Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

Gréng op den Oueren

Society LB ↓ 18 episodes

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣⁣Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣⁣Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Author

Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

Category

Society

Podcast website

enovos.podigee.io

Latest episode

Apr 24, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Nohalteg Bauen, mam Martine Schummer vu Schroeder & Associés 24.04.2026

Wou kënnt d'Nohaltegkeet eigentlech am Spill, wann een nei Gebaier plangt? Dës Fro stelle mir dem Martine Schummer vu Schroeder & Associés an dëser Episode vu Gréng op den Oueren. Wat bedeit "nohalteg" iwwerhaapt? Ass et nëmmen eng Fro vum Bauen – oder eng ganz Aart a Weis ze denken? Lauschtert eran an entdeckt e Gebai ouni Dieren, nohalteg Approchen am Alldag – an eng Crèche, déi am ganze Land be...

Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen 08.10.2025

Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen? Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen. Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse v...

Mam Wandrad vun der Zäit goen 31.07.2025

Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn. Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no. Hie verréit, firwat...

Nohalteg ënnerwee mat der CFL 29.04.2025

Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn. Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus. Donieft geet et...

Green Events 19.03.2025

Egal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht. Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschri...

Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft 28.10.2024

Waasserstoff – eng Technologie mat Potential. An dëser Episode kréie mir en exklusive Bléck op d'Chancen an d'Hierstellung vum Waasserstoff vum Yves Reuter, Chef Projet am Beräich Waasserstoff bei Enovos. Zousätzlech hu mir de François Schneider, Strategy, Markets & EU Regulations bei Creos, ageluede fir seng Expertis iwwert déi national an europäesch Strategië mat eis ze deelen.

Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand 18.07.2024

Solar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen? An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen. Dofir waren de Patrick Jeitz...

Fraen an der Welt vun der Energie 21.05.2024

An dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien? Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies...

Smart Doheem 02.02.2024

An dësem Episod dréit sech alles ëm Smart Homes: Wat mécht een Haus eigentlech "smart"? Wat kann ee mat der neier Technologie alles maachen? A virun allem, ass et just en "Nice-to-Have" oder kann ee mat der Smart-Home-Technologie wierklech Geld an Energie spueren? Doriwwer schwätzt de Max mam Laurent Saeul, Administrateur délégué vu Minusines. Mee net nëmmen dat: Hie geet och live op e Chantier! D...

Startups mat Fokus "Energie" 25.10.2023

De Label "Made in Luxembourg" bedeit net onbedéngt ëmmer Kachkéis oder Cremant, heiansdo bedeit et och "Innovatiounen". An dësem Episode bléckt de Max hannert d'Kulisse vun 3 innovative Start-Ups aus Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der erneierbarer Energie ënnerwee sinn. Dofir begréisst en och direkt 3 Invitéen: de Grégory Nain vun Datathings, de Xavier Kohll vu Circuli-ion an de Christophe Timmerm...

Energie Myth Busters 25.08.2023

An dësem neien Episod gëtt de Max zum MythBuster, oder wéi hien et seet : Hien erfëllt sech e klengen Dram a moderéiert X-Faktor, das Unfassbare. Also op d'mannst bal. Froe wéi "Gëtt et am Wanter méi séier waarm doheem, wann ech d’Heizung direkt op 5 dréinen? Verbraucht mäi Frigo méi Energie, wa méi Saachen dra sinn? A muss ech mäi Bakuewe wierklech waarm maachen ier ech lassleeën?" goufen de Leit...

Stroum doheem produzéieren 22.06.2023

Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.⁣ ⁣ De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vi...

Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg 17.03.2023

Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?⁣⁣ ⁣⁣ D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an...

Liichtverschmotzung 14.02.2023

Kënschtlech Luucht huet méi e groussen Afloss op Mënsch an Déier, wéi ee mengt. Kann et sinn, dass mir eis d’Welt méi hell gemaach hunn, wéi se eigentlech misst an dierft sinn?⁣⁣ ⁣ Mir sinn dës Kéier op Besuch beim Liichtberoder vum Naturpark Our. Den Daniel Gliedner erkläert eis ënner anerem, firwat d’Thema an de leschte Joren ëmmer méi Gewiicht kritt huet, wéi d’Stroossebeliichtung nei geduecht...

Klimafrëndlech liewen 06.01.2023

Et gëtt kee bessere Moment, fir seng Gewunnechten z'änneren, wéi den Ufank vum Joer.⁣ Besonnesch déi kleng Gesten a Schrëtt kënne vill bewierken, och am Hibléck op d'Klima.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Mir sinn dës Kéier ënner anerem op Besuch beim CELL. D'Delphine Dethier an den Norry Schneider zielen eis, wéi wäit d'Transitiounsbeweegung et no 12 Joer scho bruecht huet a wat déi grouss Erausfuerderunge fir déi no Zuk...

Energetesch renovéieren 13.12.2022

Et muss net ëmmer nei sinn. Renovéiere kann och eng Optioun sinn, besonnesch wann ee Wäert leet op Klimaneutralitéit an Energieeffizienz.⁣ ⁣ Mir sinn op Besuch beim Ben Birkel zu Hitten, deen d‘Scheier renovéiere gelooss huet, déi viru bal 100 Joer vu sengem Grousspapp gebaut gouf. Mat dobäi ass den Expert Marc Neu. Hie bedreift en ökologesche Baustoffhandel (www.naturbaustoff.lu) an ass schonn iw...

Nohaltegt Bauen 09.11.2022

Wéi plangt een en Haus, wann ee klimaneutral an energieeffizient wëll bauen? An op wat muss ee besonnesch gutt oppassen, fir dass de Projet e Succès gëtt?⁣ ⁣ Beim Max Pesch ass de Wonsch vun engem Holzhaus mat engem héijen Ecostandard Realitéit ginn. Mir maache mat him zesummen en Tour duerch d'Haus (Auteur vum Projet: Witry & Witry architecture urbanisme) a ginn ë.a. gewuer, wat eng Lehmmauer mat...

Grénge Stroum zu Lëtzebuerg 03.10.2022

Hunn ech grénge Stroum doheem? A wa jo, wou kënnt en iwwerhaapt hier? De Max war bei Enovos laanscht luussen, fir sech vun dräi Experten aus verschiddene Servicer doriwwer opklären ze loossen.⁣ ⁣ Den Alain Hübsch ass als Head of Market Operations & Power Asset Trading bei Enovos responsabel fir den Akaf vum Stroum. De Roger Rütze huet den Duerchbléck wat Certificaten ugeet a kann erklären, wéi de...

Listen to the Gréng op den Oueren podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.