RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Society LB ↓ 100 episodes

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Society

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 25, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 54 - Rehab zu Karlsruhe 17.05.2023

Therapie, Rehabilitatioun an Inclusioun op enger Plaz D'REHAB zielt zu deene gréissten Foire fir de Beräich Inclusioun a Rehabilitatioun an Däitschland. Vum 15. bis de 17. Juni ass déi Foire fir déi 22. Kéier. Mam Annika Gehrmeyer (Projektleiterin) a mam Volker Neumann (Editeur vum Ratgeber MOBITIPP) schwätze mir iwwert dës Editioun.

Episod 53 - Semaines de Sensibilisation VDL 28.04.2023

Sensibiliséirungswochen vun der Stad Letzebouerg – dee Feste Rendez-Vous all Joer Ufank Mee organiséiert d’Stad nees wéi all Joer d'Sensibiliséierungswochen. Gutt De Programm ass gutt gefëllt, vun Iessen am Däischteren iwwert d'Inclusiounsgala bis hin zum Aktiounsdag, de 6. Mee op der Plëss. Mam Schäffen Patrick Goldschmidt an der Responsabel vum Service Integratioun an Inclusioun vun der Stad gi...

Episod 52 - SightCity 13.04.2023

20. Editioun vun der SightCity – Déi gréisst Foire weltwäit fir Hëllefsmëttel fir Blann an Sehbehënnert Leit Wat kleng ugefaangen huet, ass mëttlerweil ee feste Rendez-vous, an den Treffpunkt vun der Blannen- a Sehbehënnertenzeen weltwäit. Iwwert 100 Aussteller aus aller Welt op enger neier Plaz. En Interview mam Dagmar Krutzki, Geschäftsführerin vu SightCity Frankfurt.

Episod 51 - Wien Inclusioun wëll fennt Weeër 27.03.2023

Zanter méi wéi 15 Joer zielt de Raul Krauthausen zu den Aktivisten a punkto Inclusioun an Däitschland Als Grënner vun de Sozialhelden, Initiateur vu der Wheelmap, huet hie vill Saachen initiéiert. Säin zweet Buch ass elo do. "Déi, déi Inclusioun wëllen, fannen e Wee - déi, déi se net wëllen, fannen Excusen" Wéi vill Gesellschaft brauch et fir Inclusioun ze kreéieren? Wou sinn d'Barrièren wierklech...

Episod 50 - Eng Ëmfro vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mam LISER 27.02.2023

Wéi liewe Leit mat enger Behënnerung 2023 zu Lëtzebuerg? Wat sinn d'Bedierfnesser a punkto Accessibilitéit, Selbstbestëmmung an Inclusioun? Wat brauche Leit mat enger Behënnerung fir mat Dignitéit zu Lëtzebuerg ze liewen? Eng Ëmfro vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mam LISER behandelt dës Froen. Et war net genuch aus de Statistiken ze liesen, well de Familljeministère net op all Daten zoug...

Episod 49 - EDS – Ehlers-Danlos Syndrom – eng vun ville seelene Krankheeten 24.02.2023

Een Interview mam Jessica Goedert Ass eng Krankheet eng Behënnerung, oder gëtt een duerch eng Krankheet behënnert? Déi Fro gëtt sech ganz dacks gestallt bei Behënnerungen déi een net gesäit oder Krankheeten déi als seele Krankheet gëllen. D'Jessica Goedert huet EDS, 1-2% vun der Bevëlkerung hunn dës Krankheet. Eng Krankheet déi méi Siichtbarkeet brauch, an déi definitiv behënnert, esou d’Jessica G...

Episod 48 - Dat neit Accessibilitéitsgesetz 30.01.2023

E Meilesteen zu Lëtzebuerg Am Juni 2023 trëtt dat neit Accessibilitéitsgesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft. Alles am ëffentleche Raum a Privatwunnengen muss da barrièrefräi gebaut oder barrièrefräi ugepasst ginn. Eng aner nei Funktioun vun dësem Gesetz ass, datt privat Immobilien-Bauträger verflicht sinn barrièrefräi Wunnengen ze schafen, wann se Residenze bauen. D‘Adapth ass zënter iwwer 25 Joer amgaan...

Episod 47 - Aktiounsplang 2.0 iwwert d'Inklusioun 21.12.2022

Et war virgesinn, dass eng extern Etude gemaach gëtt, wou den Actionsplang an der Emsetzung drun ass. Zesummen mat den 14 Ministèren, den 8 Aarbechtsgruppen, dem Steering Group an dem CSPH gouf dës Evaluatioun, déi vu KPMG duerchgefouert gouf, opgebaut. Den 21.12.2022 gouf se offiziell presentéiert.

Episod 46 - Sport an Inklusioun 10.11.2022

Vum Breede- bis zum Leeschtungssport Wa mir iwwer Inklusioun schwätzen, da sinn Fräizäit a Sport grad esou en Deel dovun, wéi d’sozial a schoulesch Inclusioun. Wéi aas et mat der Inklusioun am Sport zu Lëtzebuerg? Wou ass de Paralympesche Sport am Joer 1 no de Paralympics an no der Ära Tom Habscheid? Wat sinn d'Erausfuerderunge fir den LPC, besonnesch well de Comité momentan fir Kompetitioun a pop...

Episod 45 -Perséinlech Assistenz a firwat se wichteg ass 31.10.2022

Eent vun de wichtegsten Instrumenter fir Selbstbestëmmung aus der UNO-Konventioun iwwer d'Rechter vu Persoune mat enger Behënnerung Sie erlaabt Leit mat enger Behënnerung Verantwortung fir hiert Liewen ze huelen. Esou Méiglechkeete ginn et schonn an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg deet sech offiziell schwéier, mä huet zanter méi ewéi 10 Joer e Modell vun der ASBL "Wäertvollt Liewen" toleréiert. Ma...

Episod 44 - Wëll ech wierklech nees gesinn? 26.10.2022

Et gëtt dacks Neiegkeeten iwwer Weeër wéi blann Leit erëm kéinte gesinn. Kënschtlech Intelligenz mécht et méiglech. Medezinesch ass eng Aen-Transplantatioun néideg, mä déi geet nach net. De Sascha Lang ass zanter sengem 3. Liewensjoer blann. Eng vun den heefegste Froen, déi hie gestallt kritt ass: Géifs du gär gesinn? Firwat seng Äntwert iwwerrascht, an wat hien doriwwer denkt, héiert Dir an dësem...

Episod 43 - Post Group, soziaalt Engagement an Inclusioun 04.10.2022

De Post Group ass ee vun de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg. Mat de Beräicher Finanzen, Telekom a Courier ass et och e grousse Player an der Gesellschaft Am Fréijoer stellt de Post Group ëmmer säi Bilan vir. Ee vun den Aspekter ass och ëmmer déi sozial Verantwortung vun enger Firma. D'Inclusioun spillt net nëmmen eng Roll an der Entreprise intern, wat d'Beschäftegung vu Leit mat enger Behënnerung...

Episod 42 - Colors of Blindness 13.09.2022

D'Fondatioun Blannevereenegung profitéiert vun der Publikatioun vum Joreskalenner fir op hir Aktivitéiten opmierksam ze maachen. An der Quinzaine "Colors Of Blindness" gëtt et een ofwiesslungsräiche Programm fir déi betraffe wéi och fir Familljen oder Interesséierter. De Generaldirekter Thierry Lutgen an den Damien Talbo, Chargé de Direction vum Beräich Betreiung, Berodung a Fräizäit, presentéiere...

Episod 41 - Net blann, net gesinn 01.09.2022

Akzeptéieren a lassloosse: Eng degenerativ Aekrankheet ass fir vill op den éischte Bléck net ze erdroen Dir fillt dacks datt Är Siicht manner gëtt, mä Dir wësst net wéini dee Moment kënnt, wou Dir ganz blann sidd. Dat gëllt och fir aner Behënnerungen a Krankheeten. An Zesummenaarbecht mat Pro Retina Däitschland, dem Thomas Reichelt an Heidrun Köllner hu mir dësen Thema verdéift a probéiert erausze...

Episod 40 - Monica Semedo – Eng Diagnose verännert ee Liewen 14.07.2022

Zënter dëser Legislaturperiod vertrëtt d'Monica Semedo Lëtzebuerg am Europaparlament Virdru war si jorelaang Presentatrice bei RTL. D’Monica Semedo stoung ëmmer am Mëttelpunkt. Virun e puer Méint krut si e Message deen säin Liewen direkt verännert huet. Wéi si domat ëmgeet, firwat si et mat där Diagnos an den IGEL Podcast gepackt huet a wéi et wieder geet, dat héiert Dir an dësem Episod.

Episod 39 - Reha Tennis - Trotz Behënnerung Tennis spillen 27.06.2022

Céci-Tennis, Rollstull Tennis an Tennis fir Persoune mat mentaler Beanträchtegung – dat alles ass Reha Tennis Wei een Blannen Tennis spille kann ass fir deen een oder aneren onvirstellbar, mä et geet. An deem 39. Episod ënnerhält sech de Sascha Lang, dee selwer Tennis spillt, mam Charlotte Rodier (Trainerin a Spillerin op der Spora) an dem Gilles Müller, Sportsdirekter a fréier Nummer 1 am Lëtzebu...

Episod 38 - Rehab zu Karlsruhe 17.06.2022

Endlech nees eng Foire fir Rehabilitatioun an onser Géigend Et gi verschidde Messe-Highlights am Joer, virun allem wann et ëm d'Thema Rehabilitatioun, Therapie an Inclusioun geet. D’Rehab zu Karlsruhe ass eng Traditiounsfoire, déi dëst Joer fir déi 21. Kéier vum 23. - 25. Juni ass. Zanter méi ewéi 30 Joer zielt si zu den Rendez-vousen a Süddäitschland, knapp 2 Stonne vun hei ewech. De Sascha Lang...

Episod 37 - Susanna van Tonder 30.05.2022

Den 30. Mee as Welt MS-Dag. Fir dësen Dag huet de Sascha Lang d'Susanna van Tonder an den IGEL-Podcast invitéiert. Mam Susanna geet et ënner anerem ëm de Stand vun der MS-Erkrankung, ëm d’Akzeptanz vun der Behënnerung an ëm den Engagement an der Selbstvertreter-Bewegung. D'Susanna ass och mat an der "Wat ass normal?" Campagne vum Minister de la Famille.

Episod 36 - Inclusioun an der Fräizäit 19.05.2022

Siichtbarkeet vun Persoune mat Behënnerung huet als Konsequenz, dass och ëmmer méi Leit gär u Fräizäitaktivitéiten Deel huele wëllen. Och wann an der UN Behënnerterechtkonventioun dëst Recht verankert gouf, esou gesäit et um Terrain nach anescht aus. ZEFI – Zesummen fir Inclusioun organiséiert heiriwwer den 30. Mee eng Table Ronde mat gudde Beispiller, mä och mam Zil op d’Probleemer hinzeweisen. A...

Episod 35 - Europäesche Protestdag 29.04.2022

Zanter 30 Joer gëtt um 5. Mee an Europa protestéiert fir d’Rechter vun de Persoune mat Behënnerung. Eng Beweegung déi aus Amerika koum. Matbruecht huet se den Ottmar Miles-Paul, Aktivist a Journalist aus Däitschland. Och zu Lëtzebuerg hat "Nëmme mat Eis" 2-3 Joer matgemaach. Zanter laangem ass et hei awer Roueg ëm de 5. Mee. Iwwert d’Geschicht vum Protestdag, Motivatioun vun Aktivisten, an d'Wicht...

Episod 34 - Semaine de sensibilisation Gemeng Lëtzebuerg 22.04.2022

Den 23. Abrëll starten d’Sensibiliséierungswoche vun der Stad Lëtzebuerg Sensibiliséierung ass wichteg, well domat gi Barrièren ofgebaut an Mënschen mat an ouni Behënnerung gi méi no bruecht. Och dëst Joer ass de Programm trotz 2 Joer Paus nees extrem villsäiteg. De Sascha Lang ënnerhält sech an dësem Episod mam Madeleine Kayser vun der Stad Lëtzebuerg.

Episod 33 - Inclusioun brauch och déi richteg Technik 01.04.2022

Stellt Iech fir Är Ärm an Är Been kënne keng Funktioune mei ausféihren, domat och Ären eegene Rollstull net méi bewegen Daat stellt fir vill Leid eng echt Barriere duer, fir een inklusivt Lierwen ze féiren. Innovatioun aus hei gefroot. An dësem Episod hu mer ons mat der Firma Munevo ënnerhal, déi aus engem Fuerschungsprojet op der Uni een Hëllefsmettel geschaf huet, mat deem Mënsche mat esou enger...

Episod 32 - Bewegung trotz Prothees: Movao – Move as one 14.03.2022

Otto Bock zielt zu deene gréissten Firmen am Beräich Protheesen op der Welt. Leit déi eng Amputatioun hannert oder viru sech hunn, brauchen Informatioun an wëlle sech och mat Gläichgesënnten austauschen. Sécherlech gëtt et Facebook an Instagram, mä dat ass dacks kee geschützte Raum. Otto Bock huet doraus eng Iddi entwéckelt an eng international Plattform/Community gegrënnt, mam Numm „Movao“ – Move...

Épisod 31 - Cooperatioun Wiltz 28.02.2022

2023 feiert d’Cooperatioun Wiltz hire 40. Anniversaire. D’Asbl an d’Société Coopérative sinn aus Woltz net mei ewech ze denken. D’Société Coopérative ass méi ewéi just een Atelier d’Inclusion. 90% vun den Mataarbechter hunn een Inclusiounshannergrond. Wat d’Asbl, déi ënnert anerem de Wëlzer Festival organiséiert an d’Société Coopérative gemeinsam hunn a wéi staark d’Inclusioun zu Wolz ass, dat ver...

Episod 30 - Behënnertebeobtraagten op Regierungsniveau 21.02.2022

Schonn zanter Jore beschäftegt sech d'Behënnertewelt mat der Fro: Brauche mir zu Lëtzebuerg ee Behënnertebeobtraagten op Regierungsniveau? Vum Marie-Josée Jacobs bis Corinne Cahen waren all d’Familljeministerinnen der Meenung: Nee! Mir héieren an dësem Episod de Jürgen Dusel, hien ass fir d'zweet a sengem Amt als Bundesbehindertenbeauftragter bestätegt ginn. Wat seng Aufgaben sinn, firwat et wicht...

Listen to the RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.