RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

Arts LB ↓ 100 episodes

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Arts

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 21, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

"Stein schreiben", 08/03/2025 08.03.2025

Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt. De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien  d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A s...

Eng däischter Säit vu Lëtzebuerg, 21/02/2025 21.02.2025

"Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy "Gelegenheit macht Mörder" sou kéint een déi éischt Säite vun dësem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng Täter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dës Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriéisen Duebelmord - an dobäi wäert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquêtéiert a pickt dob...

Eng Luucht am Labyrinth:, 16/02/2025 16.02.2025

"Léa ou la théorie des systèmes complexes" vum Ian de Toffoli 2023 ass et als Theaterstéck am Kapuzinertheater gewise ginn, elo ass d'Buch beim renomméierte franséische Verlag "Actes Sud" erauskomm. Dokumentatioun a Fiktioun: dem Ian de Toffoli säin Text ass béides. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mächteger US-amerikanescher Petrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill...

En däischtert Geheimnis aus dem zweete Weltkrich, 24/12/2024 24.12.2024

"Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitsch...

Geeschter, Satanisten a geklaute Läichen, 16/12/2024 16.12.2024

"Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren Läiche klaut, eng Serie vu misteriéise Mordfäll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Intervie...

Vu Superhelden, Rockstaren an Zäitreesender, 05/12/2024 05.12.2024

"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut! De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. Säi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo säin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass o...

Mat 150 km/h um Hoverboard iwwer Berlin, 11/11/2024 11.11.2024

"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten. Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éisc...

Lecture vun déi Säit vum grousse Pull, 05/11/2024 05.11.2024

D'USA an 10 Bicher Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.  D’Resultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wéi “Th...

Wann een der Erënnerung net traue kann: "M for Amnesia" vum Anne-Marie Reuter, 08/10/2024 08.10.2024

Enseignante, Editrice a Schrëftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwätzt an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren éischte Roman D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger  Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene...

Rendez-vous mat engem Koméit: "To Meet a Comet" vum Isabelle Marinov, 21/08/2024 21.08.2024

Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mä et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um...

"Yeshuah" vum Claude Schmit: A wann alles anescht gewiescht wier?, 24/07/2024 24.07.2024

A sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus. De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hätt? Wann de Prophet vun Nazareth villäicht souguer en...

Fir den 80sten Doudesdag vum Resistenzler Camille Sutor, 18/06/2024 18.06.2024

"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn. "Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk mat dem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert. Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint...

"The Heart Pyre" eng interaktiv Fantasy-Serie vum Audrey Martin, 09/05/2024 09.05.2024

An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith" Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech ges...

Bréiwer aus aller Welt: "A Pint of Fish Fingers - Tales of a Wonderer", 08/04/2024 08.04.2024

Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen. Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen,...

Wann d'Welt an d'Rutsche geréit: "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger, 27/03/2024 27.03.2024

Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt...

"Kappgras" en Erzielwierk vum Nico Helminger, 20/03/2024 20.03.2024

Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun? E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat h...

Interview mat der Terézia Mora, 14/03/2024 14.03.2024

Déi däitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill Präisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum däitsche Buchpräis 2023. Georg-Büchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'Terézia Mora ass eng wichteg Stëmm an der aktueller däitscher Literatur. Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te Mäerz op B...

"Zum Kotzen schön" e Jugendbuch iwwer Bulimie vun der Renée Reding, 05/03/2024 05.03.2024

Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos. An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst of...

Interview mat der Janine Horsburgh, Gewënnerin vum Literaturconcours 2023, 17/02/2024 17.02.2024

Liewen an d'Liewe genéissen, trotz schwéierer Krankheet, dorëms geet et am Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den éischte Präis gewonnen huet. Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a be...

"J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack, 31/01/2024 31.01.2024

«Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » oder wéi en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn A sengem Buch « J’ai arrêté Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » resuméiert net nëmmen dat ganz mouvementéiert Liewen vum...

"Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer, 15/01/2024 15.01.2024

Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten däitsche Literaturkritiker. "Ein Glücksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezenséiert. Sécher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus Lëtzebuerg, an dofir ëmsou méi remarkabel. Hiren éischte Gedichtband mam Tite...

"Honorable Brasius" vum Florent Toniello, 13/01/2024 13.01.2024

E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir säi Gedichtband Flot(s) den éischte Präis am Nationale Literaturconco...

"La coupe est pleine" vum Guy Rewenig, 30/12/2023 30.12.2023

Eng bësseg Sylvester-Satir Dass Feierdeeg net onbedéngt ëmmer déi reng Harmonie mat sech bréngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gëtt awer näischt! Ganz am Géigendeel, et ass eng bësseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, déi sech esou gären d’Philanthropie op de Fändel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet...

Vu Mona Lisa bis Xavier Kieffer: Den Tom Hillenbrand am Interview, 18/12/2023 18.12.2023

Den Tom Hillenbrand war zu Lëtzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des Lächelns" ze liesen Am Roman geet et ëm den Déifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci säi Meeschterwierk vermësst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre déi weltwäit an der Press kommentéiert gouf. Karikaturen, sarkastesch Iwwerschrëften an den Zeitung...

"Parfois la nuit se tait" vum Antoine Pohu, 13/11/2023 13.11.2023

Den zweete Roman vum Antoine Pohu steet op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mam Antoine Pohu ass haut nees e ganz jonken Auteur op Besuch am Podcast "Lecture vun heiheem". Scho mat sengem éischte Roman "La Quête" stoung hien 2020 op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis, an elo nach eng Kéier, mat "Parfois la nuit se tait". Am Interview schwätzt hien iwwer dëse Roman, awer och iwwe...

Listen to the RTL - Lecture vun heiheem podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.