RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Lecture vun heiheem
Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
"Tout devait disparaître" vum Jérôme Quiqueret, 09/08/2022 09.08.2022
D'Geschicht vun engem duebele Mord zu Esch,viru méi wéi 100 Joer. De Jérôme Quiqueret, Historiker a Journalist, huet dëse Kriminalfall a sengem Buch "Tout devait disparaître" nees opgerullt, an dem Bea Kneip seng Conclusioune verrooden. De Summer ass bal eriwwer, mir schreiwen de 14te September 1910. Eng Koppel, den Henri an d'Françoise Kayser-Paulus, allebéid iwwer 50, maache sech prett fir schlo...
"Irresistible Blending" vun der Mary Carey, 14/06/2022 14.06.2022
Den éischte Roman vun der Mary Carey ass eng Mëschung tëscht Science Fiction a Psycho-Thriller D'Eleonor Adams, e Meedchen aus räichem Haus, ass Molerin a lieft mat hierem Jong Bradley am ländleche Vermont. Déi zwee gehéieren zu enger Sekt, déi vun dem charismateschen Samuel Summer gefouert gëtt. Mä esou richteg engagéiert ass d'Eleonor net, hat ass am léifste fir sech alleng. Besonnesch e puer vu...
"Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit, 04/06/2022 04.06.2022
"Quand est-ce qu'un homme est un homme?" Gender an Identitéit sinn déi zentral Themen am Claude Schmit sengem Krimi. De Juan Santillana, Polizist am éischter problemateschen Département Seine Saint Denis am Norde vu Paräis, versteet d'Welt net méi. Säi Jong René fillt sech an der männlecher Roll net wuel an huet decidéiert eng Fra ze ginn. Fir de Papp, dee seng eegen Opfaassung vu Männlechkeet hue...
"Verdruddelt Geschichten" Märercher eemol anescht erzielt!, 25/05/2022 25.05.2022
De Prënz kritt d'Prinzessin, de Wollef muss an d'Gras bäissen an der Hex soll et net besser ergoen! Mä Moment emol, mussen d'Märercher ëmmer esou ophalen? De Marc Weydert fënnt dat net, an dowéinst huet hien seng verdruddelt Geschichte geschriwwen, an deenen dat alles op d'Kopp gehäit gëtt. Et wor eemol...sou fänke Mäerercher jo meeschtens un, An da weess ee normalerweis schon ongeféier wéi et wei...
D'Shortlëscht vum Servais Präis 2022, 23/04/2022 23.04.2022
Ugangs Mee wäerte mer gewuer ginn, wien dëst Joer de Servais Präis gewënnt. Do virdrun wëlle mer awer nach e klenge Bléck op d’Shortlëscht geheien. Se kéinten net méi verschidde sinn, déi 5 Bicher déi et dëst Joer op d’Shortlëscht vum Servais Präis gepackt hunn. 4 Schrëftsteller an eng Schrëftstellerin, 3 Wierker op Franséisch an 2 op Däitsch, kräiz a quier duerch all Genren. Dem Guy Helminger säi...
"Ma vie sous les tentes" vum Jeff Schinker, 14/04/2022 14.04.2022
Mat sengem neie Roman « Ma vie sous les tentes » steet de Jeff Schinker op der Shortlëscht vum Servais Präis. Zelter opriichten, dat wëll geléiert sinn ! An haaptsächlech geübt. A sengem Roman «Ma vie sous les tentes» mécht de Jeff Schinker den Tour vu verschiddene Musekfestivalen, bei deenen dann all Kéiers en Zelt muss opgeriicht ginn, heiansdo am Däischteren, am Schloreen oder am Bulli. Keng ga...
Les Moments littéraires: Diaristes du Luxembourg, 12/03/2022 12.03.2022
An eiser Lecture vun heiheem maache mir haut eppes wat een eigentlech guer net däerf! Mir kucken nämlech an d’Tagebicher vun anere Leit. Mä keng Angscht, déi 14 Lëtzebuerger Auteuren ëm déi et hei geet, sinn domat averstaanen. «Les Diaristes du Luxembourg» sou heescht eng Spezialausgab vun der franséischer Revue «Les Moments Littéraires». Pierre Joris, Carla Lucarelli, Lambert Schlechter, Hélène T...
"Königskinder" vun der Maryse Krier, 18/02/2022 18.02.2022
An dëser Novelle geet et ëm e quokelegt Thema Eigentlech waren déi zwee immens anenee verléift. Dowéinst versteet keen esou richteg firwat d'Nora sech vum Jonas getrennt huet. Zimlech séier gëtt kloer, dass et hei ëm méi geet wéi just ëm Flemm mat der Bezéiung. A "Königskinder" beschäftegt d'Autorin Maryse Krier sech mat engem Tabuthema, dat an der Literatur allerdengs scho méi dacks behandelt gin...
Lecture (ausnamsweis) eemol auswäerts, 03/02/2022 03.02.2022
De russesche Schrëftsteller Dmitry Glukhovsky Outpost – Der Posten, den neie Roman vum russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, ass eng post-apokalyptesch Visioun déi an der noer Zukunft a Russland spillt. No engem brutale Krich ass dee russesche Staat esou gutt ewéi zesummegebrach an eng Ëmweltkatastrof huet aus der Volga en toxesche Floss gemaach, déi kee Liewe méi zouléisst. Am Mëttelpunkt vun der...
Last Minute! 12 Buchtipps fir ënnert de Chrëschtbeemchen, 21/12/2021 21.12.2021
Sachbicher, Kannerbicher, Romaner, fir jiddereen ass eppes dobäi! D'Stroosse vu Lëtzebuerg, den Himmel iwwer Afrika an en Interview mam Tom Hillenbrand iwwer den neie Xavier Kieffer Krimi "Goldenes Gift". Em dës Themen geet et ënner aneren an dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem". Iwwer dës Bicher gëtt (an dëser Reiefolleg) geschwat: "Route(s)" vum Ed. Goedert (Maison Moderne) "Au dessus...
"Das Gangrän" vum Maxime Weber, 18/12/2021 18.12.2021
Am Maxime Weber sengem Débutroman geet et ëm en onerkläerlecht Naturphänomen dat riskéiert all Liewen op der Äerd auszeläschen 4 Kilometer sinn et vum nächste Busarrêt bis an dat klengt Dierfche Pardeng. Wäit vum Schoss, kéint ee mengen, eng ländlech Géigend am Norde vu Lëtzebuerg, an der d’Welt, sou de gängege Cliché, nach an der Rei ass. Dat denkt sech och d’Jeanne, wéi et, frësch vun der Uni, n...
En Tour iwwer d'Walfer Bicherdeeg 2021, 26/11/2021 26.11.2021
20 Stonne fir d'Buch iwwer 2 Deeg verdeelt, dat waren d'Walfer Bicherdeeg 2021. D'Bea Kneip huet sech op de Walfer Bicherdeeg net nëmmen mat e sëllechen Auteuren ënnerhalen, mä hat huet och d'Frettchen Frieda kennegeléiert, war bei engem Ausfluch op d'île Maurice dobäi an hat huet souguer e gudden Tipp kritt, wéi een aus senger Léift zu Bicher e Beruff maachen kann. Dat alles an nach vill weider I...
Kannerbicher op de Walfer Bicherdeeg 2021, 24/11/2021 24.11.2021
Von Zauberworten und Zukunftsmut, dat war d’Motto vun de Walfer Bicherdeeg 2021. Dës 26ste Editioun stoung ganz besonnesch am Zeeche vun der Kannerliteratur. Am Centre Prince Henri, dee ganz fir d’»Books for Kids” reservéiert war, gouf et villes z’entdecken. E puer Beispiller hunn ech fir Iech erausgepickt. Vun dëse Bicher geet (ënner aneren) am Podcast rieds: "Taz den Draach an de Mr Smiff/Taz th...
"Lapsuus" vum Joseph Kayser, 15/11/2021 15.11.2021
"Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser. Nodeems e sech mat Romaner an Novellen op Lëtzebuergesch en Numm gemaach hat, ass elo dem Joseph Kayser säin éischte Roman op Däitsch erauskomm "Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser. "Lapsuus", sou den Titel, ass dat finnescht Wuert fir "Kan...
Kannerbicher héich 4, 18/10/2021 18.10.2021
Sandmeedchen, Rabbelkapp, Bellibimbam a Waking the Mountain Kannerbicher kënnen alles sinn: si hëllefen deene Jéngsten d’Welt ronderëm si ze verstoen, si sensibiliséieren op Alles dat wat an eiser Gesellschaft schiifleeft, si sinn awer och an haaptsächlech eng Spillwiss fir d’Fantasie. Am beschte Fall begeeschteren si nët nëmmen déi kleng, mä och erwuesse Kanner. 4 ganz ënnerschiddlech Beispiller...
"Daisy Fiedler" vun der Margret Steckel, 09/10/2021 09.10.2021
Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt D’Margret Steckel, Joergang 1934, ass an der Géigend vu Rostock am heidege Bundesland Mecklenburg-Vorpommern opgewuess. 1955 huet si déi deemoleg DDR verlooss, an huet als Dolmetscherin an Iwwersetzerin ënner anerem an der Filmindustrie geschafft. Iwwer Irland an England huet hire Wee si schlussendlech op Lëtzebuergesch gefouert, wou si...
"De Leo an den Oktopus" vun der Isabelle Marinov, 21/08/2021 21.08.2021
Dee klenge Leo frënnt sech mat engem aussergewéinlechen Déier un. Mä de Leo ass och en aussergewéinleche Jong. "Leo and the Octopus" dat ass den Originaltitel vun engem englesche Kannerbuch dat elo an der lëtzebuergescher Iwwersetzung (iwwersat vun der Isabelle Marinov an der Martine Schoellen) bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. Dat Besonnescht dodrun? D'Autorin Isabelle Marinov ass eng...
2 Kannerbicher: "An du koumen d'Capybaraen" a "Pantastesch", 27/07/2021 27.07.2021
De Panda Teo ass den Held an dem faarwege Kannerbuch "Pantastesch". "An du koumen d'Capybaraen" vum Alfredo Soderguit gëtt et elo och op Lëtzebuergesch An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm 2 Kannerbicher. „Pantastesch“ vum Gilles Kolbet mat Illustratiounen vum Marcel Morbé, an: „An du koumen d’Capybaraen“ vum Alfredo Soderguit "Si waren zu vill. Si ware buuschteg. Si waren naass. Si ware v...
"Miroir ambulant" vum Tom Reisen, 16/07/2021 16.07.2021
2019 krut den Tom Reisen de Lëtzebuerger Buchpräis fir seng Kuerzgeschichtesammlung „Les bulles“. „Miroir ambulant“ ass säin éischte Roman Eng Summernuecht zu Paräis, d’Läich vun engem Mann gëtt an der Seine fonnt. Kuerz drop schellt bei engem Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Ambassade, dem Maurice Vankoff ,den Telefon. Et huet sech nämlech erausgestallt, dass den Doudegen e Lëtzebuerger war. Ne...
"Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer", 13/06/2021 13.06.2021
D'Bea Kneip huet sech mam Jemp Schuster iwwer seng Familljechronik ënnerhalen. Mat « Bluttsëffer, deem éischten Deel vu senger Familljechronik, hat de Jemp Schuster direkt e Rise-Succès. Wien et gelies huet, huet wuel och schon ongedëlleg op den zweeten Deel gewaart! Et si 5 Generatioune vun enger Famill déi de Jemp Schuster iwwert ee Jorhonnert begleet, vun 1905 bis 2005. Direkt op den éischte Sä...
Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen, 17/05/2021 17.05.2021
Déi zwee Lëtzebuerger Schrëftsteller goufen an de leschte Wochen mat Literaturpräisser am Ausland ausgezeechent. Fir de Guy Helminger war et den Hans-Bernhard-Schiff-Präis vun der Stad Saarbrécken, an de Raoul Biltgen, deen zu Wien lieft a schafft krut dee renomméierte Friedrich Glauser Krimi-Präis. De Guy Helminger kann op eng ganz Rëtsch Literaturpräisser zeréckkucken, ënner anerem de Servais-Pr...
Vu Pescht a Pouken, 01/05/2021 01.05.2021
De Lex Roth huet dem Camus säi Klassiker op Lëtzebuergesch iwwersat an de Steffen Kopetzky huet e Roman iwwert d'Pouken-Epidemie vun 1962 geschriwwen. Kaum ee Literatur-Klassiker ass an der Lescht esou dacks gelies ginn wéi "La peste" vum Albert Camus. An elo geet dat och op Lëtzebuergesch. De Lex Roth erzielt am Interview mat wéi engen Erausfuerderungen hien als Iwwersetzer konfrontéiert war, awe...
Servais-Präis 2021: D'Bicher vun der Shortlëscht, 22/04/2021 22.04.2021
5 Bicher stinn op der Shortlëscht. D'Bea Kneip huet sech mat den Auteuren ënnerhalen "Die Lombardi-Affäre" vum Guy Helminger (Capybarabooks) "Wie viele Faden tief?" vun der Ulrike Bail (Conte Verlag) "La guerre du temps" vum Jean Sorrente (Hydre éditions) "A Treasury of Tales" vum Robert Schofield (Black Fountain Press) "Bluttsëffer" vum Jemp Schuster (Imprimerie Centrale)
Frontalier.ières, 20/03/2021 20.03.2021
E Stéck vum Jean Portante an eng Konferenz an der Rotonde D'Frontalieren: Si sinn eng 200000 déi all Dag iwwert d'Grenz op Lëtzebuerg schaffe kommen. Mat der Pandemie huet sech och fir si villes verännert, mä d'Konzept vun der Grenz gouf et ëmmer nach. De 25ste Mäerz ass eng Konferenz an der Rotonde zu Bouneweg wou de Jean Portante an d'Sophie Langevin iwwer hir Theaterstécker zu dem Thema schwätz...
"Wie viele Faden tief?" vun der Ulrike Bail, 07/03/2021 07.03.2021
D'Thema "Bitzen" steet am Mëttelpunkt vun dësem Gedichtband Wousst Dir zum Beispill, dass ee mat Bitzmaschinnen och Musek maache kann? Oder, dass Kleeder „kräische“kënnen? Dat, a villes méi, huet d'Ulrike Bail am Interview verrooden.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.