RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

Society LB ↓ 100 episodes

D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Author

RTL Télé Lëtzebuerg

Category

Society

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Apr 16, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Optimal medezinesch Versuergung, just wéi?, 16/06/2022 16.06.2022

Wat muss am Spidol, wat ka bausst de Klinicke gemaach ginn am Intressi vum Patient an ouni, dass Medezin zu engem Geschäft gëtt?

Politik op der Héicht vun den Defien?, 02/06/2022 02.06.2022

Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken?

Wéi eng Aarbecht fir d’Zukunft a wie bestëmmt se?, 19/05/2022 19.05.2022

Krise sinn e Booster fir Verännerungen. D’Pandemie war et fir ons Aart a Weis ze schaffen. Elo soll den Teletravail och eng Léisung fir d Energiekris sinn

20 Joer Télévie: D’Hoffnung huet eng Chance!, 05/05/2022 05.05.2022

Kriibs ass keen Doudesurteel, mee eng Kränkt, mat där mir all direkt oder indirekt an der Famill konfrontéiert gi wäerten.

Le Pen - Macron: Schicksalswal och fir eis?, 21/04/2022 21.04.2022

Eis Nopere wielen e Sonndeg hiren neie President oder Presidentin, ma déi 48 Millioune Walberechtegt decidéieren net just iwwert d'Politik a Frankräich.

Klima a Krichszäiten: keng Urgence méi oder grad elo?, 24/03/2022 24.03.2022

Si mat de Bommen och eis Illusioune gefall oder ass de Krich eng Chance fir d'Transformatioun a puncto Klimapolitik?

Krich an Europa, Milliounen op der Flucht: Wat maachen?, 10/03/2022 10.03.2022

En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a d'Fro zu de Flüchtlingen a wéi hinne ka gehollef ginn.

Krich an der Ukrain: Wéi wäit geet de Putin?, 24/02/2022 24.02.2022

En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a wat de Westen nach maache kann, fir d'Situatioun z'entschäerfen.

Aus der Geschicht Léieren zéien, 10/02/2022 10.02.2022

D'Erënnerungskultur ronderëm den Zweete Weltkrich an de wichtege Rôle vun Historiker an deem Kontext.

Autosfestival an Elektromobilitéit, 27/01/2022 27.01.2022

Et ass Autosfestival, mä wat kafen? D'Veronsécherung bei de Leit ass grouss. Den Dramwon a bis ee Joer drop waarden? Eng Occasioun? Wéi ass et ewell mam Wäertverloscht? Op al oder nei Technologie setzen? Weiderhin ee Verbrenner, mam Risk vun ëmmer méi Verbueter? Oder Elektro mat staatleche Primmen, awer Doutten zu Luedméiglechkeeten a Kapazitéit? A wéi soll dat iwwerhaapt goen, de Gesamt-Fuerpark...

Impfflicht - Pro a Kontra, 13/01/2022 13.01.2022

Féiert ons eng Impfflicht aus der Pandemie? Bréngt se Rou an d’Gesellschaft oder de Géigendeel? En Experterot soll d'Virlag liwwere fir d'Debatt am Parlament, mä ass et eng medezinesch oder eng politesch Decisioun? Ass et dat gëeegent Mëttel fir raus aus dem éiwegen Hin an Hier u Mesuren, fir esou vill wéi méiglech Liewen ze retten an eis nees Normalitéit ze bréngen oder verhäerten d'Fronten dann...

Covid-Demonstratiounen, 16/12/2021 16.12.2021

"Fräiheet" a "Mir sinn d'Vollek" ruffen d'Manifestante géint Covidmesuren an Impfen. Dir jäizt zwar haart, sidd awer eng Minoritéit. Mir, d'Majoritéit, äntwere Bierger, déi hirersäits soen, et geet duer an Doktere ruffen zu minutes de silence op, d'Spideeler fëlle sech nees, Fronte verhäerte sech bis a Familljen eran.

Sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenzen, 02/12/2021 02.12.2021

Zwou Fraen, déi mëssbraucht goufen zielen, wat et mat hinne gemaach huet, hire Kampf, fir an d’Liewen zréckzekommen.

Ferm Datz am Politmonitor, 19/11/2021 19.11.2021

D'Resultater vum neiste Politmonitor vun TNS Ilres, deen RTL zesumme mam Lëtzebuerger Wort an Optrag ginn hat.

Ass d'Politik nach glafwierdeg?, 08/11/2021 08.11.2021

En Donneschdeg den Owend goung et ënner anerem ëm d'Fro, wat et haut brauch, fir glafwierdeg ze sinn als Politiker. Wie soll dat jugéieren a wéi? Skandal oder Stuerm am Waasserglas? Bei der Plagiatsaffär ronderëm d'Ofschlossaarbecht vun eisem Premier Xavier Bettel ginn d'Meenungen auserneen. Wéi glafwierdeg sinn eis Politiker a wat bedeit d'Affär fir e Premier, dee vill Wäert op säin Image leet?

Impfen: fräiwëlleg gezwongen?, 21/10/2021 21.10.2021

D'Caroline Mart, d'Paulette Lenert, d'Nora Back an den Dr Gérard Schockmel schwätzen iwwer de CovidCheck D'Pandemie ass net eriwwer, impfen déi eenzeg Léisung an et brauch en Impftaux vun iwwer 80 - seet d'Regierung an erhéicht den Drock via CovidCheck-Gesetz. Impfflicht duerch d'hënnescht Dier? D'politesch Reaktioune sinn hefteg, ëm déi 4.000 Leit waren op d’Strooss, d'Fronte si verhäert. Spléckt...

Spezial Etat de la Nation, 15/10/2021 15.10.2021

Deputéiert hunn iwwer d'Ried zur Lag vun der Natioun geschwat Wat halen d'Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber vun de Léisungsusätz, déi de Xavier Bettel dës Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert huet? Huet de Premier mat senger Ried iwwerzeegt? Wat huet gefeelt?

Klima-Urgence: Experte warnen, Jonker streiken!, 23/09/2021 23.09.2021

An der Emissioun geet et ënnert anerem ëm den neiste Rapport vum Weltklimarot, Wiederextremer a Klimaziler.

20 Joer Afghanistan-Asaz an EU-Sécherheetspolitik, 09/09/2021 09.09.2021

An der Emissioun goung et ëm d'EU-Sécherheetspolitik an d'Lag no 2 Joerzéngten Afghanistan-Asaz.

Op Eegeverantwortung amplaz op Restriktioune setzen?, 08/07/2021 08.07.2021

An der Emissioun "Kloertext" geet et ëm den aktuelle Corona-Management, de CovidCheck an d'Impfungen.

Halbzeit-Bilan, 17/06/2021 17.06.2021

Huet d'Regierung bis elo nëmme gutt geschaff?

Méi CyberMobbing a Gewalt bei Jonken?, 03/06/2021 03.06.2021

An der Emissioun geet et ëm d'Gewalt ënnert de Jonken, d'Roll vun de soziale Medien an d'Auswierkunge vun der Pandemie. Invitéen: Roger Roth (Direkter vum Lycée Nic Biever Diddeleng), Nancy Holtgen (Educatrice graduée , Antigewalt-Trainerin Assistante en Famille, Life Coach), Sérgio Gonçalves (Trainer Judoclub Bouneweg, Educateur gradué am LTB)

Brauch et den “Noutstand” am Logement?, 20/05/2021 20.05.2021

D'Logementsproblematik zu Lëtzebuerg.

Wouerecht(en) an Zäite vu Corona, 06/05/2021 06.05.2021

An der Emissioun Kloertext goung et dësen Donneschdeg ëm Verschwierungstheorien.

Am Kader vum Kloertext "CSV-Team Wiseler", 22/04/2021 22.04.2021

Den integralen Interview mam fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker

Listen to the Kloertext fir ze lauschteren podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.