RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Education

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jul 5, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Sproochmates: Tëscht de Joren, 12/01/2025 12.01.2025

Wann ee vun ''Tëscht de Joren'' schwätzt, ass den Zäitraum tëscht Chrëschtdag an Dräikinneksdag gemengt. Dofir geet eise Sproochmates Alain Atten wäit sichen a kuckt och an den Himmel.

Sproochmates: Dräikinneksdag, 05/01/2025 05.01.2025

Muer de 6. Januar ass Dräikinneksdag. Abee wat huet et mat dësem Dag op sech, ausser datt ee sech op d'Galette des rois freet? Eise Sproochmates Alain Atten erkläert als éischt, datt déi 3 Hären guer keng Kinneke waren.

Sproochmates: Neijooschdag, 29/12/2024 29.12.2024
Sproochmates: Plënnerchersdag, 22/12/2024 22.12.2024

Hellegowend, Chrëschtdag an dann de 26. Dezember ass Stiefesdag. Abee Stiefesdag huet och en aneren Numm an eise Sproochmates Alain Atten erënnert un e ganze ale Brauch op deem Dag, op deem beileiwen net gefeiert gouf. Do geet et bis zu 200 Joer zréck an der Geschicht.

Sproochmates: De Chrëschtbeemchen, 15/12/2024 15.12.2024

Wou kënnt de Brauch vum Chrëschtbeemchen hier? Dat ass eng gutt Fro, déi net esou einfach ze léisen ass, dat weess och eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Den Adventskranz, 08/12/2024 08.12.2024

Den 1. Dezember gouf déi éischte Käerz um Adventskranz ugefaangen. Domadder ass eng Zäit ugaangen, déi op dat grousst Fest vun de Chrëschten zousteiert: Chrëschtdag, eng Zäit mat ville Bräich. De Brauch vum Adventskranz bréngt eis de Sproochmates Alain Atten e bëssi méi no.

Sproochmates: De Kleeschen, 01/12/2024 01.12.2024

Nach e puer mol schlofe goen, an dann ass de Kleeschen do. De 6. Dezember ass Kleeserchersdag an eise Sproochmates Alain Atten bréngt eis dee beléifte Personnage geschichtlech e bëssi méi no.

Sproochmates: Den Houseker, 24/11/2024 24.11.2024

Wie vum Kleesche schwätzt, kënnt net laanscht den Houseker. Eise Sproochmates Alain Atten erënnert un dee Gesell, deen d'Kanner an der Kleesercherszäit fäerten, den Houseker an erënnert un al Zäiten.

Sproochmates: Katrengendag, 17/11/2024 17.11.2024
Sproochmates: Mäertesdag, 10/11/2024 10.11.2024

Den 11.11. ass den Dag vum Mäerten. Eise Sproochmates bréngt eis deen Hellegen e bëssi méi no.

Sproochmates: Haupeschdag, 03/11/2024 03.11.2024

Den 3. November ass den Hubertusdag och nach Haupeschdag genannt. Eise Sproochmates Alain Atten weess natierlech dozou munches ze erzielen, zu deem Hellegen Haupert.

Sproochmates: Allerhellegen an Halloween, 27/10/2024 27.10.2024

2 gréisser RDVen stinn an d'Haus an eise Sproochmates Alain Atten knäppt sech dës mol vir.

Sproochmates: Lauxdag, 20/10/2024 20.10.2024

Wéini geet de Wanter un? Anscheinend op Lauxdag. Erklärungen dozou liwwert eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Reismount, 13/10/2024 13.10.2024

Fréier gouf sech elo net mat den Zuele um Kalenner beschäftegt, ma et huet ee sech d'Natur méi genee ukuckt an et huet een dorobber reagéiert an esou seng Aarbechten dobaussen agedeelt. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert.

Sproochmates: Lies, 06/10/2024 06.10.2024

Eise Sproochmates huet sech dës Kéier mat der Drauwelies, déi sech net ëmmer forcement un e Kalenner hält dëst an Zäite vu Klimawandel. Wéi war dat fréier mat der Lies an eisem Ländchen? Den Alain Atten erkläert.

Sproochmates: Méchelsdag, 29/09/2024 29.09.2024

Den 29. September ass Méchelsdag. Deen Dag louch ville Leit gutt, well en als Hierschttermäin zu Paass koum. Ma datt esou Deeg net ëmmer  vun engem hellege Patréiner ofzeleede sinn, erkläert eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Lampeschdag, 22/09/2024 22.09.2024

De 17. September ass dem ale Lëtzebuerger Kalenner no Lampeschdag oder Lambertusdag. Wat et mat dem hellege Patréiner op sech huet, weess eise Sproochmates Alain Atten.

Sproochmates: Gromperevakanz, 15/09/2024 15.09.2024

Vakanz ass an dësem Ausdrock net ganz richteg gewielt, well Gromperevakanz war alles mä keng Vakanz. Do gouf ferm geschafft, eise Sproochmates Alain Atten erënnert un eppes, wat et haut net méi esou gëtt.

Sproochmates: Huewermount, 08/09/2024 08.09.2024

Fir de September kann een op Lëtzebuergesch Hierschtmount soen, ma eise Sproochmates Alain Atten huet do awer nach eng aner Bezeechnung wéi elo Hierschtmount.

Sproochmates: D'Fouer, 01/09/2024 01.09.2024

Zanter 1340 gëtt et d'Schuebefouer. An dat grousst Volleksfest zitt all Joers Millioune Mënschen un. Och fir vill Leit zu Lëtzebuerg ass d'Fouer e Must. Eise Sproochmates Alain Atten bréngt eis dëst traditiounsräicht Fest méi no.

Sproochmates: Barteleméisdag, 25/08/2024 25.08.2024

D'Fouer ass un, den 23. August ass ze lass gaangen. Wat dës Stater Kiermes, wéi d'Fouer och nach genannt gëtt, mam Barteleméisdag ze dinn huet, dat weess kee besser ze erkläre wéi eise Sproochmates den Alain Atten.

Sproochmates: Krautwëschdag, 18/08/2024 18.08.2024

De Krautwësch ass e Bëndel vu Planzen, deen um Land op Krautwëschdag (Mariä Himmelfaart, de 15. August) vu Familljen an d'Kierch bruecht gëtt fir e seenen ze loossen. De Sproochmates erkläert wat et mam Brauch op sech huet.

Sproochmates: De Karschnatz, 11/08/2024 11.08.2024
Sproochmates: Luerenzdag, 04/08/2024 04.08.2024
Sproochmates: Jakobsdag, 28/07/2024 28.07.2024

Listen to the RTL - Sproochmates podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.