Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

News LB ↓ 226 episodes

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu

Author

Reporter.lu

Category

News

Podcast website

www.reporter.lu

Latest episode

Oct 9, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

E Comeback mat ville Konsequenzen 08.11.2024

D’USA hu gewielt an den Donald Trump gëtt nees President. Wéi ass seng däitlech Victoire ze erklären? Wat bedeit eng zweet Amtszäit vum Republikaner fir Amerika. A wat fir de Rescht vun der Welt?

Wéi steet d’Regierung zum Sozialdialog? 01.11.2024

Ob Aarbechtsrecht oder Pensiounsreform: D’Regierung zitt d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech. Stécht do eng Strategie dohannert? An ass dat eng effikass Manéier fir Reformen ëmzesetzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat bei den US-Walen um Spill steet 25.10.2024

Donald Trump oder Kamala Harris? Wéi ass d’Ausgangslag virun de Presidentschaftswalen an den USA? Wéi stabil ass d’US-Demokratie? A wat kéint d’Resultat fir Europa an déi ganz Welt bedeiten. Doriwwer schwätzt de Chefredakteur vu Reporter.lu, Christoph Bumb, mam Journalist Philip Crowther.

Vu Fakten, Floskelen a falsche Verspriechen 18.10.2024

Mam Budget 2025 setzt de Gilles Roth „Kurs op muer. Ee Muer fir jiddereen“. Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Wéi realistesch sinn d’Prognose vun der Regierung? A geet si déi reell Problemer un? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi geet et an der Caritas-Affär weider? 11.10.2024

D’Organisatioun „Hëllef um Terrain“ huet vill Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. An awer bleiwen an der Affär eng Rei fundamental Froen oppen, net zulescht déi vun der Responsabilitéit. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéini kënnt den Tram un? 04.10.2024

Den Tram-Reseau an der Haaptstad gëtt massiv ausgebaut. An den Zäitplang dofir ass zimmlech optimistesch. Kann dee Plang opgoen? Wo riskéiert een, Problemer ze kréien? A wéi packt d’Stad déi vill Chantieren?

Wéi Reporter.lu mat Plainten ëmgeet 27.09.2024

Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’politesch Ofwéckelung vun der Caritas 20.09.2024

D’Caritas Lëtzebuerg gëtt duerch eng nei Organisatioun ersat, international Projete ginn agestallt. Wéi eng Roll spillt dobäi d’Regierung, notamment de Premier an de Kooperatiounsminister?

Eng Recherche voller Hindernisser 13.09.2024

Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg bei Frontex-Missiounen? Dat huet d’Journalistin Charlotte Wirth recherchéiert. Wéi eng Steng hir dobäi an de Wee geluecht goufen a firwat si elo juristesch géint d’Regierung virgeet, dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Bleift Lëtzebuerg e schlechte Schüler? 06.09.2024

Geschwënn ass Rentrée. Wou steet de Lëtzebuerger Schoulsystem am Joer 2024? Firwat si Reformen an der Educatioun esou schwéier? A wéi eng Projete gi méiglech Piste vir? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Lëtzebuerg a seng Vëlospolitik 30.08.2024

Och zu Lëtzebuerg fueren ëmmer méi Leit Vëlo. D’Infrastrukture ginn deem Trend awer net gerecht. Firwat deet sech d’Politik do esou schwéier? Wou ginn et gutt Usätz? A wou gëtt et nach vill Loft no uewen?

Vum Summerlach an de politeschen Hierscht 23.08.2024

D’Lëtzebuerger Politik ass an der Summerpaus. Mee d’Caritas-Affär impaktéiert och d’Regierung. Wat ass d’Roll vum Premier an deem Dossier? A wat fir Sujete stinn nom Summer um politeschen Ordre du jour? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi dréngend ass eng Pensiounsreform? 16.08.2024

D’Regierung wëll iwwer eng Reform vum Pensiounssystem schwätzen. Wat sinn d’Grënn fir deen Timing? Gëtt et e Konsens an der Gesellschaft? A firwat si lo d’Grenze vum Wuesstum en Thema?

Wat brénge Petitiounen? 09.08.2024

Knapp 20.000 Leit hunn zwou Petitiounen zu LGTBQI an der Schoul ënnerschriwwen. Wat seet dat iwwert Biergerbedeelegung aus? Wéi notze Populisten dat Instrument fir Agendasetting?

D’Affär Caritas – vill Suen a vill oppe Froen 02.08.2024

D'Nouvelle, datt bei der Caritas Sue solle verontreit gi sinn, huet ageschloe wéi eng Bomm. Wéi konnt dat geschéien? Firwat huet d'Kontroll versot? A wéi ass d'Reaktioun vun der Regierung anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Meltdown vun de Piraten 26.07.2024

De Marc Goergen an de Sven Clement streiden ëffentlech. Wat war de konkreten Ausléiser? Wéi eng Zukunft gëtt et nach fir d’Piratepartei? A gouf et änlech Konflikter an der Lëtzebuerger Parteiegeschicht?

Déi kriddeleg Dossieren vum Claude Meisch 19.07.2024

Den Educatiounsminister kritt d’Affär ëm de Science Center an d’Problemer am Mamer Lycée net an de Grëff. Wéi transparent kommunizéiert de Claude Meisch? Gëtt hie senger Verantwortung gerecht?

Wéi eng Majoritéit fir Frankräich? 12.07.2024

Frankräich huet gewielt. A wéi et elo weidergeet, ass ongewëss. Wéi ass d’Resultat vum zweete Waltour anzeuerdnen? Wéi eng Optioune ginn et elo? A wat bedeit dat alles fir de President Emmanuel Macron?

Déi nei Lokalpolice, méi wéi just e Badge? 05.07.2024

Aus der geplangter Gemengepolice gëtt eng „Police locale“. Ass dat just eng Marketingaktioun oder eng pragmatesch Politik? Wéi soll dat Konzept hëllefen? A wat seet dëse Projet iwwert de Stil vun der Regierung aus?

Frankräich tëscht Blocage a Chaos 28.06.2024

Déi nächst Woche wielen d’Fransousen en neit Parlament. Kann de Plang mat de Neiwale fir de President Emmanuel Macron opgoen? Wéi en Impakt kann dat Walresultat op Europa hunn? An wéi een op Lëtzebuerg?

Eng Friddenskonferenz ouni Fridden 21.06.2024

An der Schwäiz gouf iwwert e méigleche Fridden an der Ukrain diskutéiert. Wat ass vun där Konferenz zréckzebehalen? Wéi ass d'Situatioun am Krichsgebitt? A wéi sinn déi nei Defense-Ziler vu Lëtzebuerg anzeuerdnen?

Eng Ried mat ville Froenzeechen 14.06.2024

De Luc Frieden huet seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Wéi sinn seng Annoncen anzeuerdnen? Wéi gesäit et mat der Géigefinanzéierung aus? A wéi huet de Premier sech rhetoresch geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat bleift vum Europawalkampf? 07.06.2024

D’Europawalen sti virun der Dir. Wat ass aus deem Walkampf hänkebliwwen? Wéi eng Parteie konnten Akzenter setzen? A wéi hunn sech d‘Kandidate fir e Posten an der EU-Kommissioun geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Ass d’Lëtzebuerger Klimapolitik nach ambitiéis? 31.05.2024

Déi nei Regierung hat ugekënnegt, eng aner Klimapolitik ze maache wéi hir Virgänger. Wat huet Schwaarz-Blo bis elo geännert? Wou gëtt et eng Kontinuitéit? A wat bedeit dat fir d’Klimaziler?

Wat huet Schwaarz-Blo bis elo opweises? 24.05.2024

Déi nei Regierung aus CSV an DP ass mëttlerweil säit engem hallwe Joer am Amt. Wou konnt si politesch Akzenter setzen? Wou gouf et Kontroversen? A wat ass vun hirer Kommunikatioun ze halen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Listen to the On the Record - Reporter.lu podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.