Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
D’Philosophie vum Koalitiounsaccord 24.11.2023 29:47
De Premier Luc Frieden huet de Programm vu senger Regierung virgestallt. Gëtt deen den Erausfuerderungen wéi der Logementskris gerecht? Passt déi wirtschaftsliberal Haltung zur ekonomescher Situatioun?
Schwaarz-Blo an de Startlächer 17.11.2023 23:08
Lëtzebuerg huet eng nei Regierung, hiren Accord ass ënnerschriwwen. Wat wëll déi nei Koalitioun aus CSV an DP? Wéi eng Politik kënnt op d’Land duer? A wéi ass hir Kommunikatioun bis elo anzeschätzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Déi hausgemaache Flüchtlingskris 10.11.2023 20:42
D’Recht op Asyl zu Lëtzebuerg gouf ageschränkt, Flüchtlinge schlofen op der Strooss. Wier déi Situatioun ze verhënnere gewiescht? Wéi eng Responsabilitéit dréit den Ausseminister Jean Asselborn?
Déi nei Oppositioun 03.11.2023 19:54
Wéi séier kënnen LSAP an Déi Gréng an hir Oppositiounsroll fannen? Wéi wäert eng ADR mat Fraktiounsstäerkt d’Chamber veränneren? A wéi wäit ass d’Oppositioun gëeent oder gespléckt?
Wat bremst eng Demokratie-Reform? 27.10.2023 27:04
No Wale gëtt gären iwwert de Walsystem diskutéiert, Ännerungen kommen awer ni. Firwat verleeft deen Debat ëmmer nees am Sand? Wien blockéiert sou Reforme fir méi Demokratie? A wat si méiglech Pisten?
Wat ass de Projet vun CSV an DP? 20.10.2023 24:51
Ass d’Koalitioun vun CSV an DP en Zweckbündnis oder gëtt et e konservativ-liberale Projet? Wou sinn d’Schnëttmengen besonnesch grouss? A wéi wierkt sech déi schwiereg finanziell Situatioun vum Staat aus?
Eng éischt Walanalys 13.10.2023 26:40
Huet Lëtzebuerg ee Rietsruck erlieft? Wéi staark war d’Wiesselstëmmung am Land? Wéi ass de Waldesaster vun Déi Gréng ze erklären? An wéi eng perséinlech Resultater hunn iwwerrascht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Bilan vum Walkampf 06.10.2023 44:28
Fir déi eng ze laang, fir déi aner ze kuerz: D’Walcampagne geet op een Enn. Wat bléift bei de groussen Sujeten zréckzebehalen? Wéi erfollegräich hun d’Spëtzekandidaten hir Akzenter gesat?
Special Edition: Xavier Bettel am Interview 02.10.2023 1:11:10
Wat bléift vum Xavier Bettel als Premierminister a wéi well d’DP des Kéier dat ëmsetzen, wat se säit zéng Joren net ëmgesat krut? Dorëms goung et am leschten „REPORTER Live“ mat dem Spëtzekandidat vun der DP. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.
Special Edition: Paulette Lenert am Interview 29.09.2023 1:20:16
Wéi wëll d’Paulette Lenert Premierministerin ginn an déi grouss Fuerderungen aus hirem Programm ëmsetzen? Dës Woch huet sech d’Spëtzekandidatin vun de Sozialisten am „REPORTER Live“ de Froe vu Reporter.lu gestallt. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.
D’Walen an d’Wunnengskris 29.09.2023 31:15
De Problem vum Logement huet sech an de leschte fënnef Joer drastesch verschäerft. Wat ass de Bilan vu Blo-Rout-Gréng a wéi realistesch sinn d’Propose vun de Parteien?
D’Knackpunkten tëscht de Parteien 22.09.2023 25:59
Wie ka mat wiem a virum allem mat wéi engen Inhalter? D’Differenze bei der Steierpolitik an der Aarbechtszäit gi lo däitlech. Wéi kompatibel sinn d’Parteien an deene Sujeten, déi aktuell ervirstiechen?
Special Edition: Sam Tanson am Interview 16.09.2023 1:19:42
Wéi e Bilan zitt Sam Tanson vu Blo-Rout-Gréng a wéi eng politesch Prioritéite verfollegt si? Dës Woch huet sech d’Spëtzekandidatin vun Déi Gréng am „REPORTER Live“ de Froe vu Reporter.lu gestallt.
Eng gescheitert Sozialpolitik 15.09.2023 23:42
D’Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen, d’Schoul bitt net déi selwecht Chance fir jiddereen. Wéi ass de Bilan vu Blo-Rout-Gréng an deene Beräicher? Wéi eng Sozialpolitik huet d’Regierung gemaach?
Special Edition: Luc Frieden am Interview 08.09.2023 1:29:11
Wien ass de Luc Frieden a mat wéi engen Iddien wëll hien d'Wielerinnen a Wieler iwwerzeegen? Dës Woch huet sech de Spëtzekandidat vun der CSV am "Reporter Live" de Froen vum Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, gestallt.
Nei Sonndesfro, nei Dynamik? 08.09.2023 22:04
D’Walplakater hänken, d’Braderie ass eriwwer an déi lescht Sonndesfro virun de Wale publizéiert. Wat bedeit dëse Sondage? An wéi stellen déi méi kleng Parteien sech fir d’Walen op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ass dat scho Walkampf? 01.09.2023 23:35
D’Parteien brénge sech a Positioun fir den offizielle Start vum Walkampf. Wäert dann déi Debatt iwwer déi grouss Erausfuerderunge vum Land kommen? A wéi eng Roll hunn d’Medien nach am Walkampf? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Institutionell Intransparenz 25.08.2023 23:12
De Staatsrot ass ee wichtegen, ma och ee kontroversen Deel vum politesche System. Ass de Fonctionnement vun der Institutioun nach zäitgeméiss? A wéi geet si mat Interessekonflikter vun hire Memberen em? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Walkampf am Summerlach 18.08.2023 22:01
De Walkampf geet eréischt am September offiziell lass. Bis dohinner halen sech déi meescht Politiker mat konkrete Proposen zeréck. Firwat ass dat esou? An op wéi eng Strategie setzen d’Parteien an de nächste Wochen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Zënsen erop, Präisser erof an elo? 11.08.2023 19:51
Ëmmer manner Leit kréien een Immobiliëkredit an entspriechend wéineg Wunnengen an Haiser gi verkaaft. Wéi geet et mat den Zënse weider? Wäerten d'Präisser geschwënn rëm klammen?
Vu Ministerspesen an aneren Dokumenter 04.08.2023 24:48
Firwat interesséiert een sech fir d’Ausgaben vu Politiker bei Auslandsreesen? Wourunner moosst een den Interet public vu journalistesche Recherchen? A wéi kéint den Informatiounszougang besser geregelt ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Marathon an der Chamber 28.07.2023 23:15
Iwwer 30 Gesetzer huet d’Parlament an der leschter Sëtzungswoch gestëmmt. Wat koum nach u Reformen duerch a wat ass leie bliwwen? A wat heescht dat fir d’Zukunft vu Blo-Rout-Gréng?
Déi mam Paulette 21.07.2023 21:17
D’LSAP setzt héich Erwaardungen an hier Spëtzekandidatin an hir Popularitéit. Fir wéi eng Politik steet d’Paulette Lenert an wéi stinn hier Chancë fir de Xavier Bettel als Premier ofzeléisen?
D’Parteien an hir Strategië fir d’Walen 14.07.2023 23:53
De Walkampf ass lancéiert: No de Kongresser vun CSV, DP an LSAP ginn déi éischt Tendenze kloer. Wéi eng Themen dominéieren a wéi positionéieren sech déi dräi Parteien ënnereneen?
Gréng Widderspréch a Kompromësser 07.07.2023 24:16
Mat der Spëtzekandidatin Sam Tanson wëllen Déi Gréng am Oktober de Schued limitéieren. Héich Uspréch, mee eng Politik am Konsens ass de Resumé vum Walprogramm. Ass dee Spagat ze packen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.