Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Den Dokter vun Ärem Vertrauen? 17.04.2026 26:04
Fäll vu Feelverhale vun Doktere sinn an der Aktualitéit. Wien ass fir d’Kontroll vun de Medezinner zoustänneg? Firwat dauert et dacks laang, bis schwaarz Schof aus dem Verkéier gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Stréifeier amplaz Stabilitéit 10.04.2026 20:10
De Lëtzebuerger Immobiliemarché huet sech nach ëmmer net stabiliséiert. Wat sinn d'Ursaachen? Wat hunn déi staatlech Mesurë bruecht? A wéi kéint déi aktuell Weltlag d'Situatioun beaflossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Mindestloun an aner politesch Manöveren 03.04.2026 31:07
D'Decisioun vun der Regierung zum Mindestloun stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. Wéi ass d'Virgoe vun der Koalitioun ze beurteelen? Gouf et keng aner Optioun? A wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi vill Sputt bleift bei deene Scholden? 27.03.2026 26:50
Duerch den Iran-Krich dréit eng nei Energiekris. Wéi vill budgetäre Spillraum huet d'Regierung fir ze reagéieren. Wéi eng Depensë kéint si reduzéieren? A wéi problematesch ass déi héich Staatsschold? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D'Léieren aus der Affär Traversini 20.03.2026 30:20
Aktuell gëtt un engem Deontologie-Kodex fir Gemengepolitiker geschafft. Firwat besteet grad bei hinnen e Risiko vun Interessenskonflikter? A wat muss aus der Affär Roberto Traversini geléiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Besser an der Oppositioun? 13.03.2026 30:38
Säit méi wéi zwee Joer sinn LSAP an Déi Gréng an der Oppositioun. Wéi hunn déi fréier Regierungsparteien an dës Roll era fonnt? A wéi stellen si sech säitdeem personell a programmatesch nei op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
E neie Krich, an eng nei Energiekris? 06.03.2026 26:20
De militäresche Konflikt an der Golfregioun huet elo schonn en Impakt op Gas- a Pëtrolspräisser. Wat erwaart Europa a Lëtzebuerg? A wéi kéint hei eng méi onofhängeg Energiepolitik ausgesinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi bléckt Lëtzebuerg op den Ukrain-Krich? 27.02.2026 26:54
Och véier Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain schéngt e Fridde wäit ewech. Wéi ass d'Situatioun aktuell? Wéi ee Bild gëtt Europa an deem Konflikt of? A wéi ass d'Lag vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D'Konsequenze vun der Affär Wilmes 20.02.2026 31:43
De Fall vum Chirurg Philippe Wilmes wërft vill Froen op. Wéi en Impakt huet dat op d’Patienten? Wéi een op d’Dokteren? A wéi kéint dës Affär de ganze Secteur a d’Gesondheetspolitik veränneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wat bréngt e Social-Media-Verbuet fir Jonker? 13.02.2026 30:59
Och zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert, Jugendlecher den Zougang zu soziale Medien ze verbidden. Ass dat dee richtege Wee? Wéi grouss sinn d'Gefore vu Social Media? A wéi een Impakt huet KI? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
En onerwaarte Stresstest fir d'Koalitioun 06.02.2026 31:02
D'Fro vu méiglechen Unisex-Toiletten an de Lycéeë beweegt d'Gemidder. Wéi ass d’Virgoe vun der DP hei ze beurteelen? Wéi d’Reaktioun vun der CSV? A wat seet dat iwwer den Zoustand vun der Koalitioun aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Vun Duebelmandater an Duebelmoral 30.01.2026 27:24
CSV an DP wëllen awer net d’Duebelmandater ofschafen. Wéi ass et zu dësem Revirement komm? Wat ass lo geplangt? A wéi eng aner Reformen si néideg, fir d’Chamber ze moderniséieren an ze stäerken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Special Edition: Huet de Lëtzebuerger Modell nach eng Zukunft? 23.01.2026 1:04:07
Manner Wuesstem an Emploi kéinte fir de Lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialmodell massiv Problemer bedeiten. Wéi kéint een deem entgéintwierken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“, déi fir déi éischt Kéier live viru Publikum opgezeechent gouf.
Eng nei Welt-Onuerdnung 16.01.2026 26:05
Venezuela, Grönland oder och nach déi nei Sécherheetsstrategie: D'USA geheien d'Weltuerdnung op d'Kopp. Wat bedeit dat fir déi transatlantesch Relatiounen? A wéi kann oder muss Europa reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Gerechtegkeet mat der Strenz 09.01.2026 28:03
D‘Regierung huet elo déi laang erwaarte Steierreform virgeluecht. Wat ass vun där Reform ze halen? Wat vun den anere Mesuren, déi annoncéiert goufen? A wéi soll dat alles finanzéiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wat erwaart eis am neie Joer? 02.01.2026 27:54
D’Regierung geet mat gudde Virsätz an dat neit Joer. Wéi kéint dee vum Premier annoncéierten „Neistart“ ausgesinn? Wat ass 2026 an der Lëtzebuerger Politik, ma och geopolitesch ze erwaarden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wat huet eis Redaktioun 2025 markéiert? 26.12.2025 24:49
D’Joer 2025 war villes, mee net langweileg – och fir d'Redaktioun vu Reporter.lu. Mee wat waren da fir d’Journalistinnen a Journaliste selwer déi Storyen, déi hinne besonnesch an Erënnerung bliwwe sinn? Dat verroden si an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi war dat nach mat de Bommeleeër? 19.12.2025 24:50
Sechs Ex-Gendaarme stounge lo wéinst hiren Aussoen am Bommeleeër-Prozess 2013/2014 viru Gericht. Wat ass zréckzebehalen vun dësem neie Prozess? A wéi geet et weider mat der ganzer Affär? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ee Minister geet, d'Problemer bleiwen 12.12.2025 28:59
De Georges Mischo huet d’Regierung verlooss. Wéi sinn dee Schrëtt an d’Begrënnung vum Premier Luc Frieden ze bewäerten? An ass den Dossier Sportsmusée domat scho rëm vum Dësch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D'Affär Mischo an aner politesch Baustellen 05.12.2025 37:46
Iwwer zwee Joer sinn CSV an DP nawell un der Muecht. Wat huet d’Regierung bis elo wierklech geliwwert? Wat huet se nach wëlles? An gëtt de Georges Mischo elo endgülteg zur Belaaschtung fir d’Koalitioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Tubaksparadäis Lëtzebuerg 28.11.2025 34:41
D’Steieren um Tubak sinn zu enger Milliarderecette vum Staat ginn – viru Banken an Tanktourismus. Wëll d’Regierung déi Ofhängegkeet reduzéieren? A wéi passt eng seriö Gesondheetspolitik dozou? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Projet Alpha - eng Reform mat Konfliktpotential 21.11.2025 24:37
De „Projet Alpha“ steet an de Startlächer. Mee nach vill Froe sinn oppen. Wéi ass d’Virgoe vun der Politik hei ze beurteelen? An wéi stéchhalteg ass d'Kritik un der Reform vun der Alphabetiséierung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Eng Regierung ënner Dauerdrock 14.11.2025 28:09
Vu Gewerkschafte bis Dokteren, d'Regierung gëtt aktuell op méi Fronten attackéiert. Wéi berechtegt ass d'Kritik? Wéi ass d'Stëmmung an der Koalitioun? A wéi vill Schold huet dorun de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Eng Klimapolitik ouni Kohärenz 07.11.2025 32:57
Dëser Deeg steet d’Klimapolitik nees méi am Fokus. Grond ass d’COP30 a Brasilien. Ëm wat geet et bei där Konferenz? Wéi eng Roll spillt dobäi Europa? A wéi steet et eigentlech ëm déi national Klimapolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’WhatsApp-Diplomatie vum Xavier Bettel 31.10.2025 17:42
De Xavier Bettel ass elo säit ronn zwee Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik ënnert him verännert? A wéi positionéiert hien sech do, awer och national vis-à-vis vum Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.