RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!

Society LB ↓ 100 episodes

Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Society

Podcast website

www.rtl.lu

Latest episode

Feb 28, 2024

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Podpurri Episod 99: De Museker Georges Goerens, 24/01/2023 24.01.2023

Ob mat der Band Seed to Tree oder als Bartleby Delicate, de Georges Goerens huet sech an de leschte Joren als singer-songwriter e Numm gemaach. Elo bréngt hien e ganz spezielle Vinyl eraus, deen den 28. Januar seng Release an de Rotonden feiert. Ma och soss ass säi Kalenner fir 2023 scho gutt gefëllt, an dat net just mat Musek mee zum Beispill och mat Theater. De Museker huet d'Claudia Kollwelter...

Podpurri Episod 98: D'Musekmanagerin Stephanie Baustert, 17/01/2023 17.01.2023

Si ass d'Laureatin vum Musekspräis "Hannert der Bün". Den 21. Dezember 2022 si fir d'éischte Kéier d'Lëtzebuerger Musekspräisser iwwerreecht ginn. An der Kategorie "Hannert der Bün" gouf Stéphanie Baustert ausgezeechent, déi an de leschte fënnef Joer vrun allem am Beräich Jazz-Musek geschafft huet. E Gepréich iwwer hire Wee an de selbstännegen Job, iwwer de Stellewäert vum Jazz, iwwer d'Bourse vu...

Podpurri Episod 97: D'Musekerin Priscila Da Costa, 10/01/2023 10.01.2023

Sängerin, songwriter a vocal coach - d'Musek ass beim Priscila Da Costa omnipresent. Mat hirer Formatioun "Ptolema" feiert si den 21. Januar d'Release vun hirem neien Album "Balanced darkness". D'Claudia Kollwelter huet mat der Musekerin an der Escher Kulturfabrik ënnert anerem iwwert hir nei Lidder, d'Wichtegkeet vu Videoclippen an Spiritualitéit geschwat.

Podpurri Episod 96: Valérie Quilez an Diane Tobes kulturlx, 20/12/2022 20.12.2022

Zënter Februar 2021 gëtt et kulturlx, zënter Juni 2021 ass d'Struktur offiziell aktiv mat un der Spëtzt zwou Fraen: An dem Kulturentwécklungsplang steet als eng vun de Fuerderungen d'Creatioun vun engem Arts Council: kulturlx. Wéi sinn d'Erfarungen no anerhallwem Joer a wat d'Erwaardungen an Erausfuerderungen als Binôme un der Spëtzt? A wat sinn d'Funktiounen vu kulturlx, nodeems d'Chamber unanime...

D'Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling, 13/12/2022 13.12.2022

Zejoert ass Si mam Lëtzebuerger Danzpräis ausgezeechent ginn. Als professionell Dänzerin a Choreographin ass hiren Agenda ëmmer gutt gefëllt. Tëscht de Prouwe vun enger Reprise am groussen Theater huet d'Elisabeth Schilling mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert aktuell Projete geschwat, d'Studienzäit zu London, de Choix vum zäitgenësseschen Danz a wéi een am beschten op säi Kierper oppasst.

Podpurri Episod 94: De Museker Jérôme Reuter, 06/12/2022 06.12.2022

De Jérôme Reuter ass de Kapp a Sänger vun der Band Rome, déi 2005 gegrënnt ginn ass an a 17 Joer 17 Alben erausbruecht huet. Hire Stil am Neo-Folk lieft vun de ganz recherchéierten Texter, der akkustescher Gitarr an der däischterer Stëmm vum Frontman. Rome ass awer och eng Live-Band, déi vill uechter Europa tourt, ganz vill Ost-Europa an do huet de Jérôme Reuter och eng besonnesch Relatioun zu der...

Podpurri Episod 93: Yanis Grisó an Emma Santini, 29/11/2022 29.11.2022

De Prix Mameranus war dëst Joer fir jonk Museker. Vu 14 Kandidaten huet de Jury sech fir d'Emma Santini a Yanis Grisó entscheed. Béid si Joergank 2003, béid spillen e Sträichinstrument, de Yanis Gei an d'Emma Braatsch (Alto) a béid studéiere Musek, de Yanis um Conservatoire zu Mastricht an d'Emma op der Julliard School zu New York.

Podpurri Episod 92: D'Schauspillerin Jil Devresse, 22/11/2022 22.11.2022

Aktuell ass d’Actrice am Stéck "Blackbird" am Theatre du centaure ze gesinn. Déi meescht wäerten d’Schauspillerin awer duerch hir Roll an der Serie "Capitani" kënnen. D’Jil Devresse huet hir Schauspillausbildung zu Berlin gemaach, wunnt zanterhier och do a pendelt tëscht Däitschland a Lëtzebuerg. D’Claudia Kollwelter huet ënnert anerem mat hir iwwert déi aktuell Theaterproduktioun, d'Ënnerscheeder...

Podpurri Episod 91 Germaine Goetzinger, 15/11/2022 15.11.2022

D'Germaine Goetzinger huet e Buch iwwer d'Aline Mayrisch-de Saint Hubert geschriwwen. Literatur a Geschicht waren ëmmer hir Passioun an d'Germaine Goetzinger huet sech dann och am Studium fir Geschicht a Germanistik decidéiert an béides dono enseignéiert. 1995 gouf se déi éischt Direktesch vum nei gegrënnten Literaturarchiv an der Maison Servais zu Miersch. Scho ganz jonk hat déi gebierteg Diddele...

Podpurri Episod 90: De Museker Serge Tonnar, 08/11/2022 08.11.2022

"Jo an Amen" heescht säi neien Album, dee Mëtt Oktober eng éischte Kéier an der Escher Kulturfabrik dem Public virgestallt gouf. De Serge Tonnar beschäftegt sech a senge neie Lidder ënnert anerem mat de Konsequenze vun der Pandemie. Wisou et wichteg ass sech z'engagéieren, wat seng politesch Ambitioune sinn an natierlech och de neien Album ware Sujeten iwwert déi d'Claudia Kollwelter mam Museker g...

Podpurri Episod 89 D'Bettina Steinbrügge, 01/11/2022 01.11.2022

Zënter dem 1. Abrëll ass d'Bettina Steinbrügge d'Directrice vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. No Statiounen zu Wien, Berlin, Chicago, Paräis, Mulhouse an Hamburg huet se sech ganz bewosst fir de MUDAM intresséiert an hir Kandidatur gestallt. An der Tëschenzäit huet d'Bettina Steinbrügge sech scho gutt agelieft am Land an am Muséee selwer, deen se als grouss Erausfuergerung gesäit, als Plaz,...

Podpurri Episod 88: Jérôme Konen, 25/10/2022 25.10.2022

7 Joer ass et an tëscht hir datt hien d'Leedung vum Kulturzenter zu Mamer iwwerholl huet. De Kinneksbond ass an tëscht praktesch zu sengem zweeten Doheem ginn. An genee do huet den Direkter Jérôme Konen mam Claudia Kollwelter iwwert säi Parcours geschwat, iwwert d'Vir- an Nodeeler als Jonken d'Leedung vun engem Haus ze iwwerhuelen an natierlech och iwwert déi nei Saison.

Podpurri Episod 87: De Kënschtler Pit Molling, 18/10/2022 18.10.2022

De Prix de la sculpture 2022 geet u säi Wierk "An elephant in the room" Eng Skulptur, déi digital an iwwer de Wee vun engem 3 D-Printer entstanen ass. De Pit Molling erzielt iwwer de Präiss, de Wee bei d'Konscht, de Reiz vum Digitalen, d'Material Plastik, NFTen an den Elefant am Raum. D'Wierker vum Pit Molling sinn nach bis de 5. November an der Galerie Schlassgoart ausgestallt.

Podpurri Episod 86: Tuys, 11/10/2022 11.10.2022

An der Primärschoul hunn se fir d'éischt zesumme Musek gemaach an eng Band gegrënnt. Aktuell schafft Tuys un engem neien Album deen d'nächst Joer soll eraus kommen - gekoppelt mat engem Kuerzfilm. D'Wichtegkeet vum Visuellen, d'Liewen an d'Schaffen zu Berlin an déi geplangten Tour - ënnert anerem dat ware Sujeten iwwert déi 3 vun de 4 Bandmembere mam Claudia Kollwelter geschwat hunn.

Podpurri Episod 85: Eric Mangen, 04/10/2022 04.10.2022

"Millefeuilles" heescht d'Expo un där de Kënschtler aktuell schafft, an déi den 20. Oktober an der Valerius Gallery gewise gëtt. Den Eric Mangen schafft net wéi gewinnt op Toillen, mee mat Affichen a Pousteren. Wat et domat op sech huet a wéi e genee virgeet huet hien dem Claudia Kollwelter a sengem Atelier erkläert. Donieft huet den Eric Mangen och iwwert Kënschtleresidenzen geschwat, seng Evolut...

Podpurri Episod 84: Claude Weber, 27/09/2022 27.09.2022

De Pianist Claude Weber Hiren Numm war bis virun en etlech Joer als Komponistin kengem e Begrëff, bis eng Walliss mat Manuskripter vun der Helen Buchholtz opgetaucht ass. Zënterhier gëtt hiert Wierk, dat se no hirem Doud 1953 hannerlooss huet, ëmmer nees opgeschafft. De Pianist Claude Weber ass vun Ufank u mat derbäi an huet an de leschten 20 Joer ëmmer nees Projeten mat op de Wee bruecht. Am Brid...

Podpurri Episod 83: Irina Moons, 20/09/2022 20.09.2022

D'Illustratrice a Grafikdesignerin Irina Moons Faarweg a verspillt - esou kann een d'Aarbecht vun der Illustratrice a Grafik Designerin Irina Moons ëmschreiwe, mat där si eegenen Aussoen no d'Leit frou wëll maachen. An hirem neien Atelier zu Esch bitt si am Kader vun der Asbl "Raclette" Workshoppen an der Sérigraphie un. An genee do huet d'Claudia Kollwelter d'Kënschtlerin besicht.

Podpurri Episod 82: Vicky Krieps, 10/09/2022 10.09.2022

D'Schauspillerin Vicky Krieps Zweemol scho krut d’Vicky Krieps e Präiss fir hir schauspilleresch Leeschtung am Film «Corsage»: um Festival vu Cannes «Un certain regard» an zu Sarajewo. Am Film vun der Realisatrice Marie Kreutzer spillt si déi éisterräichesch Keeserin Elisabeth, bekannt als Sisi, déi grad hire 40te Gebuertsdag feiert. Si weist eng Fra, déi mat hirer Roll an hirem Bild nobaussen ze...

Podpurri Episod 81: De Guy Helminger, 12/07/2022 12.07.2022

De Schrëftsteller a Servais-Präis Laureat Guy Helminger Iwwer e Mann, dee kee Kaméidi verdréit a verschwonnen ass, geet et am Guy Helminger sengem Roman "Lärm", ee politesche Roman aus verschiddene Perspektive geschriwwen, bei deem sech d'Fro no Wourecht, Fakt a Fiktioun stellt. Et ass net déi eenzeg Auszeechnung, déi de Schrëftsteller dëst Joer kritt huet. Zu Esch, do wou de Guy Helminger opgewue...

Podpurri Episod 80: Frédérique Colling a Claire Wagener, 05/07/2022 05.07.2022

"Doheem" heescht den aktuelle Projet vun der Biergerbühn vum Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vun Esch2022. Am FerroForum triede fir dëst Stéck souwuel professionell Acteure wéi och engagéiert Amateuren op. Wat et genee domat op sech huet, wourëm et am Stéck geet a wéi d'Zesummenaarbecht verlaf ass, dat huet eng vun de Regisseurinnen, d'Claire Wagener, an eng vun de Schauspillerin...

Podpurri Episod 79: Steph Meyers, 28/06/2022 28.06.2022

Zanter dem Kulturjoer 2007 schafft hien an de Rotonden an ass zanter 2016 Direkter vum Kulturzenter. De Steph Meyers a seng Ekipp hu rezent hir nei Saison virgestallt, ma do virdrun ass awer och nach den traditionelle Congés annulés Festival, deen och wärend der Pandemie keng Paus gemaach hat. Op wéi eng Concerte freet de Steph Meyers sech haaptsächlech, wat erwaart de Public déi nächst Méint a wé...

Podpurri Episod 78, 22/06/2022 22.06.2022

De Schauspiller a Museker Max Thommes Mat 4 Joer stoung e fir d'éischte Kéier op der Bün, a wousst du schonn direkt, datt dat eemol säi Beruff géif ginn. Haut pendelt hien tëscht Schauspill a Musek, tëscht Theater a Film, tëscht Lëtzebuerg a Berlin, tëscht Max an "Das Radial". Den Ament ass de Max Thommes mat zwou Produktiounen zu Lëtzebuerg: als Museker bei "Die Maschine steht still" zu Schëfflen...

Podpurri Episod 77: De Gollo Steffen, 14/06/2022 14.06.2022

De Museker Robert Gollo Steffen 1982 koum en Album eraus mat Rockmusek an Texter op Lëtzebuergesch, dat war deemools ongewinnt. D'Robert Stephen Band hat bis dato och éischter englesch gesongen. Mee de Robert - genannt Gollo- Steffen hat ugefaangen d'Lëtzebuergescht och als "Song-Sprooch" z'entdecken. 40 Joer dono spillt d'Original-Band vun deemools nach emol nom Motto "Ka komme wat wëllt" zu Mier...

Podpurri Episod 76: De Filmdréi "Läif a Séil", 07/06/2022 07.06.2022

"Läif a Séil" heescht e Lëtzebuerger Western-Film, deen aktuell an der Belsch gedréint gëtt. D’Claudia Kollwelter hat d’läscht d’Woch d’Méiglechkeet hannert d’Kulisse vum Tournage vum éischte Long-Métrage vum Loïc Tanson ze geheien an huet natierlech mam Realisateur geschwat, mee ënnert anerem och mam Produzent, Kameramann, Regieassistent a mat de Schauspiller Luc Schiltz, Philippe Thelen an Tommy...

Podpurri Episod 75: De Museker Corbi, 31/05/2022 31.05.2022

7 Joer ass et hir datt en säin éischte Soloalbum eraus bruecht huet. "Kuebemania" heescht den zweeten, dee viru bësse méi wéi enger Woch Release an de Rotonden gefeiert huet. De Corbi a.k.a. ​„de Kueb“ huet mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert seng nei Musek geschwat, iwwert d'Aarbecht mat "De Läb", d'Léift fir den Hip-Hop an d'Zweedeitegkeet vu sengen Texter.

Listen to the RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.