Trauerwee asbl.

Endlech - De Podcast vum Trauerwee

Society LB ↓ 15 episodes

Als Trauerwee ennerstëtzen a begleede mir Kanner a Familjen an hirer Trauer an et läit eis um Häerz d'Themen ronderëm den Doud an Trauer méi an eiser Gesellschaft ze integréieren. An dofir: Endlech gëtt et dëse Podcast. 

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: charelt.podbean.com

Author

Trauerwee asbl.

Category

Society

Podcast website

charelt.podbean.com

Latest episode

Nov 2, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 10M+ downloads · 4.7+ rating iOS soon

Episodes

#15 Table ronde - Trauer nom Suizid. 02.11.2026

Den Doud vun enger nostoender Persoun ass ëmmer schwéier. Wann dësen Doud awer duerch Suizid geschitt, kommen nach eng Rei vu Froen dobäi: Firwat? Hätt ech eppes mierke kënnen? Hätt ech eppes anescht maache kënnen? An dëser Episod schwätzt d’Simone Thill mam Luisa Bevilacqua, Marianne Pundel-Lutgen a Michelle Bingen iwwert d’Thema Suizid.

#14 Papa du feels 10.09.2026

Nodeems dem Luca säi Papp gestuerwen ass, kënnt hie reegelméisseg bei den Trauerwee. An dëser Podcast-Folleg erzielt hien eis wéi hie mat senger Trauer ëmgeet a wéi him dobäi Ritualer an d’Musik weider hëllefen.

#13 De Sascha 21.05.2026

An dëser Podcast-Folleg gëtt am Detail iwwer den Doud vun enger Persoun geschwat. Verschidde Beschreiwunge kënnen emotional belaaschtend sinn. Wéi geet een als Kand mam Dout vun sengem grousse Brudder ëm? D’Stefanie schwätzt an dëser Episod iwwert säi Verloscht an iwwert seng Aart a Weis domadder ëmzegoen. Am Podcast héiert een och dem Stefanie alias TYRA säin néit d’Lidd „Sascha“ - eng ganz spezi...

#12 De Papp fir alles 09.03.2026

Wat geschidd mat enger Famill, wann d'Mamm op eemol feelt? An dëser Episod schwätze mir mam Yves Barthels iwwert de Verloscht vu senger Fra an d'Verännerungen, déi doduerch a sengem Lierwen agetruede sinn. 

#11 Suizid 14.01.2026

Suizid vum Papp an der Kandheet, wéi geet een als Erwuessenen mat dësem Verloscht em? An dëser Episod schwätzt d'Simone Thill mat der Erzielkënschtlerin dem Luisa Bevilacqua iwwert Konscht an den Doud.

#10 Ronderëm de leschten Äddi 14.01.2026

Wéi geet een domat ëm, wann een e Mënsch verléiert, deen engem immens vill bedeit huet? Wéi kann een traueren, ouni sech selwer ze verléieren? Wat heescht et, wierklech Äddi ze soen a wéiwäit däerf oder soll e Kanner mat abannen?  D’Simone Thill schwätzt an dëser Episod mam Martine Wirtz iwwert de leschten Äddi. 

#9 Trauer an der Schoul 14.01.2026

D'Rentrée steet virun der Dir - a fir verschidde Kanner ass alles aneschters well an der Summervakanz e wichtege Mënsch gestuerwen ass.  Fir den Enseignant stellt sech d'Fro: Wéi reagéieren ech bei engem betraffene Kand? Wat kann hëllefen? An dëser Folleg, gi mer dëse Froen no a schwätze mam Nadine Wagner, Enseignante am Cycle 1 iwwert hir Erfarung mam Thema Trauer an der Schoul.

#8 Trauer als Aarbecht - E Gespréich mat enger Trauerriednerin 14.01.2026

Wéi geet ee mat der Trauer vun anere Mënschen ëm? Wat bedeit et, Wierder ze fannen, wann anerer se verléieren? An dëser Episod vum Podcast schwätzt d'Simone Thill mam Marceline Goergen iwwert hier Aarbecht als Trauerriednerin.  

#7 Trauer - En Deel vum Liewen 14.01.2026

Dës Episod ass eng Opnam vun der Konferenz déi d'Simone Thill den 23.04.2025 am Kader vun der Ausstellung Trauer - En Deel vum Liewen an der Gemeng Kielen gehalen huet.

#6 Trauer als Kand - Trauer haut 14.01.2026

An dëser Episod schwetzt d'Simone Thill mam Zoe. D‘Zoe war engt vun den éischte Kanner wat virun 10 Joer an d'Trauergruppe vum Trauerwee komm ass nodeems säi Papp verstuerwe war. 

#5 Suizid 14.01.2026

An dëser Episod dréit sech alles ronderëm di komplex Themen vum Suizid. D'Simone Thill schwätzt mam Vicky Pundel, enger betraffener Schwëster. 

#4 Feierdeeg an Trauer 14.01.2026

Wéi erliewen Läit d'Féierdeeg déi an Trauer sin? Kann een sech doroper virbereeden? D'Simone Thill an d'Martine Wirtz schwëtzen iwwert des Themen zesumme mam Betty, enger betraffener Persoun a Mamm vun 3 Kanner.

#3 Kannertrauergruppen 14.01.2026

An dëser Episod zielen d'Simone Thill an d'Christiane Rassel Iech wat de Sënn hannert dëse Gruppen ass a wéi esou Nomëtteger oflafen.

#2 Trauer - Schwarz, gro oder faarweg? 14.01.2026

An der zweeter Episod vum Podcast schwëtzen d'Simone Thill an d'Martine Wirtz iwwert Trauer a wat dat esou mam Mënsch mécht.

#1 Eis Geschicht 14.01.2026

An der éischter Episod gi mir der Fro no: Firwat gëtt et den Trauerwee?   Dem Simone Thill a Christiane Rassel hier perséinlech Geschichten waren d'Motivatioun fir dëse Projet unzegoen. Wéi war dat deemols wéi Sie mam Verloscht konfrontéiert waren, wéi geet et hinnen haut? Sie deele mat Iech hier Gedanken, Ängschten an Hoffnungen an erzielen Iech vum Ufank vun hierem Häerzensprojet.

Listen to the Endlech - De Podcast vum Trauerwee podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.