Meh.
Meh.
“Beschte Postcast deen ech jee héieren hunn” ~ Catherine seng Mamm (huet nach ni en anere Podcast gelauschtert)“Intellectual and insightful” ~ Sidsel säi Papp (ka kee Lëtzebuergesch)“5/5” ~ Luc (huet eng Zuelen-Schwächt)E Lauschtererliefnis éischter Klass, en auditiivt Schulterzucken a minimalen oversharing - Sidsel a Cat (wësse vu wat se schwätzen… heiansdo)
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 21 - Wat kucks de sou domm? 29.06.2024 45:28
Léif Passagéier, mir begréissen iech ganz häerzlech um Vol Richtung süffisant kulturell Aventure vun enger Naturburschin an engem Bienenstich-Mäuserich. Huelt iech Plaz beim Emergency Exit well är Pilotinnen op dësem Podcast hunn Turbulenze matbruecht. Vu Bodyshaming am Fliger, bis allerlee Blessuren an toxesche Bobs, gëtt et an dëser Episod vill Schlechtes fir de Kierper mee Guddes fir de Kapp. F...
Special - Déi mam Speed Dating 15.06.2024 41:04
Si mir alleguerte just SIMS deenen d’Leeder fortgeholl gouf? Sinn d’Äisbieren de key wann et ëm d’Flirte geet a wat war eigentlech virun 100 Joer lass? Froen iwwer Froen an dëser spezieller Episod an där ee sech net sécher ass op een op engem Date sëtzt, an enger Konferenz iwwer Déieren oder awer an engem Café mat Krunnemécken, déi aus dem Philosophéieren net rauskommen. Wann der wësse wëllt firwa...
Episod 20 - Keen Alkohol iwwer 18 01.06.2024 42:46
Triggerwarnung: Dës Episod ass crunchy. Net just well d’Sidsel an d’Cat sech u verschiddene Wierder d’Zänn ausgebass hu mee well drop an derwidder gesnacked gouf. A propos Alkohol, d’Queens sinn nees beieneen an dat mierkt een um Pegel, mee keng Angscht genee esou wéi den Niveau geet och dee konstant rof #risegeFändel. Vu komescher Gruppendynamik, ASMR a Geeschter am RTL-Gebai, d’Sidsel hëlt iech...
Episod 19 - Wupp Wupp Hurra 11.05.2024 45:13
Wëllkomm u Bord vum Karaoke Zuch, deen aus dem leschte Lach päift. Äre Lokführer haut ass d’Sidsel, och nach bekannt ënnert dem Numm Prinzessin Schicki Micki, a fir de people pleasing suergt d’Delulu-Cat. Kuerz Warnung am Ufank déi Zwee mussen nach rausfanne wéi ee sech als normale Mënsch an der Ëffentlechkeet verhält, dofir maacht iech prett ugeglotzt oder ugesongen ze ginn. Gelästert gëtt net mé...
Episod 18 - D’Wellness-Bitch 27.04.2024 50:19
Dot äert Säbbelchen un, elo gëtt portionéiert geklotzt a gekleckert! 3 Wochen hunn d’Queens näischt vu sech héiere loossen, oder wéi si soen „d’Kontroll iwwert d’Liewe verluer“, elo si se zréck mat den schlüpferegen details an de wichtege Froe vum Liewen. Wéi vill kascht eng Poubellestut? 24 Euro! Wéi lieft d’Sidsel? Wéi e Kinnek! Wéini ass eng Fernbezéiung eng Fernbezéiung? Wéi de Facebook-Status...
Episod 17 - Eppes ganz Perverses 07.04.2024 44:35
Wéi iwwerbréngt ee schlecht Noriichten? NET. An dofir loosse mer all déi negativ Aspekter an der Beschreiwung vun dëser Episod mol raus, sou wéi Altersshaming, ustrengend Diskussiounen an der Famill oder onnéideg Verlobungen. Wann der méi dozou wëllt wësse musst der scho ralauschtere well hei gëtt net gespoilered, hächstens driwwer diskutéiert wéini e Spoiler e Spoiler ass. Ass et schonn ee wa mer...
Special - Déi op däitsch 23.03.2024 46:19
Hallo ihr Lieben, jetzt wird’s special! Speziell dumm und uninformiert, das aber in 5 Sprachen. Die beiden Chamäleons aus Luxemburg haben auf die unzähligen (3) Nachfragen reagiert und eine Folge komplett auf Deutsch gemacht, oder wie sie sagen „so nämlich!“. Von Keyboard warriors, geilen Teilchen und Zug-Stalker - Diese Folge widmet sich den wirklich wichtigen und unwichtigen Sachen im Leben bei...
Episod 16 - Knutsche mer elo? 09.03.2024 46:46
Huelt iech ären emotional support dog namens Sidsel un d’Säit well hei kënnt eng Episod wéi dem Cat säin Auto: béid kéime wéinst fautes majeures net duerch de Contrôle Technique. Mee wa mer eppes aus dëse 46 Minutte léieren, dann, dass Feeler wichteg sinn am Liewen an, wéini et den Dating-Kackbierg erof gaangen ass. Vun toxeschen Ex-Frënn, dem Gen Z vs. Millenial Clash an deem engem Dag beim Eldo...
Episod 15 - Fir sech ze schummen 24.02.2024 45:14
Opgepasst, dës Episod ass FSK-Aarsch gezeechent a soumat net fir Leit, déi hiert Liewen am Grëff hunn. Ze soen et geet drënner an driwwer géif de Geschichten net gerecht gi well si mer éierlech geet et virun allem drënner: Ënnert d'Gürtellinn fir genee ze sinn. Wärend d'Sidsel d'Parallellen tëscht Expressionismus an Exhibitionismus erläutert, hëlt d'Cat hëlt iech mat Nackt-Shoppen. Et gëtt awer ne...
Episod 14 - Toiletten-Handbroch 10.02.2024 41:52
Schéine gudden Hallo vun engem eenaarmege Geméis-Snob an engem gehierlose Schweed. Sëtzt iech un den Dësch, dat (on)perfekten Dinner ka lassgoen. Als Entrée gëtt et den Toiletten-Handbroch, presentéiert vum Sidsel, oder wéi et och nach genannt gëtt: Haip. Iwwregens: Just hei gëtt et déi onzenséiert Versioun vun der Geschicht, déi mol net den Dokter ze héiere krut. A propos Saachen di ee besser hue...
Episod 13 - Mutz um Strand 27.01.2024 46:03
Wanderfrënn an Insta-Mausis, Billjee zéien a lass an den Zuch Richtung dirty town. Nodeems bei enge vun de Queens d'Dommheet Weeër sicht fir rauszekommen, wëllen d'Sidsel & Cat sech an dëser Episod beweise wéi bewandert se wierklech sinn. Virum Reese gëtt sech natierlech fir d'éischt informéiert an dann ass een och scho prett fir den éischten Tëschestopp: D'Fraentoilette! Eng E...
Episod 12 - Uewe cosy, ënnen hoe-sy 13.01.2024 47:20
Happy nei Hoer! Oder awer schéint neit Joer? Mam Nofroe wat dee Géigeniwwer gemengt huet hunn d'Cat an d'Sidsel et och am neie Joer net esou, och net mam Karma, mat der Geo a mat der Gesondheet. Dofir awer mat de wierklech wichtege Froen am Liewen: Wat ass mam Apéro? Firwat pisse Leit sech an hir Schong? Firwat liicht däi Mikro? Dir mierkt, mir starte ganz gemittlech an dës éischt Meh-piso...
Episod 11 - It is what it is 30.12.2023 46:17
Chrëschtdag a Silvester falen dëst Joer fir 50% vun de Queens openeen, déi aner 50% verschaffe wärenddeems scho Beobachtungen aus Familljekreesser. Ausser eng déck Lëps, déi riskéiert gouf, e Rdv bei der falscher Bank an eng schloflues Nuecht dréint sech an dëser Episod awer alles dorëms wat 2023 sou war a wat 2024 esou soll ginn. Eng Episod mat ville Froen, villen Äntwerten an 2 Ligen! Wien ass d...
Special - Déi mat Chrëschtdag 23.12.2023 45:22
Ho Ho Hold up - dëst ass eng Christmas Special Episod vun de Queens a se gëtt very me(h)rry! E kuerze Réckbléck op London, wou dragmas an darts gefeiert / erlidde gouf, dierf net feelen an dann ass de Rudolph mat senger big nose och scho prett fir eis Richtung dänesch a lëtzebuergesch Traditiounen ze guidéieren. A wann der lo sot “et ass dach red nose”, ma da sidd der méi textsécher wéi d’Sidsel a...
Episod 10 - Dupsi op d'Nues 16.12.2023 47:45
„Mir paken eise Koffer an huele mat: E positive Possum, Bagage vu fréiere Bezéiungen, naass Strëmp mat Lächer a Matbewunner aus der Spull“, esou kéint een dës Episod resuméiere wann d’Episod just 10 Minutten hätt. D'Cat a Sidsel kontrolléieren d’Zäit awer net, net esou wéi de Mister Strange oder de Benedict Cumberbitch - oder wéi heeschen déi scho méi alleguer? Mam schwätzen haten déi zwou Que...
Episod 9 - Et gönnt ee sech jo soss näischt 03.12.2023 48:26
Mat VTT geet déi heiten Dier vum Adventskalenner op an hannendru verstoppe sech e Crêpemeister an e Wellness-Expert mat pikante Geschichten. Wärend d’Cat mol erëm Dokteren an d’Pan klaakt, huet d’Sidsel Geschichten aus dem Privat-Puff. A falls dir iech frot, wéi ee Lëtzebuerger am Euromillions gewonnen huet. Et war net keen, mee definitiv och net eng vun de Queens. Soss misst d’Cat net mat Lächer...
Episod 8 - Schleeken am Ouer 18.11.2023 43:25
Wat hunn e Stéck Schockela an eng Kaz gemeinsam? Allen 2 suergen op hir Aart a Weis fir Erausfuerderungen am Alldag vun deenen zwou Queens! Doriwwer eraus gëtt et alt erëm en neien Overthinking Zenario beim Akafen an eng grouss Fro déi eis natierlech all beschäftegt: Gëtt an FKK-Hotelle plakeg gebotzt? A wat der Däiwel sinn Oureschleeken? D'Cat a Sidsel hunn zwar net op alles eng Äntwert mee d...
Special - Déi mam 11.11 15.11.2023 47:50
Jecke Warnung, dës Episod ass wéi dem Cat säi Glitzer: All over the place! D'Queens of *an dësem Fall* Fire and Ice, hoffen dir sidd prett fir Kölle Alaaf à la Meh! D'Motto #HeißIceBaby zitt sech net just duerch dësen 11.11 mee och duerch alles wat duerno geschitt ass: Et gouf geFEIERt, geziddert a gejaut, dass d'Stëmmbänner wibbelen an dir sidd live dobäi. Vun ongefrote Beréierungen, ongewéinlech...
Episod 7 - Mehcaroni a Meckereien 04.11.2023 46:01
Um Sonndesmenü stinn haut schmanteg lackeleg Saache wéi Nuddele mat Pesto-Waasser an Alkohol aus dem Biberon. Nieft Gourmet-Froe gëllt et awer och nach d’Peinlechkeete vun der Firmefeier ze klären, e Kostüm fir den 11.11 ze bastelen an dem gudde Lëtzebuerger säi Rassismus auszedreiwen. Natierlech just, wann der dat heiten net verpennt. Ëmmerhi gouf en neie Schlofrekord, opgestallt by yours truly:...
Episod 6 - K.O ass ni OK 28.10.2023 47:01
Besser spéit wéi ni, obwuel an deem heite Fall bestëmmt och Leit soen: "besser ni wéi spéit". Dës Episod ass genee esou wéi d'Cat an d'Sidsel de Weekend: En Ausnamezoustand. Fortlafe vun der Responsabilitéit eng Episod opzehuele war awer keng Optioun, dat maache mer just bei de wierklech wichtege Saachen am Liewen. An och do muss ee soen, haut stelle mir eis der Realitéit... an...
Episod 5 - Anuslosegkeet 07.10.2023 41:52
Et ass Walsonndeg a 50% vun dësem Podcast hunn doru geduecht, déi aner 50% loosse sech excuséieren. Awer natierlech net vun dësem Podcast! Do ginn et keng Excusen, och keng Krankschreiwungen. Esou kämpft Sidsel sech derduerch mat sengem Schnapp an engem klenge groussen Down. An d'Catherine leit ënner Honger a mangelnde Franséischkenntnisser. Wat Anuslosegkeet a Gedokters domat ze dinn hunn? Da...
Special - Déi mat der Bucketlist 30.09.2023 44:11
Eng Lëscht esou laang wéi déi aktuell physesch Distanz tëscht dem Cat a Sidsel. A genee dowéinst huet missen eng speziell Episod hir, mat äre Bucketlist points awer natierlech och mat hiren! Risiken an Niewewierkungen: D'Verlangen duerno de Koffer ze paken an ze reesen, e Keramik-Kuer ze beleeën oder e Buch ze schreiwen. Villäicht rufft der duerno awer och just beim Psycholog u fir e Rdv ausze...
Episod 4 - "Dat schneide mer raus" 23.09.2023 52:28
Heiansdo kommen d’Sidsel an d’Cat sech vir wéi am Reality TV. Oder wéi géift dir iech et erkläre wann d’Sidsel mat Pampers op d’Aarbecht geet an d’Cat esou eppes Penibeles erzielt, dass et awer an d’Episod wëll schneide goen? Penibel ass dës Kéier d’Stéchwuert, dat huet sech och d’Technik geduecht. Trotzdeem hunn déi Zwee et hi kritt eng Episod ze produzéieren… oder villäicht och méi? Fir dee reve...
Episod 3 - Shoutout un de Luc 09.09.2023 50:00
Déi eng paken de Koffer fir an d’Vakanz, déi aner fir ze verkoppelen an nach anerer well et um Cape Vert jo kéint schneien. D’Sidsel kann dat alles vu senger Lëscht sträichen, genee esou wéi e Punkt vu senger Bucket List. D’Cat huet an der Tëschenzäit seng grouss Léift an Italien fonnt, en heescht Pedro a geet op 4 Patten. Nee dat ass kee Kink mee à Propos: Féiss si scho rëm en Thema. PS: Sidd dir...
Episod 2 - Mat Strëmp Richtung Déifpunkt 26.08.2023 40:13
Haut gëtt et mol eng éierlech Äntwert op d’Fro „wéi geet et dir?“ a soe mir sou, d’Cat an d’Sidsel nenne sech net fir näischt „Queens of Meh“. Firwat d’Sidsel ausserdeem iwwerleet berufflech vu Fësch- op Strëmppartyen ëmzeklammen an d’Cat am Slip viru senger Wunneng stoung, kläre mer an dëser Episod. Klammt ran an haalt iech un, et geet biergof. Dem Sidsel ass awer op dëser Plaz dann nach wichteg...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.