RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Society LB ↓ 100 episodes

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Society

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 25, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 29 - Centre de Logopédie 31.01.2022

8 Competenzzentren ginn et zanter 2018 hei am Land. 2 an engem ass definitiv deen zu Stroossen. Hei geet et em d'Sprooch an och ëm Schwerhöregkeet. Wie déi 2 Voletë enk mateneen verknäppt sinn, a wat fir eng Aarbecht de Centre och a Punkto Inclusioun mécht, dovun erzielt den Direkter Marc Schmidt an dësem Episod.

Episod 28 - Wat as Peer Counseling? 19.01.2022

Mënsche mat Behënnerung musse gestäerkt ginn, fir dass si hir Rechter a Flichte kennen an duerchsetzen. Aus Amerika kënnt den Begrëff Peer Counseling, deen net just an der Behënnerte-Beweegung gelieft gëtt. De Sascha Lang schwätzt mam Birgit Schopmans aus Däitschland iwwer Peer Counseling. Zanter méi ewéi 30 Joer ass si an der Berodung aktiv. Zu Lëtzebuerg gëtt de Peer Counseling nach weider net b...

Episod 27 - De Louis Braille an d'Brailleschrëft 04.01.2022

De 4. Januar 1809 gouf den Louis Braille zu Präis gebuer. Duerch een Accident ass hie blann ginn. Verzweiwlung war awer net Senges. Hien huet ugefaangen eng Schrëft ze entwéckelen, fir déi Millioune vun Blanne Leit him ëmmer Dankbar wäerte sinn. D’Brailleschrëft gouf gebuer. An dësem Episod schwätze mir mam Anja Lehmann vum Deutschen Zentrum für Barrierefreies Lesen iwwert de Personnage Louis Brai...

Episod 26 - Table Ronde iwwert d'Inclusioun zu Lëtzebuerg 2 17.12.2021

Bei Thema Aarbecht muss nach vill geschéien. A brauche mir een Behënnertebeoptraagten? Een Thema wat ëmmer nees Kappzerbrieches mécht ass d'Thema Aarbecht. Vill ze wéineg Leit mat Behënnerung sinn um éischten Aarbechtsmaart vertrueden. Brauch Lëtzebuerg ee Behënnertenbeoptraagten, also eng Persoun déi tëscht deene Betraffenen an dem Stat, der Politik, ka vermëtteln? A wat sinn d'Wënsch vun onse Gä...

Episod 25 - Eng Table Ronde iwwert Inclusioun zu Lëtzebuerg 01.12.2021

Am Kader vum 3. Dezember, dem Internationale Dag vun de Mënsche mat Behënnerung maache mir de Bilan D'Pandemie huet d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang 2.0 extreem perturbéiert, an dach sinn vill Dossieren weiderkomm. Mee ob se gutt oder manner gutt weiderkomm sinn, hänkt vum Bléckwénkel of. Op onser éischter digitaler Table Ronde hu mer den Bols gefillt. Deel 1 mat dëse Gäscht: Corinne Cahen - Minister...

Episod 24 - Internationalen Dag fir Menschen mat Behënnerung 26.11.2021

Den 3. Dezember ass den Internationalen Dag fir Leit mat enger Behënnerung. Aktiounen, Medien a soss Eventer machen dann op d’Erausfuerderungen opmierksam. An deem 24. Episod froe mir ons : Brauche mir esou een Dag eigentlech? Den Sascha Lang léisst folgend Persounen zu Wuert kommen: Sylvie Bonn – Klaro (Zentrum fir déi Liichtsprooch) Olivier Grüneisen – Directer Info-Handicap Sherley Feider – Prä...

Episod 23 - Déi klengste weiblech Zwillinge vun der Welt 11.11.2021

1,23 an 1,32 Meter sinn se grouss, mä hiere Message ass riseg Klengwüchsegkeet zielt als Behënnerung. Mä wéi scho méi dacks an dësem Podcast gesot gouf: Tëscht behënnert sinn an sech behënnert fille gëtt et een Ënnerscheed. D’Katharina an Elisabeth Lindinger sinn dem Guiness World Records Buch no, déi klengste weiblech Zwillinge vun der Welt. De Sascha Lang interviewt déi zwou Fraen a schwätzt mat...

Episod 22 - Wat as Sexualassistenz 27.10.2021

Persoune mat schweierer Behënnerung hu genee wéo jiddwereen och de Besoin no Sexualitéit. Dax ass et hinnen awer net méiglech dës ze liewen, sief et well et kierperlech net geet, oder och geeschteg. De Sascha Lang huet sech an der neister Episode mam Nina De Vries ënnerhalen. Sie praktizéiert Sexualassistenz an Däitschland, an si gëtt ons een Abléck wat dat bedeit, wien dat mécht a fir wien dës Zo...

Episod 21 - De Wäisse Bengel als Hëllefsmettel 14.10.2021

Vum 8. bis de 15. Oktober 2021 ass d'Semaine de la Vue De 14. Oktober ass d'Journée de la Vue an de 15.10.2021 ass den Dag vum Wäisse Bengel. An am Oktober huet de Centre pour le développement des compétences relatives à la vue eng Campagne mam Titel : Gesäis de mech lancéiert. Dat si gutt Grënn fir ons mam Thema Wäisse Bengel an Mobilitéitstraining ze beschäftegen. Mam Tobias Stuntebeck schwätze...

Episod 20 - Ouni Gehéier a blann 30.09.2021

Näischt héieren a Blann sinn, eng Kombinatioun déi ee sech schwéier virstelle kann. Déi 2 Sënner, déi u sech extreem hëllefe kënnen, sinn an deem Fall net do. Zu Lëtzebuerg gëtt et ganz wéineg Persounen déi dovu betraff sinn, an dach sollte mer ons mat deem Thema beschäftegen, well d’Liewe fir dëse Persounekrees extrem an der Isolatioun ka stattfannen. An Däitschland gräifen dës Persounen op Assis...

Episod 19 - Schoulesch Inclusioun ass nach ëmmer een Drama 13.09.2021

Interview mam Martine Kirsch vun der ASBL ZEFI An dem 19. Episod schwätzt d'Martine Kirsch^, Präsidentin vun Zefi (Zesummen fir Inclusioun) vun besuergenden Zoustänn wat déi schoulesch Inclusioun betrëfft. Et klappt trotz neiem Gesetz an UN Behënnerte Rechtskonventioun nach ëmmer net. An um Educatiounsministère stéisst een op daf Oueren. Am leschten Deel vum Podcast erzielt den Moderator Sascha La...

Episod 18 - Mat Behënnerung an anere Kulturen liewen 26.08.2021

Flüchtlings-Thematik as nees an aller Mond Mir hunn 2 Temoignagen vu Persounen, déi erlieft hunn, wéi Behënnerung an aneren Kulturen ugesi gëtt. Den Meddhin Saho ass Flüchtling an kënnt aus Syrien. 2014 ass hien iwwer d'Tierkei, Spuenien an Däitschland komm, an konnt seng Abschiebung verhënneren. D’Jessica Schroeder huet International Kulturmanagement studéiert an war an Indien, Myanmar, Thailand...

Episod 17 - „Ech wënsche mer Näischt, ech maachen einfach“ 13.08.2021

Et sinn dem Tom Habscheid seng 2. Paralympics Spiller 2021 zu Tokio. De jonke Sportler erzielt am Interview net just iwwert säi Sport, mä och iwwert seng Behënnerung a wéi hien domat ëmgeet. Desweideren erlaabt den Tom Habscheid och een Abléck an säin Alldag, mä och wie hien Inklusioun gesäit. An zum Schluss verréid hien och och, wat hien dovunner hält, dass an Zukunft solle Sportler mat an ouni B...

Episod 16 - Bicher liese wann ee blann oder sehbehindert ass 31.07.2021

Aus onsem Alldag sinn Bicher net méi ewech ze denken. Mä wat maachen, wann ee Bicher opgrond vun enger Erkrankung un den Aen net méi liese kann? Dräi Méiglechkeete sti Blann an Seebehënnerte Leit zur Verfügung: Brailleschreft, Groussdrock an natierlech d’Hörbuch. Mam Frank Groben Direkter vum Centre de Compétence de la Vue „CDV“, a mam Paulo Lopes Bibliothécaire vun der Audiobibliothéik vun der Fo...

Episod 15 - Hörberatung Lëtzebuerg 20.07.2021

Am Joer 2050 sollen, enger neister Etüd no, 25% vun den Leit op dëser Welt Schued um Gehéier hunn. Domat kënnt op d’Hörberatung Lëtzebuerg nach vill Aarbescht duer. Dofir notze mir elo schonns d'Geleeënheet si virzestellen. De Romain Heinz war am Interview beim Sascha Lang. A méi Informatiounen iwwert d'Hörberatung fënnt een op: http://www.hoergeschaedigt.lu

Episod 14 - Luxembourg Paralympics Comitee 01.07.2021

Mënsche mat Behënnerung brauchen de Sport genee wie jiddwereen. Schonn an den 70zeger Joren huet sech eng ASBL gegrënnt fir dëse Sport ze fërderen. Haut ass et den Luxembourg Paralympics Comitee. De Sascha Lang schwätz mam Sportdirekter Marc Kieffer iwwert den Stand vum Behënnertesport, ons Athleten, Spiller zu Tokyo, an wat Klassifikatioune sinn.

Episod 13 - Den Thema Inclusioun anescht upaken 25.06.2021

Inclusioun ass zu Mamer méi grouss an geet wäit iwwert d'Thema Behënnerung eraus. Fir dës ëmzesetzen ass d'Nadine Reinesch aktiv als Präsidentin vun der Commission Consultative "Sozial Inclusioun", an de Bled BEKTESHI ass Responsabel vun der Maison des Citoyens. An onser 13. Episode gëtt dëst Konzept méi genee virgestallt. Mei Informatiounen fannt Dir op https://www.mamer.lu.

Episod 12 - Infohandicap an de Conseil National 31.05.2021

1993 gouf d’Contactstell Infohandicap zu Lëtzebuerg gegrënnt. Sie regruppéiert Informatioun, Sensibiliséierung an Aktioun zum Thema Handicap an Inclusioun. Zanter 2017 ass den Olivier Grüneisen Direkter. Hie geet op d’Missiounen vum IHA an, an den Sekretär vun Conseil National erkläert d'Missioune vun dësem wichtege Gremium.

Episod 11 - Wat ass ALAN? 17.05.2021

Ronn 7000 seele Krankheete ginn et, an déi meescht féieren zu enger Behënnerung. Dofir ass d’Shirley Feider-Hohen am Interview fir ons ALAN virzestellen an ons opzeklären, wat een ënnert enger Maladie Rare versteet. Mei Infos zu ALAN op https://www.alan.lu

Episod 10 - Mir mussen ons ëmmer nees beweisen 11.05.2021

Een Interview mam Aktivist, Politiker an Rollstuhlfuerer Joel Delvaux. „Et huet een dacks d'Gefill, grad an der Behënnertenzeen, et misst een ëmmer nees beweisen, dass ee weess wat fir ee Betraffene selwer richteg ass“, sou de Joël Delvaux, den am Alldag den Departement des Travailleurs Handicapés vum OGBL leed.

Episod 9 - De Comité Participatif vun der Gemeng Lëtzebuerg 30.04.2021

Um politesche Geschehen deelhuelen, verlaangt och d’UN-Behënnertekonventioun. Zanter méi ewéi 10 Joer lieft d’Stad Lëtzebuerg dat mam Comité Participatif.

Episod 8 - Autismus 12.04.2021

De Sascha Lang wollt wësse wat Autismus genee ass. Hu Mënsche mat Autismus keng Gefiller? Sinn si héichbegaabt?

Episod 7 - Trisomie 21 29.03.2021

Den 21.03.2021 war de Weltdownsyndromdag, Grond genuch fir mol méi genee ze froen: Wat ass Downsyndrom oder och Trisomie 21?

Episod 6 - D’Association Chien Guide Aveugle au Luxembourg 19.03.2021

Den Zugang zum Blanneféierhond vereinfachen, an d’Liewe fir Hond a Mënsch erliichteren, dat woren d’Grënn fir dës Associatioun, déi et zanter 2001 gëtt.

Episod 5 - Gebäerdesprooch 03.03.2021

Mënschen déi Gehörlos an Stomm sinn, notzen d'Gebäerdesprooch fir ze kommunizéieren. D'Claire Bergem studéiert dës Sprooch.

Listen to the RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.