Eldoradio
Den ACEL Studentecorner
Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!
Author
Eldoradio
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 30, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 16 - Lille an d'Luxéire op Besuch 30.06.2026 20:16
Den 2. Juni waren de Mats vun der Luxéire an de Guillaume vu L.i.l.l.e. am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Luxéire a L.i.l.l.e. geschwat. Wéi ass et an Irland ze studéieren? Wou kann een iwwerall an Irland studéieren? Wéi ass et zu Lille zu studéieren? Firwat ass Lille esou eng flott Stad fir ze studéieren? Wat fir Eventer organiséieren, déi zwee Cerclen iwwert d'Joe...
Episod 15 - D'ACEL an d'AACEL op Besuch 03.06.2026 12:08
Den 29. Mee waren de Mattis vun der ACEL an de Sven vun der Amicale vun der ACEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'ACEL an d'Amical vun der ACEL geschwat. Wat steet bei der ACEL, déi nächst Zäit sou un? An et goufen Ännerungen zu der Studentefoire annoncéiert! D'Amicale vun der ACEL huet erzielt, wéi si d'ACEL ënnerstëtzen a wéi wichteg och nach ancien Studenten an...
Episod 14 - D'NSA an d'ALESPS op Besuch 27.04.2026 20:57
De 24. Abrëll waren de Paul vun der NSA an de Joshua vun der ALESPS am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentencercelen NSA an ALESPS geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an de Beräicher vun den Infirmiersberuffer? Wéi eng Studiegäng ginn et an der Politikwëssenschaft, der Kommunikatioun, dem Journalismus a villes méi? Wou kann een déi Studiegäng jeeweils studéieren...
Episod 13 - Den ELAN an d'ALEM op Besuch 01.04.2026 18:17
De 27. Mäerz waren den Theo vum Elan an de Joe vun der ALEM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Nanzeg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Nanzeg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALEM iwwer all méiglech Studiegäng am medezinesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall medezinesch Fächer studéie...
Episod 12 - D'ALUS an d'ALSEP op Besuch 03.03.2026 20:10
De 27. Februar waren d' vum LSD an d'Sophie vun der ALSEP am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Stroossbuerg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Stroossbuerg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALSEP iwwer all méiglech Studiegäng am pädagogesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall pädagogesch Fäc...
Episod 11 - Den LSD an de SLUF op Besuch 03.02.2026 22:01
Den 30. Januar waren d'Lina vum LSD an de Michel vum SLUF am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Düsseldorf a Freiburg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Düsseldorf an zu Freiburg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? P.S.: wéi ee Lëtzebuerger Museker zu Freiburg studéiert, gëss du och hei gewuer!
Episod 10 - Den LSW an den LSM op Besuch 24.12.2025 17:46
Den 19. Dezember waren d'Joy vum LSW an den Eric vum LSM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Wien a Münche geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Wien an zu München? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? P.S.: wéi ee grousse Lëtzebuerger Museker zu Wien studéiert, gëss du och hei gewuer!
Episod 9 - D'Lëstlé an de CELB op Besuch 03.12.2025 26:22
Den 28. November waren d'Marion vun der Lëstlé an d'Diana vum CELB am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Jil iwwert d'Studentestied Léck a Bréissel geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Bréissel an zu Léck? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? P.S.: wéi d'Sophie vun der ACEL sech d'Nues gebrach huet, gëss du an dëser Episod gewuer!
Episod 8 - D'ALEP an d'ANESEC op Besuch 27.10.2025 22:11
De 24. Oktober waren d'Sam vun der ALEP an de Kevin vun der ANESEC am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studiegäng an der Psychologie an am Wirtschaftswiesen geschwat. Wéi eng Studiegäng regroupéieren déi zwee Cerclen? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewe aus? P.S.: wien op der Sich no enger Stage- oder Aarbechtsplaz ass, hue...
Episod 6 - D'REEL op Besuch 20.09.2025 15:37
De 5. September waren de Ben an de Fabien am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer d'REEL geschwat, déi de Weekend vum 18. - 21. September zu Stroossbuerg ass. Wat genee ass eng REEL? Wat mécht een op enger REEL? Firwat soll een als Student oder Studentin un enger REEL deelhuelen? Tipp: all Student a Studentin soll op mannst ee mol eng REEL erlieft hunn!
Episod 5 - Den LSH an den LSWü op Besuch 20.09.2025 17:59
Den 29. August waren d'Cathy vum LSH an de Sébastien vum LSWü am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Heidelberg a Würzburg als Studentestied geschwat an awer och op d'Studiegäng op deene verschiddenen Unien an Héichschoulen an deenen zwou Stied gekuckt. Wat kann een alles zu Heidelberg an zu Würzburg studéieren? A wat ass den LSH an den LSWü? Tipp: virun allem zu Würzburg g...
Episod 4 - D'Alesontia an déi Jonk BAD op Besuch 13.08.2025 20:34
Den 1. August waren d'Laura vun der Alesontia an den Alexej vun der jonker BAD am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Bonn als Studentestad geschwat an awer och op d'Studiegäng am Bibliothéikswiesen, an der Archivistik an an der Dokumentatioun gekuckt. Wat kann een alles zu Bonn studéieren? Wou kann ee Studiegäng wéi Archivistik studéieren? A wat bedeit eigentlech Alesontia...
Episod 3 - D'ANEIL an d'REEL op Besuch 09.07.2025 24:45
De 27. Juni waren de François vun der ANEIL an de Ben vun der REEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Studiegäng am Ingenieurswiesen an an de Naturwëssenschaften sou wéi awer och iwwert d'REEL geschwat. Wat kann een alles am Ingenieursberäich an am Naturwëssenschaftlecheberäich studéieren? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wat ass iwwerhaapt eng REEL? T...
Episod 2 - Den LSC an den LSMaas op Besuch 02.06.2025 22:50
Den 30. Mee waren de Max vum LSC an de Yannick vum LSMaas am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert Köln a Maastricht geschwat. Wéi ass et do ze studéieren? Wat kann een do studéieren? A wat maachen déi zwou Stied sou interessant? Fun Fact: Enn Mee ass um Eldo einfach mol Fuesmusek gelaf!
Episod 1 - D'ACEL op Besuch 30.04.2025 23:27
De 25. Abrëll gouf et déi éischt Editioun vum ACEL Studentecorner an hei waren dann direkt dräi Vertrieder vun der ACEL op Besuch am Studio. Zesumme mam Lena, dem Gianni an dem Mattis gouf iwwert de Choix vun der Uni, d'Wunnengssich an d'Bourse geschwat. Donieft gouf awer och iwwert d'Cerclen an iwwer d'Eventer, déi déi Lëtzebuerger Studentenzeen prägen, geschwat.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.