RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!
Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Podpurri Episod 49: The Disliked, 02/11/2021 02.11.2021 32:02
Zanter bal 20 Joer maachen se schonn zesumme Musek. Ugefaangen als Schülerband mat Punk a Ska, sinn "The Disliked" haut fir hire Reggae an hir Live-Shows, déi ee matrappen, bekannt. De 5. November ass d'Release vun hirer neier EP "Underwater Rescue" an der Kulturfabrik zu Esch. Wat et mat där Ënnerwaasser-Welt op sech huet, wat alles fir de Concert a wat och fir d'Zukunft vun der Band geplangt ass...
Podpurri Episod 48: Sandra Lieners, 26/10/2021 26.10.2021 34:10
An der Molerei ass si doheem, méi genee an der Ueleg-Molerei. No hire Studien zu Florenz a Wien huet Si sech zu Lëtzebuerg nidder gelooss an schafft hei als fräischaffend Kënschtlerin. D'Sandra Lieners huet e gutt gefëllten Agenda an eng ganz Partie interessant Projeten an den nächste Méint. Ënnert aneren iwwert déi huet d'Artistin mam Clauida Kollwelter an hirem Atelier geschwat. Ma och iwwert Re...
Podpurri Episod 47: Den Donato Rotunno, 19/10/2021 19.10.2021 36:46
De Film-Realisateur Donato Rotunno Zënter iwwer 25 Joer ass den Donato Rotunno an der Lëtzebuerger Filmwelt mat senger Produktiounsfirma Tarantula present. Nieft der Funktioun vum (Co-)Produzent ass hien awer och als Realisateur an Zeenarist aktiv souwuel fir Dokumentären, wéi och fir Fiktiounsfilmer. säin aktuelle Film "Io Sto bene" erzielt déi fiktiv Geschicht vun zwee Mënschen, déi a verschidde...
Podpurri Episod 46: Patricia Lippert, 12/10/2021 12.10.2021 32:41
An der Molerei, Skulptur a Performance ass Si doheem an aus der Lëtzebuerger Konschtwelt net ewech ze denken. Liewen a schaffen mécht Si zu Eppelduerf an zu Berlin. Aktuell stellt d'Kënschtlerin an enger kollektiver Expo vum Hariko zu Buerglënster aus. D'Patricia Lippert huet d'Claudia Kollwelter bei sech heem invitéiert an ënnert anerem iwwert Spätien zu Berlin geschwat, d'Zesummenaarbescht mam P...
Podpurri Episod 45: Herbert Knaup, 05/10/2021 05.10.2021 30:14
Den däitschen Acteur Herbert Knaup Fir eng Liesung am Kasemattentheater war den däitschen Acteur Herbert Knaup vrun zwou Wochen zu Lëtzebuerg. Bekannt ass hien engem gréissere Publikum duerch seng Rollen a verschiddene Filmer, awer och Serien op der däitscher Tëlee.
Podpurri Episod 44: Claire Parsons, 28/09/2021 28.09.2021 30:16
Zanter klengem un ass d'Musek omnipresent an hirem Liewen. Als klengt Kand huet Si d'CD'en vun den Eltere verschlongen, awer och scho ganz fréi mam Piano ugefaangen. Haut séngt, spillt, komponéiert an ënnerriicht Si Musek. D'Claire Parsons zielt iwwert hiren 2. Album deen an der Maach ass, e neie Kontrakt an d'Freed erëm op der Bün ze stoen.
Podpurri Episod 43: Christoph Sietzen, 21/09/2021 21.09.2021 35:18
De Percussionist Christoph Sietzen Gebuer an opgewuess ass en zu Salzburg, vun Nationalitéit ass de Christoph Sietzen Lëtzebuerger. De Percussionist, dee sech vrun allem um Marimba wuel fillt, gehéiert international zu de beschte Kënschtler a sengem Fach. Musek: Emmanuel Séjourné: Attraction - Maki Ishii: Thirteen Drums
Podpurri Episod 42: Alain Welter, 14/09/2021 14.09.2021 30:51
Seng Graffitien, Illustratiounen a Molereien sinn an tëscht uechtert d'ganz Land ze gesinn an och iwwert d'Grenzen eraus. Ugefaangen huet alles am klengen Duerf am Süd-Weste vum Land zu Koler. "De Moler vu Koler", esou heescht och d'Buch vum Alain Welter, dat de Street-Art-Kënschtler dëst Joer eraus bruecht huet an an deem hien e Bléck zréck wërft wéi alles ugefaangen huet a wat en an de leschten...
Podpurri Episod 41: De Bernard Baumgarten, 06/09/2021 06.09.2021 39:49
De Choreograph an Direkter vum 3CL Bernard Baumgarten Den Danz huet sech an de leschte Jore ganz besonnesch zu Lëtzebuerg entwéckelt, ëmmer méi Jonker probéieren hire Wee an d'Professionalitéit. En éischte wichtege Kontakt ass do de Centre de Création Choréographique - kuerz 3CL - an der Banannefabrik zu Bouneweg. Geleet gëtt dee vum Bernard Baumgarten, selwer e passionéierten Dänzer a Choreograph...
Podpurri Episod 40: De Maxime Bender, 06/07/2021 06.07.2021 32:36
De Museker an Direkter vum Trifilion Maxime Bender Knapps hat de Maxime Bender op sengem neie Posten als Direkter vum Trifolion zu Iechternach ugefaangen, do ass alles zougaangen. Sou war seng éischt Aufgab e Kulturhaus a Pandemie-Zäiten ze geréieren. Dat huet wuel Zäit bruecht fir sech anzeschaffen, awer och Drock fir sech Iddien ze maachen, wéi een de Betrib um Lafen hält. Musek "Fairy Tales" He...
Podpurri Epsiod 39: Sam Tanson, 29/06/2021 29.06.2021 39:15
Podpurri Epsiod 39: D'Kulturministesch Sam Tanson Zënter bal 3 Joer ass d'Sam Tanson Kulturministesch. Dee Ressort hat d'Politikerin vun Déi Gréng sech vun Ufank u gewënscht. Ee vun de wichtegsten Argumenter war et de Kulturentwécklungsplang, dee virdrun opgestallt gouf, ëmzesetzen. Eng Erausfuerderung, souwisou schonn, Mä dunn huet d'Pandemie och d'Kultur op d'Kopp gedréint. Datt d'Kulturhaiser w...
Podpurri Episod 38: 1 Joer "Kuk", 22/06/2021 22.06.2021 41:27
Mam Serge Tonnar, Milla Trausch an Damiani Picci Den 23. Juni 2020, op Nationalfeierdag matten dran an der Pandemie, gouf en neie Projet lancéiert, deen de Kënschtler sollt eng Plattform an eng Méiglechkeet ginn, dach nach produzéieren ze kënnen an digital visibel ze bleiwen. Den Numm vum Projet: Kulturkanal fir Lëtzebuerg - kuerz "kuk.lu"
Podpurri Episod 37: De Marc Scheer, 15/06/2021 15.06.2021 35:21
De Musek-Booker Marc Scheer Zënter knapp zwee Joer ass de Marc Scheer an der Kulturfabrik zu Esch zoustänneg fir de Beräich Concerten a Musek. Ausserdeem ass hien de President vun der asbl "Fête de la musique", déi elo tëscht dem 11. an dem 21. Juni eng Rei u Concerten uechtert d'Land coordinéiert. Doriwwer ass de Marc Scheer natierlech frou, well lescht Joer war dëst Fest vun der Musek dobausse m...
Podpurri Episod 36: De Lucien Kayser, 08/06/2021 08.06.2021 37:06
President vun der Sektioun Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal Als Konschtkritiker ass de Lucien Kayser nach ëmmer gär aktiv. Zënter e puer Joer ass de pensionnéierte Franséisch- a Philosproff a fréiere Fussball-Arbitter awer och President vun der Section Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal. Doriwwer geet rieds, awer och iwwer déi franséisch Sprooch an hir Grammaire, iwwer Konschtkritik...
Podpurri Episod 35: Wladimir Kaminer, 01/06/2021 01.06.2021 27:58
Podpurri Episod 35: den däitsch-russeschen Auteur an DJ Wladimir Kaminer Den 7. Mee war den däitsch-russeschen Auteur an DJ Wladimir Kaminer am Kader vum 100te Gebuertsdag vun der Bibliothéik fir eng Liesung zu Diddeleng. International bekannt ginn ass hien 2000, wéi säi Buch "Russendisko" erauskomm ass. Doran huet hie seng Erfarungen erzielt, déi en zu Berlin gemaach huet, wou en zënter 1990 lief...
Podpurri Episod 34 Françoise Tonteling, 25/05/2021 25.05.2021 33:03
De Piano huet si schonn als kléngt Kand begeeschtert an dofir huet se d'Fanger och net méi dovu gelooss. Ob eleng oder mat anere Museker, eng sëllege verschidde Projete stoungen an de leschte Joren op der Pianistin hirem Agenda. Deen war zejoert awer manner gefëllt, net just wéinst Corona! D'Françoise Tonteling huet mam Claudia Kollwelter iwwert hir Karriär geschwat, awer och wat et fir d'Musekeri...
Podpurri Epis. 33 Pit David, Nico Langehegermann, Tom Flick, 18/05/2021 18.05.2021 36:50
"#200" heescht eng Ausstellung am H2O zu Uewerkuer, bei där dräi Kënschtler hir ganz ënnerschiddlech Wierker ausstellen. De Moler Pit David beschäftegt sech zënter 25 Joer mat dem Vollek vun den Hopi an hire Katchinaen. Den Nico Langehegermann schafft mat Lackfaarf an illustréiert knalleg abstrakt Biller awer och Portraite vun eise bekanntesten Cyclisten. Den Tom Flick gebraucht fir seng markant a...
Podpurri Episod 32: D'Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby, 11/05/2021 11.05.2021 39:26
Podpurri Episod 32: D'Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby Zënter dem 1. Oktober ass d'Nathalie Jacoby d'Direktesch vum Literaturzenter zu Miersch, eng Funktioun iwwer déi se virun engem Joer nach net nogeduecht huet. Zënter 2015 war déi geléiert Literaturwëssenschaftlerin schonn Deel vun der Ekipp, elo zitt se selwer d'Fiedem vun de verschiddenen Aufgabe vun engem Literaturarchiv: conservéieren, do...
Podpurri Episod 31: Benoît Martiny, 04/05/2021 04.05.2021 35:19
Jazz, Rock oder Hip-Hop...Am Quintett, Quartett oder och mol mat 10 anere Museker op der Bün...De Batteur a Komponist Benoît Martiny ass bekannt fir seng sëllege musikalesche Projeten an divers Stiler. Mee amfong hunn déi vill méi gemeinsam wéi ee mengt seet de Museker. Mam Claudia Kollwelter huet hien donieft iwwert de rezenten Album vun der Benoît Martiny Band "Moons of Uranus" geschwat, iwwert...
Podpurri Episod 30: Corinna Niemeyer, 27/04/2021 27.04.2021 38:28
De leschte Sonndeg war den éischte Concert vum OCL, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënnert der Direktioun vu senger neier Chefdirigentin Corinna Niemeyer. Déi 35 Joer jonk däitsch Musekerin huet dëse Posten zënter dem September. Virum Concert an no enger Prouf huet d'Corinna Niemeyer dem Christiane Kremer vun der grousser Faszinatioun geschwat, déi en Orchester op se huet, firwat se sech e...
Podpurri Episod 29: Claire Thill, 20/04/2021 20.04.2021 31:56
Schauspillerin, Dramaturgin, Regisseurin an Theaterschrëftstellerin. Ob am Kollektiv oder eleng interesséiert d'Claire Thill sech fir d'pluridisziplinär Konscht, ob a Form vu Performance oder dem Geschichten-Erzielen. DKënschtlerin schwätzt ënnert anerem iwwert d'Kollektiv Independent Little Lies, iwwert Esch2022 an d'perséinlech Projeten un deenen d'Kënschtlerin fir d'Kulturjoer schafft, iwwert d...
Podpurri Episod 28 Bernard Michaux, 30/03/2021 30.03.2021 42:04
De Filmproduzent Bernard Michaux
Podpurri Episod 27: The Tame and the Wild, 23/03/2021 23.03.2021 29:51
Si hunn alle béid schonn a sëllege Formatioune Musek gemaach a sinn zanter enger Partie Joren d'Kärstéck vun der Band "The Tame and the Wild". D'Seja an de Flëpp sinn awer net just e musikalescht Duo mee och eng Koppel.
Podpurri Episod 26: De Christian Berkel, 16/03/2021 16.03.2021 37:06
Den däitsche Schauspiller a Schrëftsteller Christian Berkel war fir Liesungen aus senge Romaner "Der Apfelbaum" an "Ada" zu Lëtzebuerg.
Podpurri Episod 25: Séverine Peiffer, 09/03/2021 09.03.2021 37:48
D'Fotografin Séverine Peiffer erzielt ënnert anerem iwwert eng Technik aus dem 19. Jhd., hir aktuell Expo an dem Faibel fir Portraiten.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.