Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

News LB ↓ 226 episodes

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu

Author

Reporter.lu

Category

News

Podcast website

www.reporter.lu

Latest episode

Oct 9, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Kann déi Rechnung nach opgoen? 24.10.2025

Den Defizit am Staatsbudget gëtt ëmmer méi grouss an d’Schold klëmmt. Ass dat einfach déi nei Realitéit? Wäert de Wuesstem dat scho reegelen? Oder muss d’Regierung hir Finanzpolitik iwwerdenken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Gesondheetspolitik ouni Visioun 17.10.2025

Eng defizitär CNS an Dokteren op Krichsfouss: An der Gesondheetspolitik steet d'Regierung viru schwieregen Aufgaben. Kann si déi bewältegen? Oder hunn CSV an DP am Walkampf ze vill versprach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Parlamentarismus ouni Präsenz? 10.10.2025

Net all Deputéiert si gläich vill an de Kommissiounssëtzunge präsent. Wat sinn d'Grënn dofir? Firwat ass dat problematesch? A ka virun deem Hannergrond weider un Duebelmandater festgehale ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Vive de Grand-Duc, mee firwat eigentlech? 03.10.2025

Aus Grand-Duc Henri gëtt Grand-Duc Guillaume. Wat bedeit den Trounwiessel fir d’Land? Wéi huet d’Monarchie Politik a Gesellschaft gepräägt? A wéi eng Roll spillt de Grand-Duc zu Lëtzebuerg iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reng Symbolik oder e Schrëtt Richtung Fridden? 26.09.2025

Nieft villen anere Länner erkennt och elo Lëtzebuerg Palästina als Staat un. Wat bedeit dat fir de Gaza-Konflikt? Wat fir déi allgemeng geopolitesch Lag? A wat fir d’Relatiounen tëscht den USA an Europa? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Kënnt d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung? 19.09.2025

An der Chamber gëtt aktuell diskutéiert, op d’Recht op Ofdreiwung soll an d’Verfassung kommen. Wéi positionéieren sech d’Parteien? A firwat war dëse Sujet net Deel vun der leschter Verfassungsrevisioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat ass vun dëser Regierung nach ze erwaarden? 12.09.2025

D’Regierung huet nach e puer Reformen op der Agenda. Dat politescht a soziaalt Klima ass awer ugespaant. Wéi beaflosst dat déi eenzel Projeten? A wéi vill Reformwëllen huet dës Koalitioun iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Vum Sozialdialog zum politeschen Echec 05.09.2025

No enger Sozialronn ouni Accord wëll d'Regierung elo hir Verantwortung iwwerhuelen. Wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Wat fir d'Pensiounsreform? An hunn CSV an DP sech hei politesch clever ugeluecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi vill politesch Beamte braucht d'Land? 29.08.2025

Wéi hir Virgänger huet och déi aktuell Regierung eng Rei politesch Beamten ernannt. Wien sinn déi nei Leit? Wat geschitt mat den ale Conseilleren? A firwat ass dës Lëtzebuerger Traditioun problematesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Give peace a chance? 22.08.2025

Den US-Präsident Donald Trump dreift d’Verhandlungen ëm ee Fridden an der Ukrain virun. Mee huet déi Initiativ wierklech Aussiicht op Erfolleg? An wéi eng Hindernisser gëtt et an de Gespréicher? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi steet Lëtzebuerg zum Gaza-Konflikt? 15.08.2025

Hongersnout, Gewalt an Zerstéierung: D’Situatioun an der Gaza-Sträif ass an allen Hisiichten extrem. Wéi soll d’Lëtzebuerger Regierung mam Virgoe vun Israel ëmgoen? A wéi konkret eppes beweegen?

D’Konscht vum Handelsdeal 08.08.2025

Et ass een Deal nom Donald Trump sengem Goût: D’EU akzeptéiert eesäiteg Douanestaxen a wëll an den USA Milliarden investéieren. Wat bedeit dat fir d’Wirtschaft? A geet et net och ëm de Westen?

Eng Cyberattack, déi alarméiert 01.08.2025

D’Cyberattack géingt d’Post hat wäitreechend Konsequenzen. Wat seet dëse Virfall iwwer d’Resilienz vu Lëtzebuerg aus? Wat ass vum Krisemanagement ze halen? A wéi eng Conclusioune mussen elo gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

E Gesiichtsverloscht fir de Premier? 25.07.2025

D’Sozialronn mécht Summerpaus bis September. Wéi sinn déi Verhandlunge mat de Sozialpartner bis elo verlaf? Wéi eng Säit huet sech duerchgesat? A wéi eng Roll spillt d’Chamber an deem Ganzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Ass d’Caritas-Kommissioun gescheitert? 18.07.2025

D’Spezialkommissioun „Caritas“ wollt d’Affär opschaffen. Gouf si deem Usproch gerecht? Wat ass haut iwwer de Krisemanagement vun der Regierung gewosst? An hätt d’Caritas net awer kënne gerett ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Don’t call it Tripartite 11.07.2025

An der Sozialronn gouf haart a bis an d’Nuecht ra verhandelt. Wat ass bis lo dobäi erauskomm a wéi steet et ëm de Sozialdialog? A wéi eng Roll spillt de feelende Konsens an der CSV-DP-Koalitioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Manner Steieren, vill oppe Froen 04.07.2025

De Gilles Roth huet seng Pläng fir eng Individualiséierung vum Steiersystem virgeluecht. Kann hien déi Reform esou ëmsetzen? Wéi soll se finanzéiert ginn? A gëtt se hirem gesellschaftspoliteschen Usproch gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Méi Depensen, mee och méi Defense? 27.06.2025

Zu Den Haag goufen dës Woch nei NATO-Ziler fir d'Memberlänner decidéiert. Mee wat heescht dat elo konkret? Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? A kéint Europa sech domat wierklech aleng verdeedegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Firwat SLAPP-Kloen d’Press menacéieren 20.06.2025

Och zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Journaliste mat Plainte konfrontéiert. Wat stécht hannert dësem Phänomen? Firwat ass et esou problematesch? A wisou ass hei nieft der Justiz och d’Politik gefuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Diplomatie à la Xavier Bettel 13.06.2025

D’Oppositioun kritiséiert de Xavier Bettel fir säin „Zickzackkurs“ bei der Palästina-Fro. Zu Recht? Wéi ass seng Aussepolitik generell ze beurteelen? Och mat Bléck op d’Konstellatioun mam Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sozialkonflikt amplaz Sozialdialog 06.06.2025

De Staatsrot stäerkt de Gewerkschaften bei Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten de Réck. Muss d’Regierung elo zréckrudderen? An hätt si mat enger anerer Approche dee Konflikt kënne verhënneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

E Kaddo fir d'Oppositioun 30.05.2025

Vu Pensiounsreform bis Sozialdialog, d'Regierung bitt der Oppositioun vill Ugrëffsfläch. Mee notzt si déi och? Ka si politescht Kapital doraus schloen? A wa jo, wéi eng Parteien méi wéi anerer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Pensiounsreform ouni Konsens 23.05.2025

D’Regierung huet hir Pläng fir eng Pensiounsreform op den Dësch geluecht. Mee et bleiwe vill oppe Froen: Wat huet d’Koalitioun wierklech wëlles? Wien géing dës Reform besonnesch betreffen? A wat kann si bréngen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Villes versprach, munches geliwwert - an elo? 16.05.2025

D’Defense an d’Pensiounen hunn d’Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Wéi sinn dës Annonce vum Premier anzeschätzen? Wéi vill hunn CSV an DP erreecht a wat ass nach vun der Koalitioun z’erwaarden?

Kanzler Merz, d‘AfD an eng nei ADR-Debatt 09.05.2025

Däitschland huet eng nei Regierung. Wéi ass hire Programm anzeschätzen? Wéi wëll si den Opstig vun der rietsextremer AfD stoppen? An wéi eng Parallelle gëtt et zum Ëmgang mat der ADR zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Listen to the On the Record - Reporter.lu podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.