Olivier Bichel and Deepak Pant

Pardon my Lëtzebuergesch

Society LB ↓ 16 episodes

"Pardon my Lëtzebuergesch" hëllt d’Aktualitéit, Trends an d’Politik ënnert d’Lupp – duerch d’Brëll vum Alldagsliewen, esou wéi mir et kennen. De Podcast, moderéiert vum Olivier Bichel a Deepak Pant, beweegt sech tëscht Satir a Seriositéit. Et ass dat, wat geschitt, wann zwee Leit, déi net ëmmer d’selwecht denken, probéieren d’Welt ze verstoen – ouni sech selwer ze eescht ze huelen.

Author

Olivier Bichel and Deepak Pant

Category

Society

Podcast website

podcasters.spotify.com

Latest episode

Jun 29, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

EP16: Surchauffe ! 29.06.2026

 Et waren scho rëm  Rekordtemperaturen. Mam Olivier a Deepak schwätze mer iwwer d'Hëtztwell déi Europa a Lëtzebuerg dës Woch erëm voll am Grëff hat: firwat mir kaum Klimaanlagen hunn, wéi eis Infrastruktur domat eens gëtt, firwat dat ëmmer méi oft geschitt, a wéi gutt Stadplanung eis an Zukunft schützen kann. Praktesch Tipps fir d'Nuechtsschlof an d'Iwwerliewen abegraff. 🔥

EP15: Biggest World Cup Ever — or Bloated Mess? 08.06.2026

D'WM 2026 steet virun der Dier. Mat 48 Equippen ass et déi gréisst WM déi jee stattfonnt huet an datt an 3 Länner mat den USA, Kanada a Mexiko. Ass et déi inklusiivst WM iwwerhaapt oder huet FIFA virun allem de Profit am Kapp. Ween sinn d'Favoritten an op wat kennen sech d'Fans gefaasst maachen. An dëser Episode dréint sech alles ëm dat ronn d'Lieder och wann et de Fussball net méi...

EP14 : The Day the Feed Died 27.04.2026

Wat géif geschéien, wann Social Media muer einfach verschwënnt? Keng Likes, keng Stories, keng Scrollen – just nach mir an d’Realitéit. Sinn mir méi fräi… oder verluer?

EP13: Iran War 05.04.2026

D'USA an Israel géifen den Iran säit engem Mount un. Offiziell handelt et sech ëm en präventiven Schloe géint e Land wat kuerz virun der nuklear Waff steet (alt erëm). Méis ëm wat geet et hei wierklech ? Regime Changement, Populatioun befreien oder einfach wirtschaftlech Interessen ? Wat sinn Konsequenzen fir Europa no der Fermeture vun der Straitz of Hormuz an wéi heescht dësen Krich fir d'NATO ?...

EP12: Prime Time vs Play Anytime 27.02.2026

Prime Time oder Play Anytime ? Wéi huet sech eis Konsumentenverhaalen vun Media  iwwert déi lëscht 30 Joer geännert.  Freier Samsdes nach mat der ganzer Famill ronderëm Tëlee kennen mir elo op Touch alles spillen wat mir wëllen, wann mir wëllen wou mir wëllen. Wat fir een Afloss huet dat op eis Opmierksamkeet an wei reagéiert Filmindustrie op den Developpement vun Streamingplattformen ?

E11: Debí Tirar Más Fotos - Superbowl bis Olympia 2026 15.02.2026

No der Wanterpaus sinn mir zréck an kucken op den Superbowl wou den Bad Bunny d'Republikaner zum kachen bréngt. Donieft kucken mir zréck op eis Schivakanz an zu "les arcs" an analyséieren d'Olympesch Spiller 2026 zu Milano Cortina.  00:00 Intro 02:40 Superbowl LX 08:02 Bad Bunny Halftimeshow 22:18 PML Crew am Wantersport 37:51 Neo Fact 43:29 Olympia 2026 Milano Cortina

EP10: Zäit vun den Despoten 17.01.2026

2026 geet lass mat engem Knall. Den Trump entféiert den Venezuelaneschen Präsident Maduro an dreet der EU Grönland wëllen z'iwwerhuelen. Ass d'EU prett sech him an de Wee ze stellen ? Ass international Rescht nach ze retten oder liewen mir an der Welt wou den Stäerksten d'soen huet ?   00:00 Intro 00:48 Trump vs Maduro 11:28 Wou stnn mir am Internationalen Rescht ? 16:30 Nato a Grönlan...

E09: Recap 2025 31.12.2025

Réckbléck op d'Joer 2025, vun Trump bis Trounwiessel kucken mir op eng Selektioun vun Events déi dëst Joer stattfonnt hunn.  00:00 Intro 03:35 Emperor returns 13:55 Social Media Post of the year 16:38 6-7 19:40 Club World Cup 24:45 Women run the EUROs 28:27 Habemus Papem 33:50 Charlie Kirk 38:25 Oscars 40:33 Neo Fact 44:00 Louvre Heist 49:55 Social Justice Demonstration 56:11 Mischo Demissioun...

E08 : High Society ? Cannabis an éis Zukunft 12.12.2025

Zanter 2023 geet Lëtzebuerg méi tolerant mam Cannabis ëm. An dëser Episod schwätze mir iwwer déi aktuell Gesetzeslag, de leschte Rapport an d’Fro, ob eng komplett Legaliséierung Sënn mécht – a wat dogéint schwätzt. Donieft kucke mir och op d’Roll vum Alkohol an eiser Gesellschaft an op déi ënnerschiddlech Moosse mat deenen zwou Substanzen. 00:00 Intro + FIFA Peace Price 06:55 Frieden Freifall am P...

E07: Op de Spueren vum Thor 01.12.2025

PML Crew ass a Norwegen ënnerwee. Vun Bergen iwwer  Oslo bis op Tromsø ginn mir Fjorden besichen, erliewen e Kälteschock no der Sauna, klammen bis bei den Nigardsbreen Gletscher, joen Northern Lights an ginn op Sich no Orcas.  00:00 Intro 5:42 Bergen 19:30 Flam 27:41 Nigardsbreen 37:50 Sauna am Fjord 49:32 Oslo 56:06 Tromsø

E06: Home vs Bureau ; Déi néi Realitéit tëschent Fräiheet an Solitude 18.10.2025

Homeoffice, Hybrid oder zeréck an d’Büro? An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wéi d’Aarbechtswelt sech geännert huet – vu Flexibilitéit doheem bis zur Teamdynamik am Büro. Wat funktionéiert wierklech am Beschten?   00:00 Intro 04:15 Geschicht vum Homeoffice 20:44 Produktivitéit am Homeoffice 26:46 Ekosystem vun den Entreprisen 29:07 Responsabilitéit vum Individium 35:08 Neo Fact 40:09 Mentalen...

E05 : Pass op wats de sees ! Wéi steet et ëm eis Meenungsfräiheet ? 03.10.2025

An dëser Episod kucke mir méi genee op d’Diskussioun ronderëm d’Zoustand vun der fräier Meenungsäusserung haut. Vun de rezente Kontroverse ronderëm Charlie Kirk a Jimmy Kimmel bis bei d’Roll vu soziale Medien stelle mir d’Fro: Ass fräi Ried an Meenungsfräiheet nach ëmmer wierklech méiglech – oder steet se ënner Ugrëff? Mir schwätzen iwwer d’Risiken, déi mat dësem Recht verbonne sinn, ob de Staat e...

E04: Iwwert d'Relioun eraus - Firwat mir gleewen wëllen 19.09.2025

An dëser Episod gi mir der Fro no: Firwat gleewen d’Mënschen? Vum Urspronk vum Glawen an deenen éischte Kulturen, iwwer d’Reformatioun mam Luther an d’Opklärung, bis bei haut – wou Glawen net onbedéngt reliéis muss sinn, mee och Vertrauen an d’Demokratie, d’Léift oder de Fortschrëtt ka bedeiten. Mir kucken, wéi de Glawen Zivilisatioune geformt huet, wéi en och korrumpéiert gouf, a wéi d’Institutio...

E03: "SHUT UP LEGS" : Wéi een en Triathlon iwwerlieft 05.09.2025

Fitness gëtt an eiser Gesellschaft ëmmer méi wichteg. Vill Léit, zumools Jonker, huele Gesondheet ëmmer méi eescht a Fitness Influencer ginn ëmmer méi viral. Och mir gi mam Trend. An dëser Episode gi mir virun allem op eis Triathlon Experienzen an. Vum Deepak dee mëttlerweil praktesch Semi-pro ënnerwee ass bis den Oli dee mat engem Vëlo aus dem 20ten Joerhonnert um Bierg hänke bleift. Donieft erkl...

E02 : One year of Caritas disaster, Oli in Sicily & FLF new headcoach 22.08.2025

Mir blécken zréck op ee Joer Caritas Desaster um politesche wéi um ekonomesche Plang. Wien ass Schold a firwat wësse mir haut nach ëmmer net méi wéi virun engem Joer? Den Olivier mëscht eng Mafia Tour duerch  Palermo a mir stellen den neien Trainer vun der FLF fir.  

E01 : Oasis Mayhem, Coldplay CEO Drama, Fire at Tomorrowland & Women Run the Euros 27.07.2025

An der alleréischter Episod vu  Pardon my Lëtzebuergesch  schwätze den Olivier an den Deepak iwwer d' Reunioun vun Oasis zu Manchester, ginn op de viralen Moment rondrëm de CEO vun Astronomer an, a kucken op d’Feierkatastroph beim Tomorrowland. Zwëschenduerch gëtt et Chill-Vibes zu Zürich – a bei der Fraen-EM gëtt kloer: d’Zäit vu „Boy’s Only Football“ ass eriwwer.

Listen to the Pardon my Lëtzebuergesch podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.