Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

News LB ↓ 213 episodes

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Author

Reporter.lu

Category

News

Podcast website

www.reporter.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Wéi wiele mir an Zukunft? 10.07.2026

D’Chamber diskutéiert iwwert eise Walsystem. Wéi sécher ass de geplangten elektronesche Vott? Wéi solle Wieler am Ausland agebonne ginn? A wat huet dat mat de Bezierker an dem Walrecht ze dinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Hëtztwell als Warnschoss 03.07.2026

Déi lescht Woch huet gewisen, wéi eng Auswierkungen héich Temperaturen op d'Liewen zu Lëtzebuerg kënne hunn. Wéi war d'Land dorop virbereet? Wéi gouf d'Situatioun geréiert? A wat fir Léiere musse lo gezunn ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Politik op Nummer sécher 26.06.2026

CSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng schwiereg Gemenge-Lage 19.06.2026

Aktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d'Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d'Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi resilient mécht eis dëse Pak wierklech? 12.06.2026

Den Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

En Accord, mee fir wéi laang? 05.06.2026

An der Tripartite hunn d'Regierung an d'Sozialpartner méi séier en Accord fonnt wéi geduecht. Wéi koum et dozou? Op wat fir Mesurë gouf sech gëeenegt? An hu mer domat d'Kris iwwerwonnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Erwächen an der Energiekris 29.05.2026

CSV an DP hunn eng „aner“ Klimapolitik versprach. Mee wéi zilféierend ass déi? Wou steet Lëtzebuerg a puncto Energietransitioun? A wéi wëll d’Regierung op déi aktuell Präiskris reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Ried laanscht d'Lag vun der Natioun 22.05.2026

De Luc Frieden huet dës Woch seng drëtt Ried zur Lag vun der Natioun gehal. Mee wéi éierlech war seng Analys? Wat huet hie verpasst ze soen? A wéi huet hien domat den Terrain bereet fir d'Tripartite? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Tripartite ënner schwierege Virzeechen 15.05.2026

Dës Woch kruten d'Regierung an d'Sozialpartner Zenarien zur Energiekris virgeluecht. Wéi gesinn déi aus? Wat muss lo an der Tripartite diskutéiert ginn? A wéi grouss ass den Drock op de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Vun enttäuschten Dokteren an eidele Keessen 08.05.2026

D'AMMD verweigert hir Ënnerschrëft ënner eng nei Konventioun mat der CNS. Wat wëllen d’Dokteren? Firwat kënnt d’Regierung deem net no? A wéi huet sech dat dës Woch op d’Quadripartite ausgewierkt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Déi onendlech Geschicht vum Sportsmusée 01.05.2026

Gläich dräi Ministeren hunn sech dës Woch an der Chamber zum Dossier Sportsmusée erkläert. Wat ass dovun zréckzebehalen? Wat steet am Avis juridique zum Projet? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Tripartite, mee firwat elo? 24.04.2026

De Luc Frieden wollt se laang net, elo kënnt se dach: eng Tripartite. Wéi koum et zu dëser Decisioun? An wéi vill politeschen a finanzielle Spillraum bleift nach fir d'Verhandlunge mat de Sozialpartner? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Den Dokter vun Ärem Vertrauen? 17.04.2026

Fäll vu Feelverhale vun Doktere sinn an der Aktualitéit. Wien ass fir d’Kontroll vun de Medezinner zoustänneg? Firwat dauert et dacks laang, bis schwaarz Schof aus dem Verkéier gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Stréifeier amplaz Stabilitéit 10.04.2026

De Lëtzebuerger Immobiliemarché huet sech nach ëmmer net stabiliséiert. Wat sinn d'Ursaachen? Wat hunn déi staatlech Mesurë bruecht? A wéi kéint déi aktuell Weltlag d'Situatioun beaflossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Mindestloun an aner politesch Manöveren 03.04.2026

D'Decisioun vun der Regierung zum Mindestloun stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. Wéi ass d'Virgoe vun der Koalitioun ze beurteelen? Gouf et keng aner Optioun? A wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi vill Sputt bleift bei deene Scholden? 27.03.2026

Duerch den Iran-Krich dréit eng nei Energiekris. Wéi vill budgetäre Spillraum huet d'Regierung fir ze reagéieren. Wéi eng Depensë kéint si reduzéieren? A wéi problematesch ass déi héich Staatsschold? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D'Léieren aus der Affär Traversini 20.03.2026

Aktuell gëtt un engem Deontologie-Kodex fir Gemengepolitiker geschafft. Firwat besteet grad bei hinnen e Risiko vun Interessenskonflikter? A wat muss aus der Affär Roberto Traversini geléiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Besser an der Oppositioun? 13.03.2026

Säit méi wéi zwee Joer sinn LSAP an Déi Gréng an der Oppositioun. Wéi hunn déi fréier Regierungsparteien an dës Roll era fonnt? A wéi stellen si sech säitdeem personell a programmatesch nei op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

E neie Krich, an eng nei Energiekris? 06.03.2026

De militäresche Konflikt an der Golfregioun huet elo schonn en Impakt op Gas- a Pëtrolspräisser. Wat erwaart Europa a Lëtzebuerg? A wéi kéint hei eng méi onofhängeg Energiepolitik ausgesinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi bléckt Lëtzebuerg op den Ukrain-Krich? 27.02.2026

Och véier Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain schéngt e Fridde wäit ewech. Wéi ass d'Situatioun aktuell? Wéi ee Bild gëtt Europa an deem Konflikt of? A wéi ass d'Lag vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D'Konsequenze vun der Affär Wilmes 20.02.2026

De Fall vum Chirurg Philippe Wilmes wërft vill Froen op. Wéi en Impakt huet dat op d’Patienten? Wéi een op d’Dokteren? A wéi kéint dës Affär de ganze Secteur a d’Gesondheetspolitik veränneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat bréngt e Social-Media-Verbuet fir Jonker? 13.02.2026

Och zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert, Jugendlecher den Zougang zu soziale Medien ze verbidden. Ass dat dee richtege Wee? Wéi grouss sinn d'Gefore vu Social Media? A wéi een Impakt huet KI? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

En onerwaarte Stresstest fir d'Koalitioun 06.02.2026

D'Fro vu méiglechen Unisex-Toiletten an de Lycéeë beweegt d'Gemidder. Wéi ass d’Virgoe vun der DP hei ze beurteelen? Wéi d’Reaktioun vun der CSV? A wat seet dat iwwer den Zoustand vun der Koalitioun aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Vun Duebelmandater an Duebelmoral 30.01.2026

CSV an DP wëllen awer net d’Duebelmandater ofschafen. Wéi ass et zu dësem Revirement komm? Wat ass lo geplangt? A wéi eng aner Reformen si néideg, fir d’Chamber ze moderniséieren an ze stäerken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Special Edition: Huet de Lëtzebuerger Modell nach eng Zukunft? 23.01.2026

Manner Wuesstem an Emploi kéinte fir de Lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialmodell massiv Problemer bedeiten. Wéi kéint een deem entgéintwierken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“, déi fir déi éischt Kéier live viru Publikum opgezeechent gouf.

Listen to the On the Record - Reporter.lu podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.