RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - BicherLies
Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
13."Das blaue Sofa" kënnt op Lëtzebuerg!, 08/06/2022 08.06.2022
An hirem Podcast RTL BicherLies verrooden de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip, wien den 13te Juni op dem legendäre bloe Canapé Plaz huelen däerf. Wie schon emol zu Frankfurt oder Leipzig op der Buchmesse war, konnt dat Miwwelstéck net iwwersinn: Das blaue Sofa. Op dem bloe Canapé hunn a méi wéi 20 Joer méi wéi 3000 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne Plaz geholl, dorënner vill Nobelpräislaureaten an...
12. Den Nobelpräis-Laureat Abdulrazak Gurnah am Interview, 30/03/2022 30.03.2022
An dëser Episode beschäftegen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Wierk vum Abdulrazak Gurnah, dem Gewënner vum Literatur Nobelpräis 2021 Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, lieft a schafft zënter de 60er Joren a Groussbritannien. Hien ass Professer fir englesch a postkolonial Literatur un der University of Kent. 2021 gouf him den Nobelpräis fir Literatur zouerkannt. Sen...
11. Weltbibliothéik: D'Literatur vun de Philippinnen, 27/02/2022 27.02.2022
Méi wéi 7000 Inselen an iwwer 100 Milliounen Awunner, dat sinn d'Philippinnen. D'Bevëlkerung setzt sech aus ville verschiddenen Ethnien zesummen, an et ginn e sëlleche Sprooche geschwat. Déi geographesch Distanz vu ronn 10.000 Kilometer iwwerbrécken eis RTL Bicher-Lieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip wéi gewinnt, mat Hëllef vun der Literatur. Dofir hu si sech net nëmmen a Bicher vun de Philippinne ve...
10. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Nora Wagener, 29/01/2022 29.01.2022
An der «RTL BicherLies» hunn de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip dës Kéier déi jonk Schrëftstellerin a Servais-Laureatin vun 2017, Nora Wagener op Besuch. Si ënnerhalen sech, dës Kéier am virtuelle Studio, mat hir iwwer hiren neie Kuerzgeschichteband «Was habe ich verpasst» dee bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. No engem Ausfluch an d’Welt vum Roman leet d’Nora Wagener mat hirem neie Buch «...
9. Am Kräizverhéier: D'Lyrikerin Ulrike Bail, 06/12/2021 06.12.2021
2020 huet si de Concours Littéraire gewonnen, 2021 krut si de Prix Servais. De Jérome Jaminet an d'Bea Kneip huelen d'Ulrike Bail an d'Kräizverhéier. Gëtt haut iwwerhaapt nach Poesie gelies? A wéi soll een als Lieser un e Gedichtband erugoen? Doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme an d'Bea mat der Lyrikerin a Servais-Laureatin Ulrike Bail. Ausserdeem schwätze si iwwert den neie Gedichtband "statt eine...
8. D'Thema kënschtlech Intelligenz an der Literatur, 30/10/2021 30.10.2021
Am Interview: De KI-Expert Maxime Allard an de Journalist a Schrëftsteller Dietmar Dath Roboteren a kënschtlech Intelligenzen si scho laang en Thema a Filmer a Bicher. De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip setzen sech an der neitster Episode vun der RTL BicherLies mat zwee rezente Bicher zu dem Thema auserneen an diskutéiere mam Schrëftsteller a Journalist Dietmar Dath. A si loosse sech vun engem Exper...
D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 16/09/2021 16.09.2021
7. Am Kräizverhéier: De Francis Kirps De Francis Kirps huet 2020 fir säin Erzielband "Die Mutationen" direkt 2 wichteg Literaturpräisser gewonnen: De Servais-Präis, mä och den europäesche Literaturpräis EUPL. An der RTL BicherLies geet et awer ëm säin neiststent Buch. "Eber im Nebel - von Tieren und anderen Verwandten" sou de kompletten Titel. An do geet et ëm politesch engagéiert Dinosaurier, ugr...
6. Am Kräizverhéier: Den Auteur a Museker Luc François, 04/08/2021 04.08.2021
Science Fiction ass d'Thema vum neisten Episode vun eisem Podcast "RTL BicherLies". De Luc François schwätzt iwwer säin neie Roman "Ikaria" "Ikaria" ass net nëmmen e Roman, mä oc e Concept-Album vun der Band Mindpatrol. De Sänger vu Mindpatrol, de Luc François, huet net fir d'éischt e "Roman zum Album" geschriwwen. Och bei sengem vireschte Roman "Vulture City" gëtt et en Album vu Mindpatrol. Net n...
D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 27/06/2021 27.06.2021
5. En neie Berlin-Roman mam Titel "Arbeit" a Literatur aus dem Québec De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip huelen Iech nees mat op d'Rees. Dës Kéier geet et no engem Tëschestopp zu Berlin weider iwwert de grousse Pull a Kanada. Als "Buch vun der Stonn" hunn de Jérôme an d'Bea de Roman "Arbeit" vum Thorsten Nagelschmidt erausgesicht, den an enger Mäerz-Nuecht zu Berlin spillt. An hirer "Weltbibliothéik...
D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 11/05/2021 11.05.2021
4. Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux Invitée an der RTL BicherLies ass haut d’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux . Mat „Subridere, un aller simple“ hat si 2017 en éischte Roman virgeluecht an dem eng erfollegräich jonk Affekotin stënterlech decidéiert alles stoen a leien ze loossen, an en Zuch op Paräis ze huelen. An hirem neie Roman mam Titel „Le Chesterfield du cinquième“ schl...
D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 10/04/2021 10.04.2021
3. Bicher aus Ägypten an aus dem Myanmar D'Rees geet dës Kéier a Südostasien, méi genée an de Myanmar. Um Wee fir dohinner maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip awer nach eng Tëschelandung an Ägypten. Als Buch vun der Stonn hunn si sech "Die Republik der Träumer" vum ägyptesche Schrëftsteller Alaa Al-Aswany erausgesicht. Den Auteur, deen haut zu New York am Exil lieft, war dobäi wéi 2011 op der...
D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 28/03/2021 28.03.2021
2. De Jean Beurlet (an de Jérôme Jaminet) am Kräizverhéier "The Pleasure of Drowning" an "Ein Wort in Esels Ohr" dat sinn d'Titelen vun deenen 2 Bicher ëm déi et an dëser Episode vun der "BicherLies" geet. De Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip ginn nees an d’BicherLies! An der neitster Episode vun hirem Podcast ass de Jean Beurlet, alias Jean Bürlesk hiren Invité. Mat him ënnerhalen si sech iwwer säin...
D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 24/02/2021 24.02.2021
1. Vu Kalifornien iwwer Mexiko a Mëttelamerika nees zeréck op Lëtzebuerg An dëser éischter Episod vun der RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam US-amerikanesche Schrëftsteller T.C.Boyle, si interesséieren sech fir d'Literatur aus Mexiko a Mëttelamerika a si huelen den Tullio Forgiarini an d'Kräizverhéier.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.