Chris & Pier
Ongefiltert Podcast
Mir, de Chris an de Pier, maache Podcast. Et ginn der einfach nach net genuch. 100% ongefilterte Chaos Podcast mat Humor, Real Talk an de beschte Gäscht. Nei Episod all 1. Méinden am Mount. Vill Spaass beim Lauschteren! Nach méi op Instagram: ongefiltert.podcast
Author
Chris & Pier
Category
Podcast website
Latest episode
Jul 6, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Vill Geschichten, ee super Programm an herrlech Leit um Rudder vun engem geniale Festival - mat der Beautiful Decay Crew 06.07.2026 1:09:26
Véier Gäscht op ee Coup - dat war nei a brauche mir all net all Kéiers. Maach dech op vill Chaos gefaasst! Et war awer definitiv derwäert a mir haten esou vill Spaass! Mam Thierry, Marc, Damien a Max schwätze mir iwwert de Beautiful Decay, ee Festival den een dierf erlieft hunn. Vum 10. bis den 12. Juli zu Käerch am Schlass ass the place to be. Eis fënns du och do - Sonndes, den 12/07 - a wann's d...
Wat ee Start an eis Rees: mir feieren sechs Méint Podcast a kucken zeréck - Summer Sessions 2026 (1/3) 19.06.2026 44:21
Yuhu, sechs Méint Ongefilterte Chaos! Dat muss gefeiert ginn – a wéi geet dat besser wéi mat der éischter vun eisen dräi Summer Sessions? Zu zwee kucke mir op eis éischt Podcast-Méint zeréck, gi Feedback zu ärem Feedback a verdeele Gréiss a Mercien. Kindly supported by Ortea
Alles iwwert eisen neie Lieblingstéi an eng besonnesch Zesummenaarbecht - mam Stephan Kneip 01.06.2026 1:07:49
An sengem Büro an/oder Doheem, hu mir de Grënner vun Ortea - de Stephan - vum schaffen ofgehalen. Selten hu mir esou eng motivéiert an éiergäizeg Persoun kennegeléiert! Mee mir ginn net just inspiréiert heem: mir wëssen elo alles iwwert säin Téi, ewéi wichteg him säi Laptop ass, d'Virdeeler vun engem Gilet,... a mir hunn eis éischt Collab an der Täsch. Jo, richteg gelies. Du wëlls méi wëssen? Dann...
Onpreparéiert am Schluechthaus mat Picon Béier an Anekdote vu fréier - mam Vic Bové 04.05.2026 1:28:58
Okay vläicht hu mir awer net alles krass anescht gemaach: mir waren nees net wierklech preparéiert a mir haten erëm ee super sympathesche Gaascht. Mam anscheinend eenzege Vic hu mir eis iwwert seng Musek an déi gutt al Zäite verlabert - Jo, mir hu schonn erëm eng nei längsten Episod. Dëst am Hollerecher Schluechthaus ëmgi vu Konscht a Kultur. An dat mat Waasser, ahh nee Kaffi, oder awer Picon Béie...
Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher 06.04.2026 1:19:21
Zeréck zu Diddeleng an dat mam Yaya. Gutt, dass hien eis spontan gerett huet, soss wiere mir ouni Gaascht an ouni Location gewiescht. Dorunner huet d'Qualitéit vun der Episod awer guer net gelidden. Eis nei Rekord-Episod ass net just déi längsten, mee warscheinlech huet och nach ni een esou séier esou vill gezielt ewéi hien. Wann dat keng Loscht mëscht ze lauschteren oder d'Wierder ze zielen, wëss...
Am Beet iwwert Content Creation, Reklammen fir eemol alles, Déieren op Inselen a ganz vill méi - mam Cecilia Said Vieira 02.03.2026 1:13:04
Dat huet Spaass gemaach! Eng Episod iwwert Podcast a Social Media, Reklammen ënnert anerem fir Capri Sonne, ewéi een sech am Beschte Moie seet, dem Ceci seng rosa Switch a wat hat am Léifste spillt, wien am Meeschten "absolut" gesot huet,… Gars, hei gëss du vill gewuer! Merci un dech fir d’Lauschteren an un de Restaurant Beet fir de super Accueil.
Bei lafendem Betrib mat Iessen a Wäin, iwwert d'Boxen, staark Argumenter a ganz perséinlech Ablécker - mam Dany Zenari 02.02.2026 1:03:58
Eng Freed an eng Éier den Dany Zenari als éischte Gaascht an eisem Podcast ze hunn. Mir si vill iwwert säi Restaurant, de Rucolino, gewuer ginn, wëssen elo wie wéini géint wie geboxt huet an nach vill méi. Lauschteren, lauschteren, lauschteren!
Chris & Pier 3.0, déi éischt penibel Geschichten, de Kakadude an de Biodreck 05.01.2026 52:41
Léif, dass du hei méi iwwert d'Episod liese wollts. Mir roden dir un d'Episod ganz séier ze lauschteren an déi gewonnen Zäit ze notzen eis ze followen a Feedback ze ginn. Merci am Viraus!
Teaser 15.12.2025 0:54
Teaser, Teaser, bla bla bla
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.