Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Gutt, datt mir driwwer geschwat hunn? 31.01.2025 22:16
Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
An elo, en français s'il vous plaît 24.01.2025 23:18
An Zukunft soll d'Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d'Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d'Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Alles elektresch oder wat? 17.01.2025 22:27
Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil bei der aktueller Entwécklung ze erreechen? Wat sinn d'Contrainten? An huet d'Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi eng EU-Politik wëll de Luc Frieden? 10.01.2025 21:38
An der Regierung schéngt och d'Europapolitik Chefsaach ze sinn. Wou huet de Premier Luc Frieden bis elo Akzenter gesat? A wéi ass säi Verhältnis mam Ausseminister Xavier Bettel ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wat erwaart eis 2025? 03.01.2025 34:00
De Comeback vum Donald Trump, Walen an Däitschland an eng onsécher Wirtschaftslag wäerten déi éischt Méint vum neie Joer prägen. Wat bedeit dat fir d’Weltpolitik? Wat steet fir Lëtzebuerg um Spill? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Hannergrënn vum Caritas-Skandal 20.12.2024 38:40
D’Caritas-Affär huet d’Aktualitéit vun de leschte Méint bestëmmt. Wou ass d’Enquête drun? Wat si Spekulatiounen, wat ass tatsächlech gewosst? A wéi eng Roll spille Journaliste beim Opschaffe vum Skandal?
Méi Kafkraaft, mee geet dat duer? 13.12.2024 19:48
D’Stäerkung vun der Kafkraaft ass dee politische Sujet, deen sech d’Regierung op de Fändel geschriwwen huet. Mee geet den Entlaaschtungspak duer? Oder brauch et strukturell Reformen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Gëtt d’Nordstad jeemols Realitéit? 06.12.2024 18:16
De Bettenduerfer Gemengerot huet sech aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun zréckgezunn. D’Bierger wëllen elo e Referendum. Bréngt dat de ganze Prozess un d’Stocken? Oder ka grad elo eng nei Dynamik entstoen?
D’Aussepolitik vum Xavier Bettel 29.11.2024 21:46
De Xavier Bettel ass mëttlerweil säit engem Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik mat him verännert? Wéi agéiert hien a geopolitesch brisanten Dossieren? A wéi an der Entwécklungshëllef?
Wat mécht Schwaarz-Blo anescht? 22.11.2024 25:07
D’Koalitioun tëscht CSV an DP ass mëttlerweil säit engem Joer am Amt. A wéi enge Beräicher ass eng nei Handschrëft ze erkennen? A wou gëtt et eng Kontinuitéit zur viregter Regierung?
Wéi geet et weider mam Staatsrot? 15.11.2024 23:46
Den LSAP-Kandidat Max Leners ass net zum Member vum Staatsrot gewielt ginn. Wat sinn d’Hannergrënn vun dësem Vote? A wat bedeit dat fir de Fonctionnement vum Staatsrot?
E Comeback mat ville Konsequenzen 08.11.2024 25:46
D’USA hu gewielt an den Donald Trump gëtt nees President. Wéi ass seng däitlech Victoire ze erklären? Wat bedeit eng zweet Amtszäit vum Republikaner fir Amerika. A wat fir de Rescht vun der Welt?
Wéi steet d’Regierung zum Sozialdialog? 01.11.2024 25:41
Ob Aarbechtsrecht oder Pensiounsreform: D’Regierung zitt d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech. Stécht do eng Strategie dohannert? An ass dat eng effikass Manéier fir Reformen ëmzesetzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wat bei den US-Walen um Spill steet 25.10.2024 41:51
Donald Trump oder Kamala Harris? Wéi ass d’Ausgangslag virun de Presidentschaftswalen an den USA? Wéi stabil ass d’US-Demokratie? A wat kéint d’Resultat fir Europa an déi ganz Welt bedeiten. Doriwwer schwätzt de Chefredakteur vu Reporter.lu, Christoph Bumb, mam Journalist Philip Crowther.
Vu Fakten, Floskelen a falsche Verspriechen 18.10.2024 23:14
Mam Budget 2025 setzt de Gilles Roth „Kurs op muer. Ee Muer fir jiddereen“. Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Wéi realistesch sinn d’Prognose vun der Regierung? A geet si déi reell Problemer un? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi geet et an der Caritas-Affär weider? 11.10.2024 23:02
D’Organisatioun „Hëllef um Terrain“ huet vill Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. An awer bleiwen an der Affär eng Rei fundamental Froen oppen, net zulescht déi vun der Responsabilitéit. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéini kënnt den Tram un? 04.10.2024 20:25
Den Tram-Reseau an der Haaptstad gëtt massiv ausgebaut. An den Zäitplang dofir ass zimmlech optimistesch. Kann dee Plang opgoen? Wo riskéiert een, Problemer ze kréien? A wéi packt d’Stad déi vill Chantieren?
Wéi Reporter.lu mat Plainten ëmgeet 27.09.2024 19:40
Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’politesch Ofwéckelung vun der Caritas 20.09.2024 22:01
D’Caritas Lëtzebuerg gëtt duerch eng nei Organisatioun ersat, international Projete ginn agestallt. Wéi eng Roll spillt dobäi d’Regierung, notamment de Premier an de Kooperatiounsminister?
Eng Recherche voller Hindernisser 13.09.2024 19:21
Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg bei Frontex-Missiounen? Dat huet d’Journalistin Charlotte Wirth recherchéiert. Wéi eng Steng hir dobäi an de Wee geluecht goufen a firwat si elo juristesch géint d’Regierung virgeet, dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Bleift Lëtzebuerg e schlechte Schüler? 06.09.2024 27:18
Geschwënn ass Rentrée. Wou steet de Lëtzebuerger Schoulsystem am Joer 2024? Firwat si Reformen an der Educatioun esou schwéier? A wéi eng Projete gi méiglech Piste vir? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Lëtzebuerg a seng Vëlospolitik 30.08.2024 24:29
Och zu Lëtzebuerg fueren ëmmer méi Leit Vëlo. D’Infrastrukture ginn deem Trend awer net gerecht. Firwat deet sech d’Politik do esou schwéier? Wou ginn et gutt Usätz? A wou gëtt et nach vill Loft no uewen?
Vum Summerlach an de politeschen Hierscht 23.08.2024 17:49
D’Lëtzebuerger Politik ass an der Summerpaus. Mee d’Caritas-Affär impaktéiert och d’Regierung. Wat ass d’Roll vum Premier an deem Dossier? A wat fir Sujete stinn nom Summer um politeschen Ordre du jour? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi dréngend ass eng Pensiounsreform? 16.08.2024 19:42
D’Regierung wëll iwwer eng Reform vum Pensiounssystem schwätzen. Wat sinn d’Grënn fir deen Timing? Gëtt et e Konsens an der Gesellschaft? A firwat si lo d’Grenze vum Wuesstum en Thema?
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.