RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Education

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jul 5, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

D'Wieder am Neie Joer, 19/02/2026 19.02.2026

Eng sëllegen Termäiner fir d'Wieder vum Joer virauszesoen

Dräikinneksdag, 04/01/2026 04.01.2026

Wie sinn déi 3 Kinneke scho méi? A waren et iwwerhaapt Kings?

De Plënnerchersdag, 28/12/2025 28.12.2025

Hellegowend, Chrëschtdag an dann de 26. Dezember ass Stiefesdag. Abee Stiefesdag huet och en aneren Numm.

De Chrëschtbeemchen, 21/12/2025 21.12.2025

An och deen heiten Artikel steet am Dezember a ville Stuffen. Den Alain Atten iwwert de Chrëschtbeemchen.

Den Adventskranz, 14/12/2025 14.12.2025

4 Sonndeger viru Chrëschtdag fënnt een Accessoire de Wee a ganz vill Haiser. Den Alain Atten iwwert den Adventskranz.

De Kleeschen, 07/12/2025 07.12.2025

An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember huet ee Mann vill ze dinn. Den Alain Atten iwwert de Kleeschen.

Den Houseker, 30/11/2025 30.11.2025

Wann een net brav war, kritt een eng Rutt vun him. Den Alain Atten iwwert dem Kleesche säi Gesell.

Sproochmates: Katrengendag, 23/11/2025 23.11.2025

De 25. November ass den Dag vum Hellege Katarina, do ass de Katréngendag. Eise Sproochmates Alain Atten kuckt op den Numm, den Dag an och op dës Damm zréck.

Sproochmates: An den Uuchten, 16/11/2025 16.11.2025

Owes virum Fernsee leien oder mam Computer op de soziale Medien oder mat Videospiller seng Zäit friesse loossen; alles dat gouf et fréiers net. An awer huet ee säin Owend och missten rëmkréien an dat war dann an den Uuchten. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat enger Uucht op sech hat a lauschtert virun allem sengem gutt gemengte Rot um Schluss gutt no.

Sproochmates: Mäertesdag, 09/11/2025 09.11.2025

Den 11. November ass den Dag vum Hellege Martin, oder wéi mir och soen Mäertesdag. Grond genuch fir eise Sproochmates Alain Atten e bëssi an der Geschicht ze wulle wat et mat deem Termäin op sech hat.

Sproochmates: Haupeschdag, 02/11/2025 02.11.2025

Haut huet sech eise Sproochmates Alain Atten mam Saint Hubert, den Hellegen Hubertus, oder och nach Hellegen Haupert. Säin Dag ass den 3. November.

Sproochmates: Allerhellegen an Halloween, 26/10/2025 26.10.2025

Wat huet Allerhellege mat Halloween ze dinn? Näischt seet eise Sproochmates Alain Atten. Dat gouf et net an eise Géigenden. Halloween kënnt aus den USA an déi Well ass viru Jore bei eis komm.

Sproochmates: De Reismount, 19/10/2025 19.10.2025

12 Méint huet e ganzt Joer a mir hu 4 Saisonen, déi festgeluecht sinn, wéini se uginn a wéini se ophalen. Do gëtt et déi kalendaresch an déi astronomesch Daten, un deenen ee sech orientéiert. Fréier huet een dat e bëssi anescht gekuckt, erënnert eise Sproochmates Alain Atten. 

Sproochmates: Lauksdag, 12/10/2025 12.10.2025

Wéini gëtt et Wanter? Fréiers huet een sech do u fest Termäiner gehalen. Natierlech weess dat eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: D'Lies, 05/10/2025 05.10.2025

Haut geet et an d'Lies mat eisem Sproochmates Alain Atten, do kucke mir gäre mol zréck wéi et deemools war.

Sproochmates: Méchelsdag, 28/09/2025 28.09.2025

Den 29. September ass Méchelsdag, den Dag vum Hellege Michel. Wou kënnt deen hier? Dat weess eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Gromperevakanz, 21/09/2025 21.09.2025

Ob ee richteg erholl war no enger Gromperevalkanz, wuel kaum! Wat et domadder op sech huet mat dem Numm, deen haut bal kee méi kennt, eise Sproochmates weess ze erklären.

Sproochmates: Lampeschdag, 14/09/2025 14.09.2025

Eise Sproochmates Alain Atten huet sech haut mat Lampeschdag, dem Dag vum Hellege Lambertus. Dësen ass de 17 September.

Sproochmates: Huewermount, 07/09/2025 07.09.2025

Mir sinn am September ukomm, dem 9. Mount vum Joer an dee gëtt alt och Hierschtmount genannt. Eise Sproochmates Alain Atten fënnt den Numm alt esou, well en ass elo net immens präzis, hien huet do e besseren Numm.

Sproochmates: Fouer, 31/08/2025 31.08.2025

Dëser Deeg ass et relativ schwéier e Bou ronderëm d'Thema Fouer ze maachen. Och haut dréien d'Karusseller an d'Gromperekichelcher gi gebroden. Da kommt mir dann och en Tour mam Sproochmates iwwert de Glacis.

Sproochmates: Luerenzdag, 10/08/2025 10.08.2025

Den 10. August ass de Luerenzdag, dee geet et op den Hellegen Laurentius zréck. Dat war esou e Wiederlousdag, no deem ee sech viru laanger Zäit alt orientéiert huet, wéi et mat den Aarbechten um Feld zum Beispill sollt viru goen. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert.

Sproochmates: Karschnatz, 03/08/2025 03.08.2025

August oder et kann een den 8. Mount och nach Karschnatz nennen. Den Numm ass Programm, well eben am Héichsummer d'Zäit fir d'Recolte fir d'Broutfruucht ass. Eise Sproochmates Alain Atten kuckt op d'Aarbechten um Feld zréck, dat aus linguistescher Siicht.

Sproochmates: Jakobsdag, 27/07/2025 27.07.2025

Jacques, James, Jeeki, Jim oder och Jakob, all dës Nimm ginn op en Hellegen zréck. Awer op wat fir een Hellege Jakobus? Detailer huet eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Déi Helleg Muedeléin, 20/07/2025 20.07.2025

Den 22. Juli ass den Dag vun der Helleger Madeleine, der helleger Muedeléin, wéi ee fréiers gesot huet. Eis Sproochmates bréngt eis d'Mady oder Léini, wéi een och ka soen, e bëssi méi no.

Sproochmates: Den Hellegen Téiwelt, 13/07/2025 13.07.2025

 Thibault, Theobald, Téibelt, Téiwelt, den Alain Atten mat Detailer iwwert en Hellegen, deen déi verschidden Nimm huet a säin Dag den 1. Juli feiert.

Listen to the RTL - Sproochmates podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.