Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Lëtzebuerg an aner Dubai-Connections 17.05.2024 20:54
Bei der Recherche „Dubai Unlocked” ass Reporter.lu op Spuere vum Frank Schneider a vu senger Roll an der „OneCoin”-Affär gestouss. Wat ass soss nach bei der Recherche erauskomm? A wat fir Suite kéint si hunn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
Festung Finanzplaz 10.05.2024 25:54
D‘Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sinn eng Prioritéit fir d’Regierung. Mat wéi engen Argumenter gi si verdeedegt? A wéi passt dat an d’Bild vun enger soss pro-europäescher Aussepolitik? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
De Mythos vum abordabele Wunnraum 03.05.2024 20:08
Déi ëffentlech Bauträger bréngen nëmme wéineg Wunnengen un de Client. Firwat sinn hir Präisser oft bal sou héich wéi um private Marché? A wéi kéint d’Politik wierklech abordabele Wunnraum schafen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
D’Lëtzebuerger Roll bei den Europawalen 26.04.2024 21:53
A knapp sechs Woche sinn Europawalen. Wéi ee Walkampf kënnt op Lëtzebuerg duer? Wat sinn déi grouss politesch Challengën? A wéi stinn d’Chancë vun de Lëtzebuerger Politiker op Top-Posten an der EU?
Eng nei Regierung, an och eng nei DP? 19.04.2024 22:07
Vun der Premierpartei zum Juniorpartner: Wéi geet d’DP mat deem Rollewiessel ëm? Wat fir Persoune bestëmme mëttlerweil d’Politik vun der Partei? A wéi kéint d’Zukunft vun de Liberalen ausgesinn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
Wéi radikal ass d’ADR? 12.04.2024 23:55
D'ADR huet sech iwwer d'Joren ëmmer méi radikaliséiert. Wéi ass hir Ideologie haut anzeschätzen? Wéi eng Roll spille Rietsextremisten am Europa-Walkampf? A wéi solle Medie mat hirem Populismus ëmgoen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
Ee Mobilitéitsplang ouni Plang 05.04.2024 23:23
Dräi Joer huet de Stater Schäfferot gebraucht fir ee Mobilitéitsplang virzeleeën. Wéi kann d’Stad dem Verkéiersinfarkt entgoen? Wat fir eng Roll soll den Tram dobäi spillen a firwat gëtt et Sträit iwwert den Tracé?
Mécht Lëtzebuerg genuch fir d’Ukrain? 29.03.2024 22:43
Méi wéi zwee Joer Krich an der Ukrain a keen Enn en Vue. Wéi gesäit déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung aus? Wéi huet sech déi national Defense-Politik verännert? A wéi kéint de Krich sech weider entwéckelen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
Nom Walkampf ass virum Walkampf 22.03.2024 22:35
D'Parteie positionéiere sech fir d'Europawalen. Wéi een Afloss huet de Regierungswiessel op intern parteipolitesch Dynamiken? Wéi hunn d'Parteien sech personell an inhaltlech nei opgestallt? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
Science Center – eng Affär ouni Enn? 15.03.2024 21:29
De Fall vum Science Center hat Interessekonflikter a Problemer am Ëmgang mat ëffentleche Gelder gewisen. Wéi wäit ass d’Affär mëttlerweil opgeschafft? A firwat ass si keen Eenzelfall? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
E Budget tëscht Rhetorik a Realitéit 08.03.2024 18:02
Wat ass vum éischte Budget vun der neier Regierung ze halen? Wéi eng politesch Akzenter setzt Schwaarz-Blo domat? A wat geschitt, wann d’Rechnung um Enn net opgeet?
Wéi transparent muss d’Parlament sinn? 01.03.2024 23:00
D’Deputéiert hunn nieft hirem Chamber-Mandat vill aner Fonctiounen. Wat verdéngen si dobäi? Wéi eng méiglech Interessekonflikter hunn si doduerch? A firwat soll d’Ëffentlechkeet dat alles wëssen?
Een éischte Regierungsbilan 23.02.2024 22:54
Déi nei Regierung ass mëttlerweil net méi esou nei. Wéi ass de Start vu Schwaarz-Blo anzeschätzen? Kënne si hir Pläng a Verspriechen ëmsetzen? A wéi eng Roll spillt dobäi déi finanziell Entwécklung?
Ze vill gréng oder net gréng genuch? 16.02.2024 22:05
Déi Gréng schaffen aktuell hiert Waldebakel op. Dozou hunn si och hir Membere befrot. Wéi erklären si sech d’Kris? Wat wëll a muss d’Partei änneren? A wéi kann Oppositiounsaarbecht eng Chance sinn?
Personalkarussell an de Ministèren 09.02.2024 17:36
D’Regierung huet nei héich Beamten nominéiert a anerer kal gestallt. Wien sinn déi Leit? Firwat ass de System vun den héije Beamte problematesch? A wiere politesche Cabineten net déi besser Léisung?
De falschen Debat iwwert d’Heeschen 02.02.2024 18:00
Den Debat ëm d’Heescheverbuet dréit mëttlerweil ëm rechtsstaatlech Froen. Wéi kennt d’Regierung aus der kriddeleger Lag nees eraus? A wou steet si beim Kampf géint d’Aarmut, den si sech virgeholl hat?
Dopping oder Placebo fir de Logement? 26.01.2024 19:29
Wéi wäert sech d’Situatioun um Wunnengsmaart entwéckelen? Wéi wëll déi nei Regierung mam Minister Claude Meisch de Probleem ugoen? A wat sinn aner Stellschrauwen, un deene gedréit misst ginn?
Kleng Parteien, grouss Erausfuerderungen 19.01.2024 19:51
Wéi schwéier ass et fir kleng Parteien sech zu Lëtzebuerg z’etabléieren? Wéi eng Roll spillen dobäi d’Finanzen an de Walsystem? A wéi ofhängeg sinn Neigrënnunge vu bekannte Perséinlechkeeten?
Schwaarz-blo Verbuetspolitik 12.01.2024 19:33
D’Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg suergt fir vill Diskussiounen. Wat fir Follgen huet et fir déi Betraffen an d’Police? A wat seet dës Mesure iwwer d'Ausriichtung vun der neier CSV-DP-Koalitioun aus?
E neie Stil an och eng nei Politik? 05.01.2024 22:14
Wéi presentéiert sech de Luc Frieden als Premier? Wéi äussert sech déi ugekënnegt nei Politik vun der CSV-DP-Regierung? A wéi vill Kontinuitéit zu Blo-Rout-Gréng ass ze erwaarden?
E méi perséinleche Réckbléck 29.12.2023 20:37
Wat sinn déi Storyen, déi de Journaliste vu Reporter.lu dëst Joer am meeschten an Erënnerung bliwwe sinn? Zu wéi engem Sujet hunn si e spezielle Bezuch? Wéi eng Recherche huet si besonnesch markéiert?
Wéi geet et weider am Fall Cenaro? 22.12.2023 19:25
Virun engem Joer huet Reporter.lu fir d’éischt iwwert d'Immobiliefirma Cenaro bericht. Wéi ass et säitdeem mat hire Projete virugaangen? Wou ass d’Enquête vun der Justiz drun? A wat kéint d’Politik maachen?
Le grand défi de Gilles Roth 15.12.2023 21:34
L’administration fiscale est en déroute, sa directrice Pascale Toussing sur le départ. Comment les problèmes multiples peuvent-ils être redressés? Quelle orientation défend le nouveau ministre des Finances?
Bildungspolitik an der Ära Claude Meisch 08.12.2023 24:12
De Claude Meisch ass zanter 10 Joer Bildungsminister. Wéi huet de liberale Politiker de Lëtzebuerger Schoulsystem gepräägt? An wéi eng Reforme wëll hien an den nächste 5 Joer nach ugoen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Nei Koalitioun, nei Klimapolitik? 01.12.2023 25:28
Dës Woch start zu Dubai déi 28. UN-Weltklimakonferenz. Wéi ass Lëtzebuerg a punkto Klimaschutz opgestallt? A wéi eng Agenda verfollegt déi nei Koalitioun aus CSV an DP an dësem kruziale Politikberäich? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.