Lëtzebuerger Journal
(On)bekannt
De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
Author
Lëtzebuerger Journal
Category
Podcast website
Latest episode
Jul 8, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Christophe Prosperi 08.07.2026 46:05
D'Jill begéint de Christophe Prosperi op der Terrass vum Vis-à-vis an der Stad. Déi éischt Emojis loossen hatt nach un e "Finance Bro" denken, mee séier gëtt kloer, datt hannert de Messeren an de Kach-Emojis eng Geschicht vu Leidenschaft, Ausdauer an Entrepreneursgeescht stécht. Hien erzielt vu sengem Wee an d'Gastronomie, vu senger Kandheet an der Kichen, vu sengem eegene Restaurant am Mëllerdall...
Khalid Oke 21.05.2026 48:34
Nodeems d'Jill fir d'éischt mol um Fändel scheitert, trëfft hatt de Khalid, besser bekannt als Oke, am Konrad zu Bouneweg. Ganz onbekannt ass hien him awer net: Déi zwee kennen sech schonn duerch Musek, Podcasts an Instagram. De Khalid schwätzt iwwer säi Wee als Museker, säi Liewen tëscht Lëtzebuerg an Nigeria an d'Gefill, zwou Heemechten ze hunn. Dobäi geet et ëm grouss Bünen, perséinlech Wendepu...
digiloom 15.04.2026 54:57
Des Episod ass a Kollaboratioun mat digiloom entstaan. Fir dës Episod ënnerbrécht d'Jill eng Pingpong-Party – an trëfft dobäi net just op eng Persoun, mee op e ganze Grupp, deen sech hannert enger Wollek verstoppt. Hannert dësem mysteriéise Symbol stécht nämlech digiloom : E frësch gegrënnte Centre de ressources, deen sech mat digitaler Bildung a Mediekompetenz beschäftegt, an dobäi virun allem dé...
Alexandre Ecker 02.01.2026 43:29
Nodeems d'Jill fir d'éischt mol bal sur place en Accident gehat hätt, trëfft hatt den Alexandre Ecker – an ass begeeschtert, wéi hatt gewuer gëtt, dass hie vun Ufank u bei der Konzeptioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) eng Hand mat ugepaakt huet. Als studéierte Lexikograph stoung hien deemools mat enger Rëtsch anere Leit virun der Fro: Wéi schreift een en Dictionnaire fir eng jonk Spro...
David Goldrake 07.10.2025 45:43
Endlech, no Jore vun der Anticipatioun, ass et sou wäit: D'Jill Lallemang kënnt mam David Goldrake an d'Gespréich. Seng éischt Zauberschow hat hien als Schüler am Lycée Robert Schuman um Chrëschtmaart. Säi Kolleeg huet deemools säin Talent erkannt an hien an d'Direktioun geschleeft. Eng ganz Aula huet hie gefëllt – an dat war den Ufank vun enger Karriär, déi hie bis op Las Vegas brénge sollt. Haut...
Luc Spada 23.09.2025 45:46
Des Episod trefft d'Jill op de Luc Spada, de net nëmme Schrëftsteller an de Fiasko Fest-Moderator op Radio 100,7 ass, mee seguer bal well e Member vun de Beatsteaks ass – ëmmerhi ginn seng Lidder jo vun hirem sechste Perkussionist gemastered. Insgesamt ass de Luc Spada net bekannt dofir, näischt ze maachen oder iwwerhaapt ze raschten – mee dofir awer bal ëmmer bëssi sou ze maachen, wéi et him grad...
Anne Wies 12.08.2025 34:11
An dëser Episod trëfft d'Jill am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rem… an hunn sech méi, wéi genuch, ze zielen. D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, a rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi well....
Lou Philipps 11.06.2025 43:11
Skulpturen, Fotografie oder Kleeder: Dem Lou Philipps säin Häerz schléit fir d’Konscht. Fir hatt war et also selbstverständlech, säin Job draus ze maachen. No senge Studien zu Wien a London, wou et am léifste bliwwe wier, ass et zeréck op Lëtzebuerg komm, wou hatt haut als Directrice vun der Valerius Gallery schafft. Bei engem Matcha am Knopes erzielt hatt dem Jill, dass säin Appartement voller Bi...
Dunia Ciuferri 21.05.2025 37:12
D’Dunia Ciuferri tätowéiert am eegenem Studio Scuro zwar gréisstendeels mat schwaarzer Tënt, ma fält virun allem mat hirem sonnegen a bonten Optrëtt op. Déi jonk Entrepreneuse, Kënschtlerin an engagéiert Aktivistin huet an de leschte Joren net nëmmen e Raum fir kënschtlereschen Ausdrock geschaf, ma och e safe space, an deem sech jidderee wuel fille kann, esou, ewéi en ass. Eng Waarmhäerzegkeet, dé...
Julien Hübsch 09.04.2025 44:50
Wien alles als Konscht ugesäit, muss och mat de Konsequenze liewen. Deemno erzielt eis de Lëtzebuerger Kënschtler Julien Hübsch an dëser Folleg vun (On)bekannt, wisou hien an enger Ausstellung eng Toilette huet misse botzen a wisou seng Bezéiung mam Jesus net esou einfach ass. D'Jill léiert dobäi net nëmmen d’Konscht aus der Renaissance besser kenne, ma och déi verschidden Entwécklunge vun engem f...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.