Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

News LB ↓ 226 episodes

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu

Author

Reporter.lu

Category

News

Podcast website

www.reporter.lu

Latest episode

Oct 9, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Geféierleche Stëllstand um Immobiliëmarché 30.06.2023

D’Schëlder mat „A vendre“ bléiwe laang hänken. Nei Zuele beleeën, datt nëmme wéineg Immobilien kaaft ginn. D’Präisser falen. Wéi geet et weider a wéi reagéiert d’Politik op déi Situatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Déi mam Premier 23.06.2023

Wat bedeit Demissioun vum Corinne Cahen fir d'Stëmmung an der Koalitioun an an der DP? Wéi huet sech d'DP an de leschten zéng Joer ënnert dem Xavier Bettel verännert? An wat ass dem Premier säi Politikstil? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Vun Héichbuergen a Wielerwëllen 16.06.2023

Bei de Gemengewale goufen et eng Réi Iwwerraschungen. Wat soen d’Resultater iwwer lokal Affären an national Trends aus? Wéi eng Konsequenzen si fir d’Chamberwalen z’erwaarden?

D'Enjeuxen vun de Gemengewalen 09.06.2023

Wéi eng Themen hunn de Walkampf gepräägt? Wéi wichteg si Walprogrammer an Zäiten vun enger staarker Personaliséierung vun der Politik? A wéi enge Gemengen kéint et zu Iwwerraschunge kommen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Phänomen Lydie Polfer 02.06.2023

D’Lydie Polfer wëll och no de Gemengewale gäre Buergermeeschterin vun der Haaptstad bleiwen. Wéi tickt déi Fra, déi zanter 40 Joer Beruffspolitikerin ass? Fir wéi eng Politik steet si? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi virbildlech musse Politiker sinn? 26.05.2023

Firwat gëlle fir Politiker aner Standarde vu Moral an Anstand wéi fir aner Mënschen? Wei ginn Medien a Politik mat Skandaler ëm a wat kann een aus der Spesenaffär vum Franz Fayot léieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Lëtzebuerger Arméi am Wandel 19.05.2023

Wéi eng Strategie verfollegt d’Regierung an der Verdeedegungspolitik? Wéi een Impakt hunn den Ukrain-Krich an déi doduerch verännert international Sécherheetslag op d’Lëtzebuerger Arméi? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’politesch Ambivalenz vum Luc Frieden 12.05.2023

D’CSV setzt am Walkampf op d’Kompetenz vun hirem Spëtzekandidat Luc Frieden. D’Vergaangenheet vum Ex-Minister kéint an den nächste Méint awer och nach kontrovers diskutéiert ginn. Firwat? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sécherheetspolitik am Superwaljoer 05.05.2023

D’Kriminalitéitszuele ginn tendenziell erop. Wéi sënnvoll sinn d’Mesuren, déi d’Parteien am Walkampf proposéieren? Wéi grouss ass de Broch an der Koalitioun beim Sujet Sécherheet?

Finanzpolitik an der Polykris 28.04.2023

D’Wirtschaft wiisst méi lues an d’Staatsschold klëmmt: Wéi krisefest an nohalteg sinn d’Lëtzebuerger Staatsfinanzen? An si Steiererliichterunge trotz héijer Staatsschold realistesch?

Rett Lëtzebuerg d’Klima? 21.04.2023

Bis 2050 soll Lëtzebuerg klimaneutral ginn. Mam Update vum Klimaplang wëll Blo-Rout-Gréng dat erreechen. Sinn eis Zieler realistesch an tatsächlech esou ambitiéis wéi d’Regierung gäre betount?

Vill Steiersuen, wéineg Kontroll 14.04.2023

Wéi geet de Staat mat Steiersuen ëm? Wéi stellt en déi néideg Kontroll sécher, wann et dobäi em en Optrag vun enger privater Entreprise wéi am Fall vum „Luxembourg Science Center“ geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Phänomeen Spëtzekandidaten 31.03.2023

Vu Luc Frieden bis Sam Tanson: Déi meescht Parteien hu lo decidéiert, wien si an d'Wale féiert. Wat ass d’Strategie hannert de Spëtzekandidaten? Fir wéi eng Inhalter stinn déi eenzel Perséinlechkeeten?

Law and Order am Gemengewalkampf 24.03.2023

D’Sécherheetsgefill taucht ëmmer rëm am politeschen Debat ob. Sinn Mesuren wéi aktuell d’Verbuet vum Heeschen déi richteg Äntwert op d’Problemer? Wat ass an engem Rechtsstaat iwwerhaapt ubruecht?

5 Joer onofhängege Journalismus 17.03.2023

Am Mäerz 2018 ass op Reporter.lu den éischten Artikel online gaangen. Wat war d’Motivatioun fir en „anere Journalismus“ ze lancéieren? Wat sinn d’Erausfuerderunge vun engem jonke Medium? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat daacht de „Solidaritéitspak 3.0“? 10.03.2023

D’Sozialpartner sinn zefridde mam Accord. Mee ass d’Resultat vun der Tripartite gerecht an op der Héicht vun de Problemer? Wéi hunn sech d’Koalitiounspartner aus der Affär gezunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Kënnt déi grouss Steierreform nach? 03.03.2023

D’Politik debattéiert zanter Méint iwwer eng Steierreform. Wéi eng Modeller ginn proposéiert? Wéi finanzéierbar a sozial gerecht wier eng fundamental Reform vum Letzebuerger Steiersystem? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Affären a Kontroversen am Gemengewalkampf 24.02.2023

D’Gemengewale sinn den 1. Rendezvous am Superwaljoer. Wéi eng Gemenge muss ee besonnesch am Bléck behalen? Wéi eng politesch Affären aus de leschte Jore kéinten en Impakt op d’Walen hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Offshore-Welt vum Patrick Hansen 17.02.2023

Luxaviation an säi CEO Patrick Hansen stoungen am Fokus vu 15 Medien. Wéi koum et zu der internationaler Recherche? Firwat brauch et méi Transparenz bei onduerchsiichtege Firmen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Hannergrënn vun der Affär Cenaro 03.02.2023

D’Faillite vu Cenaro schléit héich Wellen. Dës Woch koum et zu Perquisitiounen. Reporter.lu hat d’Problemer vum Promoteur revéléiert. Wéi geet et fir d’Keefer weider? Wat sinn d’Indizie fir Bedruch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Strategie vum Paulette Lenert 27.01.2023

D’Paulette Lenert wëllt Premierministesch ginn. No laangem Zécke fuerdert si de Xavier Bettel eraus. Wat ass hier an der Politik wichteg? Huet d’LSAP-Spëtzekandidatin eng reell Chance an de Walen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Den Immobiliemarché an der Sakgaass 20.01.2023

D'Keefer zécken, d'Promoteure waarden an d'Zënsen drécken: Den Drock ob d'Regierung wiisst an der Logementspolitik. Wéi misst op d'Kris reagéiert ginn? Ass Kritik um Loyersgesetz berechtegt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

La société, c'est moi? 13.01.2023

En cinq ans, les affaires d'abus de biens sociaux ont doublé en volume. D'où vient cette inflation de patrons qui puisent dans les caisses de leur entreprise? Y a-t-il des parallèles entre les différents cas? Ce sont les sujets du nouvel épisode du podcast «On the Record».

Wéi geet et weider an der Ukrain? 06.01.2023

Virun méi wéi zéng Méint huet Russland d'Ukrain iwwerfall. Wéi huet sech de Krich zanterhier entwéckelt? Wéi huet sech d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu deem Konflikt verännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat bleift vun Esch 2022? 23.12.2022

D'Kulturjoer vun Esch an 18 Partnergemenge geet dës Woch offiziell op en Enn. Wat ass de Bilan vun Esch 2022? A wat kann een aus der mouvementéierter Geschicht vum Projet léieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Listen to the On the Record - Reporter.lu podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.