radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Beautiful Decay 2026 10.07.2026
Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut den Owend erëm d‘Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga ... an e puer waarmen Headliner. De Marc Clement ënnerhält sech mam Thierry Schmitz vun der Organisatioun iwwer eng Editioun mat staarken Highlighten.
Seven Methods of Killing Kylie Jenner 10.07.2026
Am Theaterstéck huet d'Marie-Christiane Nishimwe d’Roll vum “Internet” gespillt. Do huet si d’Roll vum politesche Kierper vun der Schwaarzer Fra thematiséiert an der Klassik, esou wéi d’Fro vun der Schwaarzer Identitéit. An dësem leschten Extrait vu Klassik Talk verréit si dem Marie Trussart, wat et fir si heescht eng Schwaarz Fra ze sinn.
Widow's Bay 09.07.2026
De Buergermeeschter Tom Loftis wëllt jo eigentlech just seng Gemeng méi attraktiv fir Touriste maachen. Allerdéngs schlummert ënner där verschlofener, onscheinbarer Uertschaft Widow’s Bay eng donkel Vergaangenheet, déi lues a lues erëm un d'Uewerfläch kënnt. De Gilles Schreurs stellt d’Serie “Widow’s Bay“ vir.
D’Guangju-Biennale 2026 ass mat “Du muss däi Liewen änneren” iwwerschriwwen 09.07.2026
2026 ass schonn een aussergewéinlecht Joer fir de Casino Lëtzebuerg: de Forum fir zäitgenëssesch Konscht feiert déi ganz Saison mat engem spezielle Programm 30. Gebuertsdag a kuratéiert de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale zu Venedeg. Elo koum nach d’Nouvelle, datt de lëtzebuergesch-däitschen Duo M+M, also d’Multimedia-Kënschtler Marc Weis a Martin De Matia, d’Casino-Ekipp gefrot hunn, fir...
De Soundtrack vu "La Merde" an de Mann hannendrun 09.07.2026
Fir et nach eemol an d’Gediechtnes ze ruffen: déi Filminstallatioun, déi am Moment am Arsenale zu Venedeg op der Konschtbiennale Lëtzebuerg representéiert, weist eng Strull Kaka, meeschterhaft mat Schauspillerei a Spezialeffekter op den Ecran gezaubert, op där hirer Spur, ähem, den Zuschauer duerch d’Gefill vun der Schimmt a verschiddene Situatioune geféiert gëtt. Dozou gehéieren och Geräischer, d...
Edward-Steichen-Fotoen eng alleréischte Kéier op de Rencontres d’Arles 08.07.2026
De Mëtteg um fënnef Auer ass op de renomméierte Rencontres de la photo zu Arles Vernissage vun den 2 Fotoexpoen “La nature d’Edward Steichen” plus “Edward Steichen nei interpretéiert vun der Lisa Oppenheim”; dëst ë. a. a Presenz vun der Groussherzogin an eisem Kulturminister Eric Thill. An natierlech Lët’z Arles, d’ASBL, déi déi Lëtzebuerger Fotografie engagéiert um Festival vertrëtt, an déi fir h...
Buchkritik: "Rejection" 08.07.2026
Wei steet et ëm déi mënschlech Verbindungen, wann d‘Liewe sech ëmmer méi um Bildschierm ofspillt? A sengem Buch “Rejection” zielt den Tony Tulathimutte Geschichte vu jonke Leit, déi an der Realitéit net méi Fouss fänken a sech dann am Internet verléieren. Dobäi entsti ganz grotesk Situatiounen, déi witzeg si mee och e battere Goût beim Lieser hannerloossen. D‘Claire Barthelemy huet eragelies.
Ingeborg Bachmann - "Wir müssen wahre Sätze finden" 08.07.2026
Déi éisträichesch Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann gëtt en Abléck an hiert Schreiwen, hir Haltung zur Gesellschaft, zur Politik an och zur Sprooch. Wat et heescht, wouer Sätz an enger beschiedegter Sprooch ervirzebréngen, doriwwer méi vum Léon Rinaldetti.
Net vun dëser Welt: Ghinzu an der Rockhal 07.07.2026
De Concertsmarathon vum Summer geet weider: Nodeems déi lescht Deeg The Offspring, de Moby, d’Gorillaz, de Keanu Reeves mat senger Band Dogstar an A Perfect Circle queesch uechter d’Land gespillt hunn, huet gëschter déi belsch Band Ghinzu hire Concert nogeholl, dat nodeems de Sänger John Stargasm sech verletzt hat an de Concert am Juni huet misse verluecht ginn. De Jeff Schinker huet gëschter säi...
Ennert dem Kiischtebam ... 07.07.2026
En neit Konzept fir de Summer am Gaart vum Naturmusée ze genéissen, hu sech de Robert Weis an de Julien Meyer ausgeduecht. "Ennert dem Kiischtebam" gëtt akustesch Musek a Literatur aus Lëtzebuerg ugebueden. Fir méi Detailer iwwer dëse Programm gewuer ze ginn, huet d'Valerija Berdi de Robert Weis an de Julien Meyer a Kulturen invitéiert.
Nei am Kino 07.07.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Silent Friend" 06.07.2026
Der Ungarin Ildikó Enyedi hiren intimisteschen Drama setzt sech mat de Bezéiungen tëschent Mënsch a Planzewelt auserneen. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen dësen aktuelle Kinosfilm.
"London Falling" vum Patrick Radden Keefe 06.07.2026
Wéi zu London d‘Läich vun engem 19-järege Jong an der Themse fonnt gouf, huet d‘Police no enger kuerzer Enquête den Dossier zougemaach. D‘Eltere vum Bouf hunn dunn op eegen Initiativ no Äntwerte gesicht. Den Investigativ-Journalist Patrick Radden Keefe huet si dobäi begleet a Schockéierendes opgedeckt. "London Falling" ass ee Buch iwwer Influenz, Gäiz, an eng Stad, déi Milliardäre mat oppe...
A Perfect Circle an der Rockhal a Gorillaz um Parking vun der Luxexpo 06.07.2026
Zwou musekalesch Ikone waren de Weekend mat hiren Nieweprojeten ze gesinn – de Maynard James Keenan mat A Perfect Circle an der Rockhal an d’Gorillaz um Parking vun der Luxexpo. D'Emma an de Jeff Schinker blécke kuerz op de vergaangene Concertsweekend zeréck.
"In the Hand of Dante" vum Julian Schnabel 03.07.2026
Nom Reinaldo Arenas an dem Vincent Van Gogh huet sech de Realisateur a Kënschtler Julian Schnabel mam Dante Alighieri a senger "Divina Commedia" befaasst. "In the Hand of Dante" ass eng ambitiéis Netflix-Produktioun vun iwwer 150 Minutten, déi versicht, ee Kostümsfilm aus dem 14. Joerhonnert mat engem Neonoir vun haut ze vereenegen. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker verroden an hi...
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert 03.07.2026
An de leschte Woche gouf et scho verschidde speziell Mudam-Aktiounen: z. B. hat d’Ekipp, ënner dem Motto “Dodeka”, 12 Wierker aus der Mudam-Kollektioun an 12 Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechter de Grand-Duché transportéiert, fir d’Sammlung méi no bei d’Leit ze bréngen, mat hinnen e gemeinsame Patrimoine ze deelen. A firwat? Mee, den 1. Juli viru ronn 20 Joer ass de Pei-Musée...
"Quand le corps s'arrête je m'arrête d'écrire" 03.07.2026
"Lu Yu ne répond jamais. Soixante billets sur presque la moitié de toutes choses" (Ed. Tinbad) ass den 13. Band vum Lambert Schlechter sengem Kuerzprosa-Zyklus "Le Murmure du monde". Eng Kéier méi kënnt de Schrëftsteller op seng existenziell Obsessiounen zeréck. Virun allem ass et en Hommage u seng literaresch Meeschteren an eng Rechtfertegung vu sengem Joerzéngte laange Wierk.
The Act 02.07.2026
"The Act'' ass eng amerikanesch biographesch Krimi-Mini-Serie, déi 2019 erauskoum. D'Gypsy Rose Blanchard ass scheinbar schwéier krank an op d'Hëllef vu senger Mamm ugewisen. Hanner der Fassade gesäit déi ganz Saach awer anescht aus. D'Mamm Deedee leit ënner dem Munchausen by Proxy Syndrom a mëssbraucht hiert Meedchen.
Wisou et absurd ass, eis Sexualitéit ze labelen: "Cock" vum Mike Bartlett 02.07.2026
"Cock" vum Mike Bartlett, am prüden US-Amerika dacks "The Cockfight Play" genannt, fir all sexuell Polysemie ze evitéieren, ass eng Dräiecksgeschicht vun der manner gewéinlecher Zort: eng homosexuell Koppel steet virum Enn, dat ënner anerem, well ee vun hinne Sex mat enger Fra hat. D’Anne Simon hat dat zeenesch minimalistesch Stéck 2024 op d’Bün bruecht, dat den Ament an enger Repr...
The Offspring start Concertsserie op der Luxexpo 02.07.2026
Gëschter um Donneschdeg huet den Atelier seng Summerserie vu Concerten um Parking vun der Luxexpo mat dem Gig vun The Offspring gestart. De Jeff Schinker war do – a verréit eis, wéi den Optakt war.
De Prix de la photographie zu Klierf ënnersträicht d’Relevanz vum Medium 02.07.2026
De leschte Weekend war Photo Weekend an der Cité de l’image, also zu Klierf, bedeit Vernissage vun der Expo “Prix de la photo” inklusiv Präisiwwerreechung am historesche Brahaus an der Montée du Château, plus Vernissage vun der neier Open-air-Ausstellung “All is but temporary” vum Éisträicher Kai Walkowiak. Den Organisateuren no waren, trotz Canicule, eng 100 Leit bei de Visitten an Ateliere mat d...
Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou 01.07.2026
No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? De Jeff Schinker hat Vertrieder vun Editiounshaiser, vum Kulturministère an Auteuren an de Studio invitéiert, fir de Sujet ze verdéiwen. An enger Zort Introduktioun hat d’Ronn en Etat des lieux gemaach, duerno...
De Screaming Fields 2026 - jonkt Geméis an der Rockhal 01.07.2026
De Screaming Fields ass de Rockhal hiren Nowuessconcours, bei deem all Joer 8 jonk Museksprojeten e klenge Schubs de Bierg erop kréien. Dozou gehéiert op der Bün vum Rockhal Club ze spillen, wat den 11. Juli wäert sinn. Kuerz nom ausgewielt-ginn a guer net méi esou laang virum groussen Dag, war de Marc Clement an der Rockhal an huet Impressioune bei deene jonke Bands a Museker:inne gesammelt. Wéi...
"Yesteryear": Vun der Tradwife-Fantasie an d'Realitéit vun 1855 01.07.2026
Wat geschitt, wann eng Tradwife-Influencerin op eemol an der brutaler Realitéit vum Joer 1855 erwächt? Genee mat dëser Fro beschäftegt sech der Caro Claire Burke säi Roman “Yesteryear”. D’Buch erzielt d’Geschicht vun der Natalie Heller Mills, enger Instagram-Tradwife-Influencerin, däer hiert Liewen online perfekt schéngt. Mee hanner där perfekter Fassad gesäit d’Realitéit ganz anescht aus. D’Emma...
Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou 30.06.2026
No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall ee méi déiwen, strukturelle Problem? De Jeff Schinker hat Vertrieder vun Editiounshaiser, vum Kulturministère an Auteuren an de Studio invitéiert, fir de Sujet ze verdéiwen. An engem éischte Beitrag hat d’Ronn en Etat des lieux gemaach, an engem...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.