Centre National de Prévention des Addictions
Drug Stories
Drug Stories ass déi néi Rubrique vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) an Zesummenaarbecht mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA All Woch schwätze Jessie an de Luc iwwert aner Themen: Medien, Sex, Kaffi, Alkohol, Cannabis, Kokain, GHB a villes méi...Hues du nach weider Froen, mell dech um Service Fro-No: Tel: 49 77 77 – 55 oder per Mail: frono@cnapa.lu Weider Infoe fannt der och um Site cnapa.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Folge 03 - Koffein 20.02.2024 7:13
Kaffi, Cola an Energy Drinks begleeden eis duerch de ganzen Dag? Vill Leit kënne bal net ouni. Kee Wonner, datt Koffein déi am meeschte konsuméiert Droge ass. Mee, firwat ass dat esou? Wat ass esou besonnesch um Koffein a gëtt et iwwerhaapt Nodeeler oder Risiken? All dat an nach vill méi diskutéieren d`Jessie & de Luc an der heite Podcast Folleg. Hues de nach weider Froen zu verschidden...
Folge 02 - Alkohol 13.02.2024 8:48
Alkohol ass e gudde Léisungsmëttel, et ka Famillen, Bezéiungen, Frëndschaften opléisen.., mee leider léist den Alkohol keng Problemer! Ma dat mécht Mëllech och net! Sou oder sou änlech Spréch iwwer den Alkohol fënnt een der honnert, mol méi witzeg mol manner… Mee wat ass dann den Alkohol – eis Kulturdroge Nr 1- Jessie & Luc huelen se mol ënnert Lupp. Hues de nach weider Froen zu verschidden Dr...
Folge 01 - Tubak 04.12.2023 8:19
Historesch gëtt et vill do ze zielen, wéi den Tubak eriwwer an Europa komm ass oder, dass zum Beispill a Russland em déi eicht Hallschent vum 17. Jht den Tubakskonsum vum Klerus als Doudsënn ugesi war an ee bestrooft ginn ass wann ee beim Fëmmen erwëscht ginn ass, an zwar ass dann engem d`Nues opgerass a d`Lëpsen opgeschnidde ginn.. Also Bild vum Tubak huet an der Geschicht oft gewiesselt vun der...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.