Centre National de Prévention des Addictions

Drug Stories

Education LB ↓ 28 episodes

Drug Stories ass déi néi Rubrique vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) an Zesummenaarbecht mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA All Woch schwätze Jessie an de Luc iwwert aner Themen: Medien, Sex, Kaffi, Alkohol, Cannabis, Kokain, GHB a villes méi...Hues du nach weider Froen, mell dech um Service Fro-No: Tel: 49 77 77 – 55 oder per Mail: frono@cnapa.lu Weider Infoe fannt der och um Site cnapa.lu

Author

Centre National de Prévention des Addictions

Category

Education

Podcast website

cnapa.lu

Latest episode

Nov 26, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Folge 28 - Sex 26.11.2025

An dëser Folleg geet et ëm Sex, seng Bedeitung a seng verschidde Funktiounen. Luc a Jessy schwätzen doriwwer, wat alles ënner Sex verstane ka ginn a wéi eng Roll sexuell Orientéierungen a Praktiken dobäi spillen.   Dobäi steet eng Saach am Mëttelpunkt: wéi wichteg et ass, oppen a respektvoll iwwer Sex ze schwätzen an Averständnes kloer ze kommunizéieren. Hues de nach weider Froen zu verschidd...

Folge 27 - Iessen & Iessstéierung 26.11.2025

An dëser Folleg geet et ëm Iessen, Ernärung a méiglech Iessstéierungen. Luc a Jessy schwätzen iwwer den Alldag mat Zocker, wat ee ka maache fir ausgeglach ze iessen, an erklären, wéi e "optimalen Teller" ausgesäit – mat villem Uebst a Geméis.   Si kucken och, wéi Iessverhalen eis beaflosst a ginn allgemeng Tipps, fir bewosst a gesond mat Iessen ëmzegoen. Hues de nach weider Froen zu verschidd...

Folge 25 - Resilienz & Wuelbefannen 26.11.2025

An dëser Folleg geet et ëm Wuelbefannen a Resilienz. De Luc erkläert, wat Resilienz ass a stellt déi 7 Saile vir: Akzeptanz, Optimismus, Selbstwierksamkeet, Eegeverantwortung, Netzwierkorientéiert, Léisungsorientéiert a Zilorientéiert. Zesumme mat Jessy gëtt erkläert, wéi dës Fäegkeeten eis hëllefen, besser mat Erausfuerderungen ëmzegoen. Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten,...

Folge 26 - Gléckspill 26.11.2025

An dëser Folleg geet et ëm d’Glécksspiller – vu Wierfelen an deenen alen Zäite bis zu Roulette, Blackjack an Online-Spiller haut. Luc a Jessy erkläre wat Glécksspill ausmécht, firwat si esou spannend sinn, a wéi se eis Gesondheet a Relatioune beaflosse kënnen. Mir kucken och, wéi een erkennt wann et net méi just ëm de Spaass geet, a ginn Tipps, fir datt e Spill och wierklech e Spill bleift. Hues d...

Folge 24 - Entspaanungs Übung 16.07.2024

An dëser Folg geet et mol eng Kéier net em eng Substanz oder e Verhale vun deem een ofhängeg kéint ginn. De Luc erkläert dofir awer, dass Suchtpreventioun ganz vill mat Wuelbefannen ze dinn huet. Dofir proposéiert hien eng kuerz Entspaanungsübung an invitéiert d’Jessy an d’Zuhörer op eng Rees an der Virstellung. Looss dech drop an a besich zesumme mam Luc eng Plaz wous du dech wuel a gebuerge fill...

Folge 23 - Smartphone 09.07.2024

Wosst dir dat den éischten Handy 1983 op de Marché komm ass a schonn 2007 den éischte Smartphone, de I-phone vun Apple. Wat eng rasant Entwécklung! De Smartphone huet souwuel positiv wéi och negativ Effekter, woubäi och d’Wuert „phubbing“ eng Roll spillt. Wëll dir wësse wat dee Begrëff bedeit a wéini et Zäit gëtt sech Gedanken iwwert den eege Konsum ze maachen? Dann lauschtert era bei d’Jessy an d...

Folge 22 - Shopping Sucht 02.07.2024

Op Online-Shopping mat engem Klick oder an de Geschäfter, déi d‘Leit mat engem gudden Doft lackelen, d’Manipulatioun huet vill Facetten. Haaptsaach kafen, och wann et oft Saache sinn, déi ee guer net brauch. Eis haiteg Konsumgesellschaft gëtt haaptsächlech iwwert Medien duerch gezielte Reklammen (Annoncen, Influencer…) beaflosst. D’Jessy an de Luc ginn Tipps an Tricks fir „smart“ anzekafen a soen...

Folge 21 - Pornographie 25.06.2024

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Sex a Lego a kann ee vu Pornoe süchteg ginn? D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht vun der Pornographie an erkläre wat fir positiv an negativ Wierkungen a Niewewierkungen d’Pornographie kann hunn. Ënner anerem geet et dodrëms, dass d’Bild vun de Fraen a Männer, dem mënschleche Kierper an der Sexualitéit an de meeschte pornografeschen Duerstellunge ve...

Folge 20 - Bildschierm 18.06.2024

D’Bildschiermer sinn net méi aus onsem Alldag ewechzedenken. Mee kéint een eigentlech och vu Bildschiermer ofhängeg ginn? Obwuel di meescht Verhaalenssüchten nach net medezinesch unerkannt sinn, biergt een ze grousse Bildschiermkonsum scho sou munch Risiken a kann och zur Ofhängegkeet féieren. An fir dat et net sou wäit kënnt, ginn d’Jessie an de Luc och dës kéier erëm e puer wäertvoll Tipps fir&n...

Folge 19 - Drug, set & setting 11.06.2024

D’Wierkung vun all eenzel Drogen hänkt vu ganz villen Faktoren of. Dat wier mol als alleréischt natierlech d’Droge selwer. Awer och spillt, ënnert anerem, de Gemittszoustand vun der Persoun eng grouss Roll. A mam Setting ass d‘Ëmfeld gemengt. Mee wat huet d‘Ëmfeld mat der Wierkung ze dinn? Dat an nach villes verroden iech d‘Jessie an de Luc an dësem Podcast. Hues de nach weider Froen zu verschidde...

Folge 18 - Bad Trip 04.06.2024

An dësem Podcast geet et natierlech net ëm schlecht Rees Erfarungen, mee vill méi wat een op Droge mol kéint erliewen. An dat ass net flott. Mee wie kann een sech virdru schützen a virun allem, wat kann ee maache wann een op sou engem Bad Trip ass? De Luc an d‘Jessie ginn iech och hei erëm e puer wäertvoll Tipps fir ee manner geféierlechen Ëmgang mat bewosstseinsverännerende Substanzen an och wat...

Folge 17 - Wat maache bei engem Noutfall? 28.05.2024

Bei all Drogekonsum, sief et vun Alkohol oder aneren Drogen, kann et mol zu enger Iwwerdoséierung kommen. An dësem Podcast erläuteren d’Jessie an de Luc wei et zu sou enger Iwwerdosis ka kommen a wourun een dat kann erkennen. Hei kritt een Tipps wat een onbedéngt an sou enger Situatioun soll maachen, respektiv, net maachen. Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech b...

Folge 16 - Crystal Meth / Speed 21.05.2024

Zu Lëtzebuerg ass Crystal Meth nach net ganz wäit verbreet. D’Jessy an de Luc schwätzen dofir méi generell iwwer Amphetaminne, déi och bei eis um Schwaarzmaart als Speed verkaaft ginn. De Luc erkläert, firwat Amphetaminnen am 2. Weltkrich un Zaldote verdeelt goufen a firwat dës Substanzen awer trotzdeem keng Superdrogen sinn. Et geet dann och drëm, wéi d’Wierkungen a Niewewierkunge vun Amphetaminn...

Folge 15 - Poppers 14.05.2024

Ënnert dem Numm Poppers versteet een eng Substanz déi schonn am 19. Joerhonnert hiergestallt an als Häerzmedikament agesat gouf. D’Jessy an de Luc diskutéieren, wéi Poppers wierken a firwat se an der Partyzeen an zur Loschterhéichung beim Sex beléift sinn. Et gëtt erkläert, dass dës Substanz inhaléiert gëtt an op kee Fall gedronk däerf ginn, wëll dat liewensgeféierlech ka sinn. De Luc beschreift o...

Folge 14 - Heroin 07.05.2024

Heroin gehéiert zu de sougenannten Opioiden an huet bei engem reegelméissege Konsum e ganzt héicht Suchtpotenzial. Mee gëtt ee wierklech direkt beim éischte Schoss schonn süchteg? D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer déi verschidde Methoden, fir des Substanz ze konsuméieren (am beschte guer net!) an der Ënnerstëtzung, déi ofhängeg Konsumenten an de sougenannte Konsumräim kréien. Hues de nach weider F...

Folge 13 - Legal Highs (NPS) 30.04.2024

Legal Highs ginn och nach NPS (nei psychoaktiv Substanzen) genannt. Dës chemesch hiergestallte Substanzen imitéieren d’Wierkung vun illegalen Drogen a sinn oft dee Moment wou se op de Maart kommen, nach net gesetzlech gereegelt. An dëser Folg erkläert de Luc firwat vill vun de sougenannte Legal Highs a Wierklechkeet trotzdeem net legal sinn, dass et dräi verschidde Kategorië vu Legal Highs gëtt, d...

Folge 12 - Lachgas 23.04.2024

Dickstoffmonoxid (N2O), och bekannt enner dem Numm „Laachgas“, gëtt haut net wéi fréier beim Zänndokter als Betäubungsmëttel genotzt mais als Rauschmëttel am Partykontext konsuméiert. An Holland zum Beispill, sti dann owes virun de Bar’en an Disco’e Weenercher, déi Laachgas a Form vu Loftballon’e verkafen. Waat et domatt op sech huet erklären d’Jessy an de Luc. Sie schwätzen iwwert d’Hierkonft vum...

Folge 11 - GHB (Liquid Ecstasy, K.O.-Tropfen) 16.04.2024

GHB ass eng vun de Substanzen, déi vu Kriminellen a Form vu K.O.-Drëpse benotzt ginn. GHB kann änlech wéi beim Alkohol zu Euphorie, Enthemmung, Schwindel oder Middegkeet féieren. GHB muss verdënnt ginn an ass immens schwéier ze doséieren. Eng Drëps ze vill ka schonn zu enger Iwwerdosis féieren. Virun allem a Kombinatioun mat Alkohol kann de Konsum vu GHB zum Koma féieren a souguer liewensgeféierle...

Folge 10 - Ketamin 09.04.2024

Wann an dëser Folg vun „Special K“ geschwat gëtt, ass domat net eng Schossel Cornflakes gemengt, mee d‘Substanz Ketamin, déi och haut nach heiansdo an der Noutfallmedezin a virun allem an der Déieremedezin als Narkosemëttel benotzt gëtt. D’Jessy an de Luc diskutéieren, wat Ketamin als Drog fir eng Wierkung kann hunn, wat mat engem sougenannten „K-Hole“ gemengt ass a wat d’Risike vum Ketaminkonsum...

Folge 09 - Syntheetesch Cannabinoiden 02.04.2024

An dëser Folg schwätzen d’Jessy an de Luc iwwer d’syntheetesch Cannabinoiden, déi zu de sougenannten NPS (neie psychoaktive Substanzen) gezielt ginn. NPS ass e Sammelbegrëff fir chemesch hiergestallten Substanzen. Mëttlerweil gëtt et honnerte vu verschiddenen syntheetesche Cannabinoide bei deenen den THC chemesch hiergestallt gëtt. De Luc erkläert, dass d‘Wierkungen an d‘Niewenwirkungen vun de syn...

Folge 08 - LSD 26.03.2024

Firwat nennt een den Dag vun der Entdeckung vun der Wierkung vum LSD op d’Bewosstsinn de Bicycle-Day? D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer d’Urspréng vum Lysergsäurediethylamid oder ebe kuerz LSD. De Luc erkläert, dass ee vum LSD net kierperlech ofhängeg ka ginn. Wat d’Gefor vun enger psychescher Ofhängegkeet ugeet, ass dat awer wuel net sou kloer. Och iwwer d’Wierkungen an de Risiko vun engem „Bad T...

Folge 07 - Psychedelesch Pilzen 19.03.2024

Magic Mushrooms, Fungien, Psyllos, Mexikaner, Hawaianer. Si hu vill Nimm, déi psychedelesch Pilzen. Mee wat sinn déi Zauber-Champignonen dann eigentlech lo genau a wéi wierken se? D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht, diskutéieren den Ënnerscheed tëscht de klassesche Magic Mushroom, de sougenannte Magic Trüffelen an de Fliegenpilzen a froen sech wat dat alles mat dem Weihnachtsma...

Folge 06 - MDMA / Ecstasy 12.03.2024

Als „Partydrog“ oder och als „Kuscheldrog“ ginn Ecstasy respektiv MDMA och bezeechent. Ecstasy ass dobäi e Sammelbegrëff fir verschidde Substanzen, déi eng änlech Wierkung hunn, an MDMA ass déi bekanntsten dovun. Wat gëtt et nach alles ze wëssen a sinn et wierklech just „harmlos faarweg Pëllen“ oder gëtt et dach Risiken & Niewenwirkungen? D`Jessie an de Luc kucke sech dat an der heiten Episod...

Folge 05 - Kokain 05.03.2024

Kokain gehéiert zu der Grupp vun Drogen, déi opputschend wierken. Mee, ass dat wouer, datt fréier am Coca Cola Kokain dra war? An ass an de Koka-Bliedern a Südamerika dat selwescht dra wéi an dem wäisse Pudder? D`Jessie an de Luc ginn der Saach op de Grond a klären nach vill méi aner Froen.  Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:  Tel...

Folge 04 - Cannabis 27.02.2024

D’Bléie vum Cannabis ginn och nach Gras, Weed oder Marihuana genannt. Planz vun där Bléie kommen, heescht Hanfplanz. De gepressten Haarz vun der Planz och nach Haschisch oder Shit genannt. An wéi gesot, haut schwätze mer iwwer eng deemools illegal Drog, d.h zu Lëtzebuerg ass Cannabis nach ëmmer net komplett legal... Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Serv...

Listen to the Drug Stories podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.