Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Author

Poterkëscht

Category

Education

Podcast website

www.inll.lu

Latest episode

Jul 7, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Rotschléi fir eng Crèche ze fannen (A2) 07.07.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger Crèche schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Donnerwiederen uechter d'Land (A2) 02.07.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Donnerwiederen uechter d’Land  A: Elo reent et schonn nees!  B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend.  A: Um wéi vill Auer?  B: Géint 20.00 Auer.  A: Ok, ech muss virdrun dann na...

Sech fir en Job am INLL mellen (B1) 30.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Sech fir en Job am INLL mellen  A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell?   B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du?  A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee,...

Eng emotional Achterbunnsfaart (B1) 25.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun engem ganz emotionale Moien erzielt. Déi aner Person gëtt hir e puer Rotschléi, fir mat der Situatioun ëmzegoen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Nationalfeierdag am Passé (B1)  23.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach?  B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert.  A: Seriö? Ech hat gemengt, du géifs ...

Schimmel an der Wunneng (B1) 18.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Schimmel an der Wunneng  A: O Nee!  B: Wat ass lass?  A: Komm mol an d’Schlofzëmmer!  A: Wat ass dat do uewen um Plaffong?  B: Wou?  A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel?  B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken...  A: Quatsch! Hues de Tomat...

Schlof an den Handy (B1) 16.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof?  B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen.  A: O nee. Has de e stressegen Dag?  B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem  A: Dat kennen ech. Ech huele...

Ze spéit op der Aarbecht (A2) 11.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun op der Aarbecht erkläert, firwat se haut ze spéit komm ass. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1) 09.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer verschidden Ernärungstrends. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1) 04.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut diskutéieren zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Transportmëttel a Fürerschäin (A2) 02.06.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Transportmëttel a Fürerschäin (A2)  A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ?  B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass.  A: O nee! Wat ass da geschitt?  B: Ma, gëschter huet mäin Aut...

E Studentenjob (A2) 27.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Studentenjob (A2) A: Hey! Wéi geet et dir?  B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir?  A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen?  B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob?  A: Jo, ech hu sc...

Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) 21.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls?  B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du?  A: Ech géif léiwe...

Den Dagesoflaf am Passé (A2) 19.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Den Dagesoflaf am Passé  A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter?  B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin?  A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du?  B: Ech si méi spéit opgestane...

Iwwer eng Trennung schwätzen (A2) 14.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Trennung schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)  A: Moien! Wéi geet et dir? Ass alles ok?  B: Hallo! Éierlech gesot geet et mir net esou gutt.  A: O! Firwat?  B: De Marco an ech... mir hunn eis getrennt... also, de Marco huet sech vu mir getrennt.  A: O Nee! Dat deet...

Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2) 12.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Saache fir eng Studentewunneng kafen   A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy?  B: Majo, ech sinn hei op enger Internetsäit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen.   A: Sichs de eppes Bestëmmte...

Aarbechtszäiten an Auerzäiten (A1) 07.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut trainéiere mir d'Auerzäiten. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript:   De Schoulmeeschter  De Schoulmeeschter schafft an enger Schoul.  Hie fänkt um hallwer aacht moies mat schaffen un.  Hien hält um Véierel op dräi nomëttes mat schaffen op.    D’Doktesch  D’Doktesch schafft an enger Praxis.  Si fänkt um Véierel vir siwe moies mat schaffen un.  S...

Noriichten iwwer Hënn & Catsitting (A2-B1) 05.05.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren. - Transkript: Zwou Noriichten iwwer Hënn A: O, wow!  B: Wat ass?  A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf.  B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm?  A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun...

D'Oktav an de Mäertchen (A2) 30.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript D’Oktav an de Mäertchen  A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen.  B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill do...

Den Zuch verpasst & en Accident mam Vëlo (A2) 28.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwee Dialoger: am éischten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun den Zuch fir op d'Aarbecht verpasst huet. Am zweeten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident mam Vëlo erzielt. Vill Spass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest'&#...

Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1) 23.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wat méchs du dann dëse Weekend?  B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn.  A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen?  B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir...

Um Nopeschfest (A2) 21.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript A: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd.  M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen.  C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen.  A: O, bass du hei an eise...

Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1) 16.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren! -  Transkript A: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff?  B: Ech sinn Elektriker.  A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen?  B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte m...

Liblingsiessen & Ratatouille kachen (A2) 14.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hiert Liblingsiesse schwätzen. Duerno héiere mir och e Rezept, fir eng Ratatouille ze kachen. - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Eis Dagesroutinnen (A1-A2) 08.04.2026

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Dagesroutinne schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Listen to the Poterkëscht vum INLL podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.