radio 100,7

Fiasko Fest

News LB ↓ 107 episodes

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jul 5, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler 05.07.2026

Net onbedéngt méi wëllen, awer trotzdeem méi wëllen. Iergendwéi sou. De Ben Bauler, deen nieft de Bünen an den Theateren zu Lëtzebuerg e bekannt Gesiicht ass, ass net deen, dee Karriär maache muss, awer wat soll dat schonn heeschen? Matt ënnert anerem der Fro vum Éiergäiz gëtt sech am Luc Spada sengem Fiasko Fest ausernee gesat. Obwuel mir jo awer alleguerte wëssen, dass sech um Enn näischt plange...

S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa 28.06.2026

Komesch, dat ass e Wuert, dat den Haaptzoustand vun der Julie Costa beschreift. Also wuel verstanen, net de Luc Spada, Moderator vu Fiasko Fest, géif seng Invitée esou bezeechnen, mee d’Chargée de communication an d’Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer. Gedriwwe vum Virwëlz an enger ënnerlecher Onrou erzielt si iwwer hiert Bedürfnis déi net latzeg Säite vu Lëtzebuerg ze weisen...

S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz 21.06.2026

D’Liz Braz ass Politikerin an no de Walen, wou et kloer gouf, datt si an d’Chamber kéim, konnt si et net wierklech gleewen. Net vu Freed, mee méi esou wéi wa si dat net verdéngt hätt. Si war dach just jonk an naiv an hat keng Erfarung. Dat ka jo dann net wierklech wouer sinn, oder? Et geet awer natierlech net just ëm Politik bei Fiasko Fest, dem Luc Spada sengem Podcast iwwer Scheiteren, mee eeben...

S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin 14.06.2026

Dat huet deemools scho wéigedoen. Och nach haut behaapt den Edwin Aldin, datt dat mat där enger Band do, déi hien zesumme mat engem Kolleeg gegrënnt huet, wierklech ee vu sengen einsaamste Momenter war. Wann op eemol alles ewechbrécht: d’Identitéit, d’Karriär an och d’Bezéiungen zu senge Kolleegen. Et war definitiv en Héichpunkt am Katalog vum Museker a Produzent senge perséinleche Scheitermomente...

S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling 07.06.2026

D’Schauspillerin a Comedian Frédérique Colling huet net onbedéngt d’Gefill, datt si ëmmer dee beschten Timing huet. Vill Entscheedungen hätten och méi fréi getraff kënne ginn. Da misst een och net schwaach falen, wann eng Fra ee kësst. Mee wéi mir dacks an der Sendung Fiasko Fest vum Luc Spada léieren: Esou einfach ass et eben oft net. Och net op der Spillplaz, wuertwiertlech. Wou Leit einfach net...

S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live) 31.05.2026

Den éischte Fiasko Fest Live am TNL ass mam Laurent Agostino. Dem Luc Spada säin Invité schwätzt ganz offen doriwwer, wéi et ass behënnert ze sinn a wat dat genau heescht. Hie fënnt et richteg vill iwwert sech a seng Behënnerung ze schwätze fir och deene Persounen ze hëllefen, déi sech do méi schwéier dinn. Souwuel matt dem Fakt selwer behënnert ze sinn, wéi och domadder, wéi een d’Wierder richteg...

S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim 24.05.2026

Fiasko Fest mam Laurent Prim ass warscheinlech eng vun den emotionaalste Sendunge fir de Luc Spada, zanterdeem hien iwwert all déi Momenter, déi net sou gutt lafen, um Radio 100,7 schwätzt . Et ass schwéier eppes ze beschreiwen, wat ee vergiesse well, obwuel et geschitt ass. Et muss een also leiere matt eppes ëmgoen, wat een net well, dass et geschitt ass. Mee och wann een et vergiess huet, heesch...

S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz 17.05.2026

Ween ass d’Simone Asselborn Bintz? Virun allem eng Fra vun hirem Mann, Mamm vu Kanner. Oder: Virun allem eng Partnerin. Dat ass wichteg ze wëssen. Esou fänkt d’Sendung un. An sou geet et weider: Heiansdo wier si och gären e Mann. Dofir gëtt et och e Grond. De gitt dir dann exklusiv bei Fiasko Fest mam Luc Spada gewuer. Mee och: D’Sendung fänkt lëschteg un, mä wéi et sech fir Loser gehéiert, ass ne...

S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi 10.05.2026

Et ass okay net ëmmer disziplinéiert ze sinn, natierlech. Mee wann ee seng Ziler erreeche wëllt, brauch et dann awer e bëssi dovun. An dann och nach Uni ofgebrach, jonk Papp ginn ... de Ricardo Prosperi huet e wäite Wee hanner sech. An awer: Näischt war eng méi grouss Erausfuerderung wéi sech der Trauer, nom Doud vun engem noe Mënsch, ze stellen, erzielt dee jonken Entrepreneur dem Luc Spada bei F...

S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet 03.05.2026

Un deem ganze Misär ass näischt Positives ze gewannen. Do brauch et keng verkläerte Romantik. Et ass een eleng an et muss een eleng do duerch. Wann eng schwéier Krankheet een erwëscht, kann ee sech am beschte selwer hëllefen. An am Fall vun der Kënschtlerin Chantal Maquet war déi eenzeg Chance, datt, um Ufank vun der ustrengender Therapie, net wäit vun hirer Wunneng zu Hamburg, eng Piscine opgemaa...

S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven 26.04.2026

Eppes ass sécher: Wa beim Marianne Donven keen doheem ass, verléisst si hiert Haus direkt erëm. Si huet gäre Leit ronderëm sech. An ass och gäre fir Leit do. Eege Besoinen huet si eegener Ausso no komplett ofgeschaaft. Et gi jo schliisslech genuch Leit, déi nach ni an hirem Liewe Vakanz gemaach hunn. Oder an der Sauna waren. Wéi hänkt dat alles zesummen? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest genee no...

S03E31 Heiansdo deet et wéi: Tania Brugnoni 19.04.2026

D’Tania Brugnoni ass Directrice vum MNAHA, elengerzéiend Mamm a ganz bewosst net an enger Bezéiung. A wéi et sech bei Fiasko Fest mam Luc Spada esou gehéiert, geet et och ëm déi donkel Stonnen, an deenen d’Hoffnung eleng net méi dréit. Fir déi ze iwwerwanne muss een zwar net gleeweg sinn, mee esou e klengt Stoussgebiet ka sécher net schueden. Egal a wéi eng Richtung. Virun allem, wann ee fréi gelé...

S03E30 Heiansdo deet et wéi: Lena Rocca 12.04.2026

E bëssi vun allem, vill Sport, als Model schaffen, un enger E-Sport Weltmeeschterschaft deelhuelen, awer och eng Karriär als Sängerin ustriewen a Biologie studéieren. D’Lena Rocca mécht vill. Vun allem e bëssi, näischt sou richteg? Gutt Fro! Sécher awer net méi zeréck an déi eng Schoul. Do, wou een ee vun deene “Komesche” war a sech net verstane gefillt huet. De Luc Spada freet no, awer et ass all...

S03E29 Heiansdo deet et wéi: Jessica Lopes 05.04.2026

D’Duechter vun enger elengerzéiender Mamm, Schrëftstellerin vun engem Buch a Soziologin, d’Jessica Lopes, weess wéi et ass, wann ee vill Fräiheet huet dat ze maachen, wat ee wëllt. Heescht also och, datt een e bëssi "egal wat" maache kann, éier een dann esou lues op de richtege Wee kënnt. Een, dee si souguer mat engem Master ofgeschloss huet. An haut? Et ass net ëmmer einfach en Deel vum S...

S03E28 Heiansdo deet et wéi: Christophe Reitz 29.03.2026

Pragmatesch kann deChristophe Reitz (All Reitz Reserved) zimmlech gutt. Wéini dës Eegenschaft ubruecht ass (oder eben och net), erkläert de Museker dem Moderator LucSpada bei Fiasko Fest. Mee souvill sief verroden: Et huet natierlech mat Bequeemlechkeet ze dinn, mee net nëmmen. Och mat Angscht, mee net nëmmen. Et ass ni just dat eent oder dat anert, mee ëmmer bësse vun allem. An dohëlleft et sech...

S03E27 Heiansdo deet et wéi: Krick 22.03.2026

D’Krick ass zum Zombie ginn. Dat war éier si ugefaangen huet sech op hir Karriär als Musekerin ze konzentréieren. An domat och eng Iddi dovun ze kréien, wat et heescht fräi ze sinn. D’Fräiheet sech net zu eppes ze zwéngen, wat ee guer net wëllt a vläicht och guer net kann. Dat wier den Ufank. An da wier do nach dat mam sensibel sinn. Eigentlech eng gutt Saach, wéi de Luc Spada bei Fiasko Fest meng...

S03E26 Heiansdo deet et wéi: Alessia Bicchielli 15.03.2026

Wéi eng Maschinn schaffen, einfach weider, net op den eegene Kierper lauschteren, alles fir d’Karriär. Datt dat net onbedéngt de richtege Mindset fir ee muss sinn, huet d’multidisziplinär Kënschtlerin a Moudendesignerin Alessia Bicchielli um eegene Kierper fir sech misse feststellen. Allgemeng kann ee soen, datt si hier Studienzäiten zu Mailand net a beschter Erënnerung huet. Wat alles geschitt as...

S03E25 Heiansdo deet et wéi: François Benoy 08.03.2026

Engagéiert sinn, voll a ganz un der Gesellschaft deelhuelen. An am Idealfall, klenge Spoiler, dës Welt e Stéck besser hannerloossen, wéi ee se virfonnt huet. Dat ass et, wat de François Benoy wëllt. An natierlech och méiglechst vill Leit op dëse Wee mathuelen, mee et muss een natierlech och entscheeden, wéini et genuch ass, well net all Mënsch bereet ass Léisungen op komplex Situatiounen ze fannen...

S03E24 Heiansdo deet et wéi: Ninon 01.03.2026

Just fir dass et kloer ass: Wann dir Anglizismen net verdrot, da musst dir elo ganz staark sinn. Et ass esou wéi d’Ninon sech am beschten ausdréckt an dat ass e Gléck, well d’Sängerin huet vill ze soen an och vill erlieft. Dat war net ëmmer einfach. Haut geet et hier awer gutt. Esou gutt, dass si Angscht huet et kéint all Moment eriwwer sinn, wat wierklech schued wier: Et ass grad sou schéin. Fias...

S03E23 Heiansdo deet et wéi: Laura Ferber 22.02.2026

D’Laura Ferber leet zesumme mat hirem Brudder an der 4. Generatioun eng grouss Firma. Et geet ëm Hoer, souvill sief verroden. Hoer schneide ka si selwer leider net méi an den Dram vum Modele gouf iergendwann ënnerbrach. Et koum ee Moment, wéi si 24 Joer al, deen alles verännere sollt. An et huet vun do un och eng Zäit gedauert, bis si soe konnt: Et ass awer gutt. Vläicht ass et souguer e Kaddo. Fi...

S03E22 Heiansdo deet et wéi: Céline Zimmer 15.02.2026

An engem Raum mat (dacks) nëmme Männer. Eng Situatioun, déi dem Luc Spada seng Invitée bei Fiasko Fest scho méi dacks huet missen erliewen. A wéi dat dann esou ass, fillt sech dat besote Geschlecht net seelen dozou auserwielt, ongefrot seng Meenung matzedeelen, obwuel d’Expertin an deem Raum d’Architektin Céline Zimmer ass. A si och genee aus deem Grond an deem Raum do sëtzt. Hei brauch et Trainin...

S03E21 Heiansdo deet et wéi: Nadine Robert 08.02.2026

D’Nadine Robert ass Influencerin, Model an eng Persoun, déi aus den Erausfuerderunge vum Alldag eppes mécht, wat schwéier a Wierder ze faassen ass. Ëmmer faarweg ugedoen, ëmmer gutt gelaunt, ëmmer um "klimperen". De Luc Spada huet awer an dëser Emissioun vu Fiasko Fest Asiicht an d’Vergaangenheet vu senger Invitée kritt. Et war net ëmmer faarweg, net ëmmer schéin, mä och dacks ganz ellen,...

S03E20 Heiansdo deet et wéi: Gérard Thein 01.02.2026

De Gérard Thein kennt seng Grenzen, et ginn der zwou. Eng no der éischter Bezéiung matt enger Etapp am Senegal an déi aner Grenz ass no Covid an engem schrecklechen Accident a sengem Betrib. Sécher ass: De Gérard Thein ass elo net méi "de Bouf vun", hien ass keng 10 Joer méi a muss elo Verantwortung droen. Och sécher: Zäit feelt ëmmer. De Luc Spada schwätzt hei an enger weiderer Folleg Fia...

S03E19 Heiansdo deet et wéi: Alain Wolff 25.01.2026

Et brauch am Liewe Grenzen. Dat heescht, datt et ënner anerem wichteg ass ze leieren Nee ze soen an op sech opzepassen. Wann een dat net mécht, kann et och mol séier schifgoen. Woubäi dat och net ganz richteg ass: et geet net séier, mee éischter lues, esou ee Gefill, dat ëmmer do ass, een net wierklech faasse ka bis et ze spéit ass an op eemol guer näischt méi geet. Dat huet och deen haitegen Hypn...

S03E18 Heiansdo deet et wéi: Nancy Braun 18.01.2026

Eng vun de Spezialitéite vum Luc Spada senger Invitée bei Fiasko Fest? Eckeg a kanteg Projeten. Ganz besonnesch déi mam Kulturjoer, de ville politesche Faarwen an Erwaardungen. An dertëschent iergendwou: d'Nancy Braun, déi et mam Familljebetrib net méi hikrut a frësch aus Japan zeréck ass. An elo? Gutt Fro. Wat ëmmer hëlleft: trëppelen a beim trëppelen zu sech fannen. No dem ganzen Trubbel, d...

Listen to the Fiasko Fest podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.