RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

Arts LB ↓ 100 episodes

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Arts

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 21, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026 21.06.2026

Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kann...

Eng historesch Recherche iwwer jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg, 26/05/2026 26.05.2026

Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen d...

Bal 105 Joer an nach laang net midd!, 21/02/2026 21.02.2026

De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter" De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de...

Vum Vulleparlament am Gréngewald bis bei d'Maus Ketti, 18/02/2026 18.02.2026

"Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll. D'Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä villméi ëm e Recueil vu Fabelen un dem si matgeschafft...

"Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov, 18/01/2026 18.01.2026

Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si di...

Wat ka kënschtlech Intelligenz wierklech? (A wat net), 10/01/2026 10.01.2026

"Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof. Dr. Katharina Zweig D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d'Fach "Sozioinformatik" an d'Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Th...

"Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen", 27/12/2025 27.12.2025

Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt. No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit...

Do rëselt eist Wopendéier de Kapp: "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes, 26/12/2025 26.12.2025

7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An i...

Den neie Xavier-Kieffer-Krimi an de Filmprojet "Droneland", 19/12/2025 19.12.2025

Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch "Verhängnisvoller Champagner" huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen déi a...

Zu Mondorf gouf 1945 e Stéck Geschicht geschriwwen, 23/11/2025 23.11.2025

"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn. Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrilleren kommen och real Figuren, w...

En Nobelpräis-Laureat kënnt op Lëtzebuerg!, 20/11/2025 20.11.2025

Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D'Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech den 28.November am Institut Pierre Werner beim beléifte Literatur-Format "Das Blaue Sofa" mam Abdulrazak Gurnah...

Memoiren aus dem Ënnergrond (1942-1944):, 12/11/2025 12.11.2025

"Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit "De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit) Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoiren vum Romain Schmit. De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerun...

E poetesche Bléck op d'Natur vun Island: "Hraun" vum Florent Toniello, 08/11/2025 08.11.2025

Dem Florent Toniello säi Lyrik-Band ass op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 Wéi géif eng ausserierdesch Liewesform eis Äerd wouerhuelen? Déi Fro huet sech de Florent Toniello gestallt an op enger Rees an Island huet hien sech vun der eenzegaarteger Landschaft vun der "Insel aus Feier an Äis" inspiréiere gelooss. Am Interview erzielt hien wéi hien a senge Texter mat der Sprooch spill...

Mënschen an der digitaler Welt: "Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener, 02/11/2025 02.11.2025

An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien sinn an all Beräich vun eisem Liewe präsent. Am Interview erzielt d'Nora Wagener wéi dës Technologien net nëmmen den Inhalt, mä och d'Form vun der mënschlecher Kommunikatioun veränneren.  "...

Op der Sich no Spiritualitéit an der japanescher Biergwelt, 26/10/2025 26.10.2025

"Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi modern Metropol Tokyo, op der anerer Säit dat Japan dat op eng jorhonnertelaang Geschicht zeréckkuckt. Eng räich Traditioun déi de Robert Weis op senge Reesen an d'Land vun der opgoender Sonn k...

Gléck ass e Choix: Interview mat der Schrëftstellerin Julia Holbe, 20/10/2025 20.10.2025

D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt. Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an hirem Buch spillt a si erënnert sech un de leschten Owend mat hirem Papp, deen am August 2025 verstuerwen ass. Ausserdem verréit si firwat hir Lëtzebuerg ëmmer nach wichteg ass, obwuel si haut n...

Wann den Eeschtfall antrëtt: "Quick and Dirty" vum Roger Roth, 12/09/2025 12.09.2025

Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn allze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den...

Och negativ Gefiller kënne positiv Energie fräisetzen: "Roserei", 12/08/2025 12.08.2025

De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éisch...

De Pierre Decock schreift Bicher fir Kanner an Erwuessener, 09/08/2025 09.08.2025

"10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien d'Comic-Figuren Tun a Frunnes gezeechent, déi an den 1990er Joren an der Kannerzäitschrëft Zack opgetruede sinn. Seng grouss Passioun sinn awer Krimien an hien ass Matbegrënner vum Verlag crime....

Psssst! Geheimtipp!, 24/07/2025 24.07.2025

Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net Halloween! An dat sinn och just dräi vun am ganzen 111 Plazen, déi een uechter d'Land entdecke kann. Et ass schonn dat zweet Buch iwwer Lëtzebuerg an der Serie "111 Orte..." vum Kölner Emon...

Opruff un all jonk Schrëftsteller(innen), 27/06/2025 27.06.2025

Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch? Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erkläert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet. 

Logbuch vun engem Fraenheld: "Les carnets de Gaspar" vum José Luís Correia, 24/06/2025 24.06.2025

Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesc...

Wann et deene béisen Noperen net gefällt, 24/05/2025 24.05.2025

"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf. 2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere be...

Wat gelift? Wann ee schlecht héiert: "Tomaten auf den Ohren" vum Jillian Petry, 08/05/2025 08.05.2025

"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt,...

Vill Mier a vill Tréinen, 16/04/2025 16.04.2025

Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025 Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser. Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete K...

Listen to the RTL - Lecture vun heiheem podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.