comité de sélection decidéiert, wéi eng Filmer gewise gi bei der 13. Editioun vum LuxFilmFest: Competitiounen - Fiktioun, Dokumentär, Kannerfilmer - eng Rei grouss Nimm Hors-Concours, awer vrun allem och eng ëmmer méi wichteg Plaz fir d'Lëtzebuerger Filmprodukt...
Podpurri Episod 103: D'Kënschtlerin Chiara Dahlem, 21/02/2023 21.02.2023 28:49
Molerei, Graffiti, Installatiounen a grouss a faarweg Wierker, dofir ass d'Multimedia-Kënschtlerin bekannt. D'Chiara Dahlem huet dëst Joer direkt zwou Solo-Ausstellungen. S(P)LASH-NO MATTER WHAT ass déi éischt Ausstellung, déi vun dëser Woch un an der Galerie vun der BIL ze gesinn ass. D'Kënschtlerin huet d'Claudia Kollwelter an hiren Atelier op der Schläifmillen invitéiert.
Podpurri Episod 102 D'Directrice vum Cube Christine Keipes, 14/02/2023 14.02.2023 32:31
Zënter Juni 2022 ass d'Christine Keipes d'Directrice vum Cube 521 zu Maarnech Ganz nei ass d'Haus dem Christine Keipes, déi en Éislecker Meedchen ass, net. Ëmmerhi war si vun Ufank un derbäi an huet an der Communicatioun an an der Administratioun hir éischt Schrëtt am Aarbechtsliewe gemaach.
Podpurri Episod 101: D'Kënschtlerin Chantal Maquet, 07/02/2023 07.02.2023 30:09
Zejoert gouf d'Kënschtlerin mam Prix Pierre Werner ausgezeechent, an och wann hire Schwéierpunkt op der Molerei läit, schafft si ganz multidisziplinär. Esou och an hirer aktueller Expo an der Galerie Reuter Bausch. D'Chantal Maquet huet mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert hir Portraite vu Planze geschwat, iwwert hiert Liewen zu Hamburg an hiren treie Begleeder op véier Patten.
Podpurri Episod 100: D'Schrëftstellerin Josiane Kartheiser, 31/01/2023 31.01.2023 35:17
Am Optrag vum Planning familial huet si e Buch erausbruecht iwwer déi fréier Presidentin Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer. Ënner dem Titel "Ärztin ohne Furcht und Tabus" (Editions Phi) zeechent d'Josiane Kartheiser de Portrait vun enger engagéierter Fraendoktesch, déi iwwer Joerzéngte sech agesat huet fir d'sexuell Selbstbestëmmung an d'Berodung vun de Fraen a jonke Meedercher an dobäi ni e Blat vru...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.