radio 100,7

Fiasko Fest

News LB ↓ 115 episodes

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.100komma7.lu

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Oct 25, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

S02E18 Mir scheiteren ëmmer nach: Alain Welter an Anny Keller 26.01.2025

Den Alain Welter huet nach ni Fiasko Fest gelauschtert. De Luc Spada huet hien trotzdeem invitéiert. De Moler vu Koler ass gären ënnerwee, awer fillt sech och „am Duerf“ ganz wuel a sicht seng Wouerecht iergendwou tëscht Credibilitéit a Mainstream. Déi zweet Invité ass d’Anny Keller. Si ass an der Pädagogik doheem. Laang huet si um Terrain geschafft, awer mëttlerweil fillt si sech och „am Büro“ ga...

S02E17 Mir scheiteren ëmmer nach: Anouk Faber an Florence Sunnen 19.01.2025

D’Scheitere fänkt scho mam éischte Saz vun der Sendung un an dat huet mam Nonumm vun der éischter Invité, d’Schrëftstellerin Florence Sunnen, ze dinn. Hei léiert de Luc Spada, wat sou zwee Punkten op engem „u“ ausmaache kënnen - Oder eben och net. Allgemeng kann een alt erëm vill bei Fiasko Fest léieren. Natierlech iwwert d’Liewen, iwwert den Doud, awer och Europa. Hei weess d’Anouk Faber vill ze...

S02E16 Mir scheiteren ëmmer nach: Georges Metz a Josée Lorsché 12.01.2025

De Georges Metz ass Direkter vum Service National de la Jeunesse an de Luc Spada sicht no der emotionaler Äntwert, wisou ee sech sou staark fir d’Jugend engagéiert. Muss een do selwer eng ustrengend Jugend gehat hunn? Déi zweet Invitée bei Fiasko Fest ass d’Politikerin Josée Lorsché, déi iwwer hir Feeler vun de leschte Jore schwätzt, wann et dann iwwerhaapt Feeler waren.

S02E15 Mir scheiteren ëmmer nach: Christiane Kremer a Luan Lamberty 05.01.2025

"Luan? Wëllt Dir traureg a faarweg sinn?" Dat war eng vun den éischte Froen, déi de Luc Spada an der éischter Emissioun Fiasko Fest vum neie Joer 2025 dem Kënschtler Luan Lamberty gestallt huet. An zesumme mat der zweeter Invitée, der Journalistin a Verleeërin Christiane Kremer stelle mir eis d’Fro vum Alter a wéi deen sech eigentlech esou ufillt. An um Enn schwätze mir iwwer déi Themen, i...

S02E14 Mir scheiteren ëmmer nach: Magaly Teixeira a Yannick Muller 29.12.2024

De Yannick Muller (oder Bobby Bieles) schwätzt net gären, mee benotzt léiwer seng Hänn, als DJ oder och fir ze molen. Hie schwätzt mam Luc Spada iwwer Widderhuelung, Kreativitéit, a wou hei de Lien zum Scheiteren ass, a wéi doraus e Buch entstoe kann. Fir datt eppes geschéie kann, muss et heiansdo wéidoen. Eng Iwwerzeegung, déi och d’Magaly Teixeira deelt, déi bei Fiasko Fest ënner anerem iwwer hi...

S02E13 Mir scheiteren ëmmer nach: Chantal Maquet a Frank Wies 22.12.2024

An dëser Fiasko Fest geet et ëm Moral a Recht, ëm Muppen an d'Elengsinn, ëm Strof a Verzeiung, Punk Rock a Schold. Dofir huet de Luc Spada den Affekot Frank Wies an d’Kënschtlerin Chantal Maquet bei sech an de Studio agelueden. An d’Moral vun der Geschicht: Net kräischen, well et war schéin. An dat muss gefeiert ginn. A wann een um Enn näischt ze soen huet, ass dat guer net esou schlëmm.

S02E12 Mir scheiteren ëmmer nach: Elise Schmit a Sacha Hanlet 15.12.2024

D’Elise Schmit ass Schrëftstellerin a spéitstens mat Covid gouf hir kloer, datt Elengsinn näischt fir si ass. Och datt Schreiwe richteg haart ka sinn, huet si an de leschte Jore missen erliewen. Net vill anescht ass dat och an der Musek, weess de Sacha Hanlet (Them Lights), deen zweeten Invité bei Fiasko Fest. Säi gréisste Problem bei der musekalescher Kreatioun ass d'Schreiwen. Vill méi wich...

S02E11 Mir scheiteren ëmmer nach: Antoine Pohu 08.12.2024

Dës Emissioun ass eng Aart Special Edition. De Luc Spada gouf vun enger Invitée setze gelooss, an do war et just nach een: De Schrëftsteller Antoine Pohu. Iwwer bal eng Stonn huet de Luc Spada domadder Zäit gehat, mat him iwwer Schreiwen Ängscht, a Succès ze schwätzen, awer och iwwer Kriticken a wat et heescht, wann een op de Radio ageluede gëtt an op eemol mierkt, datt ee just ageluede gouf fir g...

S02E11 Mir scheiteren ëmmer nach: Monica Semedo a John Happi 01.12.2024

Den John Happi huet keng Angscht virum Doud an och allgemeng ass hie kee Mënsch, dee vill Angscht huet. Mat enger Ausnam: Eppes net ze maache vu lauter Angscht ze scheiteren. An esou koum et och, datt hie säi Job als Staatsbeamten opginn huet. Donieft huet de Luc Spada d’Monica Semedo an de Studio invitéiert. An hei koume vill verschidde Froen op: Wat hätt ee kéinte besser maachen? Wat ass d'...

S02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier 24.11.2024

De Paul Galles war Paschtouer, huet bei der Caritas geschafft an ass haut: Politiker. Hie wëllt sech, esou platt et och klengt, fir eng besser Welt asetzen. Hie weess awer, datt dat net ëmmer esou einfach ass. Och net fir dat eegent Privatliewen. Déi zweet Invitée ass d’Dänzerin Jill Crovisier, déi haut zu kengem Moment bereit sech voll a ganz enger Karriär als Dänzerin a Choreographin verschriwwe...

S02E09 Mir scheiteren ëmmer nach: Mia Kinsch an Tom Hecker 17.11.2024

Mam Tom Hecker (Tatta Tom, Séraphine Mirage) an dem Mia Kinsch geet et dës Kéier ëm d'Konscht, Feminismus, kleng a grouss Echecken, plakeg sinn, ëm Haass aus dem Internet an eng Morddrohung. A wéi kënnt een aus deene klengen an och méi grousse Problemer hallef gesond erëm eraus? Villäicht matt enger Kichen, déi engem Disney-Film änelt. Villäicht och einfach nëmme matt engem gudden emotionale Suppo...

S02E08 Mir scheiteren ëmmer nach: Karolina Markiewicz an Anne-Marie Reuter 10.11.2024

D'Anne-Marie Reuter an d'Karolina Markiewicz schaffe mat Wierder a sinn och Proff. Allenzwee sinn dankbar, datt si am Alldag kënnen am Kontakt mat jonke Leit sinn, sichen awer och de kënschtlereschen In- an Output. Zesumme mam Luc Spada féieren déi zwee Invitéeën en déift, och net ëmmer einfacht Gespréich iwwer d'Gesellschaft, d'Konscht an och d'Frustratioun vum Moment, wat een oder wat een och ne...

S02E07 Mir scheiteren ëmmer nach: Jo Kox a Betty Fontaine 03.11.2024

D'Betty Fontaine ass CEO vun der Brasserie Simon an hat laang Zäit Angscht, datt et net gutt ausgoe kéint mat der Firma. An och nach haut ass si konstant vun der Angscht begleet, datt et all Moment schifgéing. Deen zweeten Invité beim Luc Spada ass de Jo Kox. Vill verschidde Beruffer, ambitionéierten Hobbyleefer an och gesondheetlech Erausfuerderunge sinn alles Deel vum Jo Kox sengem ofwiesslungsr...

S02E06 Mir scheiteren ëmmer nach: Eric Mangen an Jil Scheuer 27.10.2024

An dëser Episod Fiasko Fest lafe mir géintd'Zäit an um Enn stellt sech d'Fro: Ass dat heiten datbeschtméiglechst Liewen? D'Aide-soignante Jil Scheuer an deKënschtler Eric Mangen schwätze mam Luc Spada iwwert verpasste Geleeënheeten,hier Ängscht an och déi Rastlosegkeet, déi een a sech dréit a wou ee matt derZäit léiere muss, dass alles ëmmer konstant am Wandel ass. An wéi eendomat ëmgeet? Dat muss...

S02E05 Mir scheiteren ëmmer nach: Larisa Faber a Pit Romersa 20.10.2024

D'Larisa Faber ass Schauspillerin a Schrëftstellerin a wat hir Konscht ugeet, huet si sech dacks fir de Wee vun der Konfrontatioun entscheet. Dat wäert sech an Zukunft änneren. Dat erzielt si dem Luc Spada bei Fiasko Fest, wou den zweeten Invité de Social Entrepreneur a Museker Pit Romersa ass. Déi fënneft Episod vun der 2. Staffel ënnert dem Motto "Mir scheiteren ëmmer nach" beweist kloer, dass e...

S02E04 Mir scheiteren ëmmer nach: Bernard Michaux an Nina Tomàs 13.10.2024

De Filmproduzent Bernard Michaux huet scho mat 23 Joer seng éischt Produktiounsfirma gegrënnt, bis hien dovunner liewe konnt, huet et awer eng Zäit gedauert. Bis haut bereit hien näischt, genee esou wéineg wéi d'Nina Tomàs, déi sech der Konscht an dem Yoga verschriwwen huet. Niewebäi muss si awer och hir Krankheet Multiple Sklerose managen.

S02E03 Mir scheiteren ëmmer nach: Djuna Bernard a Melody Hansen 06.10.2024

Djuna Bernard ass Politikerin bei déi gréng a weess mëttlerweil, wat et heescht ze verléieren a virun Erausfuerderung ze stoen, déi een total iwwerfuerdere kënnen. Et kann een awer och soen: Et ass e Léierprozess. Och fir d'Melody Hansen, Chefredaktesch beim Lëtzebuerger Journal, déi mat der Zäit léieren huet missen, datt Grenze wichteg si fir sech selwer ze schützen.

S02E02 Mir scheiteren ëmmer nach: Paulette Lenert an Nora Schleich 29.09.2024

D’Paulette Lenert ass Politikerin a war eng vun de prominentste Stëmme wärend der Corona-Pandemie an d’Nora Schleich ass Philosophin. An dësem Gespréich läit de Fokus op der Anonymitéit, wéi et ass se ze verléieren, an datt et och mol wichteg ass net ze wëssen, wéi et weidergeet.

S02E01 Mir scheiteren ëmmer nach: Ana Pinto an Nabila Özen 22.09.2024

D'Ana Pinto war Affer vun haislecher Gewalt an d’Nabila Özen schafft als Assistante familiale. An der 2. Staffel vu "Fiasko Fest - Mir scheiteren ëmmer nach" schwätzt de Luc Spada mat sengen Invitéeën iwwer haislech Gewalt, Famillen an Nout, Affer sinn, a wéi schwéier et ass, fir säi Recht ze kämpfen. An um Enn stellt sech d’Fro, ob alles besser gëtt? D’Äntwert kritt dir vläicht an der éischter Ep...

S01E20 Mir sinn all Loser: Jérôme Beck a Cest Karma 14.07.2024

Et ass de leschten Episod vun der 1. Staffel "Mir sinn all Loser" vu Fiasko Fest mam Luc Spada. An et fänkt direkt mat engem Debat iwwer Dir an Du un. An iwwer de Kierper, den Alter, all déi Saachen eben, wann een op déi 50 duergeet, seet de Journalist a Comedian Jérôme Beck. Gutt zwou Generatioune méi jonk ass d’Sängerin C’est Karma, prett fir hiren éischte groussen Album erauszebréngen. An dat a...

S01E19 Mir sinn all Loser: Gilles Pegel a Sarah Schleich 07.07.2024

De Gilles Pegel ass Kënschtler a flitt gären ënner dem Radar. Ass et Angscht virun ze vill Kritik? Viru Jugement? Angscht virdrun Erwaardunge mussen ze erfëllen? Et weess een et net esou genee. An d’Sarah Schleich ass och Kënschtlerin a Konschtproff. Natierlech stellt sech d’Fro: Ass dat méiglech? Kënschtlerin a Proff sinn? Et ass net esou einfach eng konkret Äntwert ze fannen. Sécher ass alles e...

S01E18 Mir sinn all Loser: Richard Döhmer an Anouk Wagener 30.06.2024

Spoiler Alert: De Richard Döhmer, Managing Director vu Klauner, ass gescheitert. Genee véier Mol. E Mann, dee sech preparéiert huet, esou gutt wéi nach kee Gaascht an der jonker Geschicht vu Fiasko Fest. An d’Anouk Wagener, Schauspillerin a Schrëftstellerin, weess wéi wichteg et ass ze scheiteren. Si huet awer geléiert. mat der Zäit, e bëssi besser opzepassen, datt d’Scheiteren net grad esou wéi d...

S01E17 Mir sinn all Loser: Patrick Michaely a Roland Meyer 23.06.2024

De Patrick Michaely ass Direkter vum natur musée am Gronn. Säi ganzt Liewe scho schafft hien an deem Musée, ugefaangen als Student an elo, ganz uewen? Wat soll do nach kommen? De Luc Spada mécht sech op d’Sich no Äntwerten. Och bei sengem zweete Gaascht, de Roland Meyer, Schrëftsteller, Museker a pensionéierte Schoulmeeschter, deen et jo wësse muss: War fréier alles besser? An der Schoul? Am Liewe...

S01E16 Mir sinn all Loser: Jean-Louis Zeien a Roxanne Peguet 16.06.2024

De Jean-Louis Zeien ass President vum Conseil d'Administration vu Fairtrade Lëtzebuerg an dat, jo, zanter enger gefillter Éiwegkeet. An hien ass iwwerall do aktiv, wou een Ongerechtegkeete fënnt a wëllt en Deel vun enger besserer Welt sinn. D’Roxanne Peguet ass Regisseurin a Filmschaffend an erzielt mat sengen zwee Kuerzfilmer Nucléaire & Phoenix och ëmmer Geschichte vu Mënschen, déi et à la base...

S01E15: Carole Chaine a Ben Olinger 11.06.2024

An dat zesumme mat der Directrice vum Lycée Aline Mayrisch, der Carole Chaine. An och dobäi ass de Ben Olinger. Bekannt ginn ass hien als Radiosmoderator a mat senger Sendung “Ben’s Club“ op Eldoradio. Hien huet an hat ëmmer ganz vill ze soe mee weess och mëttlerweil, wéini et besser ass näischt ze soen. Ass dat elo gutt oder net? A wéini ass et genuch. De Luc Spada wëllt alles wëssen.

Listen to the Fiasko Fest podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.