Moskito
PROST
De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Ep. 22) Wat wiere mir ouni Cremant? - Mam Lisa Vesque vu Cep d'Or 20.03.2026 48:51
Cremant ass méi wéi just e leckert Gesëffs – en ass Präzisioun, Handwierk a vläicht déi stäerkst Visittekaart vun der lëtzebuergescher Musel. An zanter 1762 steet d’Domaine Cep d’Or fir Wäibau un dëser lëtzebuergescher Musel. Mam Lisa Vesque ass säit enger gudder Zäit déi nächst Generatioun mat u Bord – ausgebilt zu Geisenheim a Bordeaux, mat engem internationale Bléck, mee déif verwuerzelt zu St...
Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle 30.12.2025 58:12
An dëser Episod vu PROST schwätze mir mam André Mehlen vun Domaine Vinsmoselle. Mir tauchen an d’VIGNUM-Gamme eran – déi Premium-Linn vun der Genossenschaft, déi mat Lieu-dits, Vieilles Vignes, Fût-de-Chêne-Wäiner a Stréihwäin eng aussergewéinlech Villfalt weist. Mir ginn der Fro nogoen, wéi eng Genossenschaft mat iwwer 160 Wënzerfamilljen esou präzis den Terroir erausschaffe kann, wéi al Riewen a...
Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes 27.11.2025 1:06:33
Un der Musel trëfft een op Mënschen, déi an der Traditioun opgewuess sinn – an op déi, déi se mat vill Rou, Präzisioun a modernen Iddien an d’Zukunft droen. Ee vun hinnen ass haut bei eis: de Guy Krier. Wënzer vun der Ellenger Gare, Bio-Pionéier a Mann mat enger kloer erkennbarer Handschrëft an all senge Wäiner. Zanter 2023 steet hien och un der Spëtzt vun de Privatwënzer. A wien hie kennt, weess:...
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen 28.05.2025 50:53
Ween mengt, de Wäibau wier nach ëmmer eng Männerwelt, huet nach net d’Michèle Mannes kennegeléiert. Si ass Deel vu villen jonke Wënzerinnen a féiert säit zanter 4 Joer mat vill Elan, neien Iddien an Häerzblutt d’Domaine Viticole Häremillen zu Ehnen – eng Plaz mat ville Geschichten a nach méi Perspektiv. A wéi ëtt a Familljebetriber sou üblech ass, hëlleft och hei de Papp gären nach mat a léist sec...
Ep.17) Op en Tour laanscht d'Wéngerten - mam Nathalie Besch // Office Régional du Tourisme Musel 30.04.2025 1:01:31
Et ass all Dag op en Neits wéi eng Postkaart aus dem Liewen: D’Muselregioun – mat hiren Dierfer, Wäibierger a Kultur – ass vill méi wéi just e Glas Wäin. Et geet ëm en Erliefnis, Entspanung a Natur pur. An an dëser Episod vum Prost schwätzen d’Claire an de Pit genau iwwer dat, wat d’Regioun esou eenzegaarteg mécht – an dat mat enger richteger Expertin um Gebitt. Well d’Nathalie Besch vum „Office R...
Ep.16) Aus Passioun an der Freed um Probéieren – mam Paul Zahlen // Pauls Winery 12.03.2025 55:37
Wien dem Paul Zahlen vu "Pauls Winery" scho mol nogelauschtert huet, mierkt séier, mat wéi vill Passioun a Freed hien de Beruff vum Wënzer ausübt. Awer nach vill méi – well hien huet e groussen Drang, nei Saachen ze probéieren. Mat der Produktioun vun engem "PetNat" – kuerz fir "Pétillant Naturel" – bis hin zum uviséierte Ubauen vun pilzwidderstännege Wäiner ("PiWi’en") hält den jonken Gréiweldéng...
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink 05.02.2025 55:25
„Dry January“ – wat fir déi eng d’Onwuert vum Joer ass, ass e fir déi aner eng Chance dem Kierper an der Liewer ee Mount Paus ze gënnen. Sou fänkt 2025 bei eis relativ alkoholfräi un. Dann ass et alt gutt datt een do net ganz op Wäi verzichte muss! Dofir suergt ënner anerem de Jean-Marc Schlink vum Domaine Viticole Schlink. Well als éischte Wënzer zu Lëtzebuerg alkoholfräie Wäin a Cremant produzéi...
13) Morgens halb 10 zu Wuermer beim Ern Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Lethal 25.09.2024 48:33
Eigentlech ass den Ern Schumacher an der Pensioun an awer och net sou richteg. Zesumme mat sengem Bouf a senger Fra bilden déi 3 dat staarkt Réckrad vum Familljebetrib. Ëmmer um Dill, ëmmer eppes ze soen, ëmmer um schaffen. Mä wéini a wou mécht e Wënzer eigentlech Vakanz? De fréiere President vun de Privatwënzer iwwert (net) lassloossen, Schmaachstuffen a beschter Lag an d'Konkurrenz tëscht de Bet...
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin 28.08.2024 43:18
De Riesling ass eng vun den edelsten Drëpsen déi op der Lëtzebuerger Musel gelies ginn. A wéi sech dat fir Lëtzebuerg gehéiert, gëtt et och dofir dat passend Fest: De Riesling Open (dëst Joer um Weekend vum 13. - 15. September. Doriwwer freet sech och rëm de Luc Duhr, deen zesumme mat sengem Cousin Frank, de Familljebetrib Clos Mon Vieux Moulin an der 11. Generatioun zu Ohn féiert. Vu Familljegesc...
11) E Clown am Wéngert mam Laurence Duhr // Château Pauqué 31.07.2024 46:04
Déi eng nenne se “d’Enfants terribles” aus der Szene, déi aner soen ouni Problem dass et mat déi beschte Wäiner sinn déi ee laanscht d’Musel fënnt. D’Claire an de Ben wollte méi rausfannen iwwert d’Wäiner an d’Wënzer hannendrun, wéi de Familljebetrib et fäerdegbréngt Joer fir Joer excellent Wäiner ze produzéieren, wéi schwéier et ass géint de Stroum ze schwammen, a wéi seng Ausbildung zum Clown de...
10) Fir Iessen an Drénken ass gesuergt mam Metty Krack // Koeppchen 24.04.2024 45:33
An dëser klenger Jubiläumsepisod (Nummer 10!!) schwätze mir mam Metty Krack op der Wormer Koeppchen, der gastronomescher Institutioun op der Musel, iwwert de beschten Accord mets et vins, awer och wéi eng Erausfuerderung et ass quasi all Wënzer op der Kaart vertrueden ze hunn. Ausserdeem wollte mir wësse wéi eng déi déierst Fläsch Wäin war déi de Metty fale gelooss huet...
9) Op eng Coupe Cremant mam Änder Mehlen // Domaine Vinsmoselle 27.03.2024 47:47
Dës Episod gëtt sprëtzeg! D'Claire an de Ben hu sech bei Domaines Vinsmoselle zu Remerschen aquartéiert an den Änder Mehlen wousst net wéi eng Fläsch Cremant vum Domaine hie sollt aussichen, dofir goufen et der direkt 3 ze schmaachen. An dëser Editioun schwätze mir virun allem iwwert de sëffege Schaumwäin, deen awer net ëmmer de beschte Ruff huet. Mir konnten eis vum Géigendeel iwwerzeegen!
8) Blind Tasting mam Frank Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Knepper 21.02.2024 51:22
SPECIAL EDITION - D'Claire huet sech e puer schwaarz Glieser am IVV stibitzt an ass domadder, a mam Ben, bei Schumacher-Knepper op Wentréng gefuer. Um Programm stoung eng blann Degustatioun. Wéi déi 2 sech geschlo hunn, lauschtert dir am Beschte selwer.
7) Op e Roude mam Marc Desom // Domaine Desom 24.01.2024 38:11
An der éischter Episod vum neie Joer schwätzen d'Claire an de Ben, bei engem Patt Pinot Noir mam Marc Desom, iwwert genee deen, awer och déi aner lëtzebuergesch Roudwäiner. Kann een e Roude vun hei iwwerhaapt "Rouden" nennen?
6) E bësse Marketing mam Ben Duhr // Domaine Madame Aly Duhr 22.11.2023 44:54
De Ben Duhr huet scho relativ fréi, mat sengem Brudder Max, de Familljebetrib zu Ohn iwwerholl. Hiere jonken Alter, eng deelweis Nonchalence vis-à-vis vu Marketingcoden an e gudde Produit hunn aus dem Haus wat 1872 gegrënnt gouf, eng modern Mark gemaach. Mam Ben schwätze mir iwwert Publicitéit a Kommunikatioun.
5) Generatiounswiessel mam Isabelle Gales // Caves Gales 25.10.2023 48:01
Caves Gales ass e bekannte Familljebetrib op der Musel, deen zanter méi wéi 100 Joer Wäin a Cremant produzéiert. Mëttlerweil an der Hand vum Isabelle Gales a sengem Papp erzielt d’Wënzerin eis vun de Chancen an den Erausfuerderungen déi all Dag op ee waarden, et erënnert sech awer och zréck un déi éischt Momenter als Kand am Wéngert an am Keller. Zäit fir e bëssen Nostalgie bei enger gudder Kippch...
4) An d'Wäilies mam Jeff Konsbrück // Winery Jeff Konsbrück 27.09.2023 42:26
Mir si matten an der Wäilies an et kann ee soen dass et alt erëm e Joer mat villen Erausfuerderungen ass. D'Freed ass ëmmer grouss fir am Wéngert endlech d'Friichte vun enger minutiéiser Viraarbecht ze "plécken".
3) Op e Patt Rosé mam Nathalie Funck // Jongwënzer Vinsmoselle 25.08.2023 35:42
Wéi steet et eigentlech mat der Relève bei de Lëtzebuerger Wäibetriber? Komme genuch Leit no a wéi schwéier ass et Wënzer ze ginn? Ausserdeem gëtt déi ganz Episod vum Lëtzebuerger Rosé gedroen: ass et e Produit dee mam Ausland ka mathalen?
2) Wäin-ABC mam Marie Kox // Sunnen-Hoffmann 27.07.2023 1:07:07
Déi 2. Episod befaasst sech mat de wichtegsten Termen an der Welt vum Wäin. Vun A wéi AOP bis Z wéi Zukunft ass alles dobäi. Ufänke maache mir awer mat engem wonnerbare Pinot Noir vu Sunnen-Hoffmann an ofgeronnt gëtt dat Ganzt vum Marie Kox sengem Liblingswäin...deen awer net vun him ass.
1) Den éischte Patt mam Nicolas Schmit // Schmit-Fohl 23.05.2023 43:21
An dëser éischter Episod vum Podcast zum Magasinn "PROST" fänke mir ganz vir u wann een eng Fläsch Wäin keeft - bis de Moment wou ee se opmécht. Wéi a wou kafen ech? Wéi vill kafen ech? Wéi maachen ech d'Fläsch Wäin richteg op? Wéi schmaachen ech? Firwat richen ech de Wäin? Bref, mir ginn alles gewuer wat ee muss wësse fir eng gutt Fläsch Lëtzebuerger Wäin ze genéissen.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.