RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - BicherLies
Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
38. Am Kräizverhéier: de Krimi-Auteur a Prix-Laurence-Laureat Romain Haas, 29/06/2026 29.06.2026 35:48
"Kee Gefuddels!" D'Personnagen am Krimi "Jagd durch Luxemburg" musse sech bei hirer Schatzsich u streng Reegelen halen De Millionär Charles Cannes hannerléisst senger Famill e Verméige vun 100 Milliounen Euro! Mä d’Saach huet en Hoken: Fir ierwen ze kënnen, musse si sech un enger Schatzsich bedeelegen, déi si duerch ganz Lëtzebuerg féiere wäert. Séier gëtt kloer, dass dës «Juegd duerch Lëtzebuerg»...
37. Am Kräizverhéier: De Joseph Kayser iwwer säin Erzielband "toujours jamais", 29/01/2026 29.01.2026
Alles wat mënschlech ass: eng ganz Bandbreet vu Gefiller a véier Novellen. Mat "Prinzessin Charlotte" huet de Jos Kayser 2017 säi literareschen Début ginn. Zënterhir huet hien Novelle, Kuerzgeschichten a Romaner op Lëtzebuergesch an Däitsch verëffentlecht. Mat "toujours jamais" proposéiert hien 4 Novellen op Franséisch déi sech duerch eng grouss thematesch a formell Diversitéit auszeechnen. Vu Léi...
36. BicherLies Weltbibliothéik: En Ausfluch an d'Literatur vu Japan, 29/11/2025 29.11.2025
Nodeems de Jérôme an d'Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d'Literatur vu Japan Japan ass e grousst Thema an de Bicher vun der Amélie Nothomb, si huet en Deel vun hirer Kandheet do verbruecht. Et ass e Land dat faszinéiert, wéi och de Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis bezeie kann. Mat "Retour à Kyoto" an "Yamabushi - la sagesse des mont...
35. De BicherLies-Interview: D'Amélie Nothomb am Gespréich, 28/09/2025 28.09.2025 17:46
De Jérome an d'Bea ënnerhalen sech mat der Amélie Nothomb iwwer hir Bicher, hir Passioun fir Japan an hir Verbindung zu Lëtzebuerg 34 Bicher huet déi belsch Schrëftstellerin zënter 1992 erausbruecht. Hire vir-virleschte Roman mam Titel "Psychopompe" ass elo op Däitsch beim Schwäizer Diogenes Verlag erauskomm. Am Interview erzielt si ënner anerem vun engem traumateschen Erliefniss dat si an dësem R...
34. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Antoine Pohu, 22/07/2025 22.07.2025 39:56
Mat grad emol 26 Joer zielt den Antoine Pohu zu de groussen Hoffnungen vun der Lëtzebuerger Literatur. "Après nos désirs" ass säin aktuelle Roman Am neisten Episod vum Podcast "RTL BicherLies" froen de Jérôme an d'Bea dem Antoine Pohu e Lach an de Bauch. Si wëllen alles wëssen iwwer seng Theaterprojeten, d'Konzept hannert sengem neie Roman, d'Roll vun der Musek a sengem Schreiwen, Genderen oder ne...
33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch, 01/05/2025 01.05.2025 45:54
Nei Literatur aus der Schwäiz Max Frisch, Friedrich Dürrenmatt, Jean-Jacques Rousseau oder Madame de Staël, dat sinn déi Klassiker déi engem direkt an de Sënn kommen wann een un d'Schwäiz denkt. Mä et ginn och eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Auteuren déi een op kee Fall verpasse sollt! E Christian Kracht oder e Joël Dicker gehéiere ganz sécher dozou, de Jérôme an d'Bea hunn awer nach e puer aner ee...
32. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tullio Forgiarini, 04/04/2025 04.04.2025 38:38
Vernoléissegt Jugendlecher, Mëssbrauch a Gewalt: Den Tullio Forgiarini schreift iwwer onkamout Themen Säin Theaterstéck "Vandalium" a säin nei opgeluechte Roman "Miss Mona" si keng Feelgood-Lecture, mä dofir absolut liesenswäert! Mat sengem Roman "Amok-Eng Lëtzebuerger Liebeschronik" (2011) huet den Tullio Forgiarini sech en Numm gemaach an ënner anerem och den Europäesche Literaturpräis gewonnen....
Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger, 10/02/2025 10.02.2025 38:07
An hirem neie Roman "Le Secret de Tadi" geet et op eng abenteuerlech Rees duerch d'USA op der Spuer vun engem Geheimnis Am neisten Episod vun der RTL BicherLies huelen de Jérôme an d'Bea nees eng Autorin an d'Kräizverhéier. Mat hirem éischte Roman "Le départ" hat d'Kerstin Medinger et direkt op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Déi fënnef ongläich Personnagen déi sech deemools op eng...
Weltbibliothéik: Italien, Gaaschtland vun der Frankfurter Buchmesse 2024, 04/01/2025 04.01.2025 39:53
Vum Italo Calvino bis bei d'Elena Ferrante, déi italieenesch Literatur huet villes ze bidden! Am 30sten Episod vun der RTL BicherLies maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech op de Wee a Bella Italia! Si stellen Iech aktuell Publikatioune vir déi op der Frankfurter Buchmesse am Fokus stoungen a kucken zeréck op d'Entwécklung vun der italieenescher Literatur am 20ste Jorhonnert. Dobäi ginn och...
29. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger), 13/11/2024 13.11.2024 39:19
An dëser Episode vun der RTL BicherLies hunn d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet eigentlech 2 Invitéeën: Den Nico Helminger a säin Heteronym Tomas Bjørnstad 2018 ass de Gedichtband "Fjorde" erauskomm, geschriwwen vun engem gewëssen Tomas Bjørnstad, engem bis dato onbekannten Auteur mat norwegesche Wuerzelen. Eréischt no 4 Joer an zwee weidere Bicher gouf bekannt dass den Tomas Bjørnstad en Heteronym...
28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024 26.06.2024
"Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" Mat "Attentat", dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn. 1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdengs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awer...
27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern, 29/04/2024 29.04.2024
An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit! Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert. Net nëmme Klassiker wé...
26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024 18.02.2024
De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträic...
25. Weltbibliothéik: Literatur aus Slowenien, 14/12/2023 14.12.2023
2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer Größe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen...
24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023 24.10.2023
Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht. "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken. "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotz...
Weltbibliothéik: Literatur aus Spuenien, 20/09/2023 20.09.2023
Méi wéi Stéierkampf a Sangria: De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer déi iberesch Hallefinsel Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina "Die Mauersegler" Fernando Aramburu "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas "Mein Herz so weiß" Javier Marías "Mitten im Sommer" Ana Iris Simón "Geliebte und Feinde" Rosa Montero "Das Schweigen des Sammlers"...
22. De Pit Hoerold schreift Gedichter géint de Krich, 20/07/2023 20.07.2023
A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschäftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine. D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen. De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mä och Museker, Auteur vu Ka...
21.Am Kräizverhéier: D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty-Weber-Präis, 03/06/2023 03.06.2023
Si huet 15 Bicher verëffentlecht, 1997 krut si de Servais-Präis an elo de Batty-Weber-Präis D'Margret Steckel, déi 1934 a Mecklenburg gebuer ass, 1955 d'DDR verlooss huet, an zënter 1983 zu Lëtzebuerg lieft, verschafft an hiere Bicher déi ënnerschiddlechst Themen. Vum Polit-Skandal iwwer Kandheetserënnerungen bis zu engem grousse Roman iwwer d'Famill Servais. Si huet villes z'erzielen an si mécht...
20. Weltbibliothéik: Literatur aus Eisterräich, 22/04/2023 22.04.2023
Eisterräich ass dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten Abrëll. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschäftegen! De Jérôme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterräichescher Präsenz zu Leipzig op déi richteg éisterräichesch Manéier auszeschwätzen. "meaoiswiamia", dat a...
19. De Volker Kutscher, Auteur vun de Gereon Rath Romaner, 02/02/2023 02.02.2023
Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin" Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher. De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren Mordfäll op. Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie era...
18. Jugendliteratur zu Lëtzebuerg, 30/12/2022 30.12.2022
De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip ënnerhalen sech mam Roland Meyer, Anja Di Bartolomeo a Claudine Muno Jugendbicher ginn der hei zu Lëtzebuerg net vill geschriwwen. Wann der an enger Saison 3 beieneen erauskommen, ass et also sécher derwäert, fir déi Bicher an hir Auteure virzestellen! Am neitsten Episode vum literaresche Podcast RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam R...
17. Am Kräizverhéier: D'Fabienne Hollwege, 27/11/2022 27.11.2022
D'Schrëftstellerin an Actrice schwätzt iwwer hiert Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" Hiert neit Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" ass e Gesamtkonschtwierk an dem d'Fabienne Hollwege nieft Gedichter a Prosatexter och mat Zeechnungen, Fotoen a Collagë schafft. A mat Musek, well et läit och eng CD mat eegene Lidder a vertounte Gedichter dobäi. Am Interview verréit d'Fabien...
16. Weltbibliothéik: D'Literatur aus der Ukraine, 29/10/2022 29.10.2022
An dëser Episod vun der RTL BicherLies schwätzen de Jérôme an d'Bea iwwer Bicher vun ukraineschen Auteur(innen) Et ass derwäert, sech an déi ukrainesch Literatur eranzeliesen! Dat ass de Fazit vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip, nodeems si sech mat de Wierker vun engem Serhij Zhadan, Tanja Maljartschuk oder Andrej Kurkow beschäftegt hunn. An op der Frankfurter Buchmesse konnten si suguer en Interv...
15. Willkommen im Technozän!, 08/09/2022 08.09.2022
Dës Gespréichsronn déi den 2te Mee 2022 am Kader vum Beetebuerger Litera-Tour opgezeechent gouf, beschäftegt sech mam Thema kënschtlech Intelligenz. Kënschtlech Intelligenz ass eent vun de groussen Theme vun eiser Zäit. Eng generell kënschtlech Intelligenz oder mënschenähnlech Roboteren wéi se dacks am Film oder an der Literatur beschriwwe ginn, si wuel nach Zukunftsmusek, mä Algorithmen verstoppe...
14. De Bachmannpräis 2022, 11/07/2022 11.07.2022
Ausgangs Juni waren zu Klagenfurt an Eisterräich déi 46st "Tage der deutschsprachigen Literatur". Den RTL-Bicher-Lieser Jérôme Jaminet war dobäi. 14 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne waren invitéiert fir aus hiren Texter ze liesen, an der Hoffnung dee mat 25000€ dotéierten Ingeborg-Bachmann-Präis ze gewannen. Wien den Haaptpräis gewonnen huet a wéi eng Texter mat engem vun deenen anere Präisser...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.