Lëtzebuerger Journal
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.
Author
Lëtzebuerger Journal
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 17, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#4 Traditiounen an enger polariséierter Welt 17.06.2026 22:08
All Joer kommen um Päischtdënnschden ongeféier 20.000 Leit zu Iechternach zesummen fir ze sprangen. D'Sprangpressessioun, déi säit 2010 am Patrimoine culturel immatériel de l'humanité vun der Unesco steet, ass en Danz, deen déi Gleeweg maachen, fir net krank ze ginn, esou den Alain Atten, pensionéierten Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller. Als jonke Bouf ass den Alain Atten nach matgesprongen...
#3 E Buttek an der Stad 02.10.2025 34:30
D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt. A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg". Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commericale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet...
#2 Demokratie fréi léieren 28.08.2025 33:00
Wat wier, wann eis Kanner un der Muecht wieren? D'Äntwert heescht Mini-Lënster. Eng Kannerspillstad an der Jongen a Meedercher tëscht 6 an 13 Joer an enger fiktiver Stad mat demokratescher Struktur Rollespiller spillen. Se gi schaffen, erliewe wirtschaftlech Prinzippien a gi wielen… fir d'Annabelle Fisch, wat déi zwou Wochen als Buergermeeschtesch ofgeschloss huet. Parallel start Jonglënster dëst...
#1 Kaf lokal 13.06.2025 31:35
Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt....
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.