RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Education

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jul 5, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Sproochmates: Péiteschdag, 06/07/2025 06.07.2025

Den Alain Atten huet sech mat 2 Hellegen, obwuel op engem dach de Fokus läit. Eise Sproochmates erkläert sech.

Sproochmates: De wëlle Mann, 29/06/2025 29.06.2025

Sech de wëlle Mann stellen! Wat et mat deem ''Wëlle Mann'' op sech huet a wou deen Numm hierkënnt a wat e saisonstechnesch bedeit, weess eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Gehaansdag, 22/06/2025 22.06.2025

Eise Kalenner kennt e puer Gehaansdeeg, de 24. Juni ass esou e Gehaansdag, e chrëschtleche Feierdag zu Éiere vum Hellege Jang den Deefer. Eise Sproochmates Alain Atten mat Erklärungen.

Sproochmates: Zerläichendag, 15/06/2025 15.06.2025

Et ginn dëser Feierdeeg der vill, ma e puer kenne mir net méi esou richteg. Dozou kann een Zerläichendag nennen. Eis Däitsch Nopere soen dofir Fronleichnam an deen Dag fält 60 Deeg no Ouschteren, op den zweeten Donneschden no Päischten. Eise Sproochmates Alain Atten huet d'Detailer.

Sproochmates: Sprangpressessioun, 08/06/2025 08.06.2025

Den Dënschden ass nees esou wäit: da geet et op Iechternach op d'Sprangpressessioun zu Éiere vum Hellege Willibrord. Deen ass do begruewen a bei dee gouf a gëtt gepilgert. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert firwat dat esou war an nach ëmmer ass.

Sproochmates: Päischtkränzchen, 01/06/2025 01.06.2025

Päischten ass dëst Joer den 8. Juni. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert do eng al Reegel fir Verléifter ronderëm Päischten.

Sproochmates: Häraffertendag, 25/05/2025 25.05.2025

Eise Sproochmates Alain Atten huet sech haut mat engem Numm, deen elo awer et méi esou geleefeg ass. Abee dee Feierdag, vun deem elo gläich rieds ass, kënnt elo déi nächst Woch. Da lauschtert.

Sproochmates: Déi 3 Äishelleg, 18/05/2025 18.05.2025

Déi 3 Äishelleg hunn Nimm. Net direkt geleefeg Nimm, dat huet eise Sproochmates Alain Atten selwer och nach esou erlieft, wéi an d'Schoul gaangen ass.

Sproochmates: Uechter de Mee, 11/05/2025 11.05.2025

Den Alain Atten konzentréiert sech op de 5. Mount vun dësem Joer, de Mee. Do ginn et dach eng Rei Begrëffer fir dëse Mee.

Sproochmates: Den Éischte Mee, 04/05/2025 04.05.2025

Den Dag vun der Aarbecht, dee fält op den 1. Mee an do wiere mir am 5. Mount vun dësem Joer. Wat ee alles iwwert dee Mee soss nach ka wëssen, dat weess eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Ouschtereeër, 27/04/2025 27.04.2025

Wat dierf fir Ouschteren net feelen? Richteg, d'Ouschtereeër. Där kruten der d'lescht Woch sécherlech vill der geschenkt. Ouschtereeër, wéi mir se kennen, ginn et awer net zanter ëmmer. Eise Sproochmates Alain Atten weess zanter wéini a wat et mat deem Brauch op sech huet.

Sproochmates: Ouschternuecht, 20/04/2025 20.04.2025

Ouschteren ass dat gréisste Fest fir d'Chrëschten. Eise Sproochmates Alain Atten kënnt do op d'Ouschternuecht ze schwätzen an erkläert do d'Ritualer vun dëser chrëschtlecher Feier, wat och mat Feier ze dinn huet.

Sproochmates: Pällemsonndeg, 13/04/2025 13.04.2025

Eng Woch virun Ouschteren: Eise Sproochmates Alain Atten erzielt eis elo mol wat et mam Dag vun haut op sech huet.

Sproochmates: Ellesonndeg, 06/04/2025 06.04.2025

Haut ass Ellesonndeg, an domadder konnt een dacks de Spunnes maache wann een dann engem gewënscht huet. Awer eise Sproochmates Alain Atten erkläert, datt deen Ellesonndeg falsch verstanen ass.

Sproochmates: Bretzelssonndeg, 30/03/2025 30.03.2025

Hoffentlech hutt Dir net vergiess är Bretzel ze besuergen! Abee eise Sproochmates Alain Atten huet en einfache Sprong fir datt Dir net méi vergiesst, wéini deen Dag ass.

Sproochmates: D'Wieder am Neie Joer, 23/03/2025 23.03.2025

Wéi gëtt d'Wieder? Dat léisst sech haut erausfannen unhand u ville meteorologesche Miessstatiounen. Fréier war dat anescht, do gouf et keng esou technesch Apparater an do huet ee sech u bestëmmten Deeg gehalen, wéi eis de Sproochmates Alain Atten erkläert.

Sproochmates: Bounesonndeg, 16/03/2025 16.03.2025

Wat huet de Bounesonndeg mam Buergsonndeg ze dinn, dee mir déi lescht Woch gefeiert hunn? A firwat kenne der vill dee Sonndeg haut net méi? Den Alain Atten kläert op.

Sproochmates: Buergsonnden, 09/03/2025 09.03.2025

Haut ass Buergsonnden. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat dëse Sonndeg mat der Kierch an de Ritter ze dinn huet a firwat een dëse Sonnden och nach déi al Fuesent nenne kann.

Sproochmates: Wéi d'Pan an der Fuesent, 02/03/2025 02.03.2025

Mir sinn dru wéi d'Pan an der Fuesent, dee Saz huet elo näischt mat de Fuesdeeg ze dinn, an och soss näischt mat der Fuesent. Ma dëst huet ee soss gäre gesot, fir matzedeelen, datt ee ee vill ze schaffen hat, esou vill datt een net méi driwwer gesinn huet. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat dem Sproch mat där Pan op sech huet.

Sproochmates: An den Uuchten, 23/02/2025 23.02.2025

Wéi hu sech d'Leit fréiers den Owend verdriwwen? Net mat Zeitung liesen, Radio lauschteren oder Tëlee kucken, vun Handy a co guer net ze schwätzen. Eise Sproochmates hëlt eis mat an eng Zäit, déi der vill vun eis net méi kennen. Den Alain Atten hie verzielt eis vun den Uuchten.

Sproochmates: Vältesdag, 16/02/2025 16.02.2025

Den Dag ass erlaanscht, de 14. Februar war Vältesdag. Ma deen Dag geet och op en Hellegen zréck an dat weess eise Sproochmates Alain Atten beschtens ze erklären.

Sproochmates: Plunnendag, 09/02/2025 09.02.2025

Den Alain Atten huet sech haut mam Plunnendag. Wou dësen Ausdrock hierkënnt a mat wat fir engem Hellege mir do ze dinn hunn, dat weess eise Sproochmates.

Sproochmates: Blasiendag, 02/02/2025 02.02.2025

Haut ass Liichtmëssdag. Déi leschte Woch hate mir schonns iwwert dësen Dag rieds, esou datt mir op muer, 3. Februar kucken an zwar op Blasiendag. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat deem Hellegen op sech hat.

Sproochmates: Liichtmëssdag, 26/01/2025 26.01.2025

Den 2. Februar ass Liichtmëssdag. Wou kënnt deen Dag hier? Eise Sproochmates Alain Atten erkläert eis de geschichtlechen Hannergrond.

Sproochmates: Antunnendag, 19/01/2025 19.01.2025

Et gëtt esouguer 2 Deeg op deenen den Hellegen Antoine gefeiert gëtt, ma si leie wäit auserneen. Eise Sproochmates Alain Atten huet den Iwwerbléck iwwert d'Antunnendeeg an hëlt deen elo vum 17. Januar ënnert d'Lupp.

Listen to the RTL - Sproochmates podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.