RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

Arts LB ↓ 100 episodes

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Arts

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 21, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

"Wasserstand" vum Luc François, 09/11/2023 09.11.2023

Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass, geet de Luc François op nei literaresch Weeër. De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als Sänger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte W...

"Les promenades d'1 zèbre" vum Noël Barkley, 06/11/2023 06.11.2023

Vum Futtball bei d'Poesie: e Gespréich mam Noël Barkley "Mélange subtil de poésies atypiques", sou den Ënnertitel vun engem Gedichtband dee genee dat ass: Ontypesch, iwwerraschend, sproocheverléift, gären och verspillt a mat engem Sënn fir Humor, deen eng gewësse Liichtegkeet mat an d'Spill bréngt. Dobäi huet dem Noël Barkley seng Carrière mat engem ganz anere Spill ugefaangen, nämlech dem Futtbal...

"Béischten" den neie Roman vum Jemp Schuster, 30/10/2023 30.10.2023

Wat hanner zouenen Diere geschitt, dat geet keen eppes un...dat ass an dem klengen Dierfche Kromber net anescht wéi soss enzwousch... Mat senger Familjechronik an zwee Deeler, "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" huet de Jemp Schuster seng Lieser begeeschtert. Säin neie Roman "Béischten" ass grad esou spannend erzielt a sproochlech ausgeräift. E Buch dat een sech op kee Fall sollt laanscht d'Nues goe...

"Wie die Fliegen" en dystopesche Roman vum Samuel Hamen, 20/09/2023 20.09.2023

E vermëssten Teenager an eng Welt an der näischt esou ass wéi et schéngt. En Teenager ass verschwonnen, eng Detektivfigur reest a seng Heemechtstad fir nom Saul ze sichen. Dem Samuel Hamen säin neie Roman «Wie die Fliegen» ass eng Dystopie déi an enger noer Zukunft spillt. Dës Welt dréit d’Spuren vu katastrofale Virfäll déi awer net weider erkläert ginn. Grad esou misteriéis ass och déi Stad an de...

"Verdruddelt" an "Zerknujelt" Geschichten: De Marc Weydert am Interview, 04/08/2023 04.08.2023

De Marc Weydert erzielt Mäerercher a Seechen op seng Manéier: verdruddelt an zerknujelt! Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte Mäerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete B...

Crime.lu: En neie Verlag just fir Krimien!, 23/07/2023 23.07.2023

Véier Auteuren hu sech zu enger "krimineller" Band zesumme geschloss. Dat ass zum engen de Gaston Zangerlé, deen eng laang Carrière als Auteur an Editeur hannert sech huet. Krimi-Erfahrung huet hien och, seng Kriminalromaner "Karukera Gang" an "Le dernier tour de piste" spillen awer net zu Lëtzebuerg, mä op der Guadeloupe. De Pierre Decock an de Gaston Zangerlé kenne sech scho ganz laang a si hunn...

De jonke Schrëftsteller Tom Weber, 28/06/2023 28.06.2023

Fir säin däitsche Gedichtband "fluides herz" huet hie schon e Präis gewonnen, elo gëtt et och eng Novelle op Englesch. "gondolas float on purple roses" sou den Titel vun der Erzielung déi zu Venedeg spillt. Am Interview schwätzt dee 26 Joer jonke Schrëftsteller a professionellen Iwwersetzer ënner anerem iwwer seng Faszinatioun mat der Stad Venedeg, seng Erfahrungen um Jakobswee an de Géigesaz tësc...

Young Voices 2023: 4 jonk Auteur(innen) ausgezeechent, 17/06/2023 17.06.2023

Scho fir d'drëtt huet den engleschproochege Verlag Black Fountain Press zesumme mat der Uni Lëtzebuerg de Schreifconcours "Young Voices" organiséiert Jonker vu 15 bis 19 Joer, respektiv vun 20 bis 25 Joer konnten an hiere respektiven Alterskategorien Poesie oder Prosatexter areechen. 16 Nimm goufe fir d'Shortlëscht zeréckbehalen, an Ugangs Juni goufen déi 4 Gewënner bekanntginn, woubäi Poesie a Pr...

De BookAthon: 10 Kannerbicher a 24 Stonnen!, 05/06/2023 05.06.2023

Du bass tëscht 14 an 20 Joer al an du wëlls un engem Kannerbuch matschaffen? Dann ass de BookAthon genee dat Richtegt fir dech! Wat e Marathon ass, dat weess jiddereen, awer e BookAthon? Am Interview erkläeren d'Simone Mortini an d'Claudia Catini vum Service National de la Jeunesse (SNJ) wat et domat op sech huet. 30 Jugendlecher gi gesicht fir an Equipen vun all Kéiers 3 Leit en eegent Kannerbuch...

"Monster Malya" vum Roland Meyer, 31/05/2023 31.05.2023

« Kannerbicher fir erwuesse Leit » sinn eng Spezialitéit vum Schrëftsteller, Museker a Kabarettist Roland Meyer Et brauch ee just un «Telmo», «Mango Panda » oder «Den décken dommen Dudu » ze denken. Mat sengem neiste Roman « Monster Malya » schléisst hien dorun un, a schwätzt e Problem un deen an eiser Gesellschaft net méi ze iwwersinn ass, dee vun der Gewalt. Gewalt déi dat 12 Joer aalt Malya erl...

"High Talk" vum James Leader, e Gedichtband op Englesch, 23/04/2023 23.04.2023

Mat sengem Gedichtband steet de gebiertegen Englänner op der Shortlëscht vum Prix Servais 2023 Den James Leader lieft zënter 23 Joer zu Lëtzebuerg an ass och a literaresche Kreeser keen Onbekannten. Mat sengem Jugendroman "The Venus Zone" huet hien 2016 de Concours Littéraire National gewonnen an och fir seng Gedichter gouf hien ausgezeechent, ënner anerem mam Ballymaloe Poetry Award, engem renomm...

"Schnatt", deen neie Roman vum Guy Rewenig, 11/03/2023 11.03.2023

"De Sheriff" dat ass de Spëtznumm vum Bréifdréier Leo Schummer. A säi Jong, den Nikla, geet op de Kannerfuesbal als...Sheriff Dass de Guy Rewenig e Meeschter am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch ass, brauch ee kengem méi z’erzielen. Fir dëse Roman, wéi och schon a senge leschte Bicher, benotzt hien d’Erzieltechnik vum Stream of Consciousness. De Leo an den Nikla Schummer kommen ofwiesselend zu W...

"Au-delà des racines" vun der Nelly Lecomte, 11/03/2023 11.03.2023

Et erfuerdert Courage fir de virgezeechente Wee ze verloossen. "Nous venons tous de l'agriculture; l'homme est enfant de la terre. La terre est la patrie de l'humanité." An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm de Roman "Au-delà des racines" vun der Nelly Lecomte, erauskomm am Verlag "Le Lys Bleu". Dat jonkt Amélie wiisst op engem Bauerenhaff an den Ardennen op. Dass mir et an dësem Roman awer...

"Rêves d'un mangeur de kakis" e Gedichtband vum Robert Weis, 20/02/2023 20.02.2023

Am neitsten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" si mir dës Kéier ganz "Zen". "Rêves d'un mangeur de kakis", den éischte Gedichtband vum Robert Weis ass nämlech vun der japanescher Philosophie inspiréiert. Och wann dem Robert Weis deng Gedichter streng gehol, keng Haikue sinn, ass hien awer faszinéiert vun dëser Gedichtform, a vu Japan, an e war och schonn e puer mol do. An...

Timba a Bucktugou: Eemol Kaffi an zweemol waarme Schocki, wgl!, 15/02/2023 15.02.2023

Déi neitste Publikatiounen aus de Serien "Timba" a "Bucktugou" vu Kremart kritt ee séier duerchgelies, mä si hunn et a sech! A "Pappendag" léisst d'Autorin Jackie Messerich Fraen zu Wuert kommen déi sech un hir verstuerwe Pappen erënneren. "Valley Girl" vun der Katharina Bintz gräift dogéint e ganz schwieregt Thema op, hei geet et ëm sexuell Iwwergrëff. En historesche Krimi deen een an nëmme 6 Min...

"Bug" vun der Claire Schmartz, 21/01/2023 21.01.2023

Am Débutroman vun der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz geet et ëm kënschtlech Intelligenz E Bug am System, dat kënnt jo leider heiansdo emol vir. An dorëms geet et och am Débutroman “Bug” vun der jonker Lëtzebuerger Schrëftstellerin Claire Schmartz. De Roboter Bud ass de Prototyp vun engem Haushaltsroboter a seng Konstrukteurin, déi mir just als “Die Professore” kenneléieren hëlt e mat heem...

Réckbléck op d'Joer 2022 an der Literatur zu Lëtzebuerg, 30/12/2022 30.12.2022

Literaturpräisser, schéi Momenter a ganz vill Bicher! Wéi resuméiert een e ganzt Joer? Sécher ass dëse Réckbléck op d’Joer an der Lëtzebuerger Literatur net komplett, et si just e puer Andréck aus dësem nawell mouvementéierte Joer 2022. Literaturpräisser si just een Deel vun der Aktualitéit, am Laf vum Joer goufen et och eng ganz Rëtsch flott a spannend Momenter. De Beetebuerger LiteraTour (deen s...

Vun dëser an anere Welten, 08/12/2022 08.12.2022

3 Begéignungen op de Walfer Bicherdeeg De Weekend vun de Walfer Bicherdeeg ass deen idealen Zäitpunkt fir nei Publikatiounen z'entdecken an Auteuren ze begéinen. Dëst Joer war eent vun den Themen den 150ste Gebuertsdag vum Reenert. Fir de ronne Gebuertsdag ass de Reenert nei editéiert ginn, an Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS. An...dee schlaue Fu...

De Guy Helminger iwwer säi Buch "Die schwere Naht der Flüsse, 30/11/2022 30.11.2022

Am Interview schwätzt den Auteur iwwer seng Rees a Brasilien, awer och iwwer seng aktuell Autoreresidenz zu Istanbul De Servaispräiss fir säi Roman "Lärm", eng zweet Plaz beim Literaturconcours, de Gustav-Regler Präis vun der Stad Mertzig, oder Lyrikpreis Meran, fir de Guy Helminger goufen et an der Lescht vill Auszeechnungen. A sengem neie Buch "Die schwere Naht der Flüsse" léisst hien seng Liese...

"Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli, 13/11/2022 13.11.2022

Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. D'Carla Lucarelli kennt een als Actrice, Theaterregisseurin, Dichterin a Romanschrëftstellerin. Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet si op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. A 15 Kuerzgeschichten déi als Titel all Kéiers de Virnumm vum jeeweilegen...

Interview mam russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, 01/11/2022 01.11.2022

De regimekritesche russesche Schrëftsteller a Journalist hëlt an "Geschichten aus der Heimat" déi russesch Gesellschaft ënner d'Lupp. Mat senger Metro-Trilogie ass den Dmitry Glukhovsky an den 2000er Joren weltwäit bekannt ginn. Seng Romaner, déi an dem onheemlechen Univers vun der Moskauer Metro spillen an deen déi Iwwerliewend sech no enger Katastrof hu missten zeréckzéien fir z’iwwerliewen, hu...

Interview mam Journalist Jo Angerer, 24/10/2022 24.10.2022

"Wenn Widerstand weiblich ist - Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten" sou heescht en neit Buch vum Jo Angerer An dëser an der nächster Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ausnamsweis net ëm Lëtzebuerger Bicher. Och op der Frankfurter Buchmesse koum een dëst Joer net laanscht de Krich an der Ukraine. Vill ukrainesch Schrëftsteller waren op der Plaz, awer och Auteu...

"De Fléiepëlz - E Lëtzebuerger Orbis Pictus", 15/10/2022 15.10.2022

Vum Pit Schlechter (Text) a Pit Weyer (Illustratiounen) En ass a Knouterer, de Pit Schlechter, an a séngem neie Buch kritt méi wéi een säi Fett ewech! An... hien huet e Kompliz! De Grafiker Pit Weyer huet "De Fléiepëlz" illustréiert. E Lëtzebuerger Orbis Pictus, deen als - heiansdo e bësse méi graff - Satir ze verstoen ass. An eiser Lecture vun heiheem geet et ëm e Buch dat wéinst sengem faarwege...

De Litty 8: Lëtzebuerger Fräiheetslidder 1945-2022, 13/09/2022 13.09.2022

An eiser Lecture vun heiheem geet et haut emol ëm Musek! Déi neitsten Ausgab vum Litty, de carnets didactiques vum CEDOM, dréit den Ënnertitel : "Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2 -Geschicht a Politik am Lidd". A 17 Lidder gëtt souzesoen d’Lëtzebuerger Geschicht nogezeechent vun 1945 bis haut. Beim Buch ass och eng CD dobäi an et lount sech fir ganz genee op d’Lidd-Texter ze lauschteren déi alleguer...

Den Nico Helminger ass den Tomas Bjørnstad! (2 nei Bicher), 18/08/2022 18.08.2022

Wéi mir zënter e puer Woche wëssen, verstoppt sech hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad keen aneren wéi den Nico Helminger Ënnert béiden Nimm huet den zweefache Servais-Laureat elo all Kéiers en neit Buch erausbruecht: "Von der schönen Erde" ass eng Sammlung vu Skizzen a Fragmenter aus der Fieder vum Tomas Bjørnstad an de Gedichtband "Saumes Kinoplakat" ass vum Nico Helminger. Allebéid sinn se be...

Listen to the RTL - Lecture vun heiheem podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.