Poterkëscht
Poterkëscht vum INLL
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
E Wellness-Weekend (A2) 01.04.2026 4:12
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen. Vill Spass beim Nolauschteren! - Transkript: A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend? B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung. A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iw...
Iwwer Online-Dating schwätzen (B1) 26.03.2026 4:53
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Erfarunge mat Online-Dating schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wat méchs du de Weekend ? B: Majo, de Lino an ech fuere vun e Freideg op e Samschdeg fort. Mir feieren eisen 10. Joresdag! A: Wow! 10 Joer! Felicitatiounen! B: Merci! D’Zäit vergeet... A: Wéi hutt dir iech dann deemo...
Vakanz mam Camper & e Museksfestival (A2) 24.03.2026 7:49
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwou Persounen eng Vakanz mam Camper plangen. Am zweeten Deel héiere mir, wéi zwou aner Persounen e Weekend op engem Museksfestival plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Communautéitsgäert zu Lëtzebuerg (B1) 19.03.2026 5:26
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis e bëssen iwwer d'Gemeinschaftsgäert zu Lëtzebuerg erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzen (B1) 17.03.2026 5:07
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef op der Aarbecht iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Vegan a Vegetaresch Ernärung (A2) 12.03.2026 5:50
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir vun zwou Persounen, déi iwwer vegan a vegetaresch Ernärung schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Beruffsweeër zu Lëtzebuerg & Work-Life Balance (B1) 10.03.2026 7:29
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer verschidde Beruffsweeër zu Lëtzebuerg. Vill Spaass! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
E Filmowend (B1-B2) 05.03.2026 4:28
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Filmowend plangen. Vill Spaass! - Transkript: E Filmowend Bob: O mei, et leeft näischt Guddes am Kino. Nëmme Schrott! Babsi: Da bleifs de bal léiwer doheem. Wéi gesäit et da mat der Cinemathéik aus? Weisen déi näischt Interessantes? Bob: Déi renovéiere grad, dat ass leider keng Optioun. Mir kéinten natierlech och eppes stre...
Vun engem Tennismatch erzielen (B1) 03.03.2026 4:58
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert! - Transkript: Vun engem Tennismatch erzielen (B1) Nadine: Hallo Vanessa! An, wéi war däin Tennismatch gëschter? Vanessa: Vergiess et, komm mir schwätzen net dovun. Nadine: Ok ok, ech verstinn. Ech wollt dech kucke kommen, mee...
Hobbyen: Sangen a baken (A2) 26.02.2026 4:41
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Dir fannt hei och méi Informatiounen iwwer den Institut Européen de Chant Chorale: www.inecc.lu - Transkript: Sangen a baken M: houscht C: O mei, wat hues du da gestiicht, datt s du keng Stëmm méi hues? M: A, ma mäi leschte Weekend war super flott! Ech war zu Ettelbréck op engem A capella Fest...
Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich 24.02.2026 4:57
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich A: Moien! B: Moien! Wéi geet et dir ? A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt! B: O! Gutt Besserung! A: Merci! Wéi geet et dir ? B: Mir geet et ganz gutt! A: S...
Eng Rees an eng Stad plangen (A2) 18.02.2026 5:12
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen eng Rees an eng Stad plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Eng Rees an eng Stad plangen A: Dëst Joer fält däi Gebuertsdag op e Sonndeg, wat géings de gär maachen? B: Ech weess et net… ech sinn net immens motivéiert. A: Firwat? B: Keng Anung... ech ginn net gär méi al! A: Allez! Dach! Sief frou, dass du kan...
E Kënnegungsgespréich (B1) 12.02.2026 4:41
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef e Kënnegungsgespréich féiert. Duerno erzielt si enger Frëndin an engem Voicemessage, wéi d'Gespréich gelaf ass. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Kënnegungsgespréich (B1) A: Gudde Moien, Madamm Da Costa. Dir wollt mat mir schwätzen? B: Gudde Moien, Här Braun. Jo, Merci, datt Dir Iech Zäit gehol...
Eng Kichen nei ariichten (A2) & e Buedzëmmer renovéieren (B1) 10.02.2026 5:49
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen eng Kichen nei ariichten. Duerno heiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatioun vun engem Buedzëmmer schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
D'Formater vun de Coursen am INLL (Deel 2) 05.02.2026 5:40
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir den zweeten Deel. Den éischten Deel kënnt dir am leschten Episod lauschteren. - Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den éischten Deel hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
D'Formater vun de Coursen am INLL (Deel 1) 03.02.2026 7:49
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir en éischten Deel. Den zweeten Deel héiert dir am nächsten Episod. - Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den zweeten Deel hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Aide-soignante am Altersheem an am Spidol (A2) 29.01.2026 4:13
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg? Persoun B: Jo, dat ass richteg. Persoun A: Wou schaffs du am Moment? Persoun B: Ech schaffen an en...
E Rendez-vous beim Zänndokter (A2) 27.01.2026 6:44
Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun e Rendez-vous beim Zänndokter hëlt. Duerno héiere mir, wéi si mam Zänndokter schwätzt. - Transkript: Beim Zänndokter Um Telefon A: Gudde Moien, Praxis Dr. Fernandes, wéi kann ech Iech hëllefen ? B : Gudde Moien. Mäin Numm ass Leni Wagener. Ech hu meng Zänn immens wéi an ech brauch dringend e Rendez-vous. A: Ee Momen...
Alldag am Altersheem (A2) 22.01.2026 4:53
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: Alldag am Altersheem B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen....
Kleeder vergläichen (B1) & eng Léier am Kleederbuttek (A2) 20.01.2026 6:24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune Kleeder an d'Material vergläichen. Duerno héiere mir, wéi e Léierbouf nei an engem Kleederbuttek ufängt an d'Tâche vun der Cheffin erkläert kritt. - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
An der Receptioun vun enger Klinick (A2) 15.01.2026 5:54
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun e Rendez-vous an enger Klinick huet an den Dokter sicht. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: An der Receptioun vun enger Klinick A: Moien! B: Moien! Sidd Dir d’Nummer 147? A: Jo. B: Dir kënnt den Ziedel mat der Nummer an de Kierfche leeën. Wéi kann ech Iech hëllefen? A: Ech hunn um 09.45 e Rendez-vous bei der Dr....
E Gespréich beim Kaffi & eng Deenungsübung (A2-B1) 13.01.2026 11:56
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune beim Kaffi matenee schwätzen. Duerno héiere mir eng Deenungsübung, bei där dir och gär matmaache kënnt! Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: E Gespréich beim Kaffi Persoun A: Gudde Moien! Bass du och scho wakereg? Persoun B: Hallo, jo, esou hallef. Ech brauch als éischt emol e Kaffi. Persoun A: Ech och. ...
Eng nei Sprooch léieren (A1) 08.01.2026 4:56
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Eng nei Sprooch léieren (A1) A: Wat méchs du do? B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben. A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier? B: Am Ufan...
Imperativ: Op der Aarbecht & Am Stot (A2) 06.01.2026 6:23
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir den Imperativ. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwee Aarbechtskolleegen zesummen eng Presentatioun virbereeden. Duerno héiere mir, wéi eng nei Botzhëllef erkläert kritt, wat se am Stot soll maachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''acces...
Sylvester zu London (A2) 31.12.2025 3:47
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persoune Sylvester zu London feieren. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Silvester zu London A: An? Hues de gutt geschlof? B: Jo, eigentlech schonn. Ech war gëschter Owend esou midd vun der Rees. Mee elo sinn ech voll do an ech kann et bal net gleewen, datt mir hei zu London sinn! A: Ech och net! Ech si ganz opgereegt fir haut. Mir mus...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.