RTL Télé Lëtzebuerg
Kloertext fir ze lauschteren
D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Gesondheetssystem: Ze deier an net effikass - Wéi eng Reforme sinn néideg?, 13/02/2025 13.02.2025 1:00:14
Den Observatoire National de la Santé huet eng éischt wëssenschaftlech Analys no europäesche Standarde gemaach. An do dat Resultat dobäi eraus.
Kris: Butteker a Restaurante stierwen, 30/01/2025 30.01.2025 58:11
Ass d'Gastronomie zu Lëtzebuerg an der Kris? A gëtt Iesse goen ëmmer méi e Luxus?
Trump & Musk: eng Gefor fir ons Demokratien?, 16/01/2025 16.01.2025 58:57
Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn? A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d’US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d’Wäisst Haus wäe...
1 Joer Schwaarz-Blo : Gutt geschafft, Versprieche gehalen?, 05/12/2024 05.12.2024 1:14:51
Vertrieder vun alle Parteien aus der Chamber diskutéieren dat Thema am Kloertext
Et ginn ëmmer méi Fäll vun haislecher Gewalt géint Fraen, 21/11/2024 21.11.2024 1:07:38
Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?
"Trump reloaded": Eng Gefor fir Demokratie an d’Welt?, 06/11/2024 06.11.2024 1:00:11
D’Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.
Migratiounspolitik: Muss Lëtzebuerg méi a méi séier ausweisen?, 24/10/2024 24.10.2024 1:00:32
E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg.
Monarchie - déi bescht Staatsform fir Lëtzebuerg?, 17/10/2024 17.10.2024 58:34
Zwar gëtt et aktuell keng Debatt iwwer d'Staatsform vum Grand-Duché, mam Trounwiessel stellt sech d'Fro awer, grad ewéi déi vun enger Moderniséierung.
Wat huet d'Kierch eis haut nach ze soen?, 26/09/2024 26.09.2024 1:03:02
Mir liewen an engem post-chrëschtleche Land. 39 Joer huet Lëtzebuerg gewaart, ier de Chef vun der kathoulescher Kierch nees am Grand-Duché war.
Vun LGBT bis Politik: Wat soll d'Schoul thematiséieren?, 12/09/2024 12.09.2024 58:17
Am Kloertext gëtt diskutéiert, ob d’Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.
Neiwalen a Frankräich: Fräiheet a Gläichheet just nach fir Fransousen?, 04/07/2024 04.07.2024 1:00:38
"Ech oder Chaos" dat war dem Emmanuel Macron säi Motto, de President huet sech als deen Eenzegen inzenéiert, deen d'Extremer kéint ofschafen.
Spezial "Ried zur Lag vun der Natioun", 11/06/2024 11.06.2024 1:04:56
Virun den Debatten um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend scho Vertrieder vun de 7 Parteie am "Kloertext" geschwat.
Wéi gesäit d'EU an 10 Joer aus an a wéi eng Richtung entwéckelt si sech?, 06/06/2024 06.06.2024 1:05:32
Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.
Deet d'EU hir Bierger nach dreemen? Jonk Kandidate äntwerten., 16/05/2024 16.05.2024 59:29
Et steet immens vill um Spill den 9 Juni. Dat soe jonk Kandidate fir d’EU-Walen am Kloertext.
Wat sinn déi ënnerschiddlech Visioune vun LSAP an CSV fir Europa?, 02/05/2024 02.05.2024 26:47
Dorëm geet et am Face-à-face tëscht Marc Angel a Christophe Hansen am Hibléck op d’ Europawalen den 9. Juni.
Immunsystem, Kriibs an Daarmflora, 18/04/2024 18.04.2024 1:02:56
Jiddwerengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen. A sécher goen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.
Ouni Atomkraaft keng Energiewend?, 04/04/2024 04.04.2024 1:01:15
Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.
D'Liwwerkettegesetz - en Duerchbroch fir d'Mënscherechter?, 21/03/2024 21.03.2024 55:48
Wien ass géint d'Verhënnerung vu Kanneraarbecht an de Schutz vun der Ëmwelt? Am Prinzip keen, ma bis zum EU-Liwwerkettegesetz war et en zéit Verhandelen.
Ginn et méi krank Kanner oder gi se krank gemaach?, 07/03/2024 07.03.2024 1:01:21
Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn.
Ukrain: 2 Joer Krich a keen Enn an Aussicht?, 22/02/2024 22.02.2024 1:01:43
Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.
Kënschtlech Intelligenz: grouss Chance oder enorm Risiken?, 25/01/2024 25.01.2024 1:02:05
Mat an der Ronn souzen och Leit, fir déi d'KI aus hirem Betrib net méi ewechzedenken ass.
Heeschen: Belästegung oder Mënscherecht?, 11/01/2024 11.01.2024 1:08:17
Wéi kann een aggressiivt an “normaalt” Heeschen ënnerscheeden? Gëtt et méi Aarmut oder zitt Lëtzebuerg Heescherten un?
(Welt)-Klima retten ouni ze nerven, wéi geet dat?, 07/12/2023 07.12.2023 1:00:44
Op wéi engem Planéit mir an Zukunft liewen an iwwert Zukunft vun de fossille Energien diskutéieren eng 197 Staaten op der COP28, ausgerechent an der Wüüst.
Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?, 23/11/2023 23.11.2023 1:20:57
Et goung ëm d'Regierungserklärung vum Premier Luc Frieden an ëm déi nei schwaarz-blo Ekipp. Eng Ekipp, mat där d'Oppositioun net immens zefridden ass.
Rout-Gréng an der Oppositioun: Firwat a wéi?, 09/11/2023 09.11.2023 1:02:15
Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.