radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.100komma7.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Dana Vowinckel – Anton und Alma 17.09.2026
De 5. Oktober gëtt am Kader vun der Frankfurter Buchmesse den däitsche Buchpräis verginn. Am Virfeld stellt d‘Valerija Berdi eng Rei Bicher vir, déi d‘Chancen hunn, dëse renomméierte Literaturpräis ze gewannen. Haut ass et der Dana Vowinckel hire Roman „Anton und Alma“ , deen am Suhrkamp Verlag eraus komm ass.
Di kleng Theatere stellen hire Programm vir 17.09.2026
Kleng Theateren hun hiren eegene Charme: Proximitéit, Intensitéit, Engagement. Deementspriechent gléissend sinn d'Programmukennegunge vu Centaure, Kasemattentheater an TOL ausgefall. De Marc Clement rapportéiert.
Rentrée littéraire: "N'efface pas mes cercles" vun der Emma Marsantes 16.09.2026
Eng Duechter versicht, hirer Mamm hire Suizid ze verstoen an erzielt dofir, op knapp 160 Säiten, eng donkel Familljegeschicht: der Emma Marsante hire Roman "N'efface pas mes cercles", noméiert fir de Prix Goncourt, de Prix Femina an de Prix Médicis, verdicht traumatesch Themen zu engem wichtegen, poetesche Wierk. De Jeff Schinker huet d'Buch fir eis gelies.
Shida Bayzar . Die Lücken 16.09.2026
Mat hirem Roman "Die Lücken" (Kiepenheuer & Witsch) steet di däitsch-iranesch Schrëftstellerin Shida Bayzar op der Shortlëscht fir de Däitsche Buchpräis. D'Valerija Berdi huet dëse komplexe Roman mat grousser Begeeschterung gelies.
De Film "Naza" suergt fir Oprou 16.09.2026
Den israeelesche Film “Naza” ass am Festival zu Venedeg gelueft ginn. Ganzer 25 Minutten huet de Public bei der Première leschten Donneschde geklappt - esou laang wéi nach ni virdrun. An Israel selwer kennt de Film awer manner gutt un. Firwat déi zwee israeelesch Regisseuren, de Yuval Abraham an d'Rachel Szor, doheem als Verräter ugesi ginn, doriwwer schwätze mir mat eisem Korrespondent Léona...
Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun 15.09.2026
De Museker, Sänger an Theaterregisseur Schorsch Kamerun – ënner anerem bekannt als Grënnungsmember vun der däitscher Band "Die Goldenen Zitronen" – geet mat engem Stéck "Luxembourg All In" Froe vu Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no. D'Resultat ass kee konventionellt Theaterstéck: "Luxembourg All In" ass eng immersiv Concerts-Installatioun, déi an Zes...
Nei am Kino 15.09.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Déi nei Spillzäit am TNL 14.09.2026
Et ass eng speziell nei Saison 2026/2027 déi den Théâtre National du Luxembourg, den TNL gëschter presentéiert huet, et ass Saison vum 30. Anniversaire an esou munchereen huet sech bei der Presentatioun geduecht: “Gëtt et den TNL scho wierklech esou laang!” 30 Joer TNL sinn eriwwer an déi nächst 30 Joer fänken un, an et bleift derbäi datt déi theatralesch Produktioun a Kreatioun ee vun de Piliere...
Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine 14.09.2026
Nom Percival Everett sengem geniale Roman "James", deen d’Geschicht vum Mark Twain sengem "The Adventures of Huckleberry Finn" aus der Perspektiv vum Schwaarze Sklav erzielt, verëffentlecht d’Lilia Hassaine mat "JE" ee Roman, deen am Universum vun der Charlotte Brontë hirem "Jane Eyre" spillt an aus der Perspektiv vun der "verréckter" Fra um Späicher erzielt...
Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis 14.09.2026
Schoulufank ... Deen Här, un dee mir haut erënnere wëllen, huet dëst Ritual och eng Partie Kéiere matgemaach. De Bert Theis war haaptberufflech Schoulmeeschter, ier hien decidéiert huet, fräischaffende Kënschtler ze ginn. Iwwer d’Molerei, d’Experimentéiere mat Fotografie, Konzeptkonscht a Collage ass hien zu der Performance, der Schafung vu Situatiounen am ëffentleche Raum komm. Seng Aarbechte war...
Turning Point: Generation 9/11 11.09.2026
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet. D‘Claire Barthelemy huet e fir eis gekuckt.
Faux Real - "Poison Time" 11.09.2026
Schonn d'Singleauskopplungen hu gewisen, wou d'Rees higeet: "That Far" an "One & Done" zéien den Nolauschterer mat repetitive Synth-Linnen a punkiger Energie direkt an hire Bann. Wéi "Poison Time", den zweete Longplayer vu Faux Real soss esou kléngt, weess de Marc Clement.
D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star” 10.09.2026
Enn September/ Ufanks Oktober ginn eng ganz Rei interessant Ausstellungen op en Enn. Falls dir État bruit an der Escher Konschthal, d’Luxembourg Architecture Awards am LUCA am Gronn oder vu Lilien a Linnen am Nationalmusée um Fëschmaart nach net gesinn hutt, maacht iech bäi. Och wat di speziell Gebuertsdagsprogrammer am Casino an am Mudam ugeet. Am Pei-Musée kënnt dir traditionell all Summer en an...
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen 10.09.2026
D‘Vakanzezäit ass fir vill Leit elo eriwwer an et ass de richtege Moment e Buch iwwer d‘Reesen ze liesen, e Buch, dat sécher kee Reesguide ass. An domat huet d‘Valerija Berdi dann och e ganz besonnesche Liestipp. Der Felicitas Hoppe hire Roman „Reisen“ aus dem Hanser-Verlag.
De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen... 09.09.2026
Gëschter ass d’Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis bekannt ginn. Sechs Bicher huet d’Jury ausgewielt, déi d’Chance hunn de 5. Oktober, zum Optakt vun der Frankfurter Buchmesse ausgezeechent zeginn. Wéi eng Bicher dat sinn, dat erzielt eis elo d’Valerija Berdi.
Beautiful Decay 2026 10.07.2026
Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut den Owend erëm d‘Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga ... an e puer waarmen Headliner. De Marc Clement ënnerhält sech mam Thierry Schmitz vun der Organisatioun iwwer eng Editioun mat staarken Highlighten.
Seven Methods of Killing Kylie Jenner 10.07.2026
Am Theaterstéck huet d'Marie-Christiane Nishimwe d’Roll vum “Internet” gespillt. Do huet si d’Roll vum politesche Kierper vun der Schwaarzer Fra thematiséiert an der Klassik, esou wéi d’Fro vun der Schwaarzer Identitéit. An dësem leschten Extrait vu Klassik Talk verréit si dem Marie Trussart, wat et fir si heescht eng Schwaarz Fra ze sinn.
Widow's Bay 09.07.2026
De Buergermeeschter Tom Loftis wëllt jo eigentlech just seng Gemeng méi attraktiv fir Touriste maachen. Allerdéngs schlummert ënner där verschlofener, onscheinbarer Uertschaft Widow’s Bay eng donkel Vergaangenheet, déi lues a lues erëm un d'Uewerfläch kënnt. De Gilles Schreurs stellt d’Serie “Widow’s Bay“ vir.
D’Guangju-Biennale 2026 ass mat “Du muss däi Liewen änneren” iwwerschriwwen 09.07.2026
2026 ass schonn een aussergewéinlecht Joer fir de Casino Lëtzebuerg: de Forum fir zäitgenëssesch Konscht feiert déi ganz Saison mat engem spezielle Programm 30. Gebuertsdag a kuratéiert de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale zu Venedeg. Elo koum nach d’Nouvelle, datt de lëtzebuergesch-däitschen Duo M+M, also d’Multimedia-Kënschtler Marc Weis a Martin De Matia, d’Casino-Ekipp gefrot hunn, fir...
De Soundtrack vu "La Merde" an de Mann hannendrun 09.07.2026
Fir et nach eemol an d’Gediechtnes ze ruffen: déi Filminstallatioun, déi am Moment am Arsenale zu Venedeg op der Konschtbiennale Lëtzebuerg representéiert, weist eng Strull Kaka, meeschterhaft mat Schauspillerei a Spezialeffekter op den Ecran gezaubert, op där hirer Spur, ähem, den Zuschauer duerch d’Gefill vun der Schimmt a verschiddene Situatioune geféiert gëtt. Dozou gehéieren och Geräischer, d...
Edward-Steichen-Fotoen eng alleréischte Kéier op de Rencontres d’Arles 08.07.2026
De Mëtteg um fënnef Auer ass op de renomméierte Rencontres de la photo zu Arles Vernissage vun den 2 Fotoexpoen “La nature d’Edward Steichen” plus “Edward Steichen nei interpretéiert vun der Lisa Oppenheim”; dëst ë. a. a Presenz vun der Groussherzogin an eisem Kulturminister Eric Thill. An natierlech Lët’z Arles, d’ASBL, déi déi Lëtzebuerger Fotografie engagéiert um Festival vertrëtt, an déi fir h...
Buchkritik: "Rejection" 08.07.2026
Wei steet et ëm déi mënschlech Verbindungen, wann d‘Liewe sech ëmmer méi um Bildschierm ofspillt? A sengem Buch “Rejection” zielt den Tony Tulathimutte Geschichte vu jonke Leit, déi an der Realitéit net méi Fouss fänken a sech dann am Internet verléieren. Dobäi entsti ganz grotesk Situatiounen, déi witzeg si mee och e battere Goût beim Lieser hannerloossen. D‘Claire Barthelemy huet eragelies.
Ingeborg Bachmann - "Wir müssen wahre Sätze finden" 08.07.2026
Déi éisträichesch Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann gëtt en Abléck an hiert Schreiwen, hir Haltung zur Gesellschaft, zur Politik an och zur Sprooch. Wat et heescht, wouer Sätz an enger beschiedegter Sprooch ervirzebréngen, doriwwer méi vum Léon Rinaldetti.
Net vun dëser Welt: Ghinzu an der Rockhal 07.07.2026
De Concertsmarathon vum Summer geet weider: Nodeems déi lescht Deeg The Offspring, de Moby, d’Gorillaz, de Keanu Reeves mat senger Band Dogstar an A Perfect Circle queesch uechter d’Land gespillt hunn, huet gëschter déi belsch Band Ghinzu hire Concert nogeholl, dat nodeems de Sänger John Stargasm sech verletzt hat an de Concert am Juni huet misse verluecht ginn. De Jeff Schinker huet gëschter säi...
Ennert dem Kiischtebam ... 07.07.2026
En neit Konzept fir de Summer am Gaart vum Naturmusée ze genéissen, hu sech de Robert Weis an de Julien Meyer ausgeduecht. "Ennert dem Kiischtebam" gëtt akustesch Musek a Literatur aus Lëtzebuerg ugebueden. Fir méi Detailer iwwer dëse Programm gewuer ze ginn, huet d'Valerija Berdi de Robert Weis an de Julien Meyer a Kulturen invitéiert.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.