radio 100,7

Kultur

News LB ↓ 50 episodes

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Mam Vëlo bis op Teheran 30.06.2026

Si ass Autorin an Illustratorin. Iwwer Bierger klammen, d'Welt mam Vëlo entdecken an dat zeechnen an doriwwer schreiwen - déi jonk Bretonin huet sech matten an der Corona-Pandemie zu Plouër-sur-Rance op de Vëlo gesat an ass 15.000 km bis op Teheran gefuer. D'Valerija Berdi huet mat der Isabel Del Real geschwat.

Nei am Kino 30.06.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage

Film vun der Woch: "Jim Queen" 29.06.2026

Eise Film vun der Woch ass "Jim Queen", e franséischen Anime vum Studio Bobbypills, an deem eng nei Geschlechtskrankheet Homosexueller lues a lues heterosexuell mécht. Ee verréckte Film géint Homophobie, dee batter néideg ass an Zäite vu politescher Radikaliséierung. Mir lauschteren nach eemol d'Rezensioun vum Vesna Andonovic a Jeff Schinker aus dem Grousse Kino.

"Famesick" vun der Lena Dunham 29.06.2026

D’Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt huet. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d&#03...

Song(e)s d'une nuit d'été 29.06.2026

De Freideg den Owend am Gudde Wëllen hunn ENGLBRT hir zweet EP-Song(e)s am Kader vun engem Release-Concert virgestallt. De Marc Clement an de Jeff Schinker ware lauschteren – a verroden eis net just, wéi et war, mee ënnerhalen sech och kuerz iwwer déi nei EP selwer.

Ee Floumaart vun der Filmkultur 26.06.2026

Ee Lieu ausserhalb vun der Zäit: den Cinema Ritrovato zu Bologna ass eng Mëschung aus Festival, Archiv, Ausstellung a Martplatz - a rett net just Filmer virun der Vergiessenheet ma verréit och, wisou se iwwerhaapt konservéiert musse ginn.

La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création 26.06.2026

Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Équipe vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création. Dobäi handelt et sech ëm eng Aart Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Ënnert dem Titel “Common Ground” ass den owend de Vernissage vun der sechster Triennale. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitut...

(Net) gesi ginn: ee Bilan vum Monodrama an dräi Stécker 26.06.2026

Leschte Sonndeg ass déi 16. Oplag vum Monodrama Festival op en Enn komm. Hei gouf de Seul en scène an all senge Facette gefeiert – vun enger Choregraphie mat Dronen bis hin zu engem Stéck, an deem eng Schauspillerin 16 Figuren inkarnéiert, war et eng divers Oplag. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker stellen dräi Stécker vum Festival vir.

The Last of Us 25.06.2026

"The Last of Us" baséiert op der populärer Videospill-Rei mam selwechten Numm a gouf vu Fans mat Spannung erwaart. Kann d'Serie dësen Erwaardunge gerecht ginn, oder ass et um Enn awer just eng vu ville postapokalypteschen Zombie-Geschichten?

AWARE steet fir Archives of Women Artists Research and Exhibitions 25.06.2026

Den engleschen Terme “aware” bedeit jo op Lëtzebuergesch “sech bewosst sinn”. Als Ofkierzung steet AWARE ënner anerem fir “Archives of Women Artists Research and Exhibitions”. Um Ufank war ... dësen Archiv eng Zort Soloperformance vun der Camille Morineau. Déi Paräisser Konschthistorikerin, -Kommissärin a -Conservatrice hat d’Initiativ no hirer remarkabeler Pompidou-Expo “Elles”, déi si 2009 mat W...

"Literatur huet als Funktioun, Mëssstänn opzeklären" 25.06.2026

Gëschter um Donneschdeg gouf de Prix Servais am CNL zu Miersch un de Ian De Toffoli fir säi Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" verginn - dat bei Temperaturen, déi ënnerstrach hunn, wéi aktuell dem Schrëftsteller säi Buch iwwer (ënnert anerem) de Klimawandel ass. D'Emma Hizette huet sech virun der Zeremonie mam Auteur ënnerhalen.

Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou 24.06.2026

No gutt 33 Joer mécht den éischte September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen vun Op der Lay, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mam Jo Kox vum Focuna, geschwat. An eng...

Screaming Fields - Blame Emeraude 24.06.2026

D'Blame Emeraude war d'Gewënnerin vun der Rockhal hirem Nowuessconcours, dem Screaming Fields, d'lescht Joer. Wat huet et bruecht? De Marc Clement freet no.

Aus der Vergiessenheet opdauche loossen: De Cinemato ritrovato zu Bologna 24.06.2026

De Cinemato ritrovato Festival zu Bologna éiert restauréiert Filmer a versicht net just vergiesse Filmer, mee deels och zu hirer Zäit invisibiliséiert Schauspiller:innen a Regisseuren a Regisseurinnen esou ze valoriséieren, wéi si et eigentlech verdéngt hätten. De Marc Trappendreher mat engem Bäitrag vu Bologna

Film vun der Woch - "Backrooms" 22.06.2026

"Backrooms" ass net nemmen deen éischte Kinodebut vun engem 20-järegen, mee och een iwwerraschende Boxoffice-Erfolleg an eng onstëllbare Quell vun Internet-Lore. D'Vesna Andonovic, de Jeff Schinker an de Marc Clement hunn de Film gesinn.

De Grand Prix de poésie Robert Ganzo 2026 fir d’Syrerin Maram al-Masri 22.06.2026

Viru ganz genee zéng Joer gouf déi Lëtzebuerger Dichterin Anise Koltz um renomméierte Literaturfestival Étonnants voyageurs zu St. Malo mam Grand Prix de poésie Robert Ganzo ausgezeechent. 2026 goung en un eng vun de wichtegste weibleche Stëmme vun der syrescher Poesie, d’Maram al-Masri. Dëst fir hiert Gesamtwierk, awer am Kontext vun der Reeditioun vun hirem Gedichtband “Je te menace d’une colomb...

David Hockney 22.06.2026

Am Kader vum Pride Month kucke mir haut op d’Wierk vum brittesche Moler David Hockney zeréck, deen den 11. Juni 2026 gestuerwen ass. Den Hockney gëllt als ee vun de bedeitendste Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Wärend senger ganzer Karriär huet hien ëmmer nees queer Léift, Identitéit a Bezéiungen thematiséiert – zu enger Zäit, wou esou Sujeten nach wäit manner siichtbar ware wéi haut. D’Emma Hizett...

"Ce n'est pas mon affaire d'avoir un avis sur ce que j'écris" 19.06.2026

Gëschter Donneschdeg Owend huet d'Schrëftstellerin Marie NDiaye hiren neien Text "Ma chérie" zesumme mat der Improvisatiounsmusekerin Christine Wodrascka ënner der Regie vum Denis Cointe am TNL virgelies. Am Kader vun dësem Projet, deen dank dem TNL an dem IPW op Lëtzebuerg koum, huet de Jeff Schinker sech mat der franséischer Schrëftstellerin ënnerhalen, déi net just mam Prix Goncour...

Referenzjuegd am Limbo: "Disappear Here" am TNL 19.06.2026

"Disappear Here" vum Max Blom a mat der Marie Jung, dem François Camus an dem Thomas Lea Clarke leeft den Ament am TNL. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck kucken a verroden eis net just, wéi si d’Stéck fonnt hunn, mee och, wat genee et mam Format vum Collage Play op sech huet.

Net fir d'Kaz, mee fir den Hond: Am Gespréich mat der Catherine Elsen 19.06.2026

"Coward’s Heart" heescht der Catherine Elsen hiren éischte Soloalbum. Wat d’Konzept an Thematik derhannert ass, wisou d’Musekerin en ongewéinleche Wee vun der Distributioun gewielt huet – a wat genee si op Mörs verschloen huet – dat gi mir an hirem Interview mam Jeff Schinker gewuer.

Devil My Cry 18.06.2026

Eng animéiert Serie, an där et ëm de Kampf tëschent Dämonen a Mënsche geet. Mir begleeden hei den Haaptpersonnage Dante, en Dämonejeeër, deen tëschent béide Säite steet. Eng Serie, déi en Action-Spektakel bitt, soss awer éischter iwwerflächlech bleift.

Eng Sammlung vu lëtzebuergesche politesche Lidder 18.06.2026

Deen 2. Band vun der Liddersammlung mam Titel "Georgely" ass e Sträifzuch duerch 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht. De Georges Urwald huet d'Selektioun gemaach.

Die Spitz an der Escher Kufa 18.06.2026

Die Spitz (dye zpitz) ass eng jonk Band aus dem Texas, déi am Hierscht hiren Debutalbum erausbruecht huet an dofir immens gutt Kriticken an der Press krut. Si mësche verschidde Genren a wiesselen och mol Instrumenter op der Bün.

Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou 18.06.2026

No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou: d’Bicher vum Verlag gëtt et da just nach bei Librairen, a Bibliothéiken a second hand. Wat bedeit dat fir d’Zukunft vum Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen vun Op der Lay, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfel...

"The Music is Black" am V and A East zu London 17.06.2026

D'Beatles, d'Rolling Stones, d'Kate Bush, den David Bowie, Radiohead, Pink Floyd, d'Spice Girls – Dës sinn just puer vun de erfollegräichen Museker:innen, déi Groussbritannie produzéiert huet. D'musikalesch Kontributioune vun Schwaarze Museker:inne gëtt allerdéngs dacks iwwersinn. Deen neie Musée V&A East zu London kuckt an enger innovativer Ausstellung, wéi Black Musi...

Listen to the Kultur podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.