Danièle a Joël

Ëmgefall an Ausgelaf

Arts LB ↓ 26 episodes

E Podcast vum Danièle a JoëlE Blogger an eng Journalistin, am Gespreich. Infoen: emgefallausgelaf.com

Author

Danièle a Joël

Category

Arts

Podcast website

www.tumblr.com

Latest episode

Jul 8, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Nr.25 - Idoler a Virbiller 08.07.2026

Wei wichteg si Virbiller? Hatte de mir der? Waren oder si mer Fan vun enger bekannter Perséinlechkeet? Wei wäit huet eis dat beaflosst?

Nr.24 - Resilienz 24.06.2026

Resilienz ass zu engem Moudewuert ginn, all Mënsch schwätzt doriwwer, oft mat vill Meenung a wéineg Anung. Mir hunn en Invitée, d'Nadine Entringer, dat eis mei iwwer Resilienz erzielt a wat dat an der Psychologie genee bedeit. emgefallausgalf.com https://www.resilienzzentrum.de https://www.monikagruhl.de/buecher-autorin/ https://www.kunstmann.de/buecher/resilienz-wie-man-krisen-uebersteht-und-dara...

Nr. 23 - Mir hu gelies 1 10.06.2026

Mir hu gelies gëtt eng labber Serie wou mir dräi Bicher gelies hunn, déi eis gefall hunn. emgefallausgelaf.com Fred Vargas https://editions.flammarion.com/une-unique-lueur/9782080160713 Gisèle Pélicot Franséisch https://editions.flammarion.com/et-la-joie-de-vivre/9782080497260 Däitsch https://www.piper.de/gisele-pelicot-memoiren Emily Brontë https://www.gutenberg.org/ebooks/768 Däitsch: https://pr...

Nr.22 - Wuerzelen 27.05.2026

Sou wéi all Planz an der Natur seng Wuerzelen huet, sou kann een dat och bei Mënsch soen. Wat sinn eis Wuerzelen? Wat hu mer duerch déi mat op de Liewenswee kritt? Wéi schlëmm ass et entwuerzelt ze ginn? Elauter Froen ob déi mer versichen ze äntwerten.

Nr. 21 - E Podcast iwwert podcasten 13.05.2026

Eisen Invité ass den Thierry Heles, den e vun deenen éischte Podcasteren hei zu Lëtzebuerg war. Sou steet et emol bei Wikipedia geschriwwen. An den Thierry produzéiert der nach emmer . Mir kucken zesummen op d'Ufäng. Wou kennt dat Wuert Podcast hier, wien huet  dat erfonnt, a wéi realistesch ass et ze mengen dass e vu Podcaste ka liewen? emgefallausgelaf.com Links: https://lb.wikipedia.org/wiki/Po...

Nr. 20 - Frëndschaften 29.04.2026

Frëndschaften ass e wichtegt Thema. Eng empiresch Studie seet, dass gutt Frënn musse minimum 200 Stonnen an dräi Méint matenee musse verbréngen. Dat ass vill! Brauch et esou vill Stonnen oder net? Wat ass eng gutt Frëndschaft? Wéi wichteg si gutt Frënn?

Nr.19 - Mir ginn an d'Pensioun (oder och net) 15.04.2026

Nee, eise Podcast geet nach net an d'Pensioun. Haut hu mer en kleng Premiere, mir hunn vir d'éischte Kéier en Invité. D' Vibeke Walter vu Gero, déi gehollef huet Coachen ze forméieren, déi d'Leit begleeden, wann se an d'Pensioun ginn. E wichtegt Thema, well mat Reesen, Rauem a Raschte ass et an der Pensioun net gedoen. https://emgefallausgelaf.com Links aus dem Podcast: https://www.gero.lu

Nr.18 - 1.Abrëll 01.04.2026

Jo, haut ass den éischte Abrëll a well mer soubal net mei e Podcast genee op den Dag erausbréngen, si mer e bësse wulle gaang wou dat hier kennt. De Brauch ass mei al wéi e mengt. Alles Guddes fir den Dag a faalt op näischt a keen eran! emgefallausgelaf.com

Nr.17 - Faarwen 18.03.2026

Haut schwätze mer iwwer Faarwen, net an der Molerei, wou se sécherlech  hier Wichtegkeet hunn, ma iwwert d'Faarwen aus eisem Alldag a wéi mir drop reagéieren. Wat ass eis Liblingsfaarf a wat fir eng net, a wéi beaflossen eis Faarwen? emgefallausgelaf.com Links: Interview a Bicher vum Michel Pastoureau https://www.editionspoints.com/auteur/michel-pastoureau/4851 https://youtu.be/vDWYAKxVyuE?is=SiDH...

Nr.16 - Spréch an Zitater / Deel 2 04.03.2026

Mir haten op eis Episod iwwer Spréch an Zitater eng Partie Réckmeldunge kritt. An der tëscht hu mir och eng rei Spréch an Zitater gesammelt. An do ginn et der eng Hellewull mat Déieren. Deene gi mer haut mol eng Grimmel méi op de Fong.

Nr.15 - Wat vun eis bleiwt 18.02.2026

Des Kéier hu mer méi en eescht Thema. Mir hunn eis Gedanke gemaach, iwwert dat wat vun eis bleift, wa mer irgendwann net mei do sinn.

Nr.14 - Fuesend 04.02.2026

Haut schwätze mer iwwert déi fënneft  Joreszäit. Fuesent /Karneval / Fasching. Mir zwee waren nach ni begeeschtert Fuesboken. Awer och mir gesinn, dass sech munches an deene leschte Joerzéngten verännert huet. Wat genee, a wéi Fuesent anerwäerts gefeiert gëtt, dat ass haut eist Thema.

Nr.13 - Schéin an Ellen 21.01.2026

Mir ginn et zou, et ass e subjektiivt Thema. An awer bestëmmt et ganz Villes an eisem alldeegleche Liewen. Wat fanne mer schéin a wat net? A firwat? Refashioned Hippie: https://youtube.com/shorts/oQXThSsZ7V0?si=tNIAB6m0v_nEGy6Q

Nr 12 - Musée Bonnat Helleu zu Bayonne 07.01.2026

Mir waren am Musée Bonnat Helleu zu Bayonne, den Enn vum leschte Joer seng Dieren no 14 Joer erëm opgemaach huet. Firwat dat esou laang gedauert huet a wat et do alles ze gesi gëtt, doriwwer schätze mer live op der Plaz an dëser Episode Fotoen: https://emgefallausgelaf.com/

Nr.11 - Kaddoen 24.12.2025

Keng Angscht! Mir wëllen op Chrëschtdag  kengem an d'Gewësse rieden dass dat villt Gekaddos net gutt ass. Awer Kaddoe maachen a kréien ass eppes wou mer vill Erwaardungen dra stiechen. Wat, wéini a wiem schenke mer eppes? emgefallausgelaf.com Erinimmte Link aus den Joël sengem Blog: https://joel.lu/2022/10/25/das-parfum-2/

Nr.10 - Mir maache näischt 10.12.2025

Haut maache mer näischt. Dat heescht, mir maache net näischt näischt, awer mir schwätzen doriwwer wéi et ass näischt ze maachen, an ob mer dat iwwerhaapt nach kennen an eiser Welt, déi ëmmer méi a manner Zäit vun eis verlaangt. emgefallausgelaf.com https://utopia.de/ratgeber/niksen-gluecklich-sein-im-nichtstun_419230/ https://www.buddenbohm-und-soehne.de/2025/08/15/die-stunden-zwischen-hotel-und-b...

Nr.9 - D‘ Ausstellung X-Ray an der Völklinger Hütte 26.11.2025

Mir waren d‘ Austellung X-Ray an d'Gebléisshaal vun den Völklinger Hütte kucken. Mir erziehlen Iech wat während eisem Rondgsng gesi hunn. Fotoen ginn et op emgefallausgelaf.com ze gesinn. https://emgefallausgelaf.com/ https://voelklinger-huette.org/de/ausstellungen/-/x-ray-die-macht-des-roentgenblicks/809

Nr.8 - Virwëtzeg sinn 12.11.2025

Am Bild kann een et erkennen. Wa mer iwwert de gesonde Virwëtz schwätzen,  iwwert den och Forschungsarbechte gëtt, da musse mer och sou al Spréch wéi ‚Curiosity kills the Cat ‚ausgruewen. Wou kennt de Sproch hier, a firwat ass de Virwetz heiansdo net gut?

Nr.7 - Mir si beim Mier 29.10.2025

Dëse Podcast hu mer opgeholl wéi mer beim Mier waren.  D'Mier wat een am Hannergrond hiert ass original vun der Platz um Atlantik wou mir zwee waren. Wat mech d'Faszinatioun vum Mier aus, dass mir, wei vill aner Leit och, ëmmer erëm gäre bei d'Mier kommen? Wéi gutt kenne mer dat Element? Links: Ocean vum David Attenbourough https://www.imdb.com/title/tt33022710/ Le Grand Bleu: https://fr.wikipedia...

Nr.6 - Mir ginn an de Kino 15.10.2025

Eng Passioun vun eis zwee, ass an de Kino goen. Firwat ass dat esou? Doriwwer schwätze  driwwer, an och wat fir eng Filmer eis impressionéiert hunn an eis bis haut net aus dem Kapp ginn.

Nr.5 - Liesen 01.10.2025

Eng Passioun vun eis zwee ass liesen. Awer et gëtt ëmmer manner gelies. Dat weisen och déi neiste Studien an Ëmfroen. Wei mer liesen a wat mer liesen, dorëms geet an dësem Podcast. Eis Homepage: https://www.tumblr.com/emgefall-an-ausgelaf New York Times: https://www.nytimes.com/2025/08/20/well/reading-pleasure-decline-study.html The Guardian: https://www.theguardian.com/books/2025/aug/08/the-geniu...

Nr.4 - Souvenire sammelen 17.09.2025

Mir sammelen alleguer Souveniren, sief et am Kapp oder a materieller Form. Ob kleng Figurinnen oder Gebees Lastiker am Wulltirang. Wat, a wéi mir sammelen ass haut eist Thema. https://www.tumblr.com/emgefall-an-ausgelaf https://www.wickelfisch.ch

Nr.3 - Spréch an Zitater 03.09.2025

Als Kanner krute mer se oft ze héieren, kleng Spréch an Zitater, Heiansdo hu mer se net verstan, oder mir si rose ginn. Fir des Episod hu mer der eng Rei erausgesicht, déi mir selwer ëmmer erëm ze héiere kruten. Wann dir der och kennt, schéckt eis se eran via Kommentar, oder op eiser Homepage tumblr.com/emgefall-an-ausgelaf. A vläicht gëtt et dann nach en zweeten Episod.

Nr. 2 - War fréier alles besser? 20.08.2025

Wa mer an eisen eischten Podcast en Thema haaten, an dem mir eis auskannt hunn, ass et des Kéier méi en eescht Thema. War féier alles besser? Wéini fréier? Wirklech alles?

Nr.1 - Schwammen 13.08.2025

 Schwammen ass bei eis e grousst Thema. Wei hu mer schwamme geleiert? Firwat maache mer dat haut nach gär? Déi Froe a vill anerer beäntwerte mer an eisem éischte Podcast. 

Listen to the Ëmgefall an Ausgelaf podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.