RTL Télé Lëtzebuerg

Gepëspers um Späicher (Podcast)

Society LB ↓ 17 episodes

An dësem Podcast dréine mer d’Auer zeréck a kucke mat eisen Invitéen an hir Vergaangenheet.

Author

RTL Télé Lëtzebuerg

Category

Society

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Dec 15, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 17 - Tommy Schlesser 15.12.2025

Schon als Kand stoung hien virun der Kamera vu sengem Brudder, mee sollt eigentlech Jurist ginn. Duerch eng Rei glécklech Zoufäll a vill Talent, fänkt hie Fouss op der däitscher Télé. Wat war seng grouss Passioun als Kand? A wat ass säin Wonsch fir d’Zukunft?

Episod 16 - Paule Kremer 08.12.2025

Als Extreem-Schwëmmerin 14 Stonnen duerch d'Mier schwammen: Wat geet engem do duerch de Kapp? Wat ass dat komeschst wat si wärenddeems erlieft huet? A firwat dierf di ni méi Ronnen duerch de Stauséi dréien?

Episod 15 - Anne Brasseur 07.12.2025

Deputéiert, Ministesch, Schäffen, Gemengeconseillère an der Stad Lëtzebuerg a Member vun der Assemblée parlementaire vum Europarot.

Episod 14 - Gérard Lopez 01.12.2025

Entrepreneur an Investisseur. Wat wollt den “self-made man” am Alter vun 10 Joer ginn? Wat ass seng Liewensphilosophie? An gëtt et eppes wat hien bedauert?

Episod 13 - Mandy Graff 24.11.2025

Bekannt ginn duerch Germany’s Next Top Model. D’Mandy Graff erkläert eis, dass si eigentlech am Léifsten Déierendoktesch ginn wier.

Episod 12 - Gast Gibéryen 23.11.2025

An engem Schlass gebuer, ouni Prënz ze sinn. De Gewerkschaftler an duerno Politiker erkläert eis wéi d’ADR entstanen ass an firwat hien an der Zäit sou gär Gigi l’Amoroso gelauschtert huet.

Episod 11 - Astrid Lulling 17.11.2025

D’Astrid Lulling ass déi 2. Fra an der Lëtzebuerger Geschicht déi an d’Chamber gewielt gouf. Wéi huet si deemols dësen Männer-Domaine erlieft? A wéi kënnt et, dass si aus der LSAP erausgehäit, a schlussendlech bei der CSV gelant ass? D’Politikerin erkläert och, firwat si sech ni bestuede wollt.

Episod 10 - Bob Bertemes 10.11.2025

Een exzeptionelle Sportler mat demm mir iwwer “d’Déckt” vun sengem Häerz geschwat hunn. Mir wollten wëssen firwat hie senger Mamm als Jugendlechen nawell ferm op de Geescht gaangen ass a wat hien elo stiicht, wou hie keng “Bomme méi stéisst”.

Episod 9 - Désirée Nosbusch 03.11.2025

Mat 12 Joer ass hir Karriär ugaangen: Schauspillerin, Actrice, Regisseurin a Moderatrice. “Eist Désirée” ass een Ausnametalent an hat ni een einfache Wee. Iwwer Réckschléi, hir italieenesch Originnen an hir Zäit an den USA schwätz mer um Späicher.

Episod 8 - Andy Bausch 17.06.2025

Selwer Filmer dréinen, dorop ass de Realisateur schonn am jonken Alter gestouss, duerch säi Papp. Seng grouss Passioun ass d’Musek.

Episod 7 - Bob Jungels 10.06.2025

De Vëlosprofi ass schon mat 3 Joer ouni Riedercher gerull an huet trotz dem ville Training och an der Schoul ni e laangen Owend luppe gelooss.

Episod 6 - Betty Fontaine 03.06.2025

Mat der Generaldirektesch vun der Weeltzer Brasserie Simon hu mer iwwer Béier , iwwer Kampffligeren, iwwer de grousse Brudder an hiren Doudou geschwat.

Episod 5 - René Winkin 27.05.2025

Seng grouss Passioun ass den FC Liverpool. En Éisleker Jong vun engem Bauerenhaff den haut d’Geschécker vun der Industriellefederatioun FEDIL geréiert.

Episod 4 - Claudia Monti 20.05.2025

Déi fréier Ombudsman wollt eigentlech Archeologin ginn a sammelt alles wat glänzt. Si seet vun sech selwer “mengen Elteren haten et net einfach”.

Episod 3 - Martine Solovieff 06.05.2025

Déi fréier Procureur général d’État erzielt eis vun hirem strenge Papp, hire russeschen Originnen a vun enger spezieller Course am Gebai vum Geriicht.

Episod 2 - Colette Flesch 29.04.2025

D'Grande-Dame vun der demokratescher Partei schwätzt vun hirer Léift fir de Sport, hirer Evakuatioun a Frankräich an hirem Liewen an der Politik.

Episod 1 - Jean Asselborn 22.04.2025

De fréieren Ausseminister hëlt eis mat op Stengefort. Als Bouf ass hien net gär an d’Schoul gaangen an hat als Kand och e ganz extrae Beruffswonsch.

Listen to the Gepëspers um Späicher (Podcast) podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.